Ursa Major (Stärebild)

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Date vum Stärebild Ursa Major
Lëtzebuergeschen Numm Grousse Bier,
Grousse Won
Laténgeschen Numm Ursa Major
Latäin. Genitiv Ursae Majoris
Latäin. Ofkierzung UMa
Rektaszensioun 8 h 08m bis 14h 29m
Deklinatioun +73° 10´ bis +28° 15´
Fläch 1280 Quadratgrad
Siichtbar um Breedegrad 90° Nord bis 17° Süd
Observatiounszäitraum
fir Mëtteleuropa
ganzt Joer
Zuel vu Stären an der
MagnitudeGréisst < 3m
6
Hellste Stär,
Gréisst
Alioth (ε Ursae Majoris)
1,76m
Meteorstréim
Ursiden
Nopeschstärebiller
(vun Norden am
Auerzäresënn)
Draco
Camelopardalis
Lynx
Leo Minor
Leo
Coma Berenices
Canes Venatici
Bootes
Kaart vum Stärebild Ursa Major
Sou fënnt een de Polarstär
Stéch vum grousse Bier aus dem Stärenatlas vum Johann Elert Bode

De Grousse Bier, laténgesch Ursa Major, ass e Stärebild vum Nordhimmel.

Beschreiwung[änneren | Quelltext änneren]

De Grousse Bier ass dat bekanntst Stärebild um Nuetshimmel. Säi gréissten Deel ass vu Lëtzebuerg am ganze Joer ze gesinn (zirkumpolar).

Déi siwen hellst Stäre maachen deen Deel vum Stärebild aus, deen als Grousse Won bekannt ass. Dobäi symboliséieren d'Stären Alioth, Mizar a Alkaid den Täissel, d'Stäre Megrez, Phekda, Merak an Dubhe d'Këscht vum Won. Dëst Deelstärebild ass e sougenannten Asterismus – e charakteristescht Muster um Himmel, dat awer net als Stärebild gëllt.

De Grousse Won ass eigentlech nëmmen den hënneschten Deel vum Grousse Bier, woubäi déi dräi „Täisselstären“ de Schwanz duerstellen.

Bekannt ass och de Mizar (ζ Ursae Maioris, um Knéck vum Täissel vum Won), dee mat sengem onschäinbare Begleeder Alkor en optescht Duebelstäresystem mécht, dat „klenge Reider“ oder Aepréifer genannt gëtt.

Mat Hëllef vum grousse Won kann een de Nordpolarstär liicht fannen. Wann ee sech duerch déi hënnescht „Wonstäre“ Merak (ß UMa) an Dubhe (α UMa) eng Linn no uewen denkt an d'Distanz vun de Stäre fënnefmol laanscht d'Linn verlängert, kënnt ee bei de Polarstär, dee bal exakt d'Nordrichtung uweist.

Himmelsobjeten[änneren | Quelltext änneren]

Stären[änneren | Quelltext änneren]

