1989
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
1984 | 1985 | 1986 | 1987 | 1988 | 1989 | 1990 | 1991 | 1992 | 1993 | 1994
Dës Säit befaasst sech mam Joer 1989
Inhaltsverzeechnes |
Evenementer[änneren]
Europa[änneren]
- 6. Februar: Ronnen Dësch a Polen; Solidarność soll nees zougelooss ginn, d'Zensur ofgeschaaft, an eng zweet Kummer, de Senat, dee fräi gewielt soll ginn, soll geschaf ginn.
- 2. Mee: Ungarn fänkt domat un, d'Grenzspären no Éisträich ofzebauen.
- 8. Mee: Éischt Nummer vun der Gazeta Wyborcza, der éischter legaler Oppositiounszeitung am Ostblock.
- 9. Mee: De Slobodan Milošević gëtt Staatspresident vu Serbien.
- 4. Juni: Demokratesch Parlamentswahlen a Polen: 'Solidaritéit kritt 99 vun 100 Sëtzer am Senat.
- 7. Juli: De Sommet vum Warschauer Pakt zu Bukarest decidéiert d'"Recht vun all Vollek op Selbstbestëmmung".
- 19. Juli: De Wojciech Jaruzelski gëtt mat just enger Stëmm Majoritéit zum Staatspresident a Polen gewielt, den Tadeusz Mazowiecki (Solidarność) gëtt de 24. August den éischten net-kommunistische Ministerpresident.
- 19. August: Beim "Paneuropäesche Picknick" zu Sopron an Ungarn maache sech honnerte vun DDR-Bierger iwwer d'Grenz an Éisträich.
- 23. August: Iwwer 1 Millioun Leit maachen eng Mënschekette vu 560 km op der Via Baltica tëscht Vilnius a Lettland an Tallinn an Estland.
- 7. Oktober: D'Ungaresch Sozilistesch Aarbechterpartei nennt sech an Ungaresch Sozialitesch Partei ëm an entmuecht sech gréisstendeels.
- 9. Oktober: Zu Leipzig gi bei der "Montagsdemonstration" trotz Verbuet 70.000 Leit op d'Strooss fir fir Reformen a Fräiheet ze demonstréieren; déi Woch drop sinn et der 120.000, nach eng méi spéit 300.000.
- 18. Oktober: Den Erich Honecker trëtt als President vum Staatsrot vun der DDR zréck, den Egon Krenz gëtt säi Nofolger.
- 23. Oktober: An Ungarn trëtt déi nei Konstitutioun a Kraaft: Ungarn ass eng Republik a keng "Volleksrepublik" méi.
- 4. November: Eng hallef Millioun Leit manifestéieren zu Ost-Berlin fir Reformen, Demokratie a Fräiheet.
- 9. November: D'DDR mécht d'Grenzen zu Westdäitschland op. Honnerdausende vu Leit kënne fir d'éischte Kéier no 28 Joer an de Westen.
- 10. November: De bulgaresche Staats- a Parteichef Todor Schivkov gëtt gestierzt.
- 13. November: De Prënz Hans-Adam II. von und zu Liechtenstein gëtt Staatspresident vu Liechtenstein.
- 17. November: Zu Prag gëtt e Commémoratiounscortège vun der Police auserneegebeetscht; Ufank vun der Samettener Revolutioun.
- 18. November: Den Hans Modrow gëtt neie Ministerpresident vun der DDR.
- 25. Dezember: De gestierzten rumäneschen Diktator Nicolae Ceauşescu a seng Fra Elena ginn higeriicht.
- 29. Dezember: A Polen gëtt d'Konstitutioun geännert.
- 29. Dezember: Als Suite vun der Samettener Revolutioun gëtt de Václav Havel President vun der Tschechoslowakei.
