Athénée de Luxembourg

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
De Kolléisch zu Hollerech (Januar 2008)
De Kolléisch gëtt komplett renovéiert (Februar 2014)

Den Athénée de Luxembourg, och nach De Kolléisch oder mol Stater Kolléisch genannt[1], ass e klassesche Lycée um Campus Geesseknäppchen an der Stad Lëtzebuerg.

De Kolléisch, dee 1603 vun de Jesuite gegrënnt gouf, ass déi eelst Secondaire-Schoul zu Lëtzebuerg. Bis 1964 war d'Schoul an der Ënneschtgaass nieft der Kathedral, an de Gebaier an deenen haut d'Nationalbibliothek dran ass. 1964 koum de Kolléisch an en deemools neit Gebai um Geesseknäppchen.

Zanter September 2012 ass de Kolléisch an engem neie Gebai um Geesseknäppchen, dat bis datt d'Renovatioum vum Gebai vun 1964 ofgeschloss wäert sinn.

Zanter 2008 gëtt de Kolléisch all Joer e Band aus der Publikatiounssérie annALes Athénée de Luxembourg (d'annALe vum Staadter Kolléisch) eraus, wouran d'Schoulcommunautéit an d'Chronik vum viregte Schouljoer presentéiert an och pedagogesch oder méi wëssenschaftlech Iwwerleeunge publizéiert ginn.

2010 krut de Kolléisch de Statut vun enger IB World School. Dat bedeit, datt nieft dem Lëtzebuerger Programm och op den Internationale Baccalaureat virbereet gëtt[2].

Kolléisch in Concert (KIC)[änneren | Quelltext änneren]

Kolléisch in Concert ass e Concert deen zanter 1981 all Joer während dräi Owenter an der Woch virun der Fuesvakanz vu Schüler, haaptsächlech vun der Musekssektioun (F-Sektioun) opgefouert gëtt.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Collège des Jésuites (1603-1773)[änneren | Quelltext änneren]

D'Jesuitekierch mam Jesuitekolléisch, Architekteplang ëm 1686
Den Architekeplang vun der Jesuitekierch an dem Jesuitekolléisch

Am Joer 1603 gouf de stater Kolléisch vun de Jesuiten als Collège des Jesuites gegrënnt. Inspiréiert huet sech dës Grënnung vum Athenäum un der fréierer Jesuiteschoul vun Tréier. Deemools huet déi laténgesch Sprooch eng ganz wichteg Roll an der Hierarchie vum Kolléisch gespillt, ebe besonnesch well et am 17. Joerhonnert als diplomatesch Sprooch am Gebrauch war, grad sou wéi déi wichtegst Fächer op deene groussen a renomméierten Universitéiten op Latäin gehale goufen. Et gouf och grousse Wäert op d'Konscht an op d'Philosophie geluecht, zu där och d'Physik an d'Mathematik gehéiert hunn.

De 16. Januar 1610 hunn d'Jesuiten am Kolléisch déi Marianesch Sodalitéit gegrënnt. Dës reliéis Brudderschaft stoung um Ufank vun der Muttergottesveréierung zu Lëtzebuerg an huet zesumme mam Pater Jacques Brocquart S.J. den 8. Dezember 1624 eng Muttergottesstatu mam Titel Tréischterin am Leed zur Veréierung virun d'Stadmauere gedroen.[3]

Collège royal (1773-1795)[änneren | Quelltext änneren]

Nodeem de Poopst Clément XIV den 21. Juli 1773 de Jesuitenuerden opgehuewen hat, gouf ënner der Maria Theresia vun Éisträich aus dem Jesuitekolléisch de Kinnekleche Kolléisch. De Klerus huet d'Roll vun de Jesuiten iwwerholl. An de Joren duerno gouf et eng Rei vun neie Reformen. Et goufe siwe Klasse gemaach, eng Sixième, eng Cinquième, eng Quatrième, eng Troisième, eng Deuxième an eng Rhetorikklass. D'Latäin war nach ëmmer d'Haaptuleies vum Kolléisch. Mä et goufen och nei Fächer agefouert wéi Geographie, Geschicht an aner Sproochen.

