1963
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
1958 | 1959 | 1960 | 1961 | 1962 | 1963 | 1964 | 1965 | 1966 | 1967 | 1968
Dës Säit befaasst sech mam Joer 1963.
Inhaltsverzeechnes |
Evenementer [änneren]
Europa [änneren]
- 14. Januar: De franséische Staatspresident Charles de Gaulle deelt mat, hie géif e Veto aleeën, wann iwwer de Bäitrëtt vu Groussbritannien zu der EG gestëmmt géif.
- 22. Januar: De Charles de Gaulle an de Konrad Adenauer ënnerschreiwen den Élysée-Traité.
De Kennedy an den Adenauer beim Checkpoint Charlie. - 28. Abrëll: Den éisträichesche Bundespresident Adolf Schärf (SPÖ) gëtt erëmgewielt.
- 26. Juni: Den John F. Kennedy besicht West-Berlin a seet an enger Ried „Ich bin ein Berliner“.
- 30. Juni: Den Giovanni Battista Enrico Antonio Maria Montini gëtt als Paul VI. zum Poopst ernannt.
- 26. Juli: Äerdbiewen zu Skopje, Jugoslawien, ca. 1.100 Doudeger.
- 15. Oktober: De Konrad Adenauer trëtt als Bundeskanzler zréck
- 16. Oktober: De Ludwig Erhard gëtt 2. Bundeskanzler vun der Bundesrepublik Däitschland.
- 22. Dezember: Ufank vun engem Biergerkrich op Zypern, well griichesch Extremisten tierkesch Awunner massakréiert hunn. (Zypernkonflikt).
- 9. Oktober: An de belluneseschen Alpen (Italien) falen 260 Mio. Kubikmeter Buedem an de Vajont-Stauséi. D'Uertschaft Longarone mat hire knapps 2000 Awunner gëtt duerch déi riseg Waasserwell, déi iwwer de Bord vun der Staumauer gehäit gouf, komplett ausradéiert.
Lëtzebuerg [änneren]
- D'Stad Lëtzebuerg feiert 1000 Joer.
- 29. Mäerz: 180 Uebstproduzente vun der Musel an der Ënnersauer grënnen eng Qualitéitsgenossenschaft, d' Luxfruit.
- 12. Mee: D'Luxair deeft hiren éischten eegene Fliger, eng Fokker F-27 Friendship op den Numm Prince Henri.
- 20. Juni: Première am neie Stadtheater vum Norbert Weber sengem historeschen Drama Jean Chalop.
- 20. Juni: De Grondstee fir d'Groussherzogin-Charlotte-Bréck gëtt geluecht.
- 23. Juni: De Lëtzebuerger Nationalfeierdag gëtt fir d'éischt am Summer gefeiert, amplaz am Wanter.
- 26. September: Zu Esch-Uelzecht gëtt den Eisebunnsviadukt ageweit.
- 4. November: De Vizepresident vun den USA, de Lyndon B. Johnson, ass op Staatsbesuch.
Afrika [änneren]
- 13. Januar: Den éischte Staatspresident vun Togo Sylvanus Épiphanio Olympio gëtt bei engem Putsch ermuert.
- 11. Juli: Bei enger Razzia a Südafrika gi vill ANC-Leaderen, dorënner den Nelson Mandela, festgeholl.
- 1. Oktober: Nigeria gëtt eng Republik.
- 10. Dezember: Sansibar gëtt en onofhängegt Sultanat.
- 12. Dezember: Kenia gëtt vu Groussbritannien onofhängeg; De Jomo Kenyatta gëtt éischte Premierminister.
Amerika [änneren]
USA [änneren]
- 28. August: Beim „Marsch op Washington“ hält de Martin Luther King seng bekannte Ried „I have a dream“.
- 22. November: De President vun den USA, den John F. Kennedy gëtt bei engem Attentat zu Dallas am Texas erschoss. De Lyndon B. Johnson gëtt 36. President vun den USA.
- 24. November: Den Jack Ruby erschéisst zu Dallas de Lee Harvey Oswald, de presuméierte Mäerder vum Kennedy.
Mëttel- a Südamerika [änneren]
- 27. Februar: De Juan Bosch gëtt Staatspresident an der Dominikanescher Republik.
