Lyra (Stärebild)

Vu Wikipedia
Date vum Stärebild Lyra
Lëtzebuergeschen Numm Leier
Laténgeschen Numm Lyra
Laténgesche Geenitiv Lyrae
Laténgesch Ofkierzung (Lyr)
Positioun Nërdlechen
Fixstärenhimmel
Rektaszensioun 19h 7m bis 22h 3m
Deklinatioun +61° 20' bis +27° 45'
Fläch 286 Quadratgrad
Siichtbar op de Breetegraden 90° Nord bis 29° Süd
Observatioungszäitraum
fir Mëtteleuropa
Summer
Zuel vu Stäre mat
Gréisst < 3m
1
Hellste Stär,
Gréisst
Vega (α Lyrae),
0,03m
Meteorstréim Lyriden
Eta-Lyriden
Juni-Lyriden
Nopeschstärebiller
(vum Norden am
Auerzäresënn)
Draco
Hercules
Vulpecula
Cygnus
Stärekaart vun der Lyra

D'Lyra (vum griichesch λύρα, lýra – d'Lyra) ass e Stärebild vum nërdleche Stärenhimmel.

Beschreiwung[änneren | Quelltext änneren]

D'Lyra ass e klengt, awer opfällegt Stärebild, dat um owendlechem Summer- an um Hierschthimmel liicht ze fannen ass.

Den Haaptstär, d'Vega, ass (no dem Arctur) den zweethellste Stär vun der nërdlecher Hemisphär an de fënnefhellste Stär um Nuetshimmel. Südlech vun der Vega maache véier Stären e Parallelogramm. Si sollen d'Säite vun enger anticker Lyra duerstellen.

Tëscht de Stäre β an γ Lyrae läit de berüümte Rankniwwel M 57.

D'Vega mécht mat de Stären Deneb (Stärebild Cygnus) an dem Altair (Stärebild Aquila) dat grousst Summerdräieck.

Südlech vun der Lyra verleeft d'Mëllechstrooss.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Lyra gehéiert zu den 48 Stärebiller aus der Antiquitéit, déi vum Ptolemäus beschriwwe gouf.

D'arabesch Astronome vum Mëttelalter hunn an dësem Stärebild en Aadler gesinn.

D'Vega war den éischte Stär, dee fotografesch festgehale gouf.

Meteorstréim[änneren | Quelltext änneren]

An der Lyra läit de Radiant vum Meteorstroum vun de Lyriden. Hire Maximum läit an der Zäit tëscht dem 20. an dem 22. Abrëll vun all Joer.

Himmelsobjeten[änneren | Quelltext änneren]

Stären[änneren | Quelltext änneren]

B F Numm o. aner Bezeechnungen Gréisst Lj Spektralklass
α 3 Vega, Wega 0,03m 25,3 A0 V
γ 14 Sulafat, Sulaphat 3,24m 635 B9 III
β 10 Sheliak 3,25 bis 4,36m 882 A8
13 R 3,9 bis 5,0m 350 M5 III
δ2 12 4,22m 899 M4 II
ζ1 6 4,34m 154 Am
κ 1 4,33m 238 K2 III
θ 21 4,34m 769 K0 III
η 20 Aladfar 4,43m 1042 B2 IV
ε2 5 4,59m 160 F1 V
ε1 4 4,67m 160 A8 V
λ 15 4,94m 1539 K3 III
HR 7064 4,83m 252 K3 III
16 5,00m 128 A7 V
μ 2 5,11m 441 A3 IV
17 5,20m 132 F0 V
ν 9 5,22m 238 A3 V
ι 18 5,25m 832 B0 IV
δ1 11 5,58m
ζ2 7 5,73m
ν1 8 5,93m
19 5,93m

Den α Lyrae aß mat enger visueller Magnitude vun 0,03m opfälleg hell. Et handelt sech ëm e Stär mat der 58facher Liichtkraaft vun eiser Sonn. Hie straalt e wäisselzegt Liicht of a gehéiert zu der Spektralklass A0 V. Mat enger Distanz vu 25,3 Liichtjoer ass et ee vun den nooste Stären zu eiser Sonn.
Den Numm Vega leet sech aus dem alarabeschen of a bedeit „den erofstierzenden Aadler“.

Méifachstären[änneren | Quelltext änneren]

System Gréissten Distanz
β 3,25 bis 4,36 /6,7/9m 45,7/86"
ε1 5,0 /6,1m 2,5"
ε2 5,2 /5,5m 2,4"
ζ 4,4 /5,7m 43,7"

Den β Lyrae mécht mat zwéi weidere Stären e Dräifachstäresystem op enger Distanz vun 882 Liichtjoer. E 6,7m helle Begleetstär ass mam Teleskop siichtbar. Den arabeschen Numm Sheliak bedeit „Deckelsmouk“.

ε1 an ε2 Lyrae ass e Méifachstäresystem dat 160 Liichtjoer wäit vun der Äerd ewechläit. Dobäi beweege sech véier Stären ëm e kollektive Schwéierpunkt.

Verännerlech Stären[änneren | Quelltext änneren]

Objet Gréisst Stär Typ
β 3,25 bis 4,36m Beta-Lyrae-Stär
R 3,9 bis 5,0m 46 Deeg Hallefreegelméisseg verännerleche Stär
RR 7,06 bis 8,12m 0,6 Deeg RR Lyrae-Stär

Den Haaptstär vum System β Lyrae gëtt den Numm fir dësen Typ vu verännerleche Stären, d'Beta-Lyrae-Stären. Et handelt sech ëm Duebelstären, déi sech an engem Ofstand ëmkreesen, woubäi ee vun de Stäre säin Endstadium erreecht huet a sech zum Risestär opgeblosen huet. De Gas aus dem Mantel vum Risestär stréimt op de Begleetstär iwwer. Bei jiddwer Ëmlaf vun de Stäre kënnt et zu enger deelweiser Bedeckung, wouduerch d'Hellegkeet periodesch ofhëlt.

Den R Lyrae ass en hallefreegelméissege verännerleche Stär op enger Distanz vun 350 Liichtjoer. Et handelt sech ëm e roude Ris mat der Spektralklass M5 III.

Den RR Lyrae, e pulsatiounsverännerleche Stär, gëtt säin Numm hir fir d'Klass vun den RR Lyrae-Stären.

Messier- an NGC-Objeten[änneren | Quelltext änneren]

Messier (M) NGC divers Gréisst Typ Numm
56 6779 8,3m Kugelstärekoup
57 6720 8,8m Planetareschen Niwwel Rankniwwel an der Lyra

An der Lyra (Leier) sinn zwéin Objeten, déi de franséischen Astronom a Koméitejeeër Charles Messier a sengem Katalog mat niwwelegen Objeten (Messier-Katalog) opgeholl huet.

De M 56 ass e Kugelstärekoup op enger Distanz vun 30.000 Liichtjoer.

Op enger geduechter Linn tëscht de Stäre β an γ Lyrae ass de M57, de berüümte Rankniwwel an der Leier. De Rankniwwel ass den Iwwerrescht vun engem Stär, deen um Enn vu senger Entwécklung de baussenzege Gasmantel ofgestouss huet.

No beim δ Lyrae steet den oppene Stärekoup Steph 1.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Lyra – Biller, Videoen oder Audiodateien