Lëtzebuergesch
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
| Lëtzebuergesch (Lëtzebuergesch) | |
|---|---|
| Gëtt geschwat an : | Lëtzebuerg |
| Regioun : | Europa |
| Gëtt geschwat vun: | 300.000 |
| Klassement : | ? |
| Klassifikatioun no Famill : | Indo-Europäesch |
| Offizielle Status | |
| Offiziell Sprooch vun : | Lëtzebuerg |
| Reglementéiert vun : | - |
| Sproochcoden | |
| ISO 639-1 | lb |
| ISO 639-2 | lb |
| ISO 639-3 | ltz |
| SIL | LUX |
D'Lëtzebuergesch gëtt an der däitscher Dialektologie aklasséiert als e westgermaneschen, mëtteldäitsche Kulturdialekt, deen zum Muselfränkesche gehéiert. An der Linguistik gëtt et och alt zu den "Ausbausprooche" gezielt.
D'Lëtzebuergescht gouf 1984 per Gesetz[1] nieft dem Franséischen an dem Héichdäitschen als eng vun den dräi offizielle Sproochen zu Lëtzebuerg déclaréiert [2]. Lëtzebuergesch gouf 1995 per Gesetz als Ëmgankssprooch an de Gemengeréit deklaréiert. Conseillere kënnen och eng aner offiziell Sprooch benotzen, mais et besteet keng Iwwersetzungsflicht[3].
Spéitstens zënter dem Gesetz vun 1984 gëtt Lëtzebuergesch als eng eegestänneg Sprooch ugesinn:
- Dofir, fir et als eege Sprooch ze gesinn, schwätzt ënner anerem, datt een, deen Héichdäitsch als Mammesprooch huet, Méi huet, fir Lëtzebuergesch ze verstoen. Och gëtt Lëtzebuergesch a vill méi Situatioune gebraucht, wéi dat bei engem Dialekt de Fall wier.
- Dergéint schwätzt, datt et keng däitlech Sproochgrenz zu deenen däitschen Dialekter gëtt, déi un d'Lëtzebuergescht ugrenzen.
Ofgesi vun dësen éischter 'technesche' Critèren ass et virun allem och de symbolesche Charakter, d'Identifikatiounselement dat dra läit, wat et mat sech bréngt, datt d'Lëtzebuerger dat, wat se schwätzen, als hir Sprooch ugesinn.
Inhaltsverzeechnes |
[änneren] Geographesch Verbreedung
Lëtzebuergesch gëtt zu Lëtzebuerg geschwat, mee och nach an de Grenzregioune vu sengen Nopeschlänner: an Däitschland an der Géigend ëm Béibreg an am Museldall ronderëm Tréier, an der Belsch an der Provënz Lëtzebuerg, an der Géigend vun Arel, an a Frankräich an enger Partie vu Loutrengen. Wat ee méi a Richtung Oste geet, wat dat, wat geschwat gëtt, ëmmer méi an déi aner muselfränkesch Dialekter iwwergeet. Mat vill guddem Wëll kann een och nach d'USA dobäizielen, wou d'Kands(-kands-)kanner vun deene Lëtzebuerger, déi am 19. Joerhonnert dohinner ausgewandert waren, nach vereenzelt Lëtzebuergesch schwätze kënnen. Geleeëntlech gëtt nach ëmmer dat, wat a Siwebiergen/Transsylvanien (Rumänien) geschwat gëtt oder gouf, wéinst engem Glach mam Lëtzebuergeschen dozougezielt, och wann sech dat scho laang als wëssenschaftlech net haltbar erwisen huet[4] An der Belsch an a Frankräich gouf Lëtzebuergesch allerdéngs laang Zäit nom Zweete Weltkrich net geléiert, sou datt et virun allem eeler Generatioune sinn, déi et nach schwätzen. Doduerch, datt et fir déi vill Frontalieren um Lëtzebuerger Aarbechtsmaart nëtzlech ass, gëtt et awer ërem, zum Beispill an Owescoursen, geléiert.
