Israel

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Flag Israel template.gif Dëse Geographiesartikel zu Israel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann der Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran.


מדינת ישראל
Medinat Jisra′el (hebr.)

دولة إسرائيل
Daulat Isrā′īl (arab.)
Staat Israel

Fändel vun Israel

Wope vun Israel

Detailer

Detailer
Israel2.png
Offiziell Sprooch: Hebräesch. Arabesch
Haaptstad: Jerusalem
Staatsform:
 • President: Shimon Peres
 • Premierminister: Benjamin Netanyahu
Fläch: (Land selwer ouni besate Gebidder) 20.991 km² (147.)
Bevëlkerung: zirka 6.983.000 (97.)
 • Bevëlkerungsdicht: 331/km²
Onofhängegkeet: 14. Mee 1948
Währung: Neien israelesche Schekel (₪)
Zäitzon: UTC +2
Internet TLD: .il
Internationalen
Telefonsprefix
:
+972

Israel (hebr.: מדינת ישראל Medinat Jisra′el, arab.: دولة إسرائيل Daulat Isrā′īl) ass e Staat am Noen Osten, deen u Syrien, de Libanon, Egypten, Jordanien an un déi vun Israel besate Gebidder grenzt.

Inhaltsverzeechnes

Geographie [änneren]

Der Längt no miesst d'Land vun Norden no Süden 470 km. Déi breetste Plaz huet 135 km vu Westen no Osten. Obschonns Israel nëmmen e klengt Land ass, huet et puer Klimazonen. Am Norde ginn et Bëscher an et ass mëttelméisseg waarm, während et am Süden eng grouss Hëtzt gëtt an net vill an den wüstenaartege Géigende wiisst. D'Negev-Wüst bedeckt hei déi gréisst Fläch. Un der Küst zum Mëttelmier hi souwéi am Dall vum Jordan ass de Klima subtropesch. Am Dall vum Jordan läit den déifste Punkt vun der Uewerfläch vun der Welt. Dat ass beim Doudege Mier, e Mier dat isoléiert ass, keen Offloss huet an extrem salzhalteg ass.

Bevëlkerung [änneren]

Israelesch multikulturell Gesellschaft

Mat sengen net ganz 7 Milliounen Awunner zielt Israel bevëlkerungsméisseg zu de klenge Staaten (97. Plaz). Ongeféier 91 Prozent vun der israelescher Bevëlkerung liewen an de Stied. Déi israelesch Gesellschaft setzt sech aus verschiddene Reliounen a Kulture mat ënnerschiddlechen Traditiounen zesummen. D'Nationalitéit kritt een duerch d'Gebuert oder duerch d'Zouwanderung. Eng duebel Nationalitéit ass méiglech.

An der Onofhängegkeetserklärung vum Staat Israel ass d'reliéis Fräiheet garantéiert. Iwwer d'reliéis Zougehéieregkeet an hir Ausübung däerf jiddweree selwer entscheeden.

An den offizielle Statistike gëtt tësche Judden an Netjudden ënnerscheet. Am Joer 2001 waren 81 Prozent vun der israelescher Bevëlkerung Judden oder hu vu Judden ofgestaamt, an dëser Zuel ass d'Bevëlkerung vun de besate Gebidder net ageschloss.

Déi jiddesch Bevëlkerung gëtt opgedeelt an:

d'Watikim, dat sinn d'Awunner vum Jischuw, der aler jiddescher Siidlung an deenen déi virun der Grënnung vum Staat Israel zougezu sinn
d'Olim, déi no der Staatsgrënnung agewandert sinn
d'Tzabarim, déi am Land gebuer goufen

Eng 20% vun der Bevëlkerung sinn Araber, dovu geschaten 170.000 Beduinen. Weider ginn et kleng Minoritéite wéi Drusen (1,5 Prozent), eng kleng armenesch Gemeng, d'Bahai, d'Alawiten, d'Achmediten an zwéin Dierfer mat Tscherkessen.

Aus der fréierer Sowjetunioun si méi wéi eng Millioun Judden agewandert, dovun 750.000 an de Joren tëschent 1989 a 1999.

Den 31. Dezember 2003 hunn 224 200 israelesch Bierger a kollektiven Communautéiten am Westjordanland gelieft a geschafft.

Offiziell Sprooche sinn, niewent dem Engleschen, d'Arabesch an d'Hebräesch. Déi hebräesch Sprooch ass a jéngster Zäit opgewäert ginn a gëtt vun der Majoritéit vun den Israelien geschwat. Arabesch ass donieft d'Ëmgankssprooch vun iwwer enger Millioun arabeschen an drusesche Staatsbierger. An den arabesche Schoulen ass Arabesch d'Aarbechtssprooch, an den hebräesche kann, nieft Englesch, Arabesch als zweet Friemsprooch gewielt ginn. D'Gesetzestexter sinn an Hebräesch an an Arabesch verfaasst.

D'Liewenserwaardung an Israel zielt mat zou den héichsten op der Welt an erreecht fir d'Fraen 80,9 Joer an 76,7 Joer fir d'Männer (2003).

Vun Touristen am meeschte besichte Plazen [änneren]

Relioun [änneren]

Sechs Prozent vun den israelesche Judden bezeechnen sech als Haredim (ultra-orthodox reliéis), weider 9 Prozent als „reliéis”, 34 Prozent bezeechnen sech selwer als Traditionalisten, déi sech net strikt un déi jiddesch Halacha halen, an 51 Prozent als „säkular”.

Ongeféier 2,1 Prozent vun der Bevëlkerung si Chrëschten. Vun den 138.500 Chrëschte sinn der eng 75.000 Katholiken.

