Iran

Vu Wikipedia


جمهوری اسلامی ایران
Jomhûri-ye Eslâmî-ye Îrân
Islamesch Republik Iran

Fändel vum Iran

Wope vum Iran

Detailer

Detailer
Offiziell Sprooch: Persesch
Haaptstad: Teheran
Staatsform: Islamesch Republik
 • Ieweschte Guide: Ali Chamenei
 • President: Ebrahim Raisi
Fläch: 1.648.195 km²
Bevëlkerung: 70.472.846 (2006)

Den Iran (Persien), ass en islamesch markéierte Staat am Weste vun Asien, a läit tëscht Arabien an Afghanistan. Mat 68 Milliounen Awunner zielt den Iran zu den 10 % vun de bevëlkerungsräichste Staaten.

Numm vum Land[änneren | Quelltext änneren]

Zanter fréiester Zäit gouf d'Land vu senger Populatioun als Iran (eng Ofkierzung vum mëttelperseschen Eran Schahr) bezeechent. Déi aliranesch Form vun dësem Numm, Aryānām Xšaθra, bedeit „Land vun den Arier“.

Déi bis an 20.Joerhonnert gebräichlech Bezeechnung Persien geet op d'Zäit vun den Achämeniden zeréck, déi am 6. Joerhonnert v. Chr. en éischt Persescht Räich geschaf haten. Dësem säi Kärgebitt war déi vun de Griiche genannt Landschaft Persis, déi haiteg Provënz Fars ëm Shiraz. Vun hir leet sech och den Numm Farsi („Perser“) fir déi persesch Sprooch a fir déi ethnesch Perser (Farsen) of.

De geographesche Begrëff Iran bezitt sech op dat ganzt iranescht Héichland, iwwer de Staat Iran eraus also och op Régioune vun Nopeschlänner.

Geographie[änneren | Quelltext änneren]

Den Iran grenzt u 7 Staaten an 2 Mierer: am Osten an Nordosten un den Irak (Grenzlängt 1.458 km), d'Tierkei am Aserbaidjan (allebéid ongeféier 500 km), un Armenien (35 km) an un d'Kaspescht Mier (500 km), am Osten a Südosten un Turkmenistan (zirka 1.000 km), Afghanistan (936 km) a Pakistan (Provënz Belutschistan, 909 km) souwéi un zwéin Ausleefer vum Indeschen Ozean (Golf vum Oman a Persesche Golf). Déi iranesch Grenzprovënz zu Pakistan heescht och Belutschistan.

Den haitegen Iran huet an der Antiquitéit a bis ongeféier 1950 Persien geheescht. En ass en ausgesprachend Gebiergsland, wat d'Klima – ofgesi vun de Wüsten – och fir d'Europäer relativ erdréiglech mécht. Geologesch gëtt d'Land duerch méi, bal parallel Gebiergsketten, déi no Oste lafen, gegliddert, déi an den Zagros- a Kuhrud-Bierger e puermol iwwer 4.000 m héich sinn.

Klima[änneren | Quelltext änneren]

Vegetatioun[änneren | Quelltext änneren]

Populatioun[änneren | Quelltext änneren]

D'Populatioun am Iran (68 Milliounen - Stand Juli 2005) setzt sech zesummen aus ongeféier 51 % Perser, ongeféier 24 % Aserbaidjaner, ongeféier 7 % Kurden, 8 % Gilaki a Mazandarani, ongeféier 3 % Araber, 2 % Turkomanen, 2 % Luren an 2 % Belutschen an a klengen Zuelen och nach, chrëschtlech Armeenier, Assyrer, Georgier souwéi Judden. Donieft liewen am Iran vill Flüchtlingen: 2 Milliounen aus Afghanistan an 203.000 aus dem Irak.

Alles an allem bekenne sech 98 % vun der Populatioun zum Islam; 90 % dovu si Schiitten an 8 % Sunitten.

20.000 Iraner sinn als Flüchtlingen am Nopeschland Irak.

Zu de gréisste Stied zielen Teheran (Stad 7,1 Mio.; Ballungsraum 12 Mio.), Maschhad (2,3 Mio.), Isfahan (1,5 Mio.), Karadsch (1,4 Mio.), Täbris (1,4 Mio.), Schiraz (1,2 Mio.), Qom (1,0 Mio.), Ahwas (850.000) a Kermānschāh (770.000).

Sproochen[änneren | Quelltext änneren]

Relioun[änneren | Quelltext änneren]

Den zwielefer-schiitteschen Islam ass d'Staatsrelioun. 98 % vun der Populatioun si Moslemen. Donieft gëtt et Orientchrëschten, deenen hir Zuel awer no der Revolutioun staark zeréckgaangen ass. Haut gëtt et der wuel nach ongeféier 280.000. Zu 90 % sinn d'Unhänger vun der armeenesch-apostoulescher Kierch, 20.000 bis maximal 40.000 assyresch Chrëschten, ongeféier 3.000 Chaldäer an e puer Protestanten. Judde gëtt et jee no Schätzung 11.000 bis 30.000, woubäi déi meescht Estimatioune vun 20.000 ausginn, donieft 33.000 Parsen an e puer Dausend Mandäer. Den ongeféier 300.000 am Iran als ketzeresch bezeechent an entrechte Baha'i, deenen hir Relioun am 19. Joerhonnert am Iran entstanen ass, gëtt net toleréiert, wat bluddeg Progromer an Hiriichtunge mat sech bréngt.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Politik[änneren | Quelltext änneren]

Militär[änneren | Quelltext änneren]

Dat iranescht Militär ass nach ëmmer an enger Opbauphas, an där d'Land versicht, d'Verloschter duerch den éischte Golfkrich auszegläichen. US-Schätzunge ginn dovun aus, datt den Irak an den aacht Krichsjoer tëscht 20 a 40 % vun der iranescher Militärkapazitéit vernicht huet, souwuel Zaldote wéi och Material. Wat d'Mannstärkt betrëfft, ass den Erëmopbau vun der Efficacitéit zum groussen Deel ofgeschloss, änlech däerft et och fir déi buedemgebonne Waffesystemer gëllen, bei deenen et dem Land haut virun allem ëm d'Moderniséierung a manner ëm zueleméisseg Oprëschtung geet. Nach net ausgeglach sinn d'Materialverloschter duerch de Krich um Niveau vun der Loftwaff, a méi héijer Mooss awer bei de groussen Iwwerwaasser-Unitéite vun der Marinn. Op dësen Niveauen ass den Iran fir e Land vu senger Gréisst ënnerbewaffnet. Nieft de Krichsverloschter si virun allem d'Export-Restriktioune vu ville Staaten de Grond fir deen Zoustand. E groussen Deel vun de Waffesystemer staamt aus US-Waffenhëllefen an a rezenter Zäit aus Waffegeschäfter mat Russland a mat der Volleksrepublik China.

Rechtssystem[änneren | Quelltext änneren]

Duerch d'islamesch Revolutioun ass d'islamescht Recht, d'Scharia, als Gesetz erëm agefouert ginn. Well d'Scharia ni richteg mat Succès kodifizéiert gouf, ënnerläit d'Rechtspfleg an d'Weiderentwécklung vun der islamescher Jurisprudenz an enger Aart Case law-System. Vum Standpunkt vun der Gewaltentrennung aus huet sech d'Aktivitéit vum éischten ieweschte Riichter no der Chalkali Revolutioun katastrophal ausgewierkt. Bis haut gëtt et keng Gewaltentrennung am Iran, den ieweschte geeschtleche Féierer huet wäitreechend Befugnesser.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Iran – Biller, Videoen oder Audiodateien