1984
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
1979 | 1980 | 1981 | 1982 | 1983 | 1984 | 1985 | 1986 | 1987 | 1988 | 1989
Dës Säit befaasst sech mam Joer 1984.
Inhaltsverzeechnes |
Evenementer[änneren]
Wirtschaft[änneren]
- 24. Januar: Den Apple Macintosh kënnt eraus.
Europa[änneren]
Däitschland[änneren]
- 23. Mee: De Richard Weizsäcker gëtt däitsche Bundespräsident.
Lëtzebuerg[änneren]
- 8.-9. Februar: Den amerikanesche Vizepresident George H. W. Bush ass fir en offizielle Besuch zu Lëtzebuerg.
- 5. Mee: D'Désirée Nosbusch féiert duerch de Programm vum Grand Prix Eurovision de la Chanson, deen an der Stad Lëtzebuerg am Groussen Theater iwwer d'Bühn geet.
- 15. Mee: 228 Prisonéier plënneren aus dem Gronn an de Prisong vu Schraasseg.
- 17. Juni: Chamber- an Europawalen. Bei de Chamberwale kritt d'CSV 25 Sëtzer, d'LSAP der 21, d'DP der 14, d'KPL an d'GAP der jee 2. Bei den Europawale ginn 3 Sëtzer un d'CSV, 2 un d'LSAP an 1 un d'DP.
- 20. Juli: D'Regierung Santer-Poos I, eng Koalitiounsregierung vun CSV an LSAP, gëtt vereedegt.
- 10. September: Déi franséischsproocheg RTL-Tëlevisiounsprogrammer gi getrennt.
- 18. Oktober: De Marcel Mart gëtt Presdident vum Europäesche Rechnungshaff.
- 15. November: Am Diddelenger Steckel gëtt déi lescht Schicht gefuer.
Unioun vun de sozialistesche Sowjetrepublicken[änneren]
- 13. Februar: De Konstatin Tschernenko gëtt Nofolger vum Jurij Andropow.
Afrika[änneren]
Amerika[änneren]
USA[änneren]
- 6. November: Walerfolleg bei de Presidentewale vum Roland Reagan géint de Walter Mondale.
- 31. Dezember: D'USA verloossen d'UNESCO.
Südamerika[änneren]
Asien[änneren]
- 1. Januar: De Sultanat Brunei gëtt onofhängeg vu Groussbritannien.
- 3. Dezember: Gëftgaskatastroph zu Bhopal, Indien.
Ozeanien & Pazifik[änneren]
Arabesch Welt[änneren]
Konscht & Kultur[änneren]
Molerei[änneren]
Literatur[änneren]
- Edmond Dune, A l'enseigne de Momus.
Musek[änneren]
- 5. Mee: D'Grupp Herrey's gewënnt fir Schweden mam Lidd Diggi-loo, diggi-ley den 29. Eurovision Song Contest zu Lëtzebuerg.
Wëssenschaft & Technik[änneren]
Sport[änneren]
- 29. Februar: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert an der Stad Lëtzebuerg 0:1 géint Spuenien.[1]
- 13. Mäerz: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert zu Esch-Uelzecht 1:3 géint Tierkei. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet de Gilbert Dresch geschoss.[2]
- 1. Mee: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert zu Ettelbréck 0:2 géint Norwegen.[3]
- 9. Juni: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert an der Stad Lëtzebuerg 1:2 géint Portugal. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet den Nico Wagner geschoss.[4]
- 13. Oktober: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert an der Stad Lëtzebuerg, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 1986, 0:4 géint Frankräich.[5]
- 17. November: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert zu Esch-Uelzecht, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 1986, 0:5 géint déi Däitsch Demokratesch Republik.[6]
- 5. Dezember: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert zu Sofia, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 1986, 0:4 géint Bulgarien.[7]
- 17. Dezember: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert zu Nikosia 0:1 géint Zypern.[8]
- 19. Dezember: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert zu Petah-Tikva 0:2 géint Israël.[9]
- 22. Dezember: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert zu Istanbul 0:2 géint Tierkei.[10]
Gebuer[änneren]
- 5. Februar: Tim Heinz, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 18. Februar: Stéphanie de Lannoy, belsch Gräfin an d'Fra vum Ierfgroussherzog Guillaume vu Lëtzebuerg.
- 25. Februar: Heinrich Haussler, däitsche Vëlossportler.
- 21. Mäerz: Paul Mannon, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 28. Mäerz: Bill Switzer, kanadesche Filmschauspiller.
- 16. Abrëll: Suzanne de Goede, hollännesch Vëlosportlerin.
- 23. Abrëll: Alexandra Konstantinowna Kostenjuk, russesch Schachgroussmeeschterin.
