Teleskop
D'Wuert Teleskop entstaamt dem algriicheschen τηλε (téle) „wäit“ an σκοπεῖν (skopéin) „observéieren“.
Fréier war d'Wuert Teleskop gläichbedeitend mat Fernrouer. Haut bezeechent een – allgemeng –Instrumenter, déi Elektromagnetesch Welle sammelen a bëndelen, fir och Objeten, déi wäit ewech leien, z'observéieren oder vergréissert ofbilden ze kënnen. De Begrëff "Teleskop" geet also iwwer déi optesch Astronomie (siichtbart Liicht, UV an Infrarout) eraus bis zum Beräich vu Röntgen- a. Radiostralung.
D'Teleskop soll 1608 vum Hans Lipperhey entwéckelt gi sinn, nach ir de Galileo Galilei et e Joer méi spéit fir Stärenobservatioun gebraucht huet.
Nom Peter Borell sollen awer de Zacharias Janssen a säi Papp déi richteg Erfinder vum Teleskop sinn (1610) an den Hans Lipperhey eréischt duerno en Teleskop gebaut hunn, nodeems hie Kenntnës vun der Janssen-Erfindung kritt hat.[1]
Inhaltsverzeechnes |
Zum Begrëff "Teleskop" [änneren]
De Begrëff "Teleskop" gëtt dacks weider verallgemengert op net-ofbildend Systemer wéi
- Teleskope fir d'Observatioun vu kosmescher Stralung,
- Neutrinoteleskopen, oder esouguer
- Gravitatiounswellenteleskopen.
Weider gëtt den Teleskop-Begrëff och fir optesch Baugruppe gebraucht, déi net dozou déngen, Géigestänn, déi wäit ewech sinn, z'observéieren. En Teleskop kann z. B. fir Stralopwäitung (Vergréisseren vum Stralduerchmiesser) vu Laser gebraucht ginn, fir de Stral iwwer gréisser Distanzen iwwerdroen ze kënnen oder deem seng Leeschtungsflossdicht ze verklengeren.
Teleskop - Arten [änneren]
Jee no dem Frequenzspektrum oder Wellelängeberäich vun der elektromagnéitescher Stralung ënnerscheet een tëscht:
- Röntgenteleskopen
- opteschen Teleskopen (Lënsen- a Spigelteleskopen)
- Infraroutteleskopen an
- Radioteleskopen.
Vun den Weltraumteleskopen ofgesinn sinn si op de Wellelängten vum Astronomesche Fënster ugewisen, an deenen d'Stralung vun der Atmosphär vun der Äerd net oder wéineg absorbéiert gëtt. Eng méiglechst héichgeleeën, klimatesch dréche Plaz ass dobäi vu Virdeel.
Bedeitend Teleskopen [änneren]
Teleskope fir siichtbart Liicht [änneren]
Déi zur Zäit gréissten optesch Teleskope mat Haaptspigelduerchmiesser iwwer 8 m sinn
- Déi zwéi Keck-Teleskope vum Mauna-Kea-Observatoire
- Déi véier Teleskope vum Very Large Telescope (VLT) an der Atacama-Wüst a Chile
- D'Gemini-Teleskopen op Hawaii an a Chile
- De Subaru-Teleskop op Hawaii
- Den Hobby-Eberly-Teleskop an Texas
- De Southern African Large Telescope (SALT) a Südafrika
- De Gran Telescopio Canarias op La Palma
- De Large Binocular Telescope (LBT) an Arizona. (2007 fäerdeggestallt)
Historesch bedeitend war ënner anerem:
- Den Hale Teleskop op dem Mount Palomar a Kalifornien
Besonnesch Bauarten [änneren]
Radioteleskopen [änneren]
Weltraumteleskopen [änneren]
Wat gehéiert bei en Teleskop? [änneren]
- Okular
- Barlowlëns
- Herschelkäil
- Sonnefilter
- Faarffilter
- Blend (Optik)
- CCD-Kameraen
- Webcams
- Montéierung
- Sichteleskop
- Polsicher
- Okularauszuch
Um Spaweck [änneren]
| Commons: Telekope – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen [änneren]
- ↑ Peter Borell. De vero Telescopii Inventore, cum brevi omnium conspiciliorum historia, Hague, 1655