Biologie

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

Wiesselen op: Navigatioun, Sich

D'Biologie ass d'Wëssenschaft vun de Liewewiesen.

D'Wuert Biologie kënnt aus dem griicheschen βιος, bios = Liewen an λογος, logos = Léier a gouf am Joer 1802 vum franséische Biolog Jean-Baptiste de Lamarck agefouert.

Inhaltsverzeechnis

[Änneren] Kennzeeche vun de Liewewiesen (ouni d'Viren)

Déi wichtegst Kennzeechen vun de Liewewiesen (oder Organismen) sinn:

Well d'Viren net aus Zelle bestinn an och keen eegene Metabolismus hunn, gi si dacks net zu de Liewewiese gerechent.

[Änneren] Iwersiicht iwer d'Liewewiesen

Populärwëssenschaftlech kann een d'Liewewiesen a fënnef Gruppen (Kinnekräicher) andeelen:

Wëssenschaftlech ginn d'Liewiesen an dräi Domäner agedeelt:

  • Bacteria, eenzelleg, Zellen ouni Zellkär;
  • Archaea, bakterienähnlech Eenzeller, Zellen ouni Zellkär;
  • Eukarya, Een- oder Villzeller, Zelle mat engem Zellkär.

D'Bakterien an d'Archaeën ginn dacks zesummen als Prokaryonten (Prokaryota) bezeechent.

D'Vire feelen an der Lëscht, well nach net gewosst ass wéi si ënnereneen an och net mat deenen anere Liewewiesen Famill sinn.

Der aktueller Systematik no, déi awer nach an der Diskussioun ass, ginn d'Eukarya (Eukaryoten) a sechs Gruppen (Kinnekräicher) agedeelt:

Adl, S.M., 2005. The New Higher Level Classification of Eukaryotes with Emphasis on the Taxonomy of Protists. The Journal of Eukaryotic Microbiology 52 (5): 399-451.(Résumé a ganzen Text)
Keeling, P.J. et al., 2005. The tree of eukaryotes. Trends in Ecology and Evolution 20 (12): 670-676. (Eng alternativ, liicht verschidde Klassifikatioun, mat fënnef amplaz sechs Kinnekräicher).

[Änneren] Definitioun vum Liewen

Eng Definitioun vum Liewe gëtt gebraucht well:

  • op eiser Äerd sech d’Liewe graduell, also mat (villen?) Tëschestufen aus organescher Matière entwéckelt huet;
  • op anere Planéiten (z.B. d’Venus) oder hire Mounden (z.B. dem Titan vum Saturn) vläicht Liewensformen entstane sinn, déi sech grondleeënd vun deenen op der Äerd ënnerscheeden.

Folgend Definitioune goufen ënner anere virgeschloen:

Dës Definitioun gouf 1994 als Aarbechtshypothes fir d’Nasa bei hierer Sich no Liewen op frieme Planéite virgeschloen.

Literatur: Hazen, R., 2007. Was ist Leben? Spektrum der Wissenschaft Okt. 2007: 67-70.

[Änneren] Aarbechtsmethode vun der Biologie

D'Biologie notzt ganz allgemeng d'Methode vun der Wëssenschaft, wéi:

  • Froe stellen;
  • Genau observéieren; och mat Hëllefsmëttelen wéi dem Mikroskop oder der Spektiv;
  • Dokumentéieren vu Beobachtungen a Form vun Notizen, Handzeechnungen, Fotoen a Filmer, grad ewéi Tounopzeechnungen;
  • Experimentéieren;
  • Opstellen an Teste vun Hypothesen.

Donieft bidden ënnerschiddlech Deeldisziplinnen eegen Zougäng:

Systemateschen Usaz
e System vun de Liewewisen opstellen (Systematik), an onbekannte Liewewiesen charakteriséieren, a mat Hëllef vun hiren Eegeschaften a Mierkmoler an dëse System anuerdnen.
Anatomie
doudeg Liewewiesen an hir Eenzeldeeler zerleeën an ënnersichen.
Physiologie
d'Funktioun an d'Zesummespill vun eenzelnen Zellen an eenzelnen Organer ënnersichen an erklären.
Pathologeschen Usaz
aus kranken Zoustänn op deenen hir Mechanismen schléissen.
Geneteschen Usaz
D'Ierfgutt vun allen Arte vu Liewewiesen analyséieren a katalogiséieren.
Biochemeschen Usaz
Déi verschidden Bestanddeeler vun de Liewewiesen (z.B. Eewäisser, Lipiden a Kuelenhydrater) grad ewéi d'chemesch Stoffëmsetzungen analyséieren.
Verhalensbiologeschen, speziell soziobiologeschen Usaz
D'Verhalen vun Individuen, vun artgläichen Déieren an der Grupp an vis-à-vis vun aneren Déierarten beobachten a versichen ze erklären.
Ökologischen Usaz
De Liewensraum vun enger Art vu Liewewiesen dokumentéieren, d'Wiesselbezéiungen vun de Liewewiesen mat hirer Ëmwelt an d'Zesummespill vu verschiddenen Arten an engem Liewensraum analyséieren.
Notz-Usaz
Notzplanzen, Notzdéieren an Notzmikroorganismen halen, ziichten, ënnersichen.

[Änneren] Méiglech Andeelung vum Fachgebitt

[Änneren] Wichteg Deelgebidder vun der Biologie

Aerobiologie -- Anatomie -- Anthropologie -- Bakteriologie -- Biochimie -- Biogeographie -- Bioinformatik -- Bionik -- Biophysik-- Biotechnologie -- Biozönologie -- Botanik -- Chorologie -- Chronobiologie -- Entomologie (Léier vun den Insekten) -- Entwécklungsbiologie -- Epidemiologie -- Evolutiounstheorie -- Genetik (Verierwungsléier) an Epigenetik (doriwwer eraus) -- Geobotanik -- Histologie (Léier vun de Tissusen) -- Immunologie -- Kladistik -- Lichenologie (Léier vun de Flechten) -- Limnologie -- Mieresbiologie -- Mikrobiologie -- Molekularbiologie -- Morphologie -- Mykologie (Léier vun de Pilzen) -- Neurowëssenschaften -- Ökologie (Biologie) -- Onkologie (Kriibsfuerschung) -- Ontogenie (Individualentwécklung) -- Paläontologie (mat Paläobotanik a Paläozoologie) -- Pathologie (Léier vun de Krankheetserreeger) -- Pharmabiologie -- Phykologie -- Phylogenie -- Physiologie -- Phytopathologie -- Protozoologie -- Séisswaasserbiologie -- Strukturbiologie -- Taxonomie -- Theoretesch Biologie -- Toxikologie -- Verhalensfuerschung -- Virologie -- Zellbiologie -- Zoologie

[Änneren] Grenzgebidder vun der Biologie

[Änneren] Fir ze liesen

[Änneren] Um Spaweck

Perséinlech Tools
Aner Sproochen