Astrometrie

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

D'Astrometrie (Stäremiessung) ass de geometreschen Deelberäich vun der Astronomie an domat d'Géigestéck zu der Astrophysik. Si ëmfaasst d'Miessung an d'Berechnung vu Stärepositiounen (sougenannt Stäreplazen) an hir Bewegungen (kuckt och Himmelsmechanik). Bis zum Aféiere vun der Astrophysik, déi ëm 1850 no der Erfindung vun der Spektroskopie koum, hunn d'Astrometrie an d'Sphäresch Astronomie de Groussdeel vun der ganzer Astronomie ausgemaach.

D'Astrometrie ass d'Wëssenschaft vum geometreschen Opbau vum Universum (Plaz, Bewegung an Distanz vun Himmelskierper) oder d'Vermiessung vum Himmel. Gläichzäiteg gëtt et eng Koordinategrondlag fir d'Geodesie - also d'Vermiessung vun der Äerd.

Inhaltsverzeechnes

Aufgabe vun der Astrometrie [änneren]

Konkret betruecht, bedeit d'Astrometrie haut:

Déi wichtegst Institutioun fir déi Aspekter ass d'Astronomescht Recheninstitut (ARI) zu Heidelberg. Et bedreift Astrometrie, Stellardynamik an astronomesch Déngschtleeschtungen a Form vun Ephemeriden a Joerbicher, Kalennergrondlagen a Bibliographieën.

Historesches a Verbindungen [änneren]

Bis zum Opkomme vun der Astrophysik no 1850 – virun allem duerch d'Spektralanalys an d'Astrofotografie - war d'Astrometrie gläichbedeitend mat Astronomie iwwerhaapt. Eréischt am 20.Joerhonnert ass ugefaange gi vun Astrometrie oder Positiounsastronomie ze schwätzen – am Géigesaz zu der Astrophysik, déi vun 1950 un, d'Astronomie dominéiert huet.

Zënter der Entwécklung vun elektro-opteschen Sensoren wéi CCD, vun Astrometriesatellitte wéi den Hipparchos an d'VLBI-Interferometrie erlieft d'Astrometrie eng Renaissance. Hir Verbindungen zu der Geodesie gi méi staark, an d'Bedeitung vun héichprezise Koordinatesystemer hëlt zou. International Aufgaben wéi Monitoring vun der Äerdrotatioun mat Radioastronomie a GPS, Raumfaart- a Satellitteprojete wéi Galileo oder GAIA ginn interdisziplinär a ginn jonk Astronomen nei Beruffschancen. An der Definitioun vun Zäitsystemer mussen Astronome mat Physik a weideren 3-4 Disziplinen kooperéieren.

Zwee- bis véierdimensional Astrometrie [änneren]

Den 2-D-Deel vun der Astrometrie zielt zu der sphäreschen Astronomie a beschäftegt sech nëmme mat der Afallsrichtung vu Liichtquellen aus dem Weltraum - theoretesch, miesstechnesch, betreffend d'Koordinatesystemer a fir divers Korrekturen vun der schäinbarer Richtung vun Himmelsobjeten (Planéiten, Stären, Galaxien) op hir richteg Richtung.

Dräidimensional ginn d'Stäreplazen duerch d'Miessung vun Parallaxen – deene schäinbaren Verréckelungen déi all Joer optrieden, déi vu géigeniwwerleiende Punkten vun der Äerdbunn feststellbar sinn. Doraus kënnen Stäredistanzen bis zu 100 Liichtjoer ofgeleet ginn, mat HIPPARCOS- an anere Methoden nach wäit doriwwer eraus.

4-D kënnt een d'Stellardynamik nennen, déi sech op Eegebewegunge stëtzt. Erhalen deet e se aus genauen Stäreplaze vu wäit auseneen leienden Epochen. Hir Ergänzung zu dem raimleche Vitessevektor gëtt d'Radialvitesse, e Resultat vun der Spektralanalys a soumat den Iwwergank zu der Astrophysik. D'selwecht ass et bei der Distanzebestëmmungen mat Hëllef vun der Fotometrie.

D'Dynamik vu wäiten Objete gëtt ëmsou méi astrophysikalesch erfuerscht, ëmsou méi wäit si ewech sinn. Dës Grenz gëtt awer duerch d'Raumfaart an d'Astrometriesatellitte stänneg vergréissert.

Literatur [änneren]

  • Julius Redlich: Ein Blick in das allgemeinste Begriffsnetz der Astrometrie. Verlag Beyer, Langensalza 1907.
  • Rudolf Sigl: Geodätische Astronomie. Verlag Wichmann, 3.überarb. Auflage, 300 p., ISBN 3-87907-190-X, Heidelberg 1991.
  • P.Brosche, H.Schuh: Neue Entwicklungen in der Astrometrie und ihre Bedeutung für die Geodäsie. ZfV Jg.124, p.343-350, Stuttgart 1999.

Um Spaweck [änneren]