Stär
De folgenden Artikel beschreift Stären am Universum. Aner Bedeitunge vum Wuert fënnt een ënner Stär (Homonymie).
Ënnert engem Stär versteet een en Himmelskierper dee vu sech aus liicht, aus Plasma besteet, an deem seng Stralungsenergie duerch Kärfusioun am Banneschte vum Stär entsteet. Awer och déi kompakt Endstadië vun der Stärentwecklung, wéi Neutronestären a wäiss Zwergen, ginn zu de Stäre gezielt, och wann se nëmmen duerch hir Reschtwäermt Stralung ofginn.
Fréier gouf de Begrëff Fixstär zur Ofgrenzung géigeniwwer Wandelstäre gebraucht. Awer och d'Fixstären beweege sech, wann och nëmme ganz lues, miessbar um Himmel. Sou wäerten an e puer dausend Joer déi haiteg Stärebiller net méi z'erkenne sinn.
Um ganzen Himmel sinn ongeféier 6.000 Stäre mat bloussem A z'erkennen. Den Ubleck vun deenen anscheinend strukturlose Punkten um Himmel ka liicht doriwwer ewech täuschen, datt Stären net nëmmen duerch hir Distanz, mä och duerch déi immens Variatiounsbreete vun hiren Temperaturen, Liichtkraaft, Massendicht, Volume a Prozesszäiten Wäerter iwwerspaannen, déi een durchaus als astronomesch bezeechne kann. Sou kéint een déi baussecht Schichte vu roude Risestären no de Critère vun der ierdescher Technik als Vakuum bezeechnen, wougéint dat Bannescht vun Neutronestären esou dicht ass, datt en Téiläffel dovun esou vill wéi e ganze Bierg weie géif. Genee sou ginn déi bedeelegt Temperaturen vun e puer dausend bis zu e puer Milliarden Kelvin. Niewent deenen extrem ënnerschidlechen Erscheinungsforme vu Stäre gëtt et awer och dacks en zimlech grousse Räichtum u banneschte Strukturen. Dësen Artikel kann dowéinst och nëmmen e graffen Iwwerbleck ginn an op Artikele weisen, déi méi wäit féieren.
Inhaltsverzeechnes |
Stären aus der Siicht vum Mënsch[änneren]
Stärebiller a Stärebezeechnungen[änneren]
D'Stären hunn an alle Kulturen eng wichteg Roll gespillt an déi mënschlech Imaginatioun ugereegt. Si goufen religiéis interpretéiert a fir Bestëmmung vum Kalenner a méi spéit och fir d'Orientéierung an d' Navigatioun benotzt. Déi an eisem Kulturkrees bekannte Stärebiller kommen zum Deel vun den Babylonier an aus dem griicheschen Antikitéit. Déi zwielef Stärebiller vum Déierekrees bilden d'Basis vun der Astrologie. Mee wéinst der Prezessioun sinn déi sichtbar Stärebiller haut par Rapport zu den astrologeschen Déierekreeszeechen ëm ongeféier een Zeeche verréckelt. Vill vun den haut bekannten Nimm wéi Algol, Deneb oder Regulus kommen aus dem Arabeschen oder dem Laténgeschen.
Ongeféier zënter 1600 huet d'Astronomie d'Stärebiller dozou benotzt fir den Objeten an deenen jeeweilegen Himmelsregiounen en Numm ze ginn. Ee bis haut nach wäit verbreete System zur Benennung vun den hellsten Stären vun engem Stärebild geet op d'Stärekaarten vum däitschen Astronom Johannes Bayer zréck. D'Bayer-Bezeechnung vun engem Stär besteet aus engem griichesche Buschtaf virum Genitiv vum laténgeschen Numm vum Stärebild, an deem de Stär läit; esou ass also γ Lyrae den drëtthellste Stär am Stärebild Lyra. En ähnleche System gouf vum briteschen Astronom John Flamsteed agefouert: D'Flamsteed-Bezeechnung vun engem Stär besteet aus vir enger fortlafender Zuel an dono erëm dem Genitiv vum latengeschen Numm vum Stärebild, wéi zum Beispill 13 Lyrae. D'Flamsteed-Bezeechnung gëtt dacks da gewielt, wann et fir e Stär keng Bayer-Bezeechnung gëtt. Déi meeschte Stären ginn awer nëmmen duerch hir Nummer an engem Stärekatalog identifizéiert.
