Darwin-Gedenkjoer 2009

Vu Wikipedia
Logo vum Darwinjoer zu Lëtzebuerg
Offizielle Poster fir d'Darwinjoer zu Lëtzebuerg
Invitatiounskaart fir d'Ausstellung am natur musée

2009 gi weltwäit zwéin Anniversairë vum Charles Darwin (1809-1882) gefeiert:

  • säin 200. Gebuertsjoer den 12. Februar 1809. Deen Dag gëtt och all Joer vun de Wëessenschaftler als Darwin-Dag gefeiert.
  • den 150. Anniversaire vun der Verëffentlechung de 24. November 1859 vu sengem Haaptwierk On the Origin of Species, an deem hie seng Evolutiounstheorie beschreift.

D'Darwin-Gedenkjoer zu Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

Zu Lëtzebuerg goufen am Darwinjoer 2009 déi heiten Evenementer organiséiert[1]:

  • 5. Februar 2009: Konferenz am Naturmusée
    Darwin oder Moses. Funktion und Bedeutung von Charles Darwins Portrait im 19. Jahrhundert.
    Dr. Julia Voss, Konschthistorikerin, Konschtkritikerin bei der Frankfurter Allgemeinen Zeitung, Auteur ë. a. vum Buch mam Titel: Darwins Bilder.[2]
    Organisatioun: natur musée mat der finanzieller Hëllef vum Fonds national de la recherche.
  • 12. Februar 2009: Darwin Birthday am Naturmusée.
    Liesungen aus Publikatiounen a Bréiwer vum Charles Darwin op sengem 200. Gebuertsdag. D'Texter goufe gelies vum Nickel Bösenberg, Claude Mangen an der Barbara Ullmann. Dobäi gouf e Gebuertsdagskuch a Gedrénks zerwéiert.
    Organisatioun: Naturmusée a Radio 100,7.
  • Februar-Mäerz 2009: Theaterstéck Darwin vum Thierry Debroux (a franséischer Sprooch) am Kapuzinertheater an der Stad Lëtzebuerg. Produktioun: Kapuzinertheater. Mise e scène: Valérie Bodson. Ëm wat et geet: D'Sally, Biologiesprofessorin, gëtt vu senger Schouldirektioun ënner Drock gesat fir de Kreationismus als Alternativ zur Evolutiounstheorie vum Charles Darwin a senge Coursen z'enseignéieren. Als Drockmëttel ginn och Hiweiser op Problemer a sengem Privatliewe gebraucht. De Verstand behält awer d'Iwwerhand an d'Sally brauch schlussendlech net nozeginn.
  • 14. Mee 2009 (Uni Lëtzebuerg, Campus Kierchbierg), Konferenz:
La naissance d'Homo sapiens, vum Philippe Vidal, Universitéit Nanzeg.
  • 18. Mee 2009 (Uni Lëtzebuerg, Campus Kierchbierg), Konferenz:
Aus dem Kampf der Natur, aus Hunger und Tod… Was Charles Darwin wirklich (nicht) sagte), vum Franz Wuketits, Konrad Lorenz Institut für Evolutions- und Kognitionsforschung, Altenberg, Éisträich.
Der vielfältige Humboldt und seine Beziehungen zu Darwin, vum Prof. Dr. Nicolaas Rupke, Direkter vum Institut für Wissenschaftsgeschichte, Universitéit Göttingen (bei Geleeënheet vum 150. Doudesdag vum Alexander von Humboldt).
Charles Darwin, le darwinisme et la théorie moderne de l'évolution, vum Biolog Claude Meisch.
Charles Darwin, le darwinisme et la théorie moderne de l'évolution, vum Biolog Claude Meisch.
Evolution on strips, presentéiert vum Christian Ries (Naturmusée).

Darwin-Gedenkjoer uechter d'Welt[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. D'Manifestatioune gi vun engem Konsortium vu follgenden Instituter an Associatiounen organiséiert:
    * Association des biologistes luxembourgeois - ABIOL
    * Centre culturel de rencontre Abbaye de Neumünster - CCRN;
    * Centre de recherche public Gabriel-Lippmann;
    * Institut grand-ducal, section des sciences naturelles, physiques et mathématiques;
    * Institut Pierre-Werner - IPW;
    * Musée national d'histoire naturelle - MNHN;
    * ProScience - Groupement pour la promotion de la culture scientifique;
    * Société des naturalistes luxembourgeois - SNL;
    * Théâtre des capucins;
    * TROIS C-L - Centre de création chorégraphique luxembourgeois;
    * Université du Luxembourg
  2. Julia Voss, 2007. Darwins Bilder. Ansichten der Evolutionstheorie 1837 bis 1874. Fischer Taschenbuch Verlag, 380 S. Frankfurt am Main. ISBN 978-3-596-17627-4 (D'Julia Voss huet zanter 2000 eng Rëtsch vun Artikelen iwwer d'Wëssenschaftsgeschicht, am besonneschen och iwwer den Charles Darwin, seng Zäit, an d'Debatt iwwer den Darwinismus publizéiert.)

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]