- 4. Mee: Gilles Engeldinger, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 31. Mee: Sonja Steland, lëtzebuergesch Karateka.
- 2. Juni: Tyler Farrar, US-amerikanesche Vëlossportler.
- 3. Juni: Félix vu Lëtzebuerg, Jong vum Groussherzog Henri.
- 21. Juni: Eric Hoffmann, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 11. Juli: Alain Mertens, lëtzebuergesche Liddermécher.
- 19. Juli: Laurent Didier, lëtzebuergesche Vëlossportler.
- 8. August: Anne Mélan, lëtzebuergesch Graphikdesignerin a Molerin.
- 15. August: Sascha Palgen, lëtzebuergeschen Turner.
- 3. September: David Fiegen, lëtzebuergesche Liichtathlet.
- 27. September: Wouter Weylandt, belsche Vëlossportler.
- 15. Oktober: Sonia Gleis, lëtzebuergesch Molerin.
- 22. November: Scarlett Johansson, US-amerikanesch Schauspillerin.
- 7. Dezember: Robert Kubica, F1-Pilot.
Gestuerwen[änneren]
- 7. Januar Fernande Klein, lëtzebuergesch Kënschtlerin.
- 20. Januar: Johnny Weissmuller, US-amerikanesche Schwëmmer a Filmschauspiller
- 5. Februar: Manès Sperber, éisträichesch-franséische Schrëftsteller, Sozialpsycholog a Philosoph
- 9. Februar: Juri Wladimirowitsch Andropow, sowjetesche Politiker.
- 23. Mäerz: Jean Prouvé, franséischen Designer an Architekt.
- 5. Abrëll: Arthur Harris, Britesche Militär.
- 11. Abrëll: Narce Lutz, lëtzebuergeschen Architekt a Resistenzler.
- 22. Abrëll: Ansel Adams, US-amerikanesche Fotograf.
- 25. Abrëll: Maurice Sevenig, lëtzebuergesche Jurist.
- 26. Abrëll: Count Basie, US-amerikaneschen Jazz-Pianist, -Organist a Bandleader.
- 26. Abrëll: Helge Løvland, norwegesche Liichtathlet.
- 4. Mee: Diana Dors, britesch Schauspillerin.
- 16. Mee: Andy Kaufman, US-amerikaneschen Entertainer.
- 16. Mee: Irwin Shaw, US-amerikanesche Schrëftsteller.
- 23. Mee: Laurent Graglia, lëtzebuergesche Vëlossportler.
- 11. Juni: Enrico Berlinguer, italienesche Politiker.
- 22. Juni: Joseph Losey, US-amerikanesche Regisseur.
- 25. Juni: Michel Foucault, franséische Philosoph.
- 26. Juni: Carl Foreman, US-amerikanesche Filmregisseur an Dréibuchauteur.
- 29. Juni: Victor Bodson, lëtzebuergesche Politiker.
- 14. Juli: Léon Mart, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 25. Juli: Big Mama Thornton, US-amerikanesch Bluessängerin.
- 27. Juli: James Mason, englesche Filmschauspiller.
- 5. August: Richard Burton, britesche Schauspiller.
- 25. August: Truman Capote, US-amerikanesche Schrëftsteller.
- 29. August: Camille Ney, lëtzebuergesche Politiker.
- 4. Oktober: Albert Berchem, lëtzebuergesche Politiker.
- 21. Oktober: François Truffaut, franséische Filmregisseur a Schauspiller.
- 30. Oktober: Jerzy Popieluszko, polnesche Paschtouer.
- 31. Oktober: Indira Gandhi, indesch Ministerpresidentin.
- 23. November: Paul Dahlke, däitsche Schauspiller.
- 28. November: John Fisch, lëtzebuergesche Publizist a Journalist.
- 20. Dezember: Stanley Milgram, US-amerikanesche Psycholog.
- 26. Dezember: Paul Henkes, lëtzebuergeschen Auteur.
- 28. Dezember Sam Peckinpah, US-amerikanesche Filmregisseur.
| Commons: 1984 – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen[änneren]
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Italien den 29. Februar 1984 um Site European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Tierkei den 13. Mäerz 1984 um Site European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Norwegen den 1. Mee 1984 um Site European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Portugal den 9. Juni 1984 um Site European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Frankräich den 13. Oktober 1984 um Site European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-DDR de 17. November 1984 um Site European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Bulgarien-Lëtzebuerg de 5. Dezember 1984 um Site European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Zypern-Lëtzebuerg de 5. Dezember 1984 um Site European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Israël-Lëtzebuerg den 19. Dezember 1984 um Site European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Israël-Lëtzebuerg den 22. Dezember 1984 um Site European Football