École centrale (1795-1802)[änneren | Quelltext änneren]

Kuerz nom Enn vum éisträichesche Regime an duerch déi franséisch Besatzung am Joer 1795, wéi och duerch d'Annexioun vum deemolegen Herzogtum Lëtzebuerg un d'Republik Frankräich am Joer 1797 gouf d'École Centrale imposéiert. 1799 goufe speziell Richtlinne wat d'Disziplin ubelaangt agefouert, grad sou wéi datt d'Schüler tëscht eenzelne Sektioune wiele konnten.

École Secondaire (1802-1808)[änneren | Quelltext änneren]

Den 1. Mee 1802 ass eng nei Schoulreform agefouert ginn. DÉcoles centrales goufen duerch d'écoles a lycées secondaires ersat.

Collège municipal (1808-1817)[änneren | Quelltext änneren]

Am Kolléisch ass d'Latäin erëm méi wichteg ginn, an d'Sciencen hunn ofgeholl an déi al Organisatioun vun de Klassen ass erëm agefouert ginn. Well d'Schoul vun do un dem Buergermeeschter ënnersteet, gouf am Joer 1808 aus dem Kolléisch de Collège municipal (communal). D'Griichesch Sprooch ass nei agefouert ginn. D'Schouljore goufen op fënnef Joer verkierzt. Mam Ënnergang vum Napoleonesche Räich gouf d'Schoul e Gymnasium.

Athénée royal grand-ducal (1817-1890)[änneren | Quelltext änneren]

Den ale Kolléisch 1828. Haut d'Nationalbibliothéik

Um Wiener Kongress 1815, wou Europa nei organiséiert gouf, koum et zur Personalunioun tëscht Lëtzebuerg an Holland, d. h. den hollännesche Kinnek gëtt Groussherzog vu Lëtzebuerg. 1817 ass aus dem Gymnasium den Athénée royal grand-ducal ginn [4]. Vun do un ass eng zousätzlech classe philosophique agefouert ginn, no deene 6 gewinnte Lycéesjoren. An där Klass hu sech zwéi Professeren ëm d'Schüler gekëmmert; deen ee war op d'Logik an op d'Metaphysik, deen aneren op d'Physik an d'Mathematik spezialiséiert. 1817 gouf och an all Klassesall d'Tafel ("une table peinte en noir") agefouert. Am Joer 1824 koum eng nei Sektioun dobäi, d'section industrielle. D'Schüler konnten nieft dem Latäin an dem Algriicheschen och Fächer wéi Naturwëssenschaften oder modern Sprooche wielen. Vum Joer 1825 un, wou Lëtzebuerg zum Däitsche Bond gehéiert huet, gouf déi däitsch Sprooch erëm obligatoresch am Kolléisch. Bis 1831 war och déi hollännesch Sprooch obligatoresch, duerno, bis 1839, war se fakultativ. 1835 ass e Projet vun enger neier Schoul lancéiert ginn. Et ass en neit Gebai un de Kolléisch ugebaut ginn. Den 2. Mee 1836 krut de Professer Trausch d'Erlaabnes fir e Pensionnat am Gebai vum Kolléisch opzemaachen.

D'Reform Friedemann[änneren | Quelltext änneren]

De Friedrich Traugott Friedemann, ageluede vum Kinnek Grand-Duc, koum 1836 op Lëtzebuerg, fir de lëtzebuergesche Schoulsystem un den däitschen ze bannen. D'grouss Vakanz, wéi och d'Schoulfächer selwer sollten op den däitsche Schoulsystem ofgestëmmt ginn. Déi Reform huet sech allerdéngs just op de Kolléisch bezunn. Deemools goung et dunn drëms, de franséische Schoulsystem duerch deen däitschen z'ersetzen. Mat där Reform wollte si d'Studenten ausschliisslech op Universitéite vum Däitsche Bond bréngen. Ausserdeem sollt den Athénée Royal eng sougenannte section moderne ubidden, och nach section réale genannt. Déi Reform war ënner anerem och zoustänneg fir déi pedagogesch Reform.

