Indien

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
भारत गणराज्य
Bhārat Ganarājya
India flag.png Emblem of India.svg
(Detailer) (Detailer)
National Devise: Satyamēva Jayatē
("Eleng d'Wourescht triumphéiert")
Offiziell Sproochen: Englesch, Hindi +21 anerer
Haaptstad:
 - Bevëlkerung:
 - Koordinaten:
Nei-Delhi
292.300 (1. Januar 2005)
28°35'N, 77°12'S
President Pranab Mukherjee
Ministerpresident Manmohan Singh
Fläch:
 - Total:
 - % Waasser:
Op 7. Plaz
3.166.414 km²
Negligeabel
Bevëlkerung:
 - Total:
 - Bevëlkerungsdicht
Op 2. Plaz
1.094.985.000 (2005)
345,8/km²
Onofhängegkeet: 15. August 1947
Nationalfeierdag: 26. Januar (Dag vun der Republik)
15. August (Onofhängegkeetsdag)
Reliounen: Hinduismus
Währung: Indesch Rupie
Zäitzone: UTC+5:30
Nationalhymn: Jana-Gana-Mana Lauschtert
Internet TLD: .in
Internationalen Telefonsprefix: 91
Hindu-Tempel zu Mysore
D'Eise Sail, déi net rascht, zu Delhi aus der Gupta-Zäit.
Den Taj Mahal gouf vum Groussmogul Shah Jahan fir seng Fra Mumtaz Mahal gebaut.

D'Republik Indien läit um asiatesche Kontinent.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Virgeschicht a klassesch Epoch[änneren | Quelltext änneren]

D'Zivilisatioun am Dall vum Indus, gréisstendeels am haitege Pakistan, war eng vun den éischten Héichkulturen op der Welt, mat enger eegener Schrëft, der Indus-Schrëft, déi bis ewell net entziffert konnt ginn. Géint 2500 v. Chr. gouf et do schonn Stied, déi no Plang gebaut waren, wéi Harappa, wou et eng Kanalisatioun, e Mierhafen a Bieder gouf. Méi wäit am Osten huet sech déi sougenannt Copper Hoard Culture entwéckelt. Vu 1700 v. Chr. un ass d'Indus-Kultur lues a lues zerfall, firwat, ass net gewosst.

Eng wichteg Epoch war d'Veda-Zäit (ongeféier 1500 v. Chr. bis 500 v. Chr.), an där d'Fëllementer vun der haiteger Kultur geluecht goufen. Um Enn vun der Veda-Zäit goufen d'Upanishade geschafen, déi a villerlee Hisiicht d'Basis si vun den 3 Reliounen, déi an Indien entstane sinn, nämlech dem Hinduismus, dem Buddhismus an dem Jainismus. An där Zäit goufen och d'Ganges-Uwänner urbaniséiert a regional Kinnekräicher, wéi dat vu Magadha sinn entstanen.

Vum 6. Joerhonnert v. Chr. un huet sech de Buddhismus ausgebreet, dee ronn 500 Joer laang nieft dem Hinduismus déi wichtegst reliéis-philosophesch Stréimung war. Am 4. Joerhonnert v. Chr. ass ënner der Dynastie vun de Maurya fir d'éischt Kéier en indescht Groussräich entstanen, dat ënner dem Ashoka bal dee ganze Subkontinent abegraff huet. Nodeem en eng Rëtsch Eruewerunge gemaach hat, huet den Ashoka sech dru ginn, de Buddhismus am eegene Land, mä och op Sri Lanka an a Birma ze verbreeden. No sengem Doud ass d'Maurya-Räich lues a lues nees an eng Abberzuel Klengstaaten zerfall, déi eréischt am 4. Joerhonnert n. Chr. vun de Gupta nees zu engem Groussräich an Nordindien vereent konnte ginn. Indien hat, duerch de Buddhismus, e wesentleche kulturellen Afloss op déi ganz Géigend vun Zentral- an Ostasien. D'Verbreede vum Hinduismus a vum Buddhismus iwwer Indochina bis an dat haitegt Indonesien huet der Kultur vun deene Länner säi Stempel opgedréckt. Den Harshavardhana, deem seng Herrschaft an Nordindien am 7. Joerhonnert den Iwwergank zum indesche Mëttelalter markéiert, gëllt als dee leschte grousse Fërderer vum Buddhismus an Indien.