Et gi verschidden Dialektforme vum Lëtzebuergeschen: Areler, Eechternoacher, Kliärrwer, Minetter, Miseler, Stater, Veiner, Weelzer, asw. Fréier gouf et esouguer vun Duerf zu Duerf Differenzen bei verschiddene Wierder, oder et koum zu am Rescht vum Land onbekannte Wierder (z.B. al Rëmelenger Wierder ewéi Klëppchen oder Schëntercher).
Déi Ënnerscheeder sinn an historesche Sproochatlante genee beschriwwe ginn. Duerch d'Mobilitéit vun de Leit an och duerch déi geschwate Medien (Radio an Tëlevisioun) verlafe sech dës Ënnerscheeder awer ëmmer méi, respektiv tendéieren zu enger Zort 'Standardlëtzebuergesch', an der Linguistik Koiné genannt, hin.
[änneren] Geschriwwent Lëtzebuergesch
No enger Rei vun Uleef [5] gouf 1975 eng eenheetlech Orthographie duerch e ministeriellen Arrêté agefouert[6]. 1999 goufen dës Regele per groussherzoglecht Reglement liicht verännert[7]. Dës offiziell Orthographie gëtt an de Schoulen net enseignéiert, wat dozou féiert, datt ënnerschiedlech, individuell Orthographie-Varianten an der Praxis koexistéieren.
Zanter 2006 gëtt et e Spellchecker deen ënnert enger fräier Lizenz steet an dorop ausgeluecht ass, mat de gängegen Open-Source-Programmer ze fonctionnéieren (OpenOffice, Mozilla Thunderbird, asw.). Dësen Utilitär ënnert dem Numm www.spellchecker.lu gëtt regelméisseg weiderentwéckelt[8].
[änneren] D'Lëtzebuergesch a Gefor ?
Lëtzebuergesch gouf 2009 vun der Unesco an de Weltatlas vun de Sproochen, déi a Gefor sinn, opgeholl. D'Vitalitéit vun der lëtzebuergescher Sprooch gëtt an der Online-Versioun vum Atlas als onsécher (unsafe) agestuuft[9].
Déi Ausso ass zu Lëtzebuerg ëmstridden, virun allem bei Fuerscher, déi sech mat der Lëtzebuerger Sprooch befaassen. De Soziolog Fernand Fehlen (Uni Lëtzebuerg) vertrëtt z.B. d'Meenung, d'Lëtzebuerger Sprooch wier net um Ausstierwen, am Géigendeel, si géif sech gutt entwéckelen, esou als Invité vum Dag den 9. Mäerz 2009 um Radio 100,7[10].
An der Kulturchronik vum Radio 100,7 geet de Jean-Claude Majerus den 10. Mäerz 2009 nach emol op de Sproochenatlas vun der Unesco an. Hei gouf d'Lëtzebuerger Sprooch jo als onsécher Sprooch mat dem Niveau 1 aklasséiert (déi Bayresch Sprooch huet déi selwecht Astuufung). Dës kënnt dohier, datt d'Unesco Critère benotzt wéi beispillsweis a wéi engem Mooss eng Sprooch an der nationaler Press geschriwwe gëtt. Wéinst hirer schwaacher Stellung an der geschriwwener Press ass d'Lëtzebuergesch eben do agestuuft ginn.
De lëtzebuergesche Linguistik- a Literaturlabo op der Uni Lëtzebuerg zeechent en anert Bild vun eiser Sprooch: verglach mat de 1970er an de 1980er Joren huet d'Lëtzebuergesch signifikativ u Bedeitung zougeholl, ëmmer méi Leit schwätzen et, et gouf nach ni esou vill op Lëtzebuergesch geschriwwen ewéi haut, an dat net nëmmen an der Literatur, mee och a nei Beräicher wéi d'elektronesch Post (Email, SMS) oder um Internet (Wikipedia, Websäiten, Bloggen, Facebook). Experte wéi de Fernand Fehlen ginn och ze bedenken, datt d'Lëtzebuergesch eng kléng a jonk Sprooch ass, déi voll an der Entwécklung stécht, an där hir Plaz an der kultureller a soziokultureller Landschaft vu Lëtzebuerg erhale wäert bleiwen.
