26. Abrëll
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De 26. Abrëll ass den 116. Dag (117. am Schaltjoer) vum Joer am Gregorianesche Kalenner.
| Mäe – Abrëll – Mee | ||||||
| 1 | 2 | 3 | 4 | 5 | 6 | 7 |
| 8 | 9 | 10 | 11 | 12 | 13 | 14 |
| 15 | 16 | 17 | 18 | 19 | 20 | 21 |
| 22 | 23 | 24 | 25 | 26 | 27 | 28 |
| 29 | 30 | |||||
Inhaltsverzeechnes |
Evenementer [änneren]
- 1905 : Zu Paräis gëtt d'sozialistesch International gegrënnt.
- 1925 : De Paul von Hindenburg gëtt däitsche Reichsräsident.
- 1937: Guernica gëtt am Spuenesche Biergerkrich vun däitschen an italienesche Fligeren aus bombardéiert.
- 1986: Zu Tschernobyl, an der Ukrain, geschitt en Accident am Atomkraaftwierk; eng radioaktiv Wollek gëtt fräigesat.
- 1994: Éischt fräi Walen a Südafrika.
- 2000: Den Giuliano Amato gëtt neie Regierungschef vun Italien.
- 2001: De Junichiro Koizumi gëtt neie Ministerpresident vu Japan.
- 2002: An engem Erfurter Lycée erschéisst en Exschüler 16 Leit an da sech selwer.
Lëtzebuerg [änneren]
- 1904: De Chareli fiert eng éischte Kéier vun der Stater Gare iwwer d'Adolphe-Bréck op Iechternach.
- 1936: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert zu Arel 1:3 géint Belsch. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet de Léon Mart geschoss.[1]
- 1959: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe gewënnt an der Stad Lëtzebuerg 2:0 géint Schwäiz. D'Goler fir d'Lëtzebuerger hunn de François Konter an Albert Schaack geschoss.[2]
- 1964: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert zu Reggio Emilia 0:5 géint Italien.[3]
- 1972: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert zu Plzeň 0:6 géint Tschechoslowakei.[4]
- 1995: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert zu Oslo, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Europameeschterschaft 1996, 0:5 géint Norwegen.[5]
- 2000: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe spillt an der Stad Lëtzebuerg 1:1 géint Estland. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet de Jean Vanek geschoss.[6]
Gebuer [änneren]
- 121: Marcus Aurelius, réimesche Keeser.
- 1573: Marie vu Medici, Kinnigin vu Frankräich.
- 1711: David Hume, schottesche Philosoph an Historiker.
- 1798: Eugène Delacroix, franséische Moler.
- 1839: Gustav Niessl von Mayendorff, éisträicheschen Astronom, Botaniker a Mykolog.
- 1878: Jean-Pierre Pierrard, lëtzebuergesche Politiker.
- 1894: Thomas Schmit, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 1880: Edouard Oster, lëtzebuergesche e Professer, Lycéesdirekter an Historiker.
- 1901: Michel Wolff, lëtzebuergeschen Architekt.
- 1901: Harald Braun, däitsche Filmregisseur, Filmproduzent an Dréibuchauteur.
- 1916: Werner Bischof, schwäizer Fotograf.
- 1917: Ieoh Ming Pei, chineseschen Architekt.
- 1922: Pol Bury, belsche Moler a Sculpteur.
- 1924: Jos Bernard, lëtzebuergeschen Turner.
- 1930: Maria Sebaldt, däitsch Schauspillerin.
- 1936: Jean-Pierre Koepp, Lëtzebuerger Politiker.
- 1936: Arno Penzias, US-amerikanesche Physiker an Astronom.
- 1950: Victor Rod, lëtzebuergesche Jurist a fréiere Member vum Staatsrot.
- 1957: Mark Burgess, englesche Schrëftsteller an Illustrator vu Kannerbicher.
- 1969: Martine Deprez, lëtzebuergesch Politikerin a Member vum Staatsrot.
- 1975: Joey Jordison, US-amerikanesche Museker.
Gestuerwen [änneren]
- 1731: Daniel Defoe, englesche Schrëftsteller (Robinson Crusoe).
- 1792: Claude Joseph Rouget de Lisle, franséischen Dichter vun der Marseillaise.
- 1865: John Wilkes Booth, de Mäerder vum President Abraham Lincoln
- 1866: Hermann Mayer Salomon Goldschmidt, franséischen Astronom a Konschtmoler.
- 1909: Alfred Lefort, franséischen Historiker.
- 1940: Auguste Wirion, lëtzebuergesche Moler.
- 1968: John Heartfield, däitsche Moler, Graphiker a Photomontagekünstler.
- 1984: Count Basie, US-amerikaneschen Jazz-Pianist, -Organist a Bandleader.
- 1984: Helge Løvland, norwegesche Liichtathlet.
- 1988: Guillermo Haro, mexikaneschen Astronom.
- 1989: Judith Dornys, kanadesch Schauspillerin.
- 2005: Constant Franssens, belschen Economist a Banker.
- 2005: Maria Schell, Schwäizer-éisträichesch Schauspillerin.
- 2013: Adalbert Boros, ungareschen Ingenieur.
| Méint |
| Januar | Februar | Mäerz | Abrëll | Mee | Juni | Juli | August | September | Oktober | November | Dezember |
| Commons: 26. Abrëll – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen [änneren]
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Belsch-Lëtzebuerg de 26. Abrëll 1936 um Site European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Schwäiz de 26. Abrëll 1959 um Site European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Italien-Lëtzebuerg vum 26. Abrëll 1964 um Site European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Tschechoslowakei-Lëtzebuerg de 26. Abrëll 1972 um Site European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Norwegen de 26. Abrëll 1995 um Site European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Estland de 26. Abrëll 2000 um Site European Football.info]