D'israelesch Araber stellen ongeféier 18 Prozent vun der israelescher Bevëlkerung duer. D'Majoritéit dovun ass sunnitesch.

Geschicht [änneren]

  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Geschicht vun de Judden (Israel) Nuvola apps xmag.png

Am 13. Jh. v. Chr. gouf d'Land vu verschiddenen nomadesche Stämm besidelt. Jerusalem gouf, der Bibel no ëm 1.000 v. Chr., Haaptstad vum David sengem Kinnekräich Israel, e Räich dat allerdéngs zerfall an ënnerjocht ginn ass (eruewert vun den Assyrer am Norden an de Babyloner am Süden). Duerno huet et zum Alexander dem Groussen sengem Perserräich gehéiert.

Den Opstand vun de Makkabäer 165 v.Chr. huet Israel fir eng kuerz Zäit d'Fräiheet bruecht. Awer net laang, well vun 63 v. Chr. un haten d'Réimer d'Soen zu Jerusalem. Den Tempel an déi ganz Stad goufe 70 n. Chr. vun hinnen zerstéiert. D'Opstänn vun de Judde goufen néiergeschloen, och de Bar-Kochba-Opstand, an d'Judden sinn duerch d'Welt zerstreet ginn (Diaspora). D'Land huet dunn den Numm Palestina kritt.

Mir iwwersprangen d'Zäit vun de Kräizzich an och d'osmanesch Zäit, ouni awer ze vergiessen dat schonn 1882 Judden, déi an hire Länner aus reliéisen oder politeschen Ursaachen ënnerdréckt goufen, sech massiv no Palestina ofgesat hunn (Alija). Eng zweet Alija geet op d'Joren 1904-1914 zréck.

Mandatszäit [änneren]

Wéi nom Éischte Weltkrich d'osmanesch Zäit eriwwer war, huet Groussbritannien 1922 op der Konferenz vu Paräis vum Vëlkerbond den Optrag kritt, d'Gebitt vu Palestina an och dat, wat Jordanien an Israel sech lo deelen, an hir Obhutt ze huelen an ze verwalten. Hir Missioun war et, fir der Balfour Deklaratioun zum Duerchbroch ze verhëllefen an e Gebitt als Heem fir d'Judden ze schafen. Well dat Gebitt awer net genee festgeluecht war, war d'Ausübung vun deem Mandat mat grousse Schwieregkeete verbonnen. Groussbritannien huet sech also agesat, fir de Judden d'Méiglechkeet ze ginn, massiv anzewanderen a si och zesummen unzesidelen, ouni awer, wéi hiren Optrag et wollt, d'Rechter vun der usässeger Bevëlkerung a Fro ze stellen. D'Problemer si méi grouss ginn, wéi et tëschent den zwee Weltkricher zu neien Immigratiounswellen vu Judden komm ass an d'Noutwennegkeet fir eng Opdeelung vum Gebitt erbäizeféiere sech mat enger grousser Drénglechkeet gestallt huet. Déi Beméiunge sinn awer feelgeschloen. Kritesch gouf d'Situatioun nom Zweete Weltkrich, wéi déi vun den Nazien verfollegt Judde befreit waren an ënnert dramateschen Ëmstänn en neit Heem gesicht hunn.

Den Deelungsplang vun 1947 [änneren]

Den 29.November 1947 huet d'Generalversammlung vun de Verreenten Natiounen du mat enger 2/3 Majoritéit decidéiert, d'Gebitt vu Westpalestina an e jiddeschen an en arabeschen Territoire opzedeelen. Dës Decisioun hunn d'Judde mol akzeptéiert, d'Araber awer net. Dat war den Ufank vun de Streidereien, déi duerch d'Verdreiwung vun den Araber aus dem Gebitt, dat Israel zouerkannt gouf, zu vill Misär gefouert huet.

D'Onofhängegkeet vun Israel [änneren]

Gestäerkt duerch dës Décisioun hunn d'israelesch Vertrieder ënnert dem Ben Gourion de 14. Mee 1948 d'Onofhängegkeet vun Israel ausgeruff. Nach an der Grënnungsnuecht hunn doropshin Egypten, Saudi-Arabien, Jordanien, de Libanon, den Irak a Syrien Israel de Krich erkläert. Dësen Israelesch-Arabesche Krich huet du bis de Juli 1949 gedauert a fir Israel zu engem Gebittszouwuess geféiert. Déi ursprénglech am Deelungsplang fir d'Palestinenser virgesi Gebidder sinn dunn u Jordanien (Westjordanland) an un Egypten (Gazasträifen) gefall.

D'Spannungen waren awer net entschärft.

1952 gouf am Stater Stadhaus d'Lëtzebuerger Ofkommes tëschent der Bundesrepublik Däitschland engersäits an Israel an der Jewish Claims Conference anerersäits ënnerschriwwen.

Politik [änneren]

Politesche System [änneren]

  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Politesche System vun Israel Nuvola apps xmag.png

  • Lëscht vun de Staatspresidente vun Israel
  1. Chaim Weizmann (1949 - 1952)
  2. Jitzhak Ben Zwi (1952 - 1963)
  3. Salman Schasar (1963 - 1973)
  4. Ephraim Katzir (1973 - 1978)
  5. Jitzhak Navon (1978 - 1983)
  6. Chaim Herzog (1983 - 1993)
  7. Ezer Weizmann (1993 - 2000)
  8. Moshe Katsav (2000 - 2007)
  9. Shimon Peres (2007 - )

Economie [änneren]

Kultur [änneren]

Literatur [änneren]

Musek [änneren]

Um Spaweck [änneren]

Commons: Israel – Biller, Videoen oder Audiodateien