[änneren] Morphologie
[änneren] Nominalmorphologie
De Fall, oder de Kasus, gëtt op Lëtzebuergesch haaptsächlech am Artikel (den, en), aner Determinanten (mäin, dësen, keen), an an attributiven Adjektiver gewisen. Lëtzebuergesch kennt 3 Fäll: den Akkusativ, deen och d'Fonctioun vum Nominativ iwwerholl huet, den Dativ an nach an e puer Expressiounen de Genitiv. Vum Nominatif bleift just nëmmen e puer Nominalphrasen (NP) wéi der Däiwel oder eiser Herrgott.
Well de Genitiv am Lëtzebuergeschen net ausgeprägt ass, gëtt d'Possessioun mam Dativ ausgedréckt: dem Mann säi Buch. Dëst gëtt dacks als Genitivumschreibung op Däitsch a periphrastic genitive op Englesch genannt.
Wat d'Zuel ugeet, do kennt d'Lëtzebuergescht d'Eenzuel (de Singulier) an d'Méizuel (de Pluriel). Et ass d'Eenzuel, déi onmarkéiert ass. Dëst heescht, datt et eng Méizuelendung gëtt, mee keng Eenzuelsendung. Am Lëtzebuergesch kennt d'Méizuel keng Geschlechter, déi si just an der Eenzuel gülteg.
Geschlechter (Genus) ginn et der dräi: männlech, weiblech, a sächlech. Dat biologescht Geschlecht vu Leit an Déieren entspriechen an deene meeschte Fäll och dem Wuert sengem Geschlecht. Sou ass de Papp männlech an d'Mamm weiblech. Meedchen ass sächlech, well den Diminutif -chen dacks d'Wierder versächlecht. Wierder, déi net mat engem biologesche Geschlecht verbonne sinn, kënnen iergendee Geschlecht hunn, ouni datt d'Wuert mat dësem grammatesche Geschlecht eppes ze dinn hätt.
[änneren] Adjectivalmorphologie
En Adjektiv ass e Wuert, wat e Substantiv beschreift, mee et kann awer och als Adverb benotzt ginn, wou en dann en anert Adjektiv beschreift, oder e Verb, oder eng ganz Constructioun. Morphologesch gesi ginn et zwou Kategorië vun Adjektiver: si sinn entweder attributiv oder predikativ. Predikativ Adjektiver kommen nom Substantiv a kréie keng Endung:
- De Mann ass grouss. (männlech)
- D'Fra ass grouss. (weiblech)
- D'Meedchen ass grouss. (sächlech)
- D'Kanner si grouss. (Méizuel)
Attributiv Adjektiver kommen awer virum Substantiv a kréien hir respektiv morphologesch Endung:
- de grousse Mann (männlech)
- déi grouss Fra (weiblech)
- dat grousst Meedchen (sächlech)
- déi grouss Kanner (Méizuel)
Interessant ass och hei, datt déi bestëmmt Artikele sech mat engem attributiven Adjektiv änneren: weiblech d gëtt déi (oder och di), sächlech d' gëtt dat, a Méizuel d' gëtt déi.
De Komparativ gëtt am Lëtzebuergeschen analytesch gemaach, wat heescht, datt den Adjektiv selwer net geännert gëtt (z.B. -er wéi am Däitschen), mee, datt nach en anert Wuert drugehaange gëtt. Dofir seet et och net *schéiner, mee méi schéin:
- Lëtzebuerg ass méi schéi wéi Esch.
De Superlativ gëtt mat am -sten gemaach:
- Lëtzebuerg ass am schéinsten.
Exceptiounen
- gutt, besser, am beschten
- vill, méi, am meeschten
- wéineg, manner, am mannsten
Dozou ginn et och nach Expressiounen wéi an eng eeler Dame oder eng gréisser Firma, mee dofir wier *eng schéiner Stad falsch.
