Joseph Hess

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Nuvola apps ksig.png Dësen Artikel iwwer en Auteur ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann der Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran.
De Joseph Hess

De Joseph Hess, gebuer de 14. Mäerz 1889 zu Simmer, a gestuerwen den 2. Abrëll 1973 an der Stad Lëtzebuerg, war e lëtzebuergesche Sproocheprofesser, Linguist an Auteur deen ënnert anerem vill iwwer d'Lëtzebuerger Geschicht an déi al lëtzebuergesch Bräich geschriwwen huet.

Hie koum aus enger Bauerefamill a war dat véiert vun am ganze sechs Kanner. No der Primärschoul goung hien an de Stater Kolléisch a war am Konvikt. Ee vu senge Professere a Virbiller war den Nik Welter. Bekannt Schoulkomerode waren den Eugène Auguste Collart, William J. Kroll an de Félix Chomé. Seng Universitéitsstudien huet hien zu Paräis, München, Freiburg im Breisgau a Fribourg (Schwäiz) gemaach.

1924 war hie Matgrënner vum Sproochveräin, deen 1935 déi véiert Sektioun (Section de linguistique, de folklore et toponomyie) vum Institut grand-ducal gouf. Vun 1935 u war hie Vizepresident vun där Sektioun a vun 1960 un hire President.

Vun 1959 bis 1970 huet de Professer Hess regelméisseg op Radio Lëtzebuerg Emissiounen iwwer lëtzebuergesch Theme geschwat, deenen hir Texter postum ënner dem Titel Bei eis doheem publizéiert goufen.

Inhaltsverzeechnes

Säi Wierk (Auswiel) [änneren]

  • Luxemburger Volkskunde ; Grevenmacher (Dréckerei Paul Faber), 1929
  • Le declin de Bourscheid ; 1939
  • Luxemburger Volksleben in Vergangenheit und Gegenwart. Beiträge zur Luxemburger Volkskunde ; Grevenmacher (Dréckerei Paul Faber), 1939
  • Die Sprache der Luxemburger ; Lëtzebuerg (Brück), 1946
  • L’émigration luxembourgeoise ; in: Livre du Centenaire , Lëtzebuerg, 1948
  • Bettborn, 1948
  • Die Hinterglasbilder im Luxemburger Staatsmuseum ; 1951
  • Eine alte Kultstätte im Petrusstal ; 1952
  • Simmern im Eischtal ; Lëtzebuerg (Sankt-Paulus-Dréckerei), 1958 (Separatdrock aus der Revue Hémecht , Jgg. 1958)
  • Altluxemburgische Hausgeräte ; 1959
  • Altluxemburger Denkwürdigkeiten. Beiträge zur Luxemburger Kultur- und Volkskunde ; Lëtzebuerg (P. Linden), 1960
  • Altluxemburgische Tiernamen ; 1960
  • Burgbrennen im Luxemburger Lande ; 1961
  • Die Escher ; 1962
  • Consdorf, im Schatten der Geschichte und Legende ; 1964
  • Das Amecht, Lëtzebuerg (Schroell) ; 1933
  • Der einsame Schlossherr non Bondorf-Losange ; 1965
  • Altluxemburgische Geographie der Binnenstadt (Luxemburg) ; 1968
  • Nospelter Töpfer in früherer Zeit ; 1968
  • An der Neipuert ; 1971
  • A Possen, Bech-Kleinmacher ; 1972
  • Bei eis doheem ; 4 Bänn, RTL Édition, Lëtzebuerg (1983-84):
  1. Vu Stied an Dierfer ; 1983
  2. Iwwert Land a Leit ; 1983
  3. Geschicht a Geschichten ; 1984
  4. Dëst an dat ; 1984

Gielercher [änneren]

Bibliographie [änneren]

  • Alain Atten, (1970): Dem Här Hess - fir séng uechtzueg Joer. Bulletin linguistique et ethnologique, 16, S. 3-9.
  • Carlo Hury, (1970): Bibliographie Joseph Hess. Bulletin linguistique et ethnologique, 16, S. 12-23.
  • Edouard Marc Kayser, (2003): Joseph Hess 1889-1973. An: 400 Joer Kolléisch, Band II, S. 367-368. Éditions Saint-Paul, Lëtzebuerg. ISBN 2-87963-419-9.
  • Nic Weber, (1998): Joseph Hess 1889-1973. Les Cahiers luxembourgeois N° 1, S. 80-81. Éditions Cahiers luxembourgeois.

Referenzen [änneren]