D'indescht Mëttelalter an d'Zäit vum Mogulräich[änneren | Quelltext änneren]

Am 8. Joerhonnert koum duerch arabesch Eruewerungen den Islam an Nordindien. Mä eréischt am 12. Joerhonnert koum et no der Eruewerung vun zentralasiateschen islamesche Muechten zu enger Dominanz vu muslimesche Staaten am Norden an zu der Islamiséierung vu groussen Deeler vun der Populatioun vun do. D'Sultanat vun Delhi huet seng Muecht souguer eng kuerz säit an de Süde kënnen ausbreeden, säi kulturellen Afloss blouf awer op den Norde begrenzt. Duerch den Iwwerfall vun de Mongolen am Joer 1398 gouf d'Sultanat sou geschwächt, datt déi hinduistesch Regionalräicher nees méi staark goufen. Eréischt am 16. Joerhonnert, mat der Grënnung vum Mogulräich, konnten déi islamesch Herrscher sech nees am Norden duersetzen. D'Mogulräich hat ronn 200 Joer, bis 1857 Bestand. Bekannt Herrscher wéi den Akbar, de Jahangir, de Shah Jahan an den Aurangzeb hunn d'Räich net nëmme bis an Dekkan vergréisset, mä hunn och e Staatswiesen an eng Administratioun geschafen, déi funktionéiert huet, a se hunn d'Konscht gefërdert. Zu där Zäit gouf et just nach am Süden hinduistesch Kinnekräicher, wéi dat vu Vijayanagar.

Europäesch Kolonialherrschaft an Onofhängegkeetsbewegung[änneren | Quelltext änneren]

Vu 1505 un hunn europäesch Länner, Portugal als éischt, domat ugefaangen, kleng Stëtzpunkte laanscht d'Küst z'erueweren (vgl. Portugisesch-Indien). Vu 1756 un huet déi britesch Ostindien-Kompanie (British East India Company) vun hiren Hafenstëtzpunkte Kalkutta, Madras a Bombay aus wäit Deeler vun Indien ënner hir Herrschaft bruecht. Den Afloss vun Holland, Frankräich oder Portugal gouf dobäi bal ganz iwwerdubbert. Fürsten, déi loyal waren, hu Staate mat begrenzter Souveränitéit kënne behalen, wéi Hyderabad, Bhopal, Mysore oder Kaschmir. 1857/58 hunn Deeler vun der Bevëlkerung vun Nordindien sech am Sepoy-Opstand géint d'Herrschaft vun der Ostindien-Kompanie revoltéiert. Nodeem des Revolt néiergeschloe gi war, gouf d'Ostindien-Kompanie opgeléist an Indien koum ënner d'direkt Kontroll vu Groussbritannien. Déi britesch Monarchen hate vun 1877 bis 1947 zousätzlech den Titel Empress of India resp. Emperor of India (Keeser(in) vun Indien).

Kolonialfändel vu Britesch-Indien

1885 gouf zu Bombay den Indian National Congress, déi sougenannt Kongresspartei, gegrënnt. Ufanks huet si net d'Onofhängegkeet vun Indien gefuerdert, mä just d'Recht fir d'Bevëlkerung, matschwätzen ze kënnen. Hir Membere waren an der Majoritéit Hinduen a Parsen. Déi muslimesch Uewerschicht huet sech dozou op Distanz gehalen. Hire Porte-parole, de Sayyid Ahmad Khan huet gefaart, datt, wann d'Majoritéitsprinzip agefouert géif, si aus der Administratioun erausgediregelt géifen. Dofir gouf 1906 d'Muslimliga gegrënnt, fir d'Intressie vun de Muslimen ze representéieren.

