Geowëssenschaften

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

Wiesselen op: Navigatioun, Sich

Geowëssenschaften ëmfaassen all d'Wëssenschaften, déi sech mat der Äerd beschäftegen.

Bei der Geowëssenschaft ginn d'Kenntnisser an d'Methode vun de Basiswëssenschafte Physik, Mathematik, Astronomie, Chimie a Biologie ugewannt. D'Geowëssenschafte sinn zimlech fächeriwwergräifend a kënne ganz schwéier agegrenzt ginn. Doduerch gëtt et keng eendeiteg Definitioun.

[änneren] Déi eenzel Sparten

Economiegeologie 
D'Economiegeologie benotzt op der Sich no economesch wäertvolle Réistoffer, nieft klassesche geologeschen Techniken, wéi d'Andeelen a Prouwen huelen um Terrain, och d'Methode vun der Geochimie, Geophysik a Fernerkennung. Zur Klärung vun der Genese vu Lagerstätten ass besonnesch d'Virstellung iwwert de Floss vun ënnerierdeschen, mineraliséierte Léisungen (Fluid) wichteg. D'Biergbaugeologie notzt bei der Sich an der Ausbeutung vun Äerzlagerstätten Erkenntnisser vun der Tektonik an der Strukturgeologie. Bei der Sich no fossile Brennstoffer, wéi och no netmetalleschen Rohstoffer, brauch ee Kenntnisser aus der Paleontologie (haaptsächlech Mikrofossilien) a Sedimentologie.
Fernerkënnegung 
Interdisziplinart Instrument fir Datebeschafung duerch Loftbildopnamen an Fernerkënnegssatellitten fir bal all Beräicher déi hei opgefouert sinn.
Fotogrammetrie 
bedeit d´Rekonstruktioun vun Zeechnunge vu Géigestänn (hei d´Äerd- oder Buedemiwwerfläch) an dräidimensionaler (z. B. eng perspektivesch Zeechnung vun enger Foto).
Geochimie 
D'Geochimie befaasst sech mat dem stofflechem Opbau an der Verdeelung vun chemeschen Elementer an Isotopen an der Äerd, ob anere Planéiten an am Weltall (Kosmochimie). Ausserdem erfuerscht si d´Gesetzer vum Stofftransport a Matièrekreeslaf vun de Mineralien, de Gestengs an der gesamter Äerd.
Geodesie 
D'Geodäsie befaasst sech mat der Bestëmmung vun der Figur vun der Äerd, hirer Zeechnung a Kaarten a Pläng souwéi der Vermoossen a Beschreiwung vun der Géigend an de Géigestänn a Bedeitung un der Äerdiwwerfläch. Deelberäicher vun der Geodäsie sinn d'Äerdvermoossen, d'Landvermoossen, d'Kartografie, d'Fotogrammetrie, d'Grondsteckvermoossen, d'Ingenieurvermoossen an d'Astrogeodäsie, déi d'Kenntnisser, d'Mëttel an d'Methode vun der Astronomie fir Vermoossenssaufgaben asetzt.
Geographie 
D'Geographie ënnersicht all Virgäng an ob der Äerd. Deelberäicher vun der Geographie sinn d'Physesch Geographie an der Anthropogeographie.
Geoinformatik 
D'Geoinformatik setzt sech mam Wiesen an der Funktioun vun der Geoinformatioun, mat hirer Bereetstellung a Form vun Geodaten a mat deenen doropper opbauenden Uwennungen auserneen. Déi dobäi gewonnen Erkenntnisser endegen an der Technologie vun de GEO-Informatiounssystemer.
Geologie 
D'Geologie ënnersicht den Opbau vun der Äerd, virun allem d'Gestengs an der Äerdkuuscht. De wichtegste Prinzip vun der Geologie ass den Aktualismus. Am Ufank vun de 60er Joren huet d'Wëssenschaft e risege Fortschrëtt duerch d'Akzeptéiere vun der Theorie vun der Plattentektonik. D'Schwësterwëssenschafte vun der Geologie sinn d'Paleontologie an déi historesch Geologie. En Deel vun der Geologie ass d'Stratigraffie, déi versicht d'Gestengs chronologesch nom Alter anzedeelen (geologesch Zäitskala). Jee nodeem wéieng Mierkmoler e Gestengs huet, ënnerscheed een: d'Fossil- oder Biostratigrafie, Lithostratigrafie, Magnetostratigrafie an d'Sequenzstratigrafie.