Lëtzebuerg[änneren]
- 18. Juni: Chamber- an Europawalen. Bei de Chamberwale kritt d'CSV 22 Sëtzer, d'LSAP der 18, d'DP der 11, d'GLEI an d'GAP der jee 2, d'ADR der 4 an d'KPL 1. Bei den Europawale ginn 3 Sëtzer un d'CSV, 2 un d'LSAP an 1 un d'DP.
- 14. Juli: D'Regierung Santer-Poos II, eng CSV-LSAP-Koalitioun, gëtt vereedegt.
Afrika[änneren]
- 13. September: De Frederik de Klerk gëtt President vu Südafrika a leet Schrëtter an, fir d'Apartheid ofzeschafen.
Amerika[änneren]
USA[änneren]
Südamerika[änneren]
- 3. Februar: Am Paraguay gëtt den Diktator Alfredo Stroessner ofgesat.
Asien[änneren]
- 14. Abrëll: D'sowjetesch Truppen zéien sech aus dem Afghanistan zréck.
- 4. Juni: China: Massaker op der "Plaz vum Himmlesche Fridden" zu Peking.
Ozeanien & Pazifik[änneren]
Arabesch Welt[änneren]
- 4. Juni: Iran: Doud vum Ayatollah Khomeini. Den Ayatollah Chamene'i gëtt säi Nofolger.
Konscht & Kultur[änneren]
- 29. Mäerz: D'Pyramid vum Louvre gëtt zu Paräis ageweit.
- 13. Juli: D'Opéra de la Bastille gëtt zu Paräis ageweit.
Molerei[änneren]
Literatur[änneren]
Musek[änneren]
- 6. Mee: D'Grupp Riva gewënnt fir Jugoslawien mam Lidd Rock Me de 34. Eurovision Song Contest zu Lausanne.
Film[änneren]
- Driving Miss Daisy kritt den Oscar fir de beschte Film.
- Sex, lies and videotapes kritt d'Gëlle Palm zu Cannes.
- Camille Claudel kritt den César fir de beschte Film.
Lëtzebuerg[änneren]
- A Wopbopaloobop A Lopbamboom vum Andy Bausch.
- Mumm Sweet Mumm vum Paul Scheuer, Georges Fautsch a Maisy Hausemer.
- De falschen Hond vum Menn Bodson, Gast Rollinger a Marc Olinger.
Wëssenschaft & Technik[änneren]
Sport[änneren]
- 9. Mee: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert zu Prag, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 1990, 0:4 géint Tschechoslowakei.[1]
- 1. Juni: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert zu Lille, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 1990, 0:5 géint Belsch.[2]
- 11. Oktober: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert zu Saarbrécken, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 1990, 0:3 géint Portugal.[3]
- 25. Oktober: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe spillt zu Bréissel, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 1990, 1:1 géint Belsch. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet de Guy Hellers geschoss.[4]
- 15. November: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert zu St. Gallen, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 1990, 1:2 géint Schwäiz. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet den Théo Malget geschoss.[5]
Gebuer[änneren]
- 1. Januar: Tornike Sanikidse, georgesche Schachgroussmeeschter.
- 19. Januar:Sven Clement, lëtzebuergesche Politiker.
- 31. Mäerz: Gilles Bettmer, lëtzebuergesch Foussballspiller.
- 1. Mee: Charlotte Bettendorf, lëtzebuergesch Reiderin.
- 2. Juli: Michel Kettenmeyer, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 23. Juli: Daniel Radcliffe, englesche Schauspiller.
- 4. September: Mirko Albanese, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 19. November: Amel Cosic, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 7. Oktober: Erik Akkersdijk, hollännesche Champion am Rubik's Cube.
- 14. Oktober: Mia Wasikowska, australesch Schauspillerin.
- 17. Oktober: Laurent Carnol, lëtzebuergesche Schwëmmer.
- 27. Dezember: Kateryna Lahno, ukrainesch Schachspillerin.
Gestuerwen[änneren]
- 7. Januar: Keeser Hirohito vu Japan.
- 20. Januar: Wenzel Profant, lëtzebuergesche Moler a Sculpteur.
- 23. Januar: Salvador Dalí, spuenesche Moler a Schrëftsteller (Surrealismus).
- 3. Februar: John Cassavetes, US-amerikanesche Schauspiller a Filmregisseur.
- 6. Februar: André Cayatte, Filmregisseur.
- 6. Februar: Jean-Pierre Koltz, lëtzebuergeschen Historiker.
- 12. Februar: Thomas Bernhard, éisträichesche Schrëftsteller.
- 27. Februar: Konrad Lorenz, éisträichesche Verhalensfuerscher an Nobelpräisdréier.
- 27. Februar: Christiane Schlechter-Wirtz, lëtzebuergesch Kabarettistin.
- 27. Februar: Paul Oswald Ahnert, däitschen Astronom
- 5. Mäerz: Arsène Soreil, belsche Schrëftsteller a Journalist.
- 21. Mäerz: Fernand Schons, lëtzebuergesche Wënzer a Moler.
- 29. Mäerz: Bernard Blier, franséische Schauspiller.
- 26. Abrëll: Judith Dornys, kanadesch Schauspillerin.
- 28. Abrëll: Geza von Cziffra, Filmregisseur.
- 30. Abrëll: Sergio Leone, italiéinesche Filmregisseur.
- 3. Juni: Ayatollah Ruhollah Khomeini, iranesche Reliounschef.
- 26. Juni: François Mergen, lëtzebuergesche Bësch-Expert.
- 6. Juli: János Kádár, ungaresche Politiker.
- 6. Juli: Jean Bouise, franséische Schauspiller.
- 11. Juli: Laurence Olivier, britesche Schauspiller a Regisseur.
- 13. Juli: Thers Bodé, lëtzebuergesch Journalistin, Psychologin, Politikerin a Fraerechtlerin.
- 16. Juli: Herbert von Karajan, éisträichesche Dirigent.
- 30. Juli: Evy Friedrich, lëtzebuergeschen Cinéast a Filmkritiker.
- 4. September: Georges Simenon, belsche Schrëftsteller.
- 4. September: Colin Clark, engleschen Economist.
- 5. September: Lily Unden, lëtzebuergesch Molerin, Schrëftstellerin a Resistenzlerin.
- 14. September: Pérez Prado, kubanesche Museker a Komponist.
- 17. September: Marie-Louise Tidick-Ulveling, lëtzebuergesch Autorin.
- 29. September: Edmond Cigrang, lëtzebuergesche Komponist a Musekpedagog.
- 4. Oktober: Graham Chapman, englesche Komiker.
- 6. Oktober: Bette Davis, US-amerikanesch Schauspillerin.
- 6. Oktober: Jacques Doniol-Valcroze, Filmregisseur.
- 6. November: Margarete Buber-Neumann, däitsch Publizistin a Schrëftstellerin.
- 6. Dezember: Joseph Herr, lëtzebuergesche Politiker an Historiker.
- 14. Dezember: Andrej Sacharow, russesche Friddensnobelpräisdréier a Physiker.
- 16. Dezember: Lee Van Cleef, amerikanesche Schauspiller.
- 16. Dezember: Silvana Mangano, italiéinesch Schauspillerin.
- 22. Dezember: Samuel Beckett, iresche Schrëftsteller an Nobelpräisdréier.
- 22. Dezember: Massimo Serato, italienische Schauspiller.
- 24. Dezember: Roger Pigaut, franséische Schauspiller a Regisseur.
- 25. Dezember: Nicolae Ceausescu, rumäneschen Diktator.
- 26. Dezember: Albert Hames, lëtzebuergesche Sculpteur.
| Commons: 1989 – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen[änneren]
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Tschechoslowakei-Lëtzebuerg den 9. Mee 1989 um Site European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Belsch den 1. Juni 1989 um Site European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Portugal den 11. Oktober 1989 um Site European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Belsch-Lëtzebuerg de 25. Oktober 1989 um Site European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Schwäiz-Lëtzebuerg de 15. November 1989 um Site European Football