Am Éischte Weltkrich war de gréissten Deel vun der Populatioun loyal. Mä well d'Brite bei der Opdeelung vum Osmanesche Räich mat dobäi waren, hunn elo och vill Mosleme sech der Onofhängegkeetsbewegung ugeschloss. Jorelaang Resistenz ouni Gewalt géint déi britesch Kolonialherrschaft, virun allem ënner dem Mahatma Gandhi an dem Jawaharlal Nehru, huet 1947 zu der Onofhängegkeet gefouert.

Déiselwecht Zäit hunn d'Briten hir Kolonie Britesch-Indien an zwee Staate gedeelt, déi säkular Indesch Unioun an déi méi kleng Islamesch Republik Pakistan. Domat hu se d'Fuerderunge vun der Muslimliga an där hirem Chef Ali Jinnah erfëllt, déi zanter den 1930er Joren ëmmer méi staark goufen, an déi en eegenen Nationalstaat wollten.

Entwécklungen zanter der Onofhängegkeet[änneren | Quelltext änneren]

Dës Deelung huet zu enger vun de gréisste Verdreiwungen, resp. Fluchte vun der Geschicht gefouert. Ronn 10 Milliounen Hinduen a Sikhe goufen aus dem Pakistan verdriwwen, a ronn 7 Millioune Moslemen aus Indien. 750.000 bis eng Millioun Mënsche sinn dobäi ëm d'Liewe komm.

D'Fürstestaaten déi duerch Schutz-Traitéë mat Groussbritannie verbonne waren, hate scho virun der Onofhängegkeet hire Bäitrett zu der Indescher Unioun erkläert. Just zwee hu Problemer gemaach: Hyderabad a Kaschmir. Am Kaschmir huet de Maharaja, en Hindu, ufanks gezéckt. Nodeem muslimesch Kämpfer a säi Land koumen, huet hie sech dach fir en Uschloss un Indien decidéiert. Pakistan huet dat als net rechtméisseg betruecht, sou datt et zum Éischten Indesch-Pakistanesche Krich ëm de Kaschmir (1947 bis 1949) koum. Zanterhier gloust an där Géigend de Kaschmir-Konflikt, deen 1965 den Zweeten Indesch-Pakistanesche Krich an 1999 de Kargil-Krich als Folleg hat.

De 26. November 1949 ass Indien dem Commonwealth of Nations bäigetrueden an de 26. Januar 1950 ass d'Verfassung a Kraaft getrueden, duerch déi Indien zu enger Republik gouf. 1962 koum et, wéinst Grenzstreidereien, zu engem kuerze Krich mat der Volleksrepublik China, dem sougenannten Indesch-Chinesesche Grenzkrich. Well Indien eng Onofhängegkeetsbewegung am deemolegen Ost-Pakistan ënnestëtzt huet, koum et 1971 zu engem drëtte Krich tëscht Indien a Pakistan, wouropshi Pakistan gedeelt gouf an en neien, och majoritär islamesche Staat Bangladesch geschafe gouf.

Resistenz ouni Gewalt: De Mahatma Gandhi beim Salzmarsch vun 1930
D'Indira Gandhi mam US-President Richard Nixon (1971)