B F Numm oder aner Bezeechnungen m Lj Spektralklass
ε 77 Alioth 1,69 bis 1,83 81 A0p
α 50 Dubhe, Thahr al Dub al Akbar 1,81 124 F7 V
η 85 Benetnasch, Alkaid 1,86 101 B3 V SB
ζ 79 Mizar 2,23 78 A2 V
β 48 Merak 2,34 79 A1 V
γ 64 Phekda, Phegda, Phekha, Phacd 2,41 84 A0 V SB
ψ 3,00 147 K1 III
μ 34 Tania Australis, Alkafzah Australis 3,06 249 M0III SB
ι 9 Talitha Borealis, Dnoces, Alphikra Borealis 3,12 48 A7 IV
θ Al Haud, Sarir 3,17 44 F6 IV
δ 69 Megrez, Kaffa 3,32 81 A3 Vvar
ο 1 Muscida 3,35 184 G4 II-III
λ 33 Tania Borealis, Alkafzah Borealis 3,45 134 A2 IV
ν 54 Alula Borealis 3,49 421 K3 III SB
κ 12 Talitha Australis, Al Kaprah, Alphikra Australis 3,57 423 A1 Vn
h 23 3,65 76 F0 IV
χ 63 Alkafzah, Alkaphrah, El Koprah 3,69 196 K0 III
υ 29 3,78 115 F0 IV
ξ 53 Alula Australis 3,79 29
g 80 Alkor, Saidak 3,99 81 A5 V SB
f 15 4,46 96 Am
26 4,47 267 A2V
d 24 4,54 G4 III-IV
φ 4,55 437 A3 IV
π2 4 Muscida 4,59 252 K2 III
83 4,63 549 M2 IIIvar
ω 45 4,66 267 A1 V
τ 14 4,67 122 Am
HR 4132 4,72 112 A7 IV
ρ 8 4,74 287 M3 III
55 4,76 183 A2 V
σ2 4,80 67 F7 IV-V
e 18 4,80 118 A5 V
36 4,82 42 F8 V
78 4,93 81 F2 V
HR 4072 4,94 301 A0sp
56 4,99 492 G8 II
HD116798, Sidus Ludoviciana 7,6

Den Dubhe (α  Ursae Majoris), den zweethellste Stär am Grousse Won, ass e Méifachstäresystem a steet op enger Distanz vun 124 Liichtjoer. Den Haapstär ass en orangë Risestär mat dem 30fachen Duerchmiesser vun eiser Sonn. Hien huet e Begleeder am Ofstand vun 23 AU, deen hien a 44 Joer ëmkreest. Am wäiten Ofstand vun 9.000 AU ass nach e Stärepuer.

Den Numm Dubhe kënnt aus dem Arabeschen a leet sech of vun ahr ad-dubb al-akbar „Réck vum grousse Bier“.

Den η Ursae Majoris steet op enger Distanz vun 101 Liichtjoer. Et ass e bloelzege Stär vun der Spektralklass B3. Déi arabesch Nimm Alkaid bzw. Benetnasch leede sech of vun al-qāid an al-banāt an-na a bedeiten „de Chef vun den Diechter, déi hanner der Lued ginn“. Mat den Diechter (Kloeweiber) sinn d'„Täissselstäre“ gemengt. De Sarkophag oder d'Doudelued ass d'Këscht vum Won.

Déi arabesch Nimmn Merak an Phekda fir d'Stäre β an γ Ursae Majoris bedeiten „Lend „ bzw. „Been“ vum Bier. De Stär δ Ursa Majoris dréit den Numm Megrez, arabesch fir „Wuerzel“, woumat de „Schwanzusaz“ gemengt ass.

D'Stäre Mizar, Alioth, Megrez, Phekda, a Merak gehéieren zum Bierestroum, enger Associatioun vu ronn 100 Stären déi zesummen entstane sinn a sech mat derselwechter Vitesse a Richtung bannen an der Mëllechstrooss beweegen. Zum Bierestroum gehéieren ausserdeem de Sirius am Canis Major, Menkalinan am Auriga, Cursa am Eridanus a Gemma an der Corona Borealis. Eis Sonn gehéiert net dozou.

Nopesch-Méifachstären[änneren | Quelltext änneren]

System m Ofstand
Mizar 2,3/4,0 14,4“
ζ 4,3/4,8 1,7“
78 5,1/7,4 1,5“
M 40 9,0/9,3 49“

De Mizar an den Alkor, mat bloussem A gekuckt, gesinn aus, wéi en Duebelstär. Richteg sinn si ronn dräi Liichtjoer vuneneen ewech an net duerch d'Gravitatioun unenee gebonnen.
Bei spektroskopeschen Ënnersich huet sech gewisen, datt béid Stären Méifachstäre sinn. Beim Mizar gesäit ee mat engem Teleskop schonn en Duebelstär. D'Komponenten A a B sinn och Duebelstären, déi allerdéngs nëmmen spektroskopesch nogewise kënne ginn. Et handelt sech soumat ëm e Véierfachstäresystem. Den arabeschen Numm Mizar bedeit „Ceinture“.