[änneren] Verbalmorphologie
[änneren] Syntax
Wuertuerdnung
An engem onmarkéierte Saz ass d'Wuertuerdnung SVO, also Sujet, Verb, an Objet: Ech iesse Kuch. Wann am Ufank vum Saz nach en Zousaz oder en Attribut (Englesch: adjunct) steet, da kënnt als éischt d'Verb an duerno de Sujet: Muer iessen ech Kuch. Dëse Phenomeen gëtt "V2" (Verb Second) genannt, well d'(Haapt)Verb ëmmer an zweeter Positioun ass.
Lëtzebuergesch huet awer och e Mëttelfeld, wou den Objet vum Saz tëscht dem Hëllefsverb op der lénker Säit an dem Haaptverb op der rietser Säit steet: Ech muss Kuch iessen.
An Niewesäz ass d'Wuertuerdnung SOV: datt ech Kuch iessen. Wann an engem Niewesaz en Auxiliaire an e Participe passé ass, da kënnt d'Haaptverb fir d'éischt an den Auxiliaire fir d'lescht: datt ech de Kuch giess hunn. Wann an engem Niewesaz e Modalverb an en Inifitif ass, da kënnt d'Modalverb fir d'éischt: "datt ech Kuch muss iessen". Et wier awer net falsch wann d'Modalverb am Enn kënnt (datt ech Kuch iesse muss) oder souguer virum Objet (datt ech muss Kuch iessen).
[änneren] Neologismen
Neologismen sinn nei Wuertbildungen an nei Bedeitunge vu Wierder, déi schonn existéieren.
Méi doriwwer am Artikel Neologismen am Lëtzebuergeschenan den Artikelen [[{{{2}}}]] a(n) [[{{{3}}}]]an den Artikelen [[{{{4}}}]], [[{{{5}}}]] a(n) [[{{{6}}}]]an den Artikelen [[{{{7}}}]], [[{{{8}}}]], [[{{{9}}}]] a(n) [[{{{10}}}]]. ![]()
[änneren] Literatur
- Anonym, ????. Alles an der Rei. Lëtzebuergesch fir de Beruff an den Alldag. 184 S. éditions saint-paul, Luxembourg. ISBN 13: 978-2-87963-703-7.
- Berg, Guy, 1993. Mir wëlle bleiwe wat mir sin: Soziolinguistische und sprachtypologische Betrachtungen zur luxemburgischen Mehrsprachigkeit. Reihe Germanistische Linguistik 140. Tübingen. ISBN 3-484-31140-1.
- Braun, Josy, 2006. Eis Sprooch richteg schreiwen. 12. Oplo. Rapidpress, Bartreng. ISBN 2-9599684-4-1.
- Bruch, Robert, 1954. Grundlegung einer Geschichte des Luxemburgischen, Luxembourg, Publications scientifiques et littéraires du Ministère de l'Éducation nationale, 1953, vol. I; Das Luxemburgische im westfränkischen Kreis, Luxembourg, Publications scientifiques et littéraires du Ministère de l'Éducation nationale vol. II.
- Bruch, Robert, 1955 [²1968]. Précis de grammaire luxembourgeoise, Bulletin Linguistique et Ethnologique de l'Institut Grand-Ducal. Linden, Luxembourg.
- Fehlen, Fernand, 2009. BaleineBis : Une enquête sur un marché linguistique multilingue en profonde mutation - Luxemburgs Sprachenmarkt im Wandel. RED N° 12, SESOPI Centre Intercommunautaire.
- Gilles, Peter, 1998. Die Emanzipation des Lëtzebuergeschen aus dem Gefüge der deutschen Mundarten. Zeitschrift für deutsche Philologie 117: 20-35.
