Infraroutastronomie
D'Infraroutastronomie ass een experimentellen Deelberäich vun der Astronomie. Dobäi gëtt déi vun astronomeschen Objeten ausgesente Infraroutstrahlung benotzt. Déi Stralung läit an engem Deel vum elektromagnéitesche Spektrum, dee vum mënschlechen A net gesi ka ginn.
Inhaltsverzeechnes |
Observatiounsberäich [änneren]
Den infraroude Stralungsberäich, och Wäermtstralung genannt, läit tëschent der optescher (Wellelängt < 700 nm) an dem Submillimeter-Beräich (> 300 μm) a gëtt an dräi Beräicher ënnerdeelt, dat
- Not Infrarout (ca. 700 nm–4 μm)
- Mëttel Infrarout (4–40 μm)
- Wäit Infrarout (40–300 μm),
woubäi déi genee Grenzen souwuel vum Infraroutberäich wéi och d'Deelberäicher je no Quell liicht variéieren. An der Astronomie ginn déi Beräicher weider a Wellelängtebänner ënnerdeelt, an deenen d'Atmosphär zimlech transparent ass. Déi Bänner si mat Groussbuschtawe bezeechent no den Nimm vun den optesche Filteren, déi nëmme Stralung vun den entspriechende Wellelängte passéiere loossen: I (ëm 0,8 μm), z (ëm 0,9 μm), Y (ëm 1,0 μm), J (1,25 μm), H (1,65 μm), K (2,2 μm), L (3,45 μm), M (4,7 μm), N (10 μm) a Q (20 μm). Baussenzeg vun dëse Bänner ass Loft mat vill Waasserdamp praktesch onduerchsichteg.
Als Tabell:
| Wellelängt an µm |
Bezeechnung |
|---|---|
| 0,65 | R-Band |
| 1,00 | I-Band |
| 1,25 | J-Band |
| 1,65 | H-Band |
| 2,20 | K-Band |
| 3,45 | L-Band |
| 4,70 | M-Band |
| 10 | N-Band |
| 20 | Q-Band |
Instrumentell Viraussetzungen [änneren]
D'Wäermtstralung vun der Atmosphär, dem Teleskop, a vun den Instrumeter selwer, déi iwwer 2 µm ëmmer méi staark stéiert, markéiert zum groussen Deel d'Instrumentenentwécklung.
Plaze fir Teleskopen [änneren]
Infraroutstralung gëtt vun der Atmosphär vun der Äerd ganz staark absorbéiert, besonnesch duerch den atmosphäresche Waasserdamp. Nëmmen ënner 1 μm an a klenge Fënstere bis ongeféier 40 μm ass eng Observatioun mat äerdgebonnenen Teleskope méiglech. Äerdgebonnen Infraroutteleskope ginn dofir favoriséiert op héijen an dréchene Plazen opgeriicht. Beispiller sinn de Mauna-Kea-Observatoire oder den Observatoire vun der ESO. Och d'Aisschëlter vun der Antarktis si wéinst hirer Héicht, Keelt an Dréchenheet vu groussem Interessi. Dacks gi grouss Teleskope souwuel fir optesch wéi och fir Infraroutobservatioune benotzt, et gëtt awer och e puer speziell fir Infraroutobservatiounen optiméiert Teleskopen.
Well mat grousser Héicht d'Absorptioun staark zréckgeet, goufe schonn zënter den 1960er Joren Infraroutteleskopen a Ballonen déi ganz héich fléien an a ballistesche Héichtefuerschungsrakéite benotzt. Zënter de 1960er ginn och Fligeren op groussen Héichten, wéi de Lear Jet Observatory, de Kuiper Airborne Observatory a SOFIA) agesat. Am Weltraum verschwënnt net nëmmen d'atmosphäresch Absorptioun, et gëtt och méiglech, kleng Teleskopen am Ganzen op ganz déif Temperaturen ze killen an domat hir stéierend Wäermtstralung ze ënnerbannen. Zënter den 1980er Joren ginn dofir ëmmer méi Weltraumteleskope fir den Infraroutberäich agesat; vu grousser Bedeitung waren den Infrared Astronomical Satellite (IRAS) an den Infrared Space Observatory (ISO). Géigenwärteg (2009) sinn Spitzer, ASTRO-F (Akari) an Herschel aktiv, an noer Zukunft soll den James Webb Space Telescope (JWST) gestart ginn.
