Charles Darwin

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

Wiesselen op: Navigatioun, Sich
Den Charles Darwin - 1881
Den Charles Darwin - 1881

Den Charles Robert Darwin gebuer den 12. Februar 1809 zu Shrewsbury an England, a gestuerwen den 19. Abrëll 1882 zu Downe, war ee briteschen Naturfuerscher an Evolutiounsbiolog. Seng Theorie vun 1859 ass d'Basis vun der moderner Evolutiounstheorie a gëtt als Darwinismus bezeechent.

[Änneren] Seng Evolutiounstheorie (Darwin, 1859)

Dem Darwin seng Evolutiounstheorie, déi hien 1859 a sengem haut berühmte Buch mam Titel On the Origin of Species publizéiert huet, kann een ënnert folgende véier Punkte resuméieren (E. Mayr, 1993).

1 Evolutioun als sollech
D’Aarte si net fix, mee verännere sech am Laf vun der Zäit. Eng Partie vun den Aarte stierwt aus, aus aneren Aarten entstinn nei Aarten. All haiteg Aarte sinn d’Resultat vun der Evolutioun.

2 Gemeinsam Vierfahren
All Organismen (Aarten) déi sech gläichen, also gemeinsam Merkmaler hunn, stame vun engem gemeinsame Vierfahren of. Am allgemengen: d’Liewen ass nëmmen eemol op der Aerd entstanen, ënnert Form vu primitiven Organismen, vun deenen all aktuell Aarten, de Mënsch abegraff, ofstamen.

3 Gradualismus vun der Evolutioun
D’Evolutioun verleeft graduell, mat klenge Schrëtt, also net mat grousse Spréng.

4 Natierlech Selektioun
All Generatioun produzéiert en Iwerfloss u Nokommen, déi sech ënnerteneen duerch vill Merkmaler ënnerscheeden (intraspezifesch Variabilitéit). Nëmmen déi Individuen déi gudd oder besser ugepasst sinn, z.B. un hiere Liewensraum, iwerliewen a reproduzéiere sech (survival of the fittest). D’natierlech Selektioun ass de Motor deen d’Evolutioun undreift.

[Änneren] Aus haiteger Siicht

Dës véier Ideeë ginn haut als richteg ugesinn. Allerdéngs diskutéieren d'Fuerscher weider nach dee präzise Stellewäert vun der natierlecher Selektioun. Ass sie dee wichtegsten, ausschlaggiewende Motor vun der Evolutioun, wéi vill vun hinne mengen, oder awer gëtt et derniewt nach aner, wann och manner wichteg Mechanismen, déi d'Evolutioun mat undreiwen?

[Änneren] Säi Liewen

1825 huet den Charles Darwin ugefange Medezin ze studéieren, huet säi Studium awer ofgebrach fir dunn am Joer 1827 zu Cambridge Theologie ze studéieren.

1831 huet hien op der HMS Beagle déi haaptsächlech Vermiessungsaarbechte gemaach huet, eng Weltrees ugetrueden, déi fënnef Joer sollt daueren. Op dëser Rees huet hien d'Geologie, d' Fossilien an d'Liewewiesen vu friemen Inselen a Kontinenter intensiv studéiert. Den Openthalt op de Galapagos-Inselen hat e groussen Afloss op säin Denken an hien huet ugefaangen un denen deemolegen Theorien, datt all Aarten ëmmer gläich bleiwen, ze zweifelen.

No senger Rees huet hien seng Evolutiounstheorie formuléiert, déi op dräi Grondgedanken baséiert. 1859 huet hie seng Opfaassung a sengem Haaptwierk verëffentlecht.

Vun der anglikanescher Kierch an duerno och vun der kathoulescher Kierch gouf hien hefteg kritiséiert well seng Ideen net dem wuertwiertlechen Text vun der Erschaafung vun de Liewewiesen, a besonnesch och net dem Mënsch, an der Bibel entspriechen.

1864 gouf hien vun der britescher Royal Society ausgezeechent.