- 25. September: Militärputsch géint de Juan Bosch.
Asien [änneren]
- 24. Februar: De Vulkan Gunung Agung brécht op Bali, Indonesien, aus; ca. 1.500 Doudeger.
- 9. Mäerz: De Premierminister vun Afghanistan Mohammad Daud trëtt zréck.
- 1. Mee: West-Neuguinea gëtt vun Indonesien iwwerholl.
- 1. September: Singapur gëtt vu Groussbritannien onofhängeg.
- 1. November: Militärputsch am Südvietnam, de President Ngô Đình Diệm a säi Brudder Nhu Dinh kommen deen Dag dono ëm d'Liewen.
Ozeanien & Pazifik [änneren]
Arabesch Welt an Noen Osten [änneren]
- 8. Februar: D'irakesch Baath-Partei putscht géint de Generol Abd al-Karim Qasim.
Konscht & Kultur [änneren]
Molerei [änneren]
Literatur [änneren]
Musek [änneren]
- 23. Mäerz: D'Grethe & Jørgen Ingmann gewanne fir Dänemark mam Lidd Dansevise den 8. Eurovision Song Contest zu London.
Wëssenschaft & Technik [änneren]
- Philips bréngt den éischte Kassetterecorder eraus.
- Polaroid bréngt deen éischten Faarffilm op de Maart.
- Krupp produzéiert déi éischt Haartmetallspikes fir Autospneuen.
Sport [änneren]
- 3. Mäerz: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert zu Ostende 0:3 géint Belsch.[1]
- 7. Abrëll: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert an der Stad Lëtzebuerg 0:2 géint Italien.[2]
- 1. Mee: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert zu Mulhouse 0:4 géint Frankräich.[3]
- 11. September: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe spillt zu Amsterdam, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Europameeschterschaft 1964, 1:1 géint Holland. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet de Paul May geschoss.[4]
- 27. Oktober: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe spillt zu Esch-Uelzecht 3:3 géint Frankräich. D'Goler fir d'Lëtzebuerger hunn de Jean Hemmerling, Paul May an Henri Klein geschoss.[5]
- 30. Oktober: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe gewënnt zu Rotterdam, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Europameeschterschaft 1964, 2:1 géint Holland. Déi zwee Goler fir d'Lëtzebuerger huet de Camille Dimmer geschoss.[6]
- 1. Dezember: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert zu Beringen (Belsch) 2:4 géint Belsch. Déi zwee Goler fir d'Lëtzebuerger hunn de Johny Léonard a Jean-Pierre Fiedler geschoss.[7]
- 4. Dezember: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe spillt an der Stad Lëtzebuerg, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Europameeschterschaft 1964, 3:3 géint Dänemark. D'Goler fir d'Lëtzebuerger hunn den Henri Klein (2) a Louis Pilot geschoss.[8]
- 10. Dezember: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe spillt zu Kopenhagen, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Europameeschterschaft 1964, 2:2 géint Dänemark. D'Goler fir d'Lëtzebuerger hunn de Johny Léonard an Ady Schmit geschoss.[9]
- 18. Dezember: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert zu Amsterdam, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Europameeschterschaft 1964, 0:1 géint Dänemark.[10]
Gebuer [änneren]
- Carlo Migy, lëtzebuergesche Sänger.
- Lucile Risch, lëtzebuergesch Fotografin.
- 4. Januar: Théo Scholten, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 14. Januar: Steven Soderbergh, US-amerikanesche Filmregisseur.
- 17. Januar: Geneviève Mersch, lëtzebuergesch Filmregisseurin an Dréibuchauteurin.
- 18. Januar: Phillip Boa, däitsche Museker a Komponist.
- 20. Januar: Guy Helminger, lëtzebuergeschen Auteur.
- 20. Januar: Claude Mangen, lëtzebuergesche Journalist a Schauspiller.
- 28. Januar: Jean-Luc Koenig, lëtzebuergesche Fotograf.
- 28. Januar: Thomas Wolf, däitsch-lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 30. Januar: Thomas Brezina, éisträichesche Kannerbuchauteur.
- 4. Februar: Pirmin Zurbriggen, Schwäizer Schileefer.
