14. Abrëll
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De 14. Abrëll ass den 104. Dag (105. am Schaltjoer) vum Joer am Gregorianesche Kalenner.
| Mäe – Abrëll – Mee | ||||||
| 1 | 2 | 3 | 4 | 5 | 6 | 7 |
| 8 | 9 | 10 | 11 | 12 | 13 | 14 |
| 15 | 16 | 17 | 18 | 19 | 20 | 21 |
| 22 | 23 | 24 | 25 | 26 | 27 | 28 |
| 29 | 30 | |||||
Inhaltsverzeechnes |
Evenementer [änneren]
- 1865: Déidlechen Attentat op de President Abraham Lincoln
- 1912: Kollisioun vun der RMS Titanic mat engem Äisbierg.
- 1935: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe gewënnt an der Stad Lëtzebuerg 5:3 géint Belsch. D'Goler fir d'Lëtzebuerger hunn den Dominique Wantz (3), Ernest Mengel a Raymond Simonelli geschoss.[1]
- 1945: D'Groussherzogin Charlotte kënnt aus dem Exil hannescht op Lëtzebuerg.
- 1946: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe spillt zu Stroossbuerg 4:4 géint Frankräich. D'Goler fir d'Lëtzebuerger hunn de Paul Feller (2), Pierre Schaack a Paul Reuter geschoss.[2]
- 1957: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe spillt zu Clermont-Ferrand 0:0 géint Frankräich.[3]
- 1962: De Georges Pompidou gëtt Premierminister vu Frankräich.
- 1993: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert an der Stad Lëtzebuerg, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 1994, 0:4 géint Russland.[4]
Gebuer [änneren]
- 1629: Christiaan Huygens, hollänneschen Astronom, Mathematiker a Physiker.
- 1797: Adolphe Thiers, franséische Politiker an Historiker.
- 1815: Clara Fey, däitsch Uerdensgrënnerin.
- 1868: Annie Maunder, britesch Astronomin a Mathematikerin.
- 1875: Luigi Carnera, italieneschen Astronom.
- 1904: Sir John Gielgud, britesche Schauspiller.
- 1904: Nicolas Rasquin, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 1912: Robert Doisneau, franséische Fotograf.
- 1922: Stella Zázvorková, tschechesch Schauspillerin.
- 1925: Rod Steiger, US-amerikanesche Schauspiller.
- 1926: Leopoldo Calvo Sotelo, spuenesche Politiker.
- 1927: Colette Hoffmann, lëtzebuergesch Sängerin a Schauspillerin.
- 1927: Dany Robin, franséisch Schauspillerin.
- 1929: Chadli Bendjedid, President vun Algerien.
- 1933: Aloyse Bisdorff, lëtzebuergesche Professer a Politiker.
- 1935: Erich von Däniken, Schwäizer Hotelier a Schrëftsteller.
- 1943: Jochen Herling, Fotograf an Auteur.
- 1944: Julie Christie, englesch Filmschauspillerin.
- 1944: Henri Klein, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 1945: Jean Larriaga, franséischen Dréibuchauteur a Filmregisseur.
- 1945: Sailele Tuila'epa Malielegaoi, Politiker aus Samoa.
- 1971: Eugène Afrika, lëtzebuergesche Foussballspiller.
Gestuerwen [änneren]
- 1759: Georg Friedrich Händel, däitsch-britesche Komponist.
- 1948: Gusty Kemp: lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 1962: Victor Engels, lëtzebuergeschen Architekt a Moler.
- 1964: Rachel Carson, US-amerikanesch Schrëftstellerin an Zoologin.
- 1986: Simone de Beauvoir, franséisch Schrëftstellerin, Philosophin a Feministin.
- 1993: Mett Hoffmann, lëtzebuergesche Moler.
- 2009: Maurice Druon, franséischen Auteur a Politiker.
- 2011: William N. Lipscomb, US-amerikanesche Chemiker.
Feierdeeg [änneren]
| Méint |
| Januar | Februar | Mäerz | Abrëll | Mee | Juni | Juli | August | September | Oktober | November | Dezember |
| Commons: 14. Abrëll – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen [änneren]
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Belsch de 14. Abrëll 1935 um Site European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Holland de 14. Abrëll 1946 um Site European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Frankräich-Lëtzebuerg de 14. Abrëll 1957 um Site European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Russland de 14. Abrëll 1993 um Site European Football