D'Reform vun 1848[änneren | Quelltext änneren]

D'Gesetz vum 23. Juli 1848 huet laang de Lëtzebuerger Enseignement dirigéiert. Den Athénée huet bestanen aus de "cours supérieurs", déi erëm agefouert goufen, mat de Fächer Medezin, Physik a Mathematik , dem Gymnasium, dee méi op de Mënsch an déi moralesch Wäerter ausgeriicht war an der Industrieschoul mat Coursen iwwer d'Industrie an d'Economie. Als pedagogesch Erneierung gëtt 1888 d'Klassebuch agefouert.

Athénée grand-ducal (1890-1940)[änneren | Quelltext änneren]

Am Kader vun dëse Reformen an de Joren 1892 bis 1908 gëtt d'Industrieschoul vum Kolléisch getrennt. 1908 kritt d'École industrielle et commerciale e neit Gebai um Lampertsbierg, den haitege Stater Jongelycée. Den enseignement gymnasial gëtt op siwe Joer verlängert.

Dikrech an Iechternach hunn an der zweeter Hallschent vum 19. Joerhonnert e "Progymnase" konnen opmaachen, déi ënner der Supervisioun vum Kolléischsdirekter stoungen, bis si zu selbstännegen Lycéeë goufen. Hei läit d'Ursaach, firwat och vum Dikrecher an Iechternacher Kolléisch geschwat gëtt.

Athenaeum (1940-1945)[änneren | Quelltext änneren]

Pro Patria 1940-1945
Gedenktafel am Préau vum Kolléisch

Ënner den Nazien an hirer Politik vun der "Gleichschaltung" gouf de Kolléisch an Athenaeum ëmgedeeft a gouf e Gymnasium mit Oberschule für Jungen. D'"cours supérieurs" goufen ofgeschaf. Et koum doriwwer eraus zu enger ganzer Rëtsch vu Virschrëften: de Verbuet vun der franséischer Sprooch, den Ausschloss vun alle jiddesche Studenten, d'Verpflichtung fir all Professeren, dem VdB unzegehéieren, d'Versetzung vu Professeren an Däitschland, den Drock op all Studenten, der Hitlerjugend bäizetrieden asw.

Vill Professeren a Studenten hu sech dëse Virschrëfte widdersat. Wéi den 21. Oktober 1940 d'Nazien d'Gëlle Fra mat engem Dampwalz ëmgerappt hunn, do hunn e puer honnert Studenten aus dem Kolléisch, dee jo just vis-à-vis war, haart géint d'Ofrappe protestéiert. Vill vun hinne goufe verhaft a brutal vun der Gestapo zerklappt. Den Direkter Joseph Wagener gouf 1941 vun der däitscher Zivilverwaltung aus dem Déngscht entlooss. Um Enn vum Krich war de Bluttzoll vum Kolléisch ganz héich: 2 Professeren, de Lucien Bentz an den Émile Lefort, a 76 Studente si fir d'Fräiheet vum Lëtzebuerger Land gestuerwen.

Athénée de Luxembourg[änneren | Quelltext änneren]

Nom Krich gouf de Kolléisch dunn erëm Athénée Grand-Ducal , spéiderhi meeschtens einfach Athénée de Luxembourg genannt. Zanter 1964 ass de Kolléisch net méi am Stadzentrum, mä um Geesseknäppchen.

