Hinduismus

Vu Wikipedia

Den Hinduismus ass mat enger 900 Millioune Gleeweger nom Chrëschtentum, an dem Islam déi drëttgréisst Relioun op der Äerd. Den Hinduismus huet seng Originnen an Indien an de Gleewege gëtt "Hindu" genannt.

Verbreedung no Länner

Déi meescht Hindue liewen an Indien, déi ongeféier 80% vun der Populatioun ausmaachen. Dat ass och de Fall an den Nopeschlänner, wéi Nepal, Bangladesch a Sri Lanka.

Am Hinduismus si vill Traditiounen, Gemeinschaften a Glawensrichtunge vertrueden. All eenzel Traditioun huet hir eege Schrëft, Léieren a Geschichten iwwert d'Gëtter. Déi helleg Schrëfte vum Hinduismus sinn d'Veda, e Wuert dat aus dem Sanskrit staamt, a "Wëssen" bedeit. Déi meescht Hindu gleewen net nëmmen un ee Gott, mä u verschidde Gëtter, vun dohier si se Polytheisten. An e puer Richtunge vum Hinduismus gëtt et souguer Haaptgëtter an Niewegëtter. D'Hindu gleewen all un déi gëttlech Kraaft Brahman, souwéi och un d'Widergebuert an d'Erléisung. Eng besonnesch Bedeitung huet d'Pilgeren an Tempelen, op helleg Plazen oder an helleg Stied, wou si hir Gëtter veréiere kënnen.

Fir Hindue war d'Welt schonn ëmmer do. Dobäi duerchleeft d'Welt ee stännege Kreeslaf vun "Entstoen a Vergoen".

Hindue riichten hiert Liewen no enger Aart Behuelenskodex, de sougenannten "Dharma". Dat heescht, si mussen hir Flichte z. B. géigeniwwer der Famill an de Frënn erfëllen, den Noperen hëllefen, frëndlech mat anere sinn an d'Wourecht soen. Dobäi hëllefen hinnen "déi zéng Liewensreegelen".

Ursprong[änneren | Quelltext änneren]

Den Hinduismus huet säin Ursprong an Indien a gëllt als eng vun den eelste Reliounen iwwerhaapt. Wéini genee den Hinduismus entstanen ass, ass net sécher gewosst, well et kee Grënner gëtt. Fest steet, datt et virun ongeféier 4500 Joer ee Vollek gouf, dat laanscht dem Floss Indus gelieft huet. D'Moslemen, déi am 13. Joerhonnert an Indien agewandert sinn, goufe spéider Hindue genannt, well Hindu den iraneschen Numm fir de Floss Indus ass. Vun do kënnt och de Begrëff Hinduismus. Ëm 1750 v.Chr. sinn d'Arier aus der Géigend vum Uralgebitt an dat haitegt Indien agewandert. Geschichtlech gesi ware si en Nomadevollek aus Zentralasien. Reliéis Usiichte vun den zwee Vëlker hu sech vermëscht, wouraus den hinduistesche Glawen entstanen ass.

Helleg Kou an aner Symboler[änneren | Quelltext änneren]

'OM' Zeechen

Eng Eegenaart ass d'Veréierung an de Schutz vun der helleger Kou. Doriwwer eraus iesse vill Hindue kee Fleesch. Si schounen alles wat lieft, schluechte keng Déieren a si gréisstendeels streng Vegetarier. D'Kou gëtt besonnesch veréiert a geschützt. Der Kou hiren indeschen Numm "aghnya" bedeit iwwersat: Déi Onuntaaschtbar. D'Kou gëtt als Mamm bezeechent, well si de Mënschen alles wat fir d'Liewe wichteg ass schenkt, si fiddert souzesoen d'Mënschen. Mä si suergt net nëmme fir Iessen a Kleedung, mä och fir wäertvollen Dünger, Ënnerdaach, Medezin an Aarbechtskraaft. Nach haut ass si fir vill aarm Baueren an Indien dat eenzegt Zuchdéier. Domat ass si eng Stäip vun der Landwirtschaft; fir Milliounen an de Stied an an den Dierfer ass hir Mëscht dat wichtegst Brennmaterial fir ze Kachen a gëtt och als Baumaterial vun Haiser an den Dierfer benotzt. Well de Gott Krishna zum Schutz an enger Hierdefamill mat Kéi opgewuess ass, gëllt d'Kou och als helleg. Ausserdeem gëtt d'Kou deelweis als Gëttin an den hinduistesche Schrëften ernimmt.

Dat wichtegst Symbol am Hinduismus, ass déi helleg Silb "OM" (AUM) a steet fir d'Liewen, fir d'Entstoen a fir d'Vergoen. Dofir ass et och déi bekanntst Mantra (helleg Silb) déi et am Hinduismus gëtt.