Geophysik 
D'Geophysik ass eng Spart vun der Physik an hellt physikalesch Prinzipie fir d'Erfuerschung vun der Äerd. Deelberäicher vun der Geophysik sinn d'Seismik, d'Seismologie, d'Gravimetrie, d'Geoelektrik, d'Geothermik (versicht déi Hëtzt aus der Äerd als Energieressource ze notzen ), d'Isotopengeophysik, d'Geomagnetik an d'Buerlachgeophysik.
Geotechnik 
D'Geotechnik ass en Haaptbegrëff fir d´Disziplinnen am Bauingenieurswiesen, déi sech mat der Grënnung vu Bauwierker am Ënnergrond befaassen.
Ingenieurgeologie 
D'Ingenieurgeologie ass deen Deel vun der Geologie deen d´geologesch Verhältnisser am Sënn vum Bauingenieurswiesen ënnersicht. Si befaasst sech z.B. mat der Standfestegkeet vum Ënnergrond vu Bauwierker an och mat der Äerbiewesécherheet. Si spillt och eng Roll bei der Entsuergung an der Vermeidung vun Ëmweltschied.
Kartografie 
D'Kartografie ass d'Wëssenschaft, Konscht an Technik vun der Erstellung vu geografesche Kaarten fir d'Duerstellung vun der Äerdiwwerfläch mat all hiren topografeschen, siedlungsgeografeschen, territorialen, infrastrukturellen, sozialen, politeschen, historeschen, geologeschen, tektoneschen an all aner Aspekter.
Kristallografie 
D'Kristallografie ass eng Materialwëssenschaft a beschäftegt sech mat de physikaleschen Eegeschafte vu Kristallen.
Limnologie 
D'Limnologie erfuerscht d´Struktur an de Stoff- an Energiehaushalt vun de Bannegewässer als Ecosystem.
Meteorologie 
D'Meteorologie ass d'Wëssenschaft vun den atmosphäreschen Erschengungen.
Mineralogie 
D'Mineralogie beschäftegt sech mat der Zesummesetzung an der Klassifikatioun vun de Mineralien, wou se hierkommen a mat hirer technescher an wiertschaftlecher Verwennung.
Ozeanografie 
D'Ozeanografie ënnersicht d'Stoff- an d´Energiekreesleef an de Weltmierer. D'Planktologie ass eng Verbindung zur Biologie.
Paleoklimatologie 
D'Paleoklimatologie versicht unhand verschiddener Daten aus Klimaarchiven déi ënnerschiddlech klimatesch Verhältnisser an der Vergaangenheet ze klären an dorauser Réckschlëss ob déi klimatesch Zukunft ze machen.
Paleontologie 
D'Paleontologie ass d´Wëssenschaft déi sech mat de Planzen (Paleobotanik) an Déieren (Paleozoologie) aus der Virzäit beschäftegt. Quellematerial fir d'Paleontologen sinn d'Fossilien.
Petrologie a Petrografie 
D'Petrologie und d'Petrografie sinn Disziplinnen, déi fest Gestengs als Ënnersichungsgéigestand hunn. D'Petrografie huet d'Roll fir se ze beschreiwen. Op Grond vun den Ënnerscheeder bei der Entsteeung vum Gestengs kann d´Petrologie an dräi Ënnergebidder gedeelt ginn: magmatesch Gestengs, metamorphesch Gestengs a Sedimentgestengs.
Petrophysik 
D'Petrophysik befaasst sech mat der Bestëmmung vu physikaleschen Eegeschafte vu Gestengsprouwen. Si huet eng besonnesch Bedeitung bei der Bewäertung vu Gestengs fir Pëtrol an Äerdgas.
Tektonik 
D'Tektonik befaasst sech mam aktuelle Bau vun der Äerdkuuscht an mat hire Beweegungen a Stäerkten.
Vulkanologie 
D'Wëssenschaft vun der Vulkanologie ëmfaasst déi vulkanesch Phänomener op der Äerd.
Perséinlech Tools