Ady Schmit
Den Ady Schmit, gebuer de 17. August 1940 an der Stad Lëtzebuerg, ass e fréiere lëtzebuergesche Foussballspiller an -trainer.
Vun 1953 bis 1959 huet hien a verschiddene Jugendequipe vun der Fola zu Esch gespillt. Vun 1958 bis 1961 huet hie bäi der CS Fola Esch an der éischter Equipe gespillt. Tëschent 1961 an 1970 huet hien an 287 Matcher 70 Goaler fir den FC Sochaux geschoss. Zesummen mam Vic Nurenberg (7 Goler) ass Sochaux 1962 an déi éischt franséisch Divisioun opgestigen.
Duerno huet hie bis 1973 beim FC Mulhouse 5 Goaler a 84 Matcher geschoss. An de Joren 1973 bis 1975 war hie Spillertrainer beim SAS Epinal. Duerno koum hien zréck op Lëtzebuerg wou hie bäi der Spora Lëzebuerg, beim CS Péiteng a bäi der CS Fola Esch Trainer war.
Tëschent dem 11. November 1959 am 15. November 1970 huet hien a 45 Matcher 7 Goler fir déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe geschoss.[1]
Kuckt och [änneren]
Portal Sport- Lëscht vu lëtzebuergesche Sportler
- Lëscht vu lëtzebuergeschen Olympioniken
- Lëtzebuergesch Sportler vum Joer