Ukrain

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
EU Insignia.svg Dëse Geographiesartikel iwwer Europa ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran.


Україна
Ukrajina

Ukrainesche Fändel

Ukraineschet Wopen

Detailer

Detailer
National Devise: Воля, Злагода, Добро
("Fräiheet, Eenegkeet, Guttheet")
Europe location UKR.png
Offiziell Sprooch: Ukrainesch
Haaptstad: Kiew
Staatsform: Republik
 • President: Wiktor Janukowytsch
 • Premierminister: Mykola Asarow
Fläch: 603 700 [1] km²
Bevëlkerung: 48 457 102 [2]
 • Bevëlkerungsdicht: 80,3/km²
Onofhängegkeet: vun der Sowjetunioun
deklaréiert de 24. August 1991
Nationalfeierdag: 24. August
Nationalhymn: Schtsche ne wmerla Ukrajina
Lauschteren
Währung: Grywnja
Zäitzon: UTC +2
Internet TLD: .ua
Internationalen
Telefonsprefix
:
+380

D'Ukrain (ukr. Україна) ass eng Republik an Osteuropa, déi tëschent Moldawien, Rumänien, Ungarn, der Slowakei, Polen, Wäissrussland a Russland läit. Am Süde gëtt se vum Schwaarze Mier begrenzt. D'Ukrain ass wat seng Fläch ugeet, no Russland dat zweetgréisste Land vun Europa. D'Land ass zënter 1991, nom Kollaps vun der Sowjetunioun, en onofhängege Staat.

Inhaltsverzeechnes

[änneren] Politik

D'Ukrain ass zënter der Onofhängegkeetserklärung vum 24. August 1991 eng souverän, demokratesch Republik mat presidentiellem Regierungssystem.

Staatschef ass den op fënnef Joer direkt vum Vollek gewielte President. D'Mandat däerf just eng Kéier verlängert ginn. D'Konstitutioun, déi uganks grad ewéi déi a Russland e relativ staarke President virgeschriwwen huet, gouf am Dezember 2004 am Kader vun den turbulente Presidentschaftswale geännert. D'exekutiv Vollmuecht vum President ass zugonschte vu Parlament a Premier limitéiert ginn. D'Ännerung ass zënter dem 1. Januar 2006 a Kraaft.

De Premierminister ass de Regierungschef a steet un der Spëtzt vum Ministeschrot. D'Parlament heescht Werchowna Rada ("ieweschte Rot") an huet eng Kummer an där 450 Deputéierte setzen. D'Parlament gëtt direkt vum Vollek gewielt, allkéier op véier Joer. D'Parlament wielt och d'Riichter vum ieweschte Geriichtshaff (Mandat op fënnef Joer).

[änneren] Rezent Entwécklungen

D'Evenementer ëm d'Presidentschaftswale vun 2004 huet der Welt eng Ukrain virun A gefouert, déi es op der enger Säit net méi Wëlles war Gefuddels a Manipulatioun bei demokratesche Walen z'akzeptéieren. Anerwäerts huet sech och e Land gewisen dat matzen an enger nationaler Identitéitskris stécht a -wat d'Zukunft vun der Republik ugeet- gesellschaftlech a politesch, no banne grad wéi no baussen, déif zerspléckt ass.

Zu der Oranger