Lëtzebuerg (Land)

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

Wiesselen op: Navigatioun, Sich
Disambig.svg Dësen Artikel beschäftegt sech mam Land Lëtzebuerg. Fir aner Bedeitungen, kuckt w.e.g. Lëtzebuerg.
Groussherzogtum Lëtzebuerg
Grand-Duché de Luxembourg
Großherzogtum Luxemburg
Flag of Luxembourg.svg Lëtzebuerg - Grousse Wopeschëld.png
(Detailer) (Detailer)
National Devise: Mir wëlle bleiwe wat mir sinn
LocationLuxembourg.png
Offiziell Sprooch: Lëtzebuergesch, Däitsch, Franséisch
Haaptstad:
 Awunnerzuel:
Lëtzebuerg
 82.355
Groussherzog: Henri
Premierminister: Jean-Claude Juncker
Fläch: 2.586 km²
Bevëlkerung:
 - Total:
 - Bevëlkerungsdicht:
Op ?. Plaz
493.500(1.1.2009)
190,8/km²
Onofhängegkeet: 9. Juni 1815 (geschaf um Wiener Kongress)

19. Abrëll 1839 (Traité vu London)

11. Mee 1867 (definitiv unerkannt)

Nationalfeierdag: 23. Juni
Währung: Euro (virun 1999: Lëtzebuerger Frang)
Zäitzon: UTC+1 (+2 am Summer)
Nationalhymn: Ons Heemecht Lauschtert
Internet TLD: .lu
International Virwahl: 352
Kaart vu Lëtzebuerg

Lëtzebuerg, offiziell d'Groussherzogtum Lëtzebuerg, ass e Land an Europa, dat tëschent Däitschland, der Belsch a Frankräich läit. Et huet eng Fläch vun 2586 km² a ronn 494.000 Awunner [1]. Lëtzebuerg ass Member vun der UEBL, dem Benelux, der Europäescher Unioun, der OECD an der NATO.

Inhaltsverzeechnes

[änneren] Geschicht

[änneren] Grofschaft, dann Herzogtum Lëtzebuerg

Am Joer 963, op Pällemsonndeg, huet den Ardennergrof Siegfried mam Klouschter Sankt Maximin vun Tréier Lännereien zu Feelen géint de Bock, op dem e Kastell mam Numm Lucilinburhuc stung, getosch. Do ronderëm huet sech d'Stad Lëtzebuerg entwéckelt, an d'Haus Lëtzebuerg huet sech zu enger Grofschaft etabléiert.

Lëtzebuerg war bis 1354 eng Grofschaft, dono, bis 1815 en Herzogtum. 1437 ass d'Haus Lëtzebuerg ausgestuerwen an den Duché gouf en Deel vun der Bourgogne, a kuerz dono vun de Burgundesche Nidderlanden. Dës gounge 1477 un d'Haus Habsburg, an hu vun 1556 un zu de Spueneschen Nidderlande gezielt. 1581, no de Konfessiounskricher, hu sech d'Nidderlande gedeelt, d'Herzogtum Lëtzebuerg war vun do un Deel vun de Südleche Spueneschen Nidderlanden. Frankräich huet sech och fir déi intressiéiert, an dofir koum et ëmmer nees zu Kricher ëm an Tësch vun Deeler vun deem Gebitt. Esou gounge 1659 duerch den Traité vun de Pyrenäen südlech Deeler vum Herzogtum Lëtzebuerg u Frankräich. 1684 huet de Louis XIV. d'Festung Lëtzebuerg eruewert, an d'Herzogtum huet bis 1697 zu Frankräich gehéiert. 1713/1714, nom Spueneschen Ierffollegkrich, goungen d'Südlech Nidderlanden un déi éisträichesch Habsburger-Linn an d'Herzogtum Lëtzebuerg war domatt, bis zu de Koalitiounskricher an der Eruerwerung duerch d'Franséisch Revolutiounstruppen, Deel vun den Éisträicheschen Nidderlanden. 1795-1815 war d'Herzogtum als Département des Forêts Deel vu Frankräich.