Gëttlech Veréierungen & Ofwandlungen[änneren | Quelltext änneren]

Am Hinduismus gëtt et Dausende vu Gëtter, well d'Hindue fir all Liewensberäich ee Gott brauchen. Déi dräi Haaptgëtter si Brahma (den Erschafer vun der Welt), Vishnu (den Erhaler vun der Welt) a Shiva (den Zerstéierer), zesumme bilde si d'Trimurti.

  • Brahma: Hindue gleewen, datt Brahma aus engem Ee aus dem Universum komm ass an dann d'Welt erschaf huet. Hie selwer gouf awer vu kengem erschaf. No dem hinduistesche Glawen ass keen anere Gott sou wéi de Brahma op d'Welt komm. Trotzdeem gëtt de Brahma hautdesdaags net méi sou vill veréiert. An Indie sinn nëmmen nach zwéin Tempelen him geweit. Brahma erkennt een un senge véier Käpp, déi an all Himmelrichtunge kucken. Op deene meeschte Biller gëtt Brahama och nach mat véier Äerm duergestallt.
  • Shivaismus: Eng vun den dräi Haaptstréimunge vum Hinduismus ass de Shivaismus. Am Mëttelpunkt steet de Gott Shiva. Am Shivaismus gëtt et verschidde Stréimungen. Reliéis Praxis a philosophesch Léiere vun deene ville verschiddene Stréimunge kënne sech staark ënnerscheeden.
  • Vishnuismus: Am Mëttelpunkt vum Vishnuismus steet de Gott Vishnu. Vishnuismus besteet och aus ville verschidde Stréimungen. Zwar veréiere se all de Vishnu, respektiv eng vu senge ville Formen, an trotzdeem vertriede si vollkomme verschidde Léieren a Philosophien.
  • Shaktismus: De Shaktismus ass eng Form vum Hinduismus, déi sech op weiblech Gëtter bezitt. Déi sougenannt Shakti gëtt als weiblech geduecht Urkraft vum Universum ugesinn.

Karma[änneren | Quelltext änneren]

D'Virstellung vum Karma gouf ongeféier vum 6. Joerhonnert v.Chr. an den hinduistesche Schrëften nogewisen. D'Karma spillt am Hinduismus eng wichteg Roll. Karma bezeechent d'Folleg vum Handelen an Denken, sou wéi d'Wierkung op den Handelnde selwer. Esou wuel gutt wéi och schlecht Karma féiert zu enger Widergebuert. Dat eigentlecht Zil ass et dofir kee Karma méi ervirzeruffen.

Erëmgebuert[änneren | Quelltext änneren]

All Hindue gleewen un Erëmgebuert vu jiddwerengem, dëst gëtt och Reinkarnatioun genannt. Si sinn dovun iwwerzeegt, datt et e Liewen nom Doud gëtt. Dofir ass d'Séil vum Mënsch onstierflech a si lieft an enger anerer Form weider. Hindue gleewen dorun, datt e Mënsch an enger anerer Kast oder an der selwechter, als Déier oder souguer als Steen erëmgebuer ka ginn. Si schwätze vun engem Kreeslaf aus Gebuert, Doud an Erëmgebuert. Dësen éiwege Kreeslaf heescht "Samsara". Duerch gutt Dote kann een sech mat Gott vereenen. Et ass also no der hinduistescher Relioun méiglech, dee Kreeslaf ze verloossen. Dat nennt een d'"Erléisung" oder "Moksha". Dëst ass dat héchsten Zil vun engem Hindu.

Gesellschaftsuerdnung[änneren | Quelltext änneren]

Fir eng Aart Andeelung an der Gesellschaft suergt dat sougenannt Kastesystem. D'Hindue gleewen, datt all Mënsch an enger Kast gebuer gëtt, also enger bestëmmter sozialer Schicht zougedeelt gëtt. E Wiessel aus senger Kast ass zu Liefzäiten net méiglech. Et gëtt véier Haaptkasten: Brahmanen (Priister), Kshatriyas (Krichsleit, Adeleg a Beamten), Vaishyas (räich Baueren, Handwierker an Händler) an d'Shudras (aarm Baueren, Kniechten an Dénger). Zousätzlech gëtt et nach "Pariaen" oder déi "Onuntaaschtbar" (déi Ënnerdréckt). Vill Hindue wiessele wéinst dëser Diskriminatioun an de Buddhismus eriwwer.

Stellung vun der Fra[änneren | Quelltext änneren]

D'Fraen a Meedercher sti nom hinduistesche Glawen ënnert de Männer an hunn net déi selwecht Rechter. Hei gëlle Fraen als "nach wäit ewech" vun der Erléisung a musse fir d'éischt als Männer erëmgebuer gi fir dann dohinner ze kommen.


Commons: Hinduismus – Biller, Videoen oder Audiodateien