Hie gouf zu London an der Westminster Abbey begruewen, wou eng Rei bedeitend Perséinlechkeeten, sou och z.B. den Isaac Newton, hiert Graaft hunn.

[Änneren] Seng Wierker

  • 1836: A LETTER, Containing Remarks on the Moral State of TAHITI, NEW ZEALAND, &c. – BY CAPT. R. FITZROY AND C. DARWIN, ESQ. OF H.M.S. 'Beagle.' [1]
  • 1839: Journal and Remarks (The Voyage of the Beagle)
  • Zoology of the Voyage of H.M.S. Beagle: published between 1839 and 1843 in five volumes by various authors, Edited and superintended by Charles Darwin: information on two of the volumes –
1840: Part I. Fossil Mammalia, by Richard Owen (Darwin's introduction)
1839: Part II. Mammalia, by George R. Waterhouse (Darwin on habits and ranges)
  • 1842: The Structure and Distribution of Coral Reefs [2]
  • 1844: Geological Observations of Volcanic Islands [3], (French version)
  • 1846: Geological Observations on South America [4]
  • 1849: Geology from A Manual of scientific enquiry; prepared for the use of Her Majesty's Navy: and adapted for travellers in general., John F.W. Herschel ed. [5]
  • 1851: A Monograph of the Sub-class Cirripedia, with Figures of all the Species. The Lepadidae; or, Pedunculated Cirripedes. [6]
  • 1851: A Monograph on the Fossil Lepadidae; or, Pedunculated Cirripedes of Great Britain [7]
  • 1854: A Monograph of the Sub-class Cirripedia, with Figures of all the Species. The Balanidae (or Sessile Cirripedes); the Verrucidae, etc. [8]
  • 1854: A Monograph on the Fossil Balanidæ and Verrucidæ of Great Britain [9]
  • 1858: On the Perpetuation of Varieties and Species by Natural Means of Selection
  • 1859: On the Origin of Species by Means of Natural Selection, or the Preservation of Favoured Races in the Struggle for Life
  • 1862: On the various contrivances by which British and foreign orchids are fertilised by insects [10]
  • 1868: Variation of Plants and Animals Under Domestication (PDF format), Vol. 1, Vol. 2
  • 1871: The Descent of Man and Selection in Relation to Sex
  • 1872: The Expression of Emotions in Man and Animals [11]
  • 1875: Movement and Habits of Climbing Plants [12]
  • 1875: Insectivorous Plants [13]
  • 1876: The Effects of Cross and Self-Fertilisation in the Vegetable Kingdom [14]
  • 1877: The Different Forms of Flowers on Plants of the Same Species [15]
  • 1879: "Preface and 'a preliminary notice'" in Ernst Krause's Erasmus Darwin [16]
  • 1880: The Power of Movement in Plants [17]
  • 1881: The Formation of Vegetable Mould Through the Action of Worms [18] [19]
  • 1887: Autobiography of Charles Darwin (Erausgi vu sengem Jong Francis Darwin) [20]
  • 1958: Autobiography of Charles Darwin (Barlow, ongekierzt)

[Änneren] Literatur

  • Browne, J., 1995. Charles Darwin: Voyaging. Princeton University Press, 605 S. (Biographie vum Darwin, Band 1)
  • Browne, J., 2002. Charles Darwin: The Power of Place. Princeton University Press, 591 S. (Biographie, Band 2).
  • Mayr, E., 1991. One Long Argument. Charles Darwin and the Genesis of Modern Evolutionary Thought. Harvard University Press.
  • Mayr, E., 1993. Darwin et la pensée moderne de l’évolution. Editions Odile Jacob, Paräis. (Franséisch Iwwersetzung vum Buch vun 1991).
  • Tort, P. (sous la dir. de), 1996. Dictionnaire du darwinisme et de l'évolution, 2 Bänn. Presses universitaires de France.

[Änneren] Linken

[Änneren] Kuckt och

[Änneren] Um Spaweck

Galapagos Islands

Commons: Charles Darwin – Biller, Videoen oder Audiodateien
Perséinlech Tools