Bolometer

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

E Bolometer [griich. bole „Worf“, „Stral“] ass e Stralungsdetekter, deen déi ofgestraalt Energie- resp. Leeschtungsdicht vu meeschtens schwaache Liicht-, Infrarout-, Ultraviolett-Quellen oder Mikrowellen detektéiere kann, andeems hien déi duerch Absorptioun emstanen Erwiermung registréiert.

Stralungsquelle kënnen z. B. astronomesch Objete, Infrarout-Spektren oder Plasme sinn. Dat wiesentlecht Kennzeeche géintiwwer anere Stralungsdetektore (z. B. Fotozellen, Fotodioden) ass déi breetbandeg Empfangscharakteristik souwéi d'Méiglechkeet vun der Detektioun anescht nëmme schwéier oder net nowäisbarer Stralung (z. B. Infrarout op wäiter Distanz (FIR) oder Terahertzstralung).

Jee no Wellelängt vun der z'ënnersichender Quell souwéi der Reaktiounszäit an Empfindlechkeet ginn ënnerschiddlech Sensore benotzt:

  • een dënnt, fräi opgehangend, absorbéierendes Metallband (z. B. geschwäerzte Platin- oder Goldfolien)
  • e fräi opgehangend klenge Thermistor
  • eng Dënnschichtstruktur (Dënnschichtbolometer) fir kuerz Reaktiounszäiten
  • e supraleedfähege Sensor (fir héich Empfindlechkeet)

Déi duerch d'elektromagnéitesch Stralung ervirgeruffe Wäermewierkung (Wäermestralung) verännert den ohmschene Widderstand vum Sensor, deen nees mat enger uleiendender Spannung an engem Stroummiessappatat ugewise gëtt an domat Réckschless op d'Leeschtungsdicht vun der gemoossener Stralung erlaabt.

Flächesch Arrays ginn och als Bildsensor fir dat mëttelst a distanzéiert Infrarout, ë. a. an Thermographiekameraen agesat, kuckt och Mikrobolometerarray.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]