D'Gebai zu Hollerech[änneren | Quelltext änneren]

1939, wéi dat aalt Gebai nieft der Kathedral ze kleng gi war, an den Ufuerderunge vun deemools net méi entsprach huet, gouf decidéiert eng nei Schoul ze bauen. Dräi Plaze koumen a Fro: de Quartier Heintz hanner dem Konvikt, de Stater Park vis-à-vis vum Konvikt an de Park hanner der Fondatioun Pescatore. Et war schliisslech déi drëtt Propose, déi zréckbehale gouf. Den éischte symbolesche Spuetstéch gouf am November 1939 gemaach. Den Ausbroch vum Zweete Weltkrich huet de Bau vum neien Athenäum awer du verhënnert.

Schliisslech ass eréischt 1964 d'Schoul an en neit Gebai zu Hollerech geplënnert, op de Boulevard Pierre Dupong, N°24. De 6. Abrëll 1964 gouf, no der Ouschtervakanz, fir d'éischt do Schoul gehalen. Am Kolléisch waren déizäit ronn 800 Schüler an den Direkter war de Pierre Winter.

De Provisorium[änneren | Quelltext änneren]

An den 2000er Joren huet sech dat Gebai zu Hollerech als ze kleng erwisen, an och e puer Renovatioune goufe fälleg. Zanter der Rentrée am September 2012 ass de Kolléisch an engem neie Gebai am Haff vum Gebai vun 1964, dat vun 2013 un komplett renovéiert wäert ginn.

Direkteren[änneren | Quelltext änneren]

Professeren déi am Kolléisch enseignéiert hunn[änneren | Quelltext änneren]

Numm gebuer gest. Fachrichtung
Jacques Brocquart 1588 1660 Jesuitepater,
Grënner vun der Muttergottesoktav
Alexandre Wiltheim 1604 1684 Jesuitepater, Schrëftsteller, Historiker
Johann Philipp Bettendorff 1625 1698 Jesuitepater, Missionär a Brasilien, Grënner vun der Stad Santarém[6]
Heinrich Stammer 1785 1859 Pedagog a Schoulbicherauteur
Jean-Baptiste Fresez 1800 1876 Moler
Jean Engling 1801 1888 Geeschtlechen, Historiker, Archeolog
Ernst Koch 1808 1858 Schrëftsteller
Jean Pierre Michaelis 1811 1867 Mathematiker
Nicolas Funck 1816 1890 Naturwëssenschaftler
Nicolas Wies 1817 1879 Geeschtlechen, Geolog
François Reuter 1819 1908 Chimist a Meteorolog
Jean Neumann 1820 1892 Literat, Auteur
Alexandre de Colnet d'Huart 1821 1905 Physiker, Politiker
Charles Mullendorff 1830 1902 Geeschtlechen
Hyacinthe Schaack 1831 1915 Historiker
Joseph Speck 1834 1901 Auteur
Laurent Menager 1835 1902 Museker, Komponist
Michel Engels 1851 1901 Zeechner, Moler
Eugène Wolff 1865 1908 Auteur, Literat, Historiker
Edmond Joseph Klein 1866 1942 Naturwëssenschaftler
Nik Welter 1871 1951 Schrëftsteller
Joseph Hansen 1874 1952 Schrëftsteller
Damien Kratzenberg 1878 1946 Germanist, Nazikollaborateur
Jean-Pierre Lamboray 1882 1962 Moler
Albert Steffen 1884 1962 Historiker
Nikolaus Hein 1889 1969 Schrëftsteller
Joseph Hess 1889 1973 Schrëftsteller
Pierre Frieden 1892 1959 Schrëftsteller a Politiker
Numm gebuer gest. Fachrichtung
Jean Schaack 1895 1959 Moler
Pierre Biermann 1901 1981 Humanist a Publizist
Albert Gloden 1901 1966 Mathematiker a Physiker
Joseph Goedert 1908 2012 Historiker
Jules Prussen 1911 1976 Philosoph
Marcel Engel 1912 2003 Schrëftsteller
Léopold Hoffmann 1915 2008 Schrëftsteller
Léon Bollendorff 1915 2011 Politiker
Paul Margue 1923 Historiker
André Heiderscheid 1926 Geeschtlechen, Journalist,
Zeitungsdirekter
Ben Heyart 1927 2009 Moler
Georges Goedert 1936 Auteur, Philosoph
Ben Fayot 1937 Politiker
Pit Nicolas 1939 Sculpteur
Joseph Kohnen 1940 Germanist
Jacques Wirion 1944 Schrëftsteller
Marc Olinger 1946 Acteur an Theaterdirekter
Germaine Goetzinger 1947 Germanistin
Claude Schmit 1947 Philosoph, Theaterrégisseur an Auteur
Émile Krier 1949 2002 Historiker
Claude Meisch 1949 Biolog
Alain Meyer 1949 Gemengepolitiker,
President (2007-2009) vum Staatsrot