- Gilles, Peter, 2006. Phonologie der n-Tilgung im Moselfränkischen ('Eifler Regel') : ein Beitrag zur dialektologischen Prosodieforschung / Peter Gilles. In: Perspektiven einer linguistischen Luxemburgistik : Studien zu Diachronie und Synchronie. S. 28-68. Universitätsverlag Winter, Heidelberg.
- Girnth, Heiko, 2006. Entwickelungstendenzen des "Eifler Regel" im Moselfränkischen. - Perspektiven einer linguistischen Luxemburgistik : Studien zu Diachronie und Synchronie, S. 69-86. Universitätsverlag Winter, Heidelberg.
- Goetzinger, Germaine, Gast Mannes & Roger Muller, 2000. Lëtzebuergesch - "eng Ried déi vun allen am meeschten em ons klengt". Eine Sprache geht ihren Weg. Von "onst Däitsch" zu "eis Sprooch". Ausstellungskatalog. Centre national de littérature, Mersch. [Katalog vun der Ausstellung mat dem selwechten Titel, Oktober 2000 - März 2001].
- Krummes, Cédric, 2004. The Lëtzebuergesch verb ginn (give) : grammaticalisation from lexical verb to copula, existential construction, passive auxiliary and conditional mood auxiliary. BA Thesis, University of Wales, Bangor. Cote LMT 1256
- Krummes, Cédric, 2005. Can-Do or Can-Don’t? : Do Luxembourgish as a Foreign Language (LaF, Lëtzebuergesch als Friemsprooch) Materials Conform to Waystage 1990 Specifications?. MA Thesis, University of Sheffield. Cote LMT 1492
- Lulling, Jérôme, 2002. La créativité lexicale en luxembourgeois, Thèse de doctorat, Université Paul Valéry Montpellier III, sous la direction de François Schanen.
- Moulin-Fankhänel, Claudine, 2004. Lëtzebuergescht Handwierderbuch (LHWB) = Dictionnaire pratique de la Langue Luxembourgeoise = Handwörterbuch der Luxemburgischen Sprache. In: Wissenschaftliche Lexikographie im deutschsprachigen Raum, S. 519-528. Winter, Heidelberg.
- Moulin, Claudine & Damaris Nübling (Hrsg.), 2006. Perspektiven einer linguistischen Luxemburgistik. Studien zu Diachronie und Synchronie. Universitätsverlag Winter, Heidelberg. ISBN 3-8253-5156-4. [Dëst Buch ass publizéiert gi mat der Ënnerstëtzung vum Fonds national de la recherche]
- Newton, Gerald (ed.), 1996. Luxembourg and Lëtzebuergesch: Language and Communication at the Crossroads of Europe. Oxford. ISBN 0-19-824016-3.
- Nübling, Damaris, 2006. Zur Entstehnung und Struktur ungebändigter Allomorphie : Pluralbildungsverfahren im Luxemburgischen. In: Perspektiven einer linguistischen Luxemburgistik : Studien zu Diachronie und Synchronie. S. 107-125. Universitätsverlag Winter, Heidelberg.
- Reisdoerfer, Joseph, 2006. Pour une étude scientifique de la langue luxembourgeoise (Remarque sur la Grammaire de la langue luxembourgeoise). D'Lëtzebuerger Land Nr. 44: 11-13.
- Schanen, François, 2004. Parlons Luxembourgeois, Langue et culture linguistique d'un petit pays au coeur de l'Europe. L'Harmattan, Paris. ISBN 2-7475-6289-1.
- Schanen, François & Zimmer, Jacqui, 2005 & 2006. 1,2,3 Lëtzebuergesch Grammaire. Band 1: Le groupe verbal. Band 2: Le groupe nominal. Band 3: L'orthographe. Éditions Schortgen, Esch-sur-Alzette.
- Schanen, François, 2006. Kréien (+ Partizip II) im Lëtzebuergeschen. In: Perspektiven einer linguistischen Luxemburgistik : Studien zu Diachronie und Synchronie. p. 203-225. Universitätsverlag Winter, Heidelberg.
- Welschbillig, Myriam, François Schanen & Jérôme Lulling, 2008. Luxdico / Lëtzebuergesch > Däitsch / Deutsch > Luxemburgisch / 52.800 Iwwersetzungen / 52.800 Übersetzungen. 358 S. Éditions Schortgen, Luxemburg. ISBN : 978-2-87953-058-1. Luxdico Deutsch
[änneren] Referenzen
- ↑ Cf. Loi du 24 février 1984 sur le régime des langues. Mémorial A n°16: 196-197, 27.02.1984
- ↑ Cf. den Artikel Méisproochegkeet zu Lëtzebuerg.
- ↑ Cf. Loi du 28 décembre 1995 fixant les modalités de participation aux élections communales des citoyens non luxembourgeois de l'Union Européenne et modifiant 1) la loi électorale modifiée du 31 juillet 1924 2) la loi communale modifiée du 13 décembre 1988. Mémorial A n° 101 du 28.12.1995.
- ↑ Dëse Glach huet als Éischte 1768 de François-Xavier de Feller festgestallt. De Gustav Kisch huet ëm 1900 d'Thes opgestallt, d'Leit aus Siwebierge wieren aus (dem haitege) Lëtzebuerg dohinner ausgewandert; seng "Urheimattheorie" gouf awer scho kuerz dono widerluecht (a Wierklechkeet waren d'Leit am 13. Joerhonnert - am Ganzen der just e puer Dausend - aus alle méigleche Géigende vum deemolegen Däitsche Räich a Siwebierge geplënnert). Méi dodriwwer bei Fernand Fehlen: Luxemburg und Siebenbürgen 2007. STADE - Études Sociologiques et Politiques sur la société luxembourgeoise, Working Paper 1/07. Université de Luxembourg, 2007.
- ↑ Cf. den Artikel Geschicht vun der Lëtzebuerger Schreifweis
- ↑ Cf. Arrêté ministériel du 10 0ctobre 1975 portant réforme du système officiel d’orthographe luxembourgeoise. Mémorial B n°68: 1366–1390, 16 novembre 1976.
- ↑ Cf. Règlement grand-ducal du 30 juillet 1999 portant réforme du système officiel d'orthographe luxembourgeoise Mémorial A n° 112: 2040-2048, 11.08.1999.
- ↑ Tëschent 2000 an 2002 gouf en éischte Spellchecker fir d'Lëtzebuergescht ënnert dem Numm Cortina entwéckelt. Dee Projet gouf deemools allgemeng begréisst, awer och vereenzelt kritiséiert, well keng dialektal Varianten am Thesaurus virkomm sinn. De Projet Cortina gouf 2002 agestallt.
- ↑ Cf. UNESCO Interactive Atlas of the World's Languages in Danger (en)
- ↑ Cf. Fehlen 2009 an der Literatur.
[änneren] Linken
[änneren] Kuckt och
- E klenge Guide fir Lëtzebuergesch ze schreiwen
- Geschicht vun der Lëtzebuerger Sprooch
- Geschicht vun der Lëtzebuerger Schreifweis
- Lëscht vun de lëtzebuergesche Riedensaarten
- Lëtzebuergesch Dictionnairen
- Lëtzebuerger Online Dictionnaire
- Luxogramm
- Eifeler Regel
- Laboratoire de linguistique et de littératures luxembourgeoises (Uni Lëtzebuerg)
- Méisproochegkeet zu Lëtzebuerg
- Conseil permanent de la langue luxembourgeoise (CCPL)
- Sproochenhaus Wëlwerwolz
[änneren] Um Spaweck
- dico.lu Dictionnaire luxembourgeois français / Franséisch - Lëtzebuergeschen Dictionnaire
- Spellchecker.lu: Quelltextoffene Spellchecker
- Bonjour.lu Videoclipe fir Lëtzebuergesch ze léieren
- d'Lëtzebuerger Land, Index vu Luxemburgensia
- Luxemburgistik: Forschungsstelle für Sprachen und Literaturen Luxemburgs
- Centre for Luxembourg Studies (University of Sheffield, GB)

