Foussball
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
| Dëse Sportsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Foussball, an Nordamerika soccer genannt, ass eng vun deene populärste Sportaarten op der ganzer Welt. Absëns an Europa, Südamerika an Afrika, mee och an Deeler vun Asien dominéiert de Foussball d'Sportberichterstattung.
Inhaltsverzeechnes |
[änneren] Klassesch Foussballregelen
Foussball, ass e Ballspill bei deem zwou Equippe vu jeeweils eelef Spiller openeentreffen, an all Equipe versicht ze gewannen andeems se méi Goler schéisst wéi déi aner. E Gol fält, wann de Ball iwwert d'Gollinn tëschent de Golpoteauen an ënnert d'Gollat geet.
Foussball spillt een normalerweis mat de Féiss (dohier och den Numm), mee e Spiller kann u sech egal watfir e Kierperdeel ausser den Hänn an den Äerm benotzen, fir de Ball ze hoen. De Golkipp ass deen eenzege vun der Equipe, deen de Ball am 16-Meterraum vu senger Halschecht an de Grapp däerf huelen.
E Foussballspill dauert bei den Erwuessenen 90 Minutten, wobäi awer no 45 Minutten eng Paus ass, an duerno d'Säite gewiesselt ginn. Bei all offiziellem Match gëtt et een Arbitter, deen drop oppasst datt d'Spiller d'Regelen anhalen. Hie gëtt ënnerstëtzt vun zwéi Linieriichteren.
Den Terrain besteet aus engem rechteckege fräie Feld, deem seng Moossen net genormt sinn. Just fir Lännermatcher muss den Terrain an der Längt tëscht 100 an 110 Meter an an der Breet tëscht 64 a 75 Meter sinn. Déi offiziell Moosse vum Gol si 7,32 Meter an der Breet an 2,44 Meter an der Héicht.
[änneren] Foussballvarianten
Nieft dem populäre Foussball, ginn et nach verschidden aner Variante vu Foussball. Déi hunn allerdings net esou vill Succès.
[änneren] Halefoussball
Halefoussball gëtt, wéi den Numm et scho seet, an der Hal ausgedroen. Allerdings ass d'Feld hei méi kleng wéi beim Feld-Foussball an et gëtt eng Bandebegrenzung. Sou ass d'Spill och vill méi séier an et ginn och méi Goler geschoss. Halefoussball gëtt zënter den 1970er Jore gespillt, virun allem am Jugend- an Amateurberäich.
[änneren] Futsal
Futsal gëtt d'selwecht wéi am Halefoussball an der Hal gespillt. Allerdéngs huet ee beim Futsal keng Banden, d.h. datt de Ball och am "Aus", also baussent dem Spillfeld, geschoss ka ginn (wéi beim Feld-Foussball). Den Urspronk vum Futsal läit a Südamerika, wou déi Foussballvariant zënter den 1950er Jore gespillt gëtt. Am Joer 1989 gouf Futsal vun der FIFA als zousätzlech Sportaart opgeholl. Am November 2004 gouf déi fënneft Weltmeeschterschaft op Taiwan ausgedroen. Futsal ass virun allem a Südamerika, Südeuropa an Osteuropa verbreet. Sou gëtt et a Spuenien eng eege Profiliga mat 16 Equippen.
[änneren] Foussballtennis
Foussballtennis ass eng onbekannte Variant vum Foussball, och wann et en offizielle Verband an eng egen Weltmeeschterschaft gëtt. Et gëtt iwwert en Netz gespillt, d'Feld ass ongefeier esou grouss wéi eent am Tennis an nëmmen zwee, véier oder sechs Spiller spille géinteneen.
[änneren] Motoball
Motoball ass Foussball op Motorrieder, wou ee vun deene véier Matspiller de Ball, dee méi grouss wéi en normale Foussball ass, an de géigneresche Gol schéisse muss. Dëst ka mam Fouss oder mam viischte Rad vum Motor geschéien.
[änneren] Shrovetide
De Shrovetide-Foussball, offiziell och Royal Shrovetide Football genannt, gëtt all Joer an der Fuesend an Ashbourne, Derbyshire zu Groussbritannien gespillt. Et fënnt zënter dem 12. Joerhonnert statt. D'Spillfläch as mat dräi Meile wuel déi längste Foussballfläch vun der Welt. D'Goler sinn zwee Waasserrieder.
[änneren] Héichball
Héichball ass eng weider Foussballvariant déi meeschtens vu Jugendleche gespillt gëtt. Zil vum Spill ass et de Ball direkt (Volleyschoss oder Kappball), also ouni optuppe vum Ball op de Buedem, an de Gol ze schéissen.
[änneren] Roboterfoussball
[änneren] Englesche Foussball
[änneren] Beach Soccer
Beach Soccer gëtt wei d'Wuert et seet op der Plage bezéiungsweis op Plagesand gespillt.
[änneren] Dräisäitege Foussball
[änneren] Foussball International
Op internationalem Niveau gëtt de Foussball vum Weltverband FIFA (Fédération Internationale de Football Association) organiséiert. Donieft gëtt et 6 Kontinentalverbänn (Konfederatiounen AFC (Asien), CAF (Afrika), CONCACAF (Nord- a Mëttelamerika), CSF (Südamerika), OFC (Ozeanien) an UEFA (Europa).
Déi national Verbänn sinn an der Regel Member vu suwuel der FIFA wéi och vun der respektiver Konfederatioun.
[änneren] Lëtzebuerg
Zu Lëtzebuerg gëtt den organiséierte Foussball vun der Fédération Luxembourgeoise de Football (FLF) gereegelt.
[änneren] England
Den englesche Foussballverband Football Association (FA) ass deen eelsten op der Welt an ass 1863 gegrënnt ginn. An England gëtt och déi eelste Kompetitioun oofgehaalen, nämlech den FA Cup, deen zanter 1871/72 all Joers (mat Ausnahm vun de Weltkricher) ausgedroe gëtt.
De Foussball an England ass, wéi an deene meeschten anere Länner och, no engem Liga System organiséiert.
[änneren] Linken
[änneren] Kuckt och
[änneren] Um Spaweck
- Websäit vun der lëtzebuergescher Foussballfederatioun
- Websäit vun den M-block fanatics
- Privatwebsäit iwwer de letzebuergesche Foussbal vum Arno Funck