Et gëtt eng Rei vu Firmen an esouguer Observatoiren déi hire Clienten géint eng entspriechend Bezuelung ubidden fir e Stär no hinnen ze benennen. Dës Nimm ginn allerdéngs nëmme vun deene betreffende Firmen an hire Clienten unerkannt. D'International Astronomesch Unioun, déi offiziell fir Benennung vun de Stären zoustänneg ass, huet sech ganz däitlech vun dëser Praxis distanzéiert.
Verdeelung vun de Stären um Himmel[änneren]
De Stär deen eis am noosten ass ass d'Sonn. Den nächste Fixstär am klassesche Sënn ass Proxima Centauri ongeféier 4,24 Liichtjoer vun eis. All Stären déi ee kann mat bloussem A erkennen kann gehéieren zu eiser Galaxis. Si schénge sech ronderem e Band um Himmel ze konzentréieren: d'Mëllechstrooss, déi de Plang vun eiser Galaxis markéiert.
D'Stäre sinn duerch hir enorm Distanz a Wierklechkeet däitlech méi kleng wéi déi Punkten déi mer gesinn. Esouguer an deem beschten Teleskop erschénge se nëmmen als Punkten. D'Flackere vun de Stären, dat een heiansdo gesi kann, berout nëmmen op Turbulenzen an der Atmosphär vun der Äerd.
Stären als physikalesch Objeten am Universum[änneren]
D'Astronomie huet an de leschten honnert Joer ëmmer méi dacks op Methode vun der Physik zréckgegraff. Sou berout e groussen Deel vun eisem Wëssen iwwer d'Stären op theoretesche Stäremodellen, deenen hir Qualitéit un der Iwwereestemmung mat den astronomeschen Beobachtungen gemooss gëtt. Emgekéiert ass d'Erfuerschung vun de Stären duerch déi enorm Zuel vu Phenomener an duerch d'Spanwäit vun de bedeelegte Parameter och fir déi physikalesch Grondlagefuerschung vun grousser Bedeitung.
D'raimlech Verdeelung an d'Dynamik vun de Stären[änneren]
Bal all d'Stäre sinn a Galaxien. Galaxië bestinn aus e puer Millioune bis zu Honnerte vun Milliarde vu Stären a si sinn hirersäits a Galaxiëkéip gruppéiert. No Schätzunge vun Astronome ginn et am ganze siichtbaren Universum ongeféier 100 Milliarde Galaxië mat ongeféier 70 Trilliarde (7 x 1022) Stären. Wéinst der Gravitatioun ëmkreesen d'Stären den Zentrum vun hirer Galaxie mat Vitessë vun e puer Dose km/s a brauchen typescherweis fir en Ëmlaf e puer honnertdausend Joer. Méi no zum Zentrum ginn et allerdéngs däitlech méi kuerz Ëmlafzäiten. D'Stäre si bannent enger Galaxie net ganz gläichméisseg verdeelt, mä si bilden deelweis oppe Stärekéip wéi zum Beispill d'Pléiaden, op Däitsch och "Siebengestirn" genannt, oder Kugelstärekéip, déi am Halo vu Galaxië sinn. Do derbäi sti se am galakteschen Zentrum däitlech méi no beienee wéi an de Randberäicher.
Literatur[änneren]
- H.H. Voigt: Abriß der Astronomie. Bibliographisches Institut, Mannheim 1988 (4. Aufl.). ISBN 3-411-03148-4
- H. Scheffler, Hans Elsässer: Physik der Sterne und der Sonne. BI-Wiss.-Verl., Mannheim 1990 (2. Aufl.). ISBN 3-411-14172-7
- Rudolf Kippenhahn, A. Weigert: Stellar structure and evolution. Springer, Berlin 1990. ISBN 3-540-50211-4 (englesch)
- N. Langer: Leben und Sterben der Sterne. Becksche Reihe. Beck, München 1995. ISBN 3-406-39720-4
- D. Prialnik: An Introduction to the Theory of Stellar Structure and Evolution. Cambridge University Press, Cambridge 2000. ISBN 0-521-65065-8
- Thassilo von Scheffer, Die Legenden der Sterne, 1939
Kuckt och[änneren]
Um Spaweck[änneren]
| Commons: Stären – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Stellare Kosmogonie
- Wéi Stären entstinn an Entwécklung (Resumé)
- Interaktiivt Hertzsprung-Russell-Diagramm zu der Stärenentwécklung (Java)
- fräi 3D Echtzäit-Weltraumsimulatioun (OpenGL)
- Lëscht vu spezielle Stären