Innepolitesch hat ufanks d'Kongresspartei d'Soen, ënner dem Jawaharlal Nehru, Premierminister vun 1947 bis 1964, an duerno nach bis ufanks vun den 1970er Joren. Oppositiounsparteien haten héchsten an den eenzelne Bundesstaaten, oder um kommunale Plang eppes ze soen. Eréischt, wéi dem Nehru seng Duechter, d'Indira Gandhi, déi 1966 Premierministesch gouf, d'Partei zentraliséiert a probéiert huet, hir eege Muechtpositioun auszebauen, ass et der Oppositioun gelongen, sech op nationalem Niveau zu forméieren. E Geriicht zu Allahabad huet 1975 d'Indira Gandhi fir Onrechtméissegkeete bei de Wale vun 1971 fir schëlleg fonnt. Mä amplaz, wéi d'Oppositioun et gefuerdert huet, zréckzetrieden, huet d'Gandhi den Noutstand ausgeruff a bis 1977 mat Dekreter regéiert. Déi demokratesch Grondrechter, wéi Press- oder Meenungsfräiheet, goufe schwéier limitiéiert. 1977 huet sech d'Onzefriddenheet vun der Bevëlkerung mat dëser de-facto-Diktatur an enger däitlecher Walnéierlag fir d'Indira Gandhi geäussert. Tëscht 1977 an 1980 bestoung fir d'éischt Kéier d'Regierung net aus Membere vun der Kongresspartei, mä aus enger lénksgeriichtener Koalitioun ënner dem Janata Party .

1980 koum d'Indira Gandhi duerch Walen nees zréck un d'Muecht. An dës Regierungsperiod fält d'Kris am Punjab, wou sikhistesch Separatisten en eegene Staat gefuerdert hunn. Wéi sech militant Sikhen 1984 am Gëllenen Tempel zu Amritsar verschanzt haten, huet d'Indira Gandhi d'Operation Blue Star ordonéiert. Indesch Truppen hunn den Tempel gestiermt an der Okkupatioun en Enn gesat. Doropshi koum et zu bluddegen Ausernanersetzungen, deenen hiren Héichpunkt d'Ermuerdung vun der Gandhi duerch hir Sikh Leibwächter war. Hire Jong, de Rajiv Gandhi huet d'Regierungsgeschäfter iwwerholl, war awer net kapabel, déi geplangte Reformen ëmzesetzen. E gouf och an e Korruptiounsskandal verwéckelt, sou datt 1989 d'Oppositioun eng kloer Victoire bei de Wale krut. 1991 bis 1996 koum awer nees d'Kongresspartei un d'Muecht. D'Regierung vum P. V. Narasimha Rao huet d'Land op wirtschaftlechem Plang no baussen opgemaach an aussepolitesch nei orientéiert. Zu sengem Reformprogramm hunn ë. a. d'Privatiséierung vu Staatsbetriber, d'Ophiewe vun Handelsbarrièren, d'Ofschafe vu bürokrateschen Investitiounshemmnisser a Steiersenkunge gezielt. Déi Regierungen, déi nokoumen, hunn dës Reforme virugefouert.

Zanter den 1980er Joren ass den Hindu-Nationalismus am Gaang, däitlech méi staark ze ginn. En zentralen innepolitesche Sträitpunkt ass d'Ausenanersetzung ëm d'Moschee zu Ayodhya (Uttar Pradesh), déi an d'Plaz vun engem bedeitenden Hindutempel opgeriicht gi war. 1992 hunn hinduistesch Extremisten d'Moschee gestiermt an zerstéiert, wat zu schwéieren Debordementer am ganze Land gefouert huet. De politeschen Aarm vun den Hindu-Nationalisten, d'Bharatiya Janata Party (BJP), huet tëscht 1998 an 2004 eng Regierungskoalitioun ugefouert a mam Atal Bihari Vajpayee de Regierungschef gestallt. 2004 huet d'Kongresspartei nees d'Wale gewonnen, mat un hirer Spëtzt der Sonia Gandhi, der Witfra vum Rajiv Gandhi, deen 1991 ermuert gi war. Si gouf awer net Premierministesch, well d'Oppositioun se wéinst hiren italienesche Wuerzele kritiséiert huet. An d'Plaz koum de Manmohan Singh deen ënner dem Rao Finanzminister war.