- 9. Februar: Roland Meyer, lëtzebuergeschen Auteur.
- 17. Februar: Michael Jordan, US-amerikanesche Basketballspiller.
- 19. Februar: Seal, britesche Sänger.
- 21. Februar: William Baldwin, US-amerikanesche Schauspiller.
- 23. Februar: Andrea Sawatzki, däitsch Schauspillerin.
- 28. Februar: Claudio Chiappucci, italienesche Vëlossportler.
- 11. Mäerz: Marc Tarabella, belsche Politiker.
- 12. Mäerz: Marc Angel, lëtzebuergesche Politiker.
- 27. Mäerz: Quentin Tarantino, US-amerikanesche Regisseur, Schauspiller an Dréibuchauteur.
- 6. Abrëll: Rafael Vicente Correa Delgado, ecuadorianesche Politiker.
- 6. Abrëll: Pauline Lafont, franséisch Schauspillerin.
- 10. Abrëll: Marc Spautz, lëtzebuergesche Gewerkschaftler a Politiker.
- 11. Abrëll: François Besch, lëtzebuergesche Journalist, Fotograf, Auteur a Moler.
- 13. Abrëll: Garri Kimowitsch Kasparow, russesch-amerikanesche Schachspiller.
- 23. Abrëll: Pia Cramling, schwedesch Schachspillerin.
- 23. Abrëll: Robby Naish, US-amerikanesche Wandsurf-Weltmeeschter.
- 24. Abrëll: Tony Blackplait, estlännesch-US-amerikanesche Rocksänger.
- 1. Mee: Vera Spautz, lëtzebuergesch Politikerin.
- 8. Mee: Françoise Peschon, US-amerikanesch Oenologin vun lëtzebuerger Ofstamung
- 11. Mee: Natasha Richardson, britesch Filmschauspillerin.
- 24. Mee: Jhemp Bastin, lëtzebuergesche Sculpteur.
- 25. Mee: Mike Myers, kanadesche Schauspiller.
- 31. Mee: Viktor Orbán, ungaresche Politiker.
- 9. Juni: Johnny Depp, US-amerikanesche Schauspiller.
- 15. Juni: Helen Hunt, US-amerikanesch Schauspillerin.
- 25. Juni: George Michael, britesche Sänger a Komponist.
- 25. Juni: Jean-Claude Kremer, lëtzebuergesche Schéisser.
- 26. Juni: Michail Borissowitsch Chodorkowski, russeschen Entreprener.
- 27. Juni: Ollanta Humala, peruanesche Politiker.
- 29. Juni: Anne-Sophie Mutter, däitsch Violonistin.
- 4. Juli: Ute Lemper, däitsch Sängerin, Dänzerin a Schauspillerin.
- 4. Juli: Ni Xia Lian, lëtzebuergesch Dëschtennisspillerin.
- 15. Juli: Brigitte Nielsen, dänesch Schauspillerin.
- 16. Juli: Phoebe Cates, US-amerikanesch Schauspillerin.
- 17. Juli: Letsie III., Kinnek vu Lesotho.
- 18. Juli: Marc Girardelli, éisträichesch-lëtzebuergesche Schifuerer.
- 30. Juli: Pol Cruchten, lëtzebuergesche Filmregisseur.
- 9. August: Whitney Houston, US-amerikanesch Sängerin.
- 21. August: Muhammad VI., Kinnek vu Marokko.
- 23. August: Park Chan-wook, südkoreanesche Filmregisseur.
- 1. September: Mylène Bergami, lëtzebuergesch Molerin.
- 14. September: Pierre Funck, lëtzebuergesche Museker a Filmmusekskomponist.
- 16. September: Luc Frieden, lëtzebuergesche Politiker.
- 18. Oktober: Claude Ernster, lëtzebuergesch Molerin.
- 19. Oktober: Laurent vun der Belsch, belsche Prënz.
- 20. Oktober: Thierry Lutz, lëtzebuergesche Moler.
- 28. Oktober: Eros Ramazzotti, italienesche Popsänger.
- 25. Oktober: Stina Rautelin, finnesch-schwedesch Schauspillerin.
- 1. November: Katja Riemann, däitsch Schauspillerin.
- 2. November: Borut Pahor, slowenesche Politiker.
