Luxemburger Autorenlexikon
Luxemburger Autorenlexikon, resp. Dictionnaire des auteurs luxembourgeois ass en alphabetesche Lexikon, an deem bal Dausend Schrëftsteller ernimmt a beschriwwe sinn, déi Lëtzebuerger sinn oder zu Lëtzebuerg publizéiert hunn. De Lexikon gëtt et an zwou Sproochversiounen a Buchform an zënter 2011 och um Internet[1], wou d'Artikelen lafend aktualiséiert ginn.
Inhaltsverzeechnes |
Beschreiwung[änneren]
De Lexikon ass zesummegestallt gi vun der Germaine Goetzinger an dem Claude D. Conter an Zesummenaarbecht mat dem Gast Mannes, Pierre Marson, Roger Muller, der Nicole Sahl, der Sandra Schmit an dem Frank Wilhelm.
De Luxemburger Autorenlexikon geet zréck op e Fuerschungsprojet vum Centre national de littérature vu Miersch aus dem Joer 1999, an deem d'Konzept vun esou engem Lexikon entwéckelt gouf. Duerch d'Ënnerstëtzung vum Fonds national de la recherche konnt d'Fuerschergrupp Enn 2003 erweidert ginn.
Opgeholl sinn Auteuren, déi zënter 1815 op d'mannst ee selbstännegt literarescht Wierk publizéiert hunn. Auteuren, déi nëmme Sachliteratur geschriwwen hunn, sinn deemno net am Lexikon ze fannen.
Sproochversiounen[änneren]
D'Wierk ass an zwou Sproochen erauskomm:[2]
- déi däitsch Originaleditioun koum Mëtt September 2007 eraus (1. Oplo: 1000 Stéck; 2. Oplo: 1000 St.);
- déi franséisch an aktualiséiert Iwwersetzung mam Titel Dictionnaire des auteurs luxembourgeois ass am September 2010 erschéngen (1. Oplo: 800 Stéck).
Zitatiounen[änneren]
D'Buch an enger Bibliographie[änneren]
- Goetzinger, Germaine & Claude D. Conter, zusammen mit Gast Mannes, Pierre Marson, Roger Muller, Nicole Sahl, Sandra Schmit und Frank Wilhelm, 2007. Luxemburger Autorenlexikon. 687 S. Publications nationales du Ministère de la culture. Centre national de littérature, Mersch. ISBN 978-2-919903-06-1.
- Goetzinger, Germaine & Claude D. Conter, en collaboration avec Gast Mannes, Pierre Marson, Roger Muller, Nicole Sahl, Sandra Schmit et Frank Wilhelm, 2010. Dictionnaire des auteurs luxembourgeois. 697 S. Publications nationales du Ministère de la culture. Centre national de littérature, Mersch. ISBN 978-2-919903-20-7.
Folgend Schablounen erliichteren et, fir dës Wierker op dëser Wikipedia eenheetlech ze zitéieren:
- {{Autorenlexikon-DE-2007}}
- {{Autorenlexikon-FR-2010}}
Zitéiere vun der Internetversioun[änneren]
D'Internetversioun vum Artikel iwwer de lëtzebuergeschen Auteur Yves De Smet gëtt beispillsweis folgendermoossen zitéiert[3]:
- Wilhelm, Frank: De Smet, Yves. In: Luxemburger Autorenlexikon. Online-Versioun. Stand: 9. November 2011. http://www.autorenlexikon.lu/page/author/406/4063/DEU/index.html [opgeruff de 25. November 2011]. (de)
- Wilhelm, Frank: De Smet, Yves. In: Dictionnaire des auteurs luxembourgeois. Online-Versioun. Stand: 9. November 2011. http://www.autorenlexikon.lu/page/author/406/4063/FRE/index.html [opgeruff de 25. November 2011]. (fr)
Kuckt och[änneren]
Um Spaweck[änneren]
Referenzen an Notten[änneren]
- ↑ Den Internetsitt www.autorenlexikon.lu ass de 24. November 2011 online gaangen.
- ↑ Quell vun de Stéckzuelen: perséinlech Matdeelung vum Nicole Sahl, CNL.
- ↑ Cf. http://de.wikipedia.org/wiki/Zitieren_von_Internetquellen.