Den Alkor ass en Dräifachstäresystem, deem seng Komponenten allerdéngs ze no beienee stinn, fir se mat engem Teleskop trennen ze kënnen. Den Numm leet sech vum arabeschen al-jawn, „ de Rappen“ (Päerd), of, woumat am Ufank de Mizar gemengt war.

25 Liichtjoer wäit ewech läit den Duebelstär ζ Ursae Majoris. Hie ka scho mat engem klengen Teleskop gekuckt ginn. Déi zwéi, bal d'selwecht hell Stären ëmkreese sech a 60 Joer.

Verännerlech Stären[änneren | Quelltext änneren]

Stär m Period Typ
Alioth 1,69 bis 1,83 5,088 Deeg Alpha2-Canes Venaticorum-Stär
VY 5,9 bis 6,5 Onregelméisseg Verännerlechen

Den hellste Stär am Grousse Bier ass den Alioth (ε Ursae Majoris), de rietsen „Täisselstär“. Hie läit op enger Distanz vun 81 Liichtjoer, an ass e Stär dee wäiss liicht, mat dem dräifachen Duerchmiesser an der véierfacher Mass vun eiser Sonn. Säi Mantel ass mat den Elementer Sauerstoff, Europium a Chrom ugeräichert. De Stär verännert seng Hellegkeet iwwer en Zäitraum vun 5,088 Deeg. Den arabeschen Numm Alioth bedeit „Fettschwanz“, woumat eng bestëmmte Schofsrass gemengt ass.

Den VY Ursae Majoris ass ee vun deenen roudelzege Stären um Himmel a läit 2.500 Liichtjoer vun eis ewech. Seng Hellegkeet variéiert ouni siichtlech Regelméissegkeet.

Messier- an NGC-Objeten[änneren | Quelltext änneren]

Messier (M) NGC Numm m Typ
40 9,0/9,3 Duebelstär
81 3031 6,9 Spiralgalaxis
82 3034 8,4 irregulär Galaxis
97 3584 Eilenniwwel 11,0 Planetareschen Niwwel
101 5457 Feierrad-Galaxis 7,9 Spiralgalaxis
108 3556 10,0 Spiralgalaxis
109 3003 9,8 Spiralgalaxis
2841 7,9 Spiralgalaxis
3077 9,8 Spiralgalaxis

De grousse Won huet eng Rei vu niwwelegen Objeten, déi de franséischen Astronom Charles Messier a säi Messier-Katalog opgeholl huet.

Beim M 40 handelt et sech ëm en Duebelstär op enger Distanz vu 500 Liichtjoer.

D'Galaxien M 81, M 82 an NGC 3077 si Membere vun engem Galaxiëkoup deen 13 Millioune Liichtjoer wäit ewech ass.

Déi masseräichst Galaxis vum Koup ass den M 81. D'Galaxis M 82 steet nëmmen 1° nërdlech dovun. Duerch d'Gravitatioun vun der M 81 gouf d'M 82 däitlech verformt.

Den M 97 ass e Planetareschen Niwwel op enger Distanz vun 2.500 Liichtjoer. Et handelt sech ëm den ofgestoussene Gasmantel vun engem Stär. Seng Bezeechnung ass „Eileniwwel“, well en un en Eilekapp mat zwee donkelen Aen erënnert.

Den M 108 ass 45 Millioune Liichtjoer wäit ewech. Et ass eng Galaxis, déi mir op hir Kant gesinn.

D'Galaxis M 101 ass ronn 10 Millioune Liichtjoer ewech. Si ass eng ausgebreete Galaxis mat ganz grousse Spiraläerm.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Ursa Major – Biller, Videoen oder Audiodateien

Saturn 01.svg Portal Astronomie