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Band I, ënner der Leedung vum Josy Birsens, S.J.: Du Collège des Jésuites au Collège Municipal 1603-1815. 287 S.
Band II: L'Athénée et ses Grands Anciens 1815-1993. 477 S.
Band III: L'Athénée aujourd'hui et demain. 269 S.
Band IV: Hommage à l'Athénée. 314 S.
  • 400 Joer Kolléisch. éditions saint-paul. Fënnefte Band, 2004.
Band V: Les Festivités du Quadricentenaire de l'Athénée de Luxembourg. 128 S.
  • Association des Anciens de l'Athénée: Kolléisch's Jongen am Krich, Lëtzebuerg, November 2011, 570 S. ISBN 978-99959-729-0-5
  • Diederich, Paul: Athenäum 1932 - 1946, Wohnort und Schule, Association des Anciens de l'Athénée, Mee 2001, bibnet.lu:000372738
  • Métamorphoses de l'Athénée, 1603 - 1989, Athénée de Luxembourg, Lëtzebuerg, 1989, bibnet.lu:00007553
  • Haag, Emile: Les jésuites et leur collège: renforcement de l'identité catholique entre 1603 et 1773 (Ss 180-193); Lëtzebuerg (Éditions Guy Binsfeld), 2011; 576 Säiten (ill.); ISBN 978-2-87954-235-5

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen an Notten[änneren | Quelltext änneren]

  1. D'Schüler soen och emol Athenée, mat Betounung op der éischter Silb, fir hir Schoul.
  2. International classes at the Athénée
  3. Bost Bodo, Gott in allen Dingen suchen Vor 400 Jahren Marianische Sodalität errichtet, Beginn der Marienverehrung in Luxemburg, in Die Warte 3,2281 S. 6-8, Luxemburger Wort 21. 1. 2010
  4. Dorun erënnert de Chronogramm ATHENAEVM SIT LVCELBVRGI DECOR (=1817), deen een op der Récksäit vum Portal, dat an den Haff vum fréiere Kolléisch féiert, fënnt Latein auf Stein - Inscriptions latines
  5. De Jos Wagener gouf den 1. Mäerz 1941 aus dem Kolléisch versat an den 1. Juni 1941 vun der däitscher Zivilverwaltung aus dem Déngscht entlooss. Direkter vum Kolléisch gouf vum 1. Abrëll 1941 u bis zur Liberatioun den Damien Kratzenberg, deen awer wéinst senge politeschen Aktivitéiten an der Collaboratioun mat der däitscher Besatzungsmuecht seng Funktioun net ausgeübt huet. Directeur faisant fonction war an där Zäit den Däitschen Hans Seifert. No der Liberatioun gouf de Jos Wagener nees als Direkter agesat. Cf. Steve Kayser 2003: L'Athénée durant la Seconde Guerre mondiale. In: 400 Joer Kolléisch, Band II, S. 159-183.
  6. K.-H. Arenz, 2008. De l'Alzette à l'Amazone: Jean-Philippe Bettendorff et les jésuites en Amazonie portugaise (1661-1693). Publ. de la sect. historique de l'Institut gr.-d. de Luxembourg, S. 282. Dréckerei Linden.