Trotz engem wirtschaftlechen Opschwonk sinn hautdesdaags d'Haaptprobleemer an Indien nach ëmmer de wäit verbreeten Aarmut, eng staark Iwwerbevëlkerung, Ëmweltproblemer, an déi ethnesch a reliéis Konflikter tëscht den Hinduen an de Moslemen. Dobäi kënnt de Sträit mat Pakistan ëm d'Kaschmir-Regioun, wat besonnesch kriddeleg ass, well souwuel Indien, wéi och Pakistan, Atombommen hunn. An deene leschte Jore sinn déi zwee Länner awer liicht openaner zou gaangen.

Terrorismus an Indien[änneren | Quelltext änneren]

Zanter 1986 kämpfe verschidde Gruppéierungen am Kaschmir fir d'Onofhängegkeet oder fir en Uschloss un de Pakistan. Ëmmer nees koum et zu Attacken op Ariichtunge vum indesche Staat, wéi z. B. am Oktober 2001 op d'Regionalparlament vu Jammu a Kashmir zu Srinagar, op d'indesch Arméi, déi do stationéiert ass, oder op hinduistesch Awunner oder Pilger.

Och op anere Plazen am Land koum et zu Uschléi vu kaschmiresche Separatisten oder islamisteschen Terrororganisatioune wéi der Lashkar-e-Toiba. Déi bis ewell schrooste Serie vun Attentater war am Mäerz 1993, wéi zu Mumbai duerch Attacken op d'Bourse, op Hoteller, Zich a Bensinsstatiounen 257 Leit ëm d'Liewe koumen an der iwwer 1100 blesséiert goufen. Am Dezember 2001 hunn Islamisten d'Parlament su Nei-Delhi gestiermt, dobäi koume 14 Leit ëm d'Liewen. 52 Doudeger gouf et am August 2003, wéi zwee Taxien, déi mat Sprengstoff gefëllt waren, zu Mumbai explodéiert sinn. Dräi Bommenattentater op Mäert zu Nei-Delhi am Oktober 2005 hunn 62 Affer kascht. Am Mäerz 2006 sinn zu Varanasi duerch zwou Bommen 20 Mënschen doutgemaach ginn. Bei de Bommenexplosiounen an Zich, am Juli 2006 koume ronn 200 Leit ëm d'Liewen a goufen der iwwer 700 blesséiert. Den 18. Februar 2007 sinn am „Frëndschafts-Express“, der eenzeger Zuchverbindung tëscht Indien a Pakistan zwou Bommen explodéiert, op d'mannst 65 Mënsche si leie bliwwen.

De 25. August 2007 sinn zu Hyderabad alt nees eng Kéier zwou Bommen an d'Luucht gaangen (eng drëtt konnt entschäerft ginn), woubäi op d'mannst 42 Leit hiert Liewen hu misse loossen.

Politik[änneren | Quelltext änneren]

No der Konstitutioun vun 1950 ginn d'Parlament an de Staatschef vum Vollek gewielt.

Administrativ Andeelung[änneren | Quelltext änneren]

Indien ass an 29 Bundesstaaten (engl. States) a siwen Uniounsterritoiren (engl. Union Territories) agedeelt, déi an am Ganze 603 Distrikter (engl. Districts) ënnerdeelt sinn. An e puer Bundesstaate ginn Distrikter zu Divisiounen (engl. Divisions) zesummegefaasst. Ënner den Disitriker kommen d'Tehsilen (oder och Taluken), Bléck a Subdivisions. Deen ënneschten administrativen Niveau sinn d'Dierfer, déi zum Deel a sougenannten Hoblien zesummegefaasst kënne ginn.

D'Uniounsterritoire gi vun der Zentralregierung zu Nei-Delhi verwalt. D'Bundesstaaten dogéint hunn eege Parlamenter an eng eege Regierung. Regierungschef vun engem Bundesstaat ass den Chief Minister. Formell ënnersteet deen engem Gouverneur, dee vum Bundespresident ernannt ass.