- 4. November: Marc Thomé, lëtzebuergesche Foussballspiller an -trainer.
- 5. November: Tatum O’Neal, US-amerikanesch Schauspillerin.
- 5. November: Jean-Pierre Papin, franséische Fussballspiller.
- 12. November: Marco Sowa, lëtzebuergesche Liichtathlet.
- 14. November: Stéphane Bern, franséischen Telees- a Radiosmoderateur.
- 17. November: Pascal Becker, lëtzebuergesche Journalist a Filmregisseur.
- 12. Dezember: Yulduz Usmonova, usbekesch Sängerin.
- 16. Dezember: James Mangold, amerikanesche Filmregisseur an Dréibuchauteur.
- 18. Dezember: Brad Pitt, US-amerikanesche Schauspiller.
- 19. Dezember: Til Schweiger, däitsche Schauspiller a Produzent.
- 20. Dezember: Elena vu Spuenien, spuenesch Prinzessin, Herzogin vu Lugo.
Gestuerwen [änneren]
- 23. Januar: Józef Gosławski, polnesche Sculpteur a Medailleur.
- 28. Januar: Gustave Garrigou, franséische Vëlosportler an Tour de France-Gewënner.
- 26. Mäerz: Jean Bruce, franséischen Auteur.
- 29. Mäerz: Michel Stoffel, lëtzebuergesche Moler.
- 12. Mee: Ernst Marischka, éisträichesche Filmregisseur, Dréibuchauteur a Filmproduzent.
- 24. Mee: Elmore James, Bluesmuseker.
- 3. Juni: Jean XXIII., Poopst vun 1958 bis 1963.
- 15. Juni: Max Menager, lëtzebuergesche Museker.
- 19. Juni: Simon Wright, britesche Museker.
- 1. August: Jean-Pierre Hoffmann, lëtzebuergesche Schoulmeeschter, Auteur a Gemengesekretär.
- 26. August: Pierre Clemens, lëtzebuergesche Vëlossportler.
- 31. August: Georges Braque, franséische Moler, Graphiker a Sculpteur.
- 4. September: Robert Schuman, franséische Politiker.
- 10. September: Honorio Siccardi, argentinesche Komponist.
- 7. Oktober: Gustaf Gründgens, däitsche Schauspiller, Regisseur an Intendant.
- 11. Oktober: Jean Cocteau, franséische Moler, Komponist, Schrëftsteller a Filmregisseur.
- 11. Oktober: Edith Piaf, franséisch Chansonsängerin (* 1915).
- 13. Oktober: Jean Noerdinger, lëtzebuergesche Moler (* 1895).
- 29. Oktober: Adolphe Menjou, US-amerikanesche Schauspiller (* 1890)
- 2. November: Aldous Huxley, englesche Schrëftsteller.
- 22. November: John F. Kennedy, 35. President vun de Vereenegte Staaten (* 1917).
- 24. November: Lee Harvey Oswald, presuméierte Mäerder vum John F. Kennedy (* 1939).
- 26. November: Amelita Galli-Curci, italienesch Sopranistin.
- 9. Dezember: Jean-Pierre Stein, lëtzebuergeschen Enseignant.
- 12. Dezember: Theodor Heuss, däitsche Politiker.
- 22. Dezember: Joseph Kill, Buergermeeschter vun Iechternach.
- 28. Dezember: Paul Hindemith, däitsche Komponist a Museker (* 1895).
| Commons: 1963 – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen [änneren]
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Belsch-Lëtzebuerg vum 3. Mäerz 1963 um Site European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Italien vum 7. Abrëll 1963 um Site European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Frankräich-Lëtzebuerg vum 1. Mee 1963 um Site European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Holland-Lëtzebuerg vum 11. September 1963 um Site European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Frankräich vum 27. Oktober 1963 um Site European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Holland-Lëtzebuerg vum 30. Oktober 1963 um Site European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Belsch-Lëtzebuerg vum 1. Dezember 1963 um Site European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Dänemark vum 4. Dezember 1963 um Site European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Dänemark-Lëtzebuerg vum 10. Dezember 1963 um Site European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Dänemark-Lëtzebuerg vum 18. Dezember 1963 um Site European Football