Instrumenter [änneren]
D'Instrumenter vun der Infraroutastronomie ähnelen an der Konzeptioun de Kamera a Spektrographe vun der visueller Astronomie. Allerdéngs musse si staark gekillt ginn. Meeschtens déngen dozou gekillte Kryostate mat flëssegem Stéckstoff oder Helium oder mechanesch Killapparaten. Déi am Infraroutberäich z. B. fir Lënse gebrauchten optesch Materialien ënnerscheede sech allerdéngs vun deenen déi fir visuellt Liicht gebraucht ginn.
Oft wiesselen Infraroutinstrumenter an engem Choppen genannten Virgank regelméisseg d'Observatiounsrichtung tëschent dem ënnersichten Objet an enger Nopeschhimmelspositioun. Duerch Subtraktioun vun de gemoossene Signaler an den zwou Positioune kann d'Quell besser vum Hannergrond ofgehuewe ginn.
Zënter den 1990er Joren ass fir Observatiounen am noen Infrarout den Asaz vun der adaptiver Optik fir d'Korrektur vun der Loftonrou (Seeing) méiglech. Domat erreeche grouss äerdgebonne Teleskopen hir voll béiungsbegrenzt Opléisung a kënnen an där Hisiicht mat dem Hubble Space Telescope konkurréieren.
Detekteren [änneren]
Iwwer de wäite Wellelängteberäich vun der Infraroutastronomie komme vill Aarte vun Detekteren zum Asaz. Bis zu ongeféier 1 μm Wellelängte sinn normal, an och an der visueller Astronomie gebräichlech CCD-Detekteren empfindlech. Fir gréisser Wellelängte gi speziell Detektere gebraucht.
Der Opstiig vun der Infrarotastronomie huet nom Zweete Weltkrich mat Detektoren aus Bläisulfid (PbS) ugefaangen. Haut gi besonnesch fir dat not Infrarout Detekteren, aus Hallefleedermaterialie wéi Indiumantimonid InSb an Quecksëlwercadmiumtellurid (Hg,Cd)Te, gebraucht, déi nom Prinzip vun der Fotodiod funktionéieren. Detekteren aus dotéiertem Silizium (z. B. Si:Ga) a Germanium (z. B. Ge:Ga), déi nom Prinzip vum Fotowiderstand schaffen, fanne bei laange Wellelängten Uwendung. Doniewent ginn, haut besonnesch bei de längste Wellelängten, thermesch Detekteren (Bolometer) agesat. Déi weisen déi duerch d'Stralung verursaacht Eenergie am Detekter no.
Extraë vun der Infrarotastronomie [änneren]
Duerchdrénge vun interstellarem Stëbs [änneren]
D'Ofschwächung (Extinktioun) vun elektromagnéitescher Stralung duerch den interstellare Stëbs variéiert staark mat der Wellelängt. Bei 2 µm an noen Infrarout ass si géiniwwer dem visuelle Liicht schonns op ongeféier 1/10 zeréckgaangen. Domat ass et méiglech Gebidder hannert dem Stëbs te observéieren, z. B. jonk Stäre, d'galaktescht Zentrum an d'Zentrum vun Infraroutgalaxien.
Observatioun vu kalen Objeten [änneren]
Nom Planckschen Stralungsgesetz stralen kal Himmelskierper wéi z. B. Brong Zwerge oder nach déif an Molekülwolleke agebette Stäre haaptsächlech am Infrarout. Am interstellare Medium hu vill an heefeg Atome, Ionen a Moleküle wichteg Stralungsiwwergäng am Infrarout. Besonnesch ubruecht ass d'Infraroutspektroskopie fir d'Bestëmmung vun der Zesummesetzung an der physikalescher Bedingunge vu Gas mat Temperature vun e puer honnert Kelvin. Kale (< 100 Kelvin) Stëbs am interstellare Medium stralt dat absorbéiert Liicht am wäiten Infrarout nees of, an ass oft e grousse Beitrag zu der Energiebilanz astronomescher Objete. Am mëttleren Infrarout gëtt et staark Emissioun vun organesche Verbindungen am interstellare Medium, déi mat polyzykleschen aromatesche Kuelenwaasserstoffe artegläich sinn.
Observatioune bei héijer Routverrécklung [änneren]
Duerch déi kosmesch Routverrécklung gëtt dat vu Galaxien am fréien Universum ausgebreete visuell oder UV-Liicht op der Äerd am noen Infrarout observéiert. Dëst ass z. B. entscheedend fir d'Ausleeung vum James Webb Space Telescope.
Observatiounsobjeten a wëssenschaftlech Ziler [änneren]
Am Sonnesystem [änneren]
Planéite, Mounde, Koméite an Asteroide an eisem Sonnesystem ginn intensiv am Infrarout observéiert. Vun IRAS goufen z. B. e puer nei Asteroiden a Koméiten souwéi dräi Stëbsbänner am Beräich vun der Asteroidenceinture entdeckt, déi méiglecherweis duerch Kollisiounen an der Asteroidenceinture entstaane sinn. E neit Zil sinn Eegeschaften vun transneptunesche Objete vun der Kuiperceinture an der Oort-Wollek.
An der Mëllechstrooss [änneren]
Vill Infraroutobservatioune an der Mëllechstrooss zilen op e Verstoen vun der Stäregenesis. Groussflächegt Sichen no jonke Stäre an allen Entwécklungsstadie an no Bronge Zwergen gi kombinéiert mat héichopgeléiste Liichtbiller a mat Spektroskopie. Zirkumstellar Stëbsscheiwen erginn éischt Unzeechen fir d'Genesis an d'Entwécklung vu Planéitesystemer ëm aner Stäre. Am Galakteschen Zentrum gëtt am Infrarout d'Ëmgéigend vum nächsten supermasseräiche schwaarze Lachs ënnersicht. Entwéckelt Stäre an hire Massenauswurf sinn e weidert Zil vun der Infraroutastronomie an eiser Mëllechstrooss.
Infraroutspektroskopie dengt den Zoustandënnersich an der chemescher Zesummesetzung vum interstellare Medium. Vum IRAS gouf och eng diffus Infraroutstralung a filamentarteg Stëbswolleken entdeckt, déi sech bis an héich galaktesch Breede ausdeenen.
Baussenzeg vun eiser Mëllechstrooss [änneren]
Infraroutgalaxie stralen am Géigesaz vun der Mëllechstrooss an de meeschten anere Galaxie bis zu 99 % vun hirer ganzer Liichtkraaft am wäiten Infrarout of. Wiesselwiirkunge an Zesummestéiss mat annere Galaxie tragen zu hirer Existenz bäi. D'Infraroutastronomie ënnersicht Stärgenesis, Starbursts an aktiv Galaxiskäre.
D'Entwécklung vu Galaxien am fréien Universum gëtt ëmmer méi intensiv am Infrarout studéiert. Am noen Infrarout gëtt dat routverréckelt Liicht vun de Stäre vun dëse Galaxien observéiert, am wäiten Infrarout a Submillimeterberäich dee vum Stëbs verschléckt a nees ofgestralten Undeel.
Geschichtlech Entwécklung an Ausbléck [änneren]
Nodeem de William Herschel 1800 d'Infraroutstralung vun der Sonn entdeckt hat, konnt de Charles Piazzi Smyth 1856 éischtmols eng infrarout Komponent am Spektrum vum Moundlicht noweisen. De William Coblentz konnt vu 1915 un, Infraroutstralung vun 110 Stäre noweisen a gëllt als ee vun de Begrënner vun der IR-Spektroskopie. Dës fréier Miessungen goufe meeschtens mat Bolometer oder Thermoelemente gewonnen.
An de 1950er hunn Bläisulfid (PbS)-Detekteren en Emfindlechkeetsspronk am noen Infrarout gemaach. Wéi och bei ville spéidere Detekterentwécklunge fir dat not a mëttel Infrarout huet d'Astronomie hei vum militäreschen Interesse un emfindlechen Detektersystemer profitéiert z. B. un der Verfollegung vu Fligeren a Rakéiten. Géint 1960 entwéckelen den Harold L. Johnson a seng Mataarbechter dat éischt fotometrescht System fir den Infrarout. 1963 goufe mat den éischte Ballonmissioune Infraroutobservatioune vum Mars duerchgefouert a schonns 1967 goufe mat enger Serie vu Rakéiteflich déi éischt Kartéierung vum ganzen Himmel am mëttleren Infrarout duerchgefouert. Heibäi gouf bei enger Totalobservatiounszäit vun nëmmen 30 Minutte méi wéi 2000 Infraroutquellen entdeckt. Am gläiche Joer gouf och de Mauna-Kea-Observatoire gegrënnt, deen och haut nach déi gréisste Infraroutteleskope besëtzt. Ufanks de 1970er Joere gouf e militäreschen C-141A Transportjet zu engem Infraroutteleskop ëmgebaut, dat vun 1974 un als Kuiper Airborne Observatory (KAO) Observatiounen a 14 km Héicht duerchgefuert huet.
Den Duerchbroch vun der Infraroutastronomie koum an den 1980er mat den éischte Satellitemissiounen. 1983 duerchmustert IRAS den Himmel. 1989 gouf COBE gestart an entdeckt d'Anisotropie vun der kosmescher Hannergrondstralung. 1995 koum mat dem Infrared Space Observatory (ISO) dat éischt echt Weltraumobservatoire fir den Infrarout mat Kamera, Photometer a Spektrometer an de Weltraum. 1997 koum d'Oprëschtung vum Hubble-Weltraumteleskop mat dem Infraroutinstrument NICMOS, 2003 gouf d'Spitzer-Weltraumteleskop gestart. 2009 sinn d'Missioune Planck, Herschel a WISE gestart ginn.
D'Entwécklung vun der Infraroutastronomie geet am Moment haaptsächlech an zwou Richtunge:
- Observatioune mat héichster räimlecher Opléisung vum Buedem, ënner Notzung vun adaptiver Optik oder der Interferometrie wéi am Very Large Telescope Interferometer (VLTI). Geplangte Risenteleskope wéi d'European Extremely Large Telescope sinn ouni adaptiv Optik net méiglech.
- Weider Vergréisserung vun der Emfindlechkeet vu Fliger- a Satellitenteleskopen. An der Bauphas sinn de Fligerobservatoire SOFIA an d'Weltraumteleskop James Webb Space Telescope. Fir déi weider Zukunft ginn diskutéiert: TPF (NASA) resp. Darwin (ESA), mat deene fir d'éischt déi direkt Observatioun exosolarer Planéite méiglech gemaach ka ginn.
| Bezeechnung | Joer | Wellelängt | Bemierkungen |
|---|---|---|---|
| AFGRL Infrared Sky Survey | 1967 | 4–20 µm | Katalog mat 2363 Quellen |
| Two Micron Sky Survey (TMSS) | 1968 | 2,2 µm | 70 % vum Himmel, iwwer 5500 Quellen |
| Infrared Astronomical Satellite (IRAS) | 1983 | 12–100 µm | 96 % vum Himmel, iwwer 300000 Quellen |
| Cosmic Background Explorer COBE | 1989 | 1,25–240 µm | ganz prezis Spektroskopie bei klenger raimlecher Opléisung |
| Two Micron All Sky Survey (2MASS) | 1997–2001 | 1,25–2,17 µm | ganzen Himmel, ca. 500 Millioune Quellen |
| Bezeechnung | Joer |
|---|---|
| Infrared Astronomical Satellite (IRAS) | 1983 |
| Spacelab 2 Infrared Telescope | 1985 |
| Infrared Space Observatory (ISO) | 1995–1998 |
| Infrared Telescope in Space (IRTS) | 1995 |
| Midcourse Space Experiment (MSX) | 1996 |
| Wide Field Infrared Explorer (WIRE) | 1999 |
| Spitzer-Weltraumteleskop (SST) | zënter 2003 |
| Akari (ASTRO-F) | zënter 2006 |
| Herschel-Weltraumteleskop (HSO) | zënter 2009 |
| Wide-Field Infrared Survey Explorer (WISE) | zënter 2009 |
Literatur [änneren]
- Ian Glass: Handbook of Infrared Astronomy. Cambridge University Press, Cambridge 1999, ISBN 0-521-63311-7 (Technische Grundlagen).
- Ian S. McLean: Infrared astronomy with arrays - the next generation. Kluwer, Dordrecht 1994, ISBN 0-7923-2778-0
- Rudolf A. Hanel: Exploration of the solar system by infrared remote sensing. Cambridge Univ. Press, Cambridge 2003, ISBN 0-521-81897-4
- Thorsten Dambeck: In neuem Licht: Geburt und Tod der Sterne. Bild der Wissenschaft, 10/2008, S. 46 - 52
- Sascha Trippe: Ten thousand stars and one black hole - a study of the galactic center in the near infrared. Harland Media, Lichtenberg 2008, ISBN 978-3-938363-22-5
Um Spaweck [änneren]
- Deutsches SOFIA Inst., Grundlagen Infrarotastronomie: [1]
- (en) Infrared Astronomy Tutorial
- The Multiwavelength Astronomy Gallery [2]
- Infrared Processing and Analysis Center - science and data center for infrared astronomy