Fir déi kommunal Verwaltung ass a grousse Stied d' Municipal Corporation zoustänneg, a méi klengen d' Municipalities. Am ländleche Raum gëtt nom Panchayati Raj System gefuer. Dëse besteet aus gewielte Conseilen (Panchayat) um Niveau vum Duerf, vum Block a vum Distrikt. Jee no Bundesstaat sinn d'Zoustännegkeeten anescht.

Déi haiteg Andeelung geet op de States Reorganization Act vun 1956 zréck. D'Mammesprooch vun den Awunner war e wichtege Critère fir d'Grenzen nei ze zéien. Den 1. Mee 1960 gouf de Staat Bombay an déi zwee Staate Gujarat a Maharashtra opgedeelt. 2000 sinn dräi nei Bundesstaaten entstanen: Jharkhand, Chhattisgarh an Uttarakhand.

Bundesstaaten[änneren | Quelltext änneren]

Bundesstaaten an Unionusterritoiren
Gateway of India zu Mumbai
D'Secundra Bagh bei Lucknow, dat während dem Sepoy-Opstand vun de Brite gestiermt gouf. Foto vum Felice Beato, Mäerz 1858.
AP Andhra Pradesh
AR Arunachal Pradesh
AS Assam
BR Bihar
CG Chhattisgarh
GA Goa
GJ Gujarat
HR Haryana
HP Himachal Pradesh
JK Jammu a Kashmir
JH Jharkhand
KA Karnataka
KL Kerala
MP Madhya Pradesh
MH Maharashtra
MN Manipur
ML Meghalaya
MZ Mizoram
NL Nagaland
OR Orissa
PB Punjab
RJ Rajasthan
SK Sikkim
Telangana
TN Tamil Nadu
TR Tripura
UA Uttarakhand
UP Uttar Pradesh
WB Westbengalen (West Bengal)

Unionsterritorien[änneren | Quelltext änneren]

AN Andamanen an Nikobaren
CH Chandigarh
DN Dadra an Nagar Haveli
DD Daman an Diu
DL Delhi
LD Lakshadweep
PY Puducherry (fréier Pondicherry)

Stied[änneren | Quelltext änneren]

Haaptstad vun Indien ass Nei-Delhi, direkt nieft Delhi, déi mat ronn 11 Milliounen Awunner, déi zweetgréisst Stad aus dem Land ass. Mat der Agglomeratioun sinn et 17 Milliounen. Delhi ass de kulturellen Zentrum vun der Hindicommunautéit am Norden. Déi gréisst Stad an och den ekonomeschen Zentrum vun Indien ass awer Mumbai, bis 1995 Bombay. Déi Metropol op der Westküst huet bal 13 Milliounen Awunner, 20 Milliounen, wann een d'Agglomeratioun matzielt. Drëttgréisste Stad ass Bengaluru, bis 2006 Bangalore. An där 5-Millioune-Stad si vill Firmen, déi mat neien Technologië schaffen, dofir gëtt se och alt d'„Silicon Valley vun Indien“ genannt. Kolkata, bis 2001 Calcutta oder Kalkutta, ass déi gréisst Stad op der Ostküst an ass, mat 4,6 Milliounen Awunner, déi véiertgréisst. Si gëllt als intellektuellen Zentrum. Chennai, bis 1996 Madras, kënnt op fënnefter Plaz, mat 4,3 Millioune Mënschen, si ass de kulturelle Mëttelpunkt vu Südindien, besonnesch vun den Tamilen.

Economie[änneren | Quelltext änneren]

Indien huet no Japan, den héchste Liewensstandard vun Asien. Grousse Verkéiers-, Industrie-, Handels-, Finanz- an Déngschtleeschtungssecteur.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Indien – Biller, Videoen oder Audiodateien