[änneren] D'Groussherzogtum

LuxembourgPartitionsMap deutsch.jpg

Um Wiener Kongress 1815 gouf dat viregt Herzogtum Lëtzebuerg vun den europäesche Groussmiecht zum "onofhängege" Groussherzogtum ernannt, an huet Gebidder u Preisen missen oftrieden. Den hollännesche Kinnek Wëllem I. gouf a Personalunioun Groussherzog vu Lëtzebuerg. 1839, néng Joer no der Grënnung vun der Belsch, gouf um Traité vu London d'Land gespléckt an den ëstlechen Deel als Provënz Lëtzebuerg der Belsch zougedeelt. Vun do un gouf dru geschafft, Lëtzebuerg als eegestännege Staat op d'Féiss ze kréien. 1848 krut et seng éischt eege Konstitutioun, déi eng vun deen deemools liberalste war, mee schonns 1856 vum Kinnek-Groussherzog selwer nees ausser Kraaft gesat gouf. Mam Bau vun engem Eisebunnséseau krut Lëtzebuerg vun 1858 un Uschloss un d'Nopeschlänner, an d'Entdeckung vun neie Produktiounsmethoden hunn der Entwécklung vun der Eiseninsdustrie am Minett e groussen Opschwong ginn, esou datt Lëtzebuerg wirtschaftlech ewell besser do stoung. 1867, fir e Krich tëschent Preisen a Frankräich ze verhënneren, gouf an engem weideren Traité vu London Lëtzebuerg als fir ëmmer neutral an onofhängeg erkläert. 1890 hat dat hollänescht Herrscherhaus vun Oranien-Nassau kee männlechen Nokomme fir op de lëtzebuergeschen Troun, an esou krut d'Land säin "eegent" Herrscherhaus (dat vun Nassau-Weilburg).

D'éiweg Neutralitéit huet1914-1918 a 1940-1944/45 d'Däitscht Räich net dorunner gehënnert, Lëtzebuerg am Éischten an am Zweete Weltkrich ze besetzen. Am Zweete Weltkrich gouf Lëtzebuerg de facto wéi e Reichsgebiet behandelt. Am Ufank mat schéi Schwätzen, dono mat Terror, hunn d'Besatzer probéiert, d'Lëtzebuerger dovunner z'iwwerzeegen, datt si Heim ins Reich géife gehéieren. Eng lëtzebuergesch Minoritéit, déi ofschätzeg "Gielemännercher", genannt gouf, huet mat den Nazië collaboréiert. Vun 1942 sinn d'Lëtzebuerger an d'Wehrmacht agezu ginn. 1944/45 gëtt den Norde vum Land wärend der Ardennenoffensiv uerg zerstéiert.

  Méi doriwwer am Artikel Lëtzebuerg am Zweete Weltkrichan den Artikelen [[{{{2}}}]] a(n) [[{{{3}}}]]an den Artikelen [[{{{4}}}]], [[{{{5}}}]] a(n) [[{{{6}}}]]an den Artikelen [[{{{7}}}]], [[{{{8}}}]], [[{{{9}}}]] a(n) [[{{{10}}}]]. Nuvola apps xmag.png

Nom Krich huet Lëtzebuerg seng Neutralitéit opginn an ass Member vun enger Rëtsch supranationalen Organisatiounen ginn, dorënner der NATO an der CECA, der spéiderer EU.


  Méi doriwwer am Artikel Geschicht vu Lëtzebuergan den Artikelen [[{{{2}}}]] a(n) [[{{{3}}}]]an den Artikelen [[{{{4}}}]], [[{{{5}}}]] a(n) [[{{{6}}}]]an den Artikelen [[{{{7}}}]], [[{{{8}}}]], [[{{{9}}}]] a(n) [[{{{10}}}]]. Nuvola apps xmag.png

[änneren] Politik

Lëtzebuerg ass eng repräsentativ Demokratie, a Form vun enger konstitutioneller Monarchie mat engem Groussherzog als Chef vum Land.


  Méi doriwwer am Artikel Politesche System vu Lëtzebuergan den Artikelen [[{{{2}}}]] a(n) [[{{{3}}}]]an den Artikelen [[{{{4}}}]], [[{{{5}}}]] a(n) [[{{{6}}}]]an den Artikelen [[{{{7}}}]], [[{{{8}}}]], [[{{{9}}}]] a(n) [[{{{10}}}]]. Nuvola apps xmag.png

[änneren] D'Sprooch

D' Nationalsprooch zu Lëtzebuerg ass Lëtzebuergesch. Zënter dem Gesetz vun 1984 ass Franséisch d' Legislativsprooch, a gëtt och vun den Immigrante vill geschwat. Ausserdeem gëtt nach vu 14% vun de Leit Portugisesch geschwat, a vill Leit schwätzen nach Englesch.


  Méi doriwwer am Artikel [[]]an den Artikelen [[]] a(n) [[]]an den Artikelen Méisproochegkeet zu Lëtzebuerg, Dialektologie a(n) Lëtzebuergeschan den Artikelen [[{{{7}}}]], [[{{{8}}}]], [[{{{9}}}]] a(n) [[{{{10}}}]]. Nuvola apps xmag.png





[änneren] Distrikter a Kantoner

Lëtzebuerg ass an dräi Verwaltungsdistrikter:

an an zwielef Kantonen agedeelt.


  Méi doriwwer am Artikel Lëscht vun de Lëtzebuerger Kantonenan den Artikelen [[{{{2}}}]] a(n) [[{{{3}}}]]an den Artikelen [[{{{4}}}]], [[{{{5}}}]] a(n) [[{{{6}}}]]an den Artikelen [[{{{7}}}]], [[{{{8}}}]], [[{{{9}}}]] a(n) [[{{{10}}}]]. Nuvola apps xmag.png

[änneren] Geographie

Lëtzebuerg läit a Westeuropa tëschent der Belsch, Frankräich an Däitschland.

  Méi doriwwer am Artikel Geographie vu Lëtzebuergan den Artikelen [[{{{2}}}]] a(n) [[{{{3}}}]]an den Artikelen [[{{{4}}}]], [[{{{5}}}]] a(n) [[{{{6}}}]]an den Artikelen [[{{{7}}}]], [[{{{8}}}]], [[{{{9}}}]] a(n) [[{{{10}}}]]. Nuvola apps xmag.png

[änneren] Geologie

  Méi doriwwer am Artikel Geologie vu Lëtzebuergan den Artikelen [[{{{2}}}]] a(n) [[{{{3}}}]]an den Artikelen [[{{{4}}}]], [[{{{5}}}]] a(n) [[{{{6}}}]]an den Artikelen [[{{{7}}}]], [[{{{8}}}]], [[{{{9}}}]] a(n) [[{{{10}}}]]. Nuvola apps xmag.png

[änneren] Economie

  Méi doriwwer am Artikel Lëtzebuerger Wirtschaftsstrukturan den Artikelen [[{{{2}}}]] a(n) [[{{{3}}}]]an den Artikelen [[{{{4}}}]], [[{{{5}}}]] a(n) [[{{{6}}}]]an den Artikelen [[{{{7}}}]], [[{{{8}}}]], [[{{{9}}}]] a(n) [[{{{10}}}]]. Nuvola apps xmag.png

Zu den Haaptentreprisen zu Lëtzebuerg zielen (klasséiert no der Zuel vun hiren Employéen): Arcelor, Goodyear, Groupe Cactus, CFL, Fortis-BGL, Dexia, Luxair, Pedus Service, BCEE, Groupe Guardian, Du Pont de Nemours, Kredietbank, Groupe Courthéoux-Match, Cargolux, Groupe Saint-Paul, TDK Recording Media Europe, Brink's Security Luxembourg, ING, Groupe Céramétal, BNP Paribas Luxembourg, Auchan Luxembourg.

[änneren] Demographie

  Méi doriwwer am Artikel Demographie vu Lëtzebuergan den Artikelen [[{{{2}}}]] a(n) [[{{{3}}}]]an den Artikelen [[{{{4}}}]], [[{{{5}}}]] a(n) [[{{{6}}}]]an den Artikelen [[{{{7}}}]], [[{{{8}}}]], [[{{{9}}}]] a(n) [[{{{10}}}]]. Nuvola apps xmag.png

[änneren] Kultur

2007 war Lëtzebuerg mat der Groussregioun Kulturhaaptstad vun Europa.

  Méi doriwwer am Artikel Kultur zu Lëtzebuergan den Artikelen [[{{{2}}}]] a(n) [[{{{3}}}]]an den Artikelen [[{{{4}}}]], [[{{{5}}}]] a(n) [[{{{6}}}]]an den Artikelen [[{{{7}}}]], [[{{{8}}}]], [[{{{9}}}]] a(n) [[{{{10}}}]]. Nuvola apps xmag.png

[änneren] Audiovisuel

Lëtzebuerg huet joerzéngtelaang eng Pionéierroll a puncto europawäite kommerzielle Radio- (zënter 1929) an Tëlëvisiounsprogramme (zënter 1954) gespillt. Haut nach huet d'RTL Group hei hire Sëtz. 1988 gouf deen éischte Lëtzebuerger Televisiounssatellit, Astra 1A op Orbit geschéckt; eng sëlleche koumen der no, déi vun der SES Astra, déi hei hire Sëtz huet bedriwwe ginn. An deene leschte Joerzéngte huet och d'Lëtzebuerger Filmproduktioun en Opschwong erlieft, ongeféier 40 Produktiounsfirme ginn et am Land.

[änneren] Den Numm "Lëtzebuerg" an anere Sproochen


[änneren] Referenzen


[änneren] Kuckt och

  Méi doriwwer am Artikel Portal:Lëtzebuergan den Artikelen [[{{{2}}}]] a(n) [[{{{3}}}]]an den Artikelen [[{{{4}}}]], [[{{{5}}}]] a(n) [[{{{6}}}]]an den Artikelen [[{{{7}}}]], [[{{{8}}}]], [[{{{9}}}]] a(n) [[{{{10}}}]]. Nuvola apps xmag.png

[änneren] Um Spaweck

Commons: Lëtzebuerg – Biller, Videoen oder Audiodateien


Armoiries Comtes de Luxembourg.svg Lëtzebuerg – All d'Artikelen op der Wikipedia zu Lëtzebuerg.
Perséinlech Tools
Aner Sproochen