Astronomie
Astronomie ass e Begrëff fir déi Branche vun den Naturwëssenschaften, déi sech mat der Erfuerschung vum Universum ofginn, dat heescht, mat der Verdeelung a Bewegung, de physikaleschen Eegeschaften an Zoustänn, dem Entstoen, der Entwécklung an der Zesummesetzung vun der Matière am Weltraum a mat der Entwécklung an de Strukture vum Kosmos am grousse Ganzen. D'Astronomie ass déi eelsten Naturwëssenschaft iwwerhaapt.
Den Numm Astronomie kënnt aus dem griicheschen άστρον (ástron - Stär) an νόμος (nomos - Gesetz). D'Astronomie beschäftegt sech nieft de Planéiten a Fixstären och mat Galaxien a villen aneren Himmelsobjeten. An der Astronomie fanne sech awer och Erkenntnesser aus anere Fachgebidder, wéi zum Beispill der Physik, der Chimie, der Geologie, der Geophysik, der Mineralogie, der Biologie, der Mathematik, der Kartographie an nach aneren.
Inhaltsverzeechnes |
Astronomie [änneren]
Duerch d'visuellt Betruechte vum Nuetshimmel an dem Laf vun de Planéiten an der Sonn gëtt Astronomie schonn zënter Joerdausende bedriwwen. Zënter véierhonnert Joer ginn Teleskope benotzt; zu de Pionéiere gehéiert ënner anerem de Galileo Galilei.
D'19. Joerhonnert huet grouss Fortschrëtter mat sech bruecht, besonnesch duerch d'Fotographie an d'Spektroskopie. An der Mëtt vum 20. Joerhonnert koum d'onbemannt a bemannte Raumfaart dobäi. Mëttlerweil gëtt mat de verschiddenste physikalesche Methoden all elektromagnéitesch Stralung déi aus dem Weltall kënnt beobacht.
Spezialgebidder vun der Astronomie [änneren]
- ABC vun de Stären
- Astrometrie
- Astronomesch Begrëffer
- Astronomesch Instrumenter
- Astronomesch Katalogen
- Astronomesch Medailen a Präisser
- Astrophysik
- Himmelsmechanik
- Kalenner
- Kosmologie
- Meteorstréim
- Planetologie
- Sonnefuerschung
- Sonnesystem
- Stellardynamik
- Stellarstatistik
Literatur zum Thema [änneren]
- dtv-Atlas Astronomie Bd.3006. 14., 2000.
- Unsöld,Albrecht / Baschek, Bodo, Der neue Kosmos,
- Sky & Telescope. englesch Originaleditioun
- Sterne und Weltraum. Méintlech Zäitschrëft fir d’Astronomie
- Interstellarum. erschéingt all 2 Méint fir praktesch Astronomie
- Sternenbote. Ësteräichesch astronomesch méintlech Schrëft
- Astronomie Heute. Populärt Magazin fir Astronomie a Raumfaart (10 Editiounen/Joer, däitsch Editioun vun Sky & Telescope)
Kuckt och [änneren]
- Geschicht vun der Astronomie
- Chronologie vun der Astronomie
- Lëscht vun Astronomen
- Lëscht vun diffusen Niwwelen
- Lëscht vun de Sonnendäischterten
- Lëscht vun de gréisste Stären
- Lëscht vun den hellste Stären
- Lëscht vun den nooste Stären
- Lëscht vun den hellste Galaxien
- Lëscht vun den Donkelniwwelen
- Lëscht vun den IC-Objeten
- Lëscht vun de gréissten opteschen Teleskopen
Katalogen kuckt hei ënnert:
Um Spaweck [änneren]
| Commons: Astronomie – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- NASA: Astronomy Picture of the Day – All Dag e neit Bild mat Bericht.(englesch)
- NASA ADS – Datebank mat astronomescher Fuerschungsliteratur (engl.)
Lëtzebuerg [änneren]
- Amateurs Astronomes du Luxembourg
- Dem Georges seng Astronomie-Säit
- D'Astronomie-Säit vun der Réiser-Schoul
De Rescht vun der Welt [änneren]
- American Astronomical Society
- Cassini Imaging Laboratory
- Royal Astronomical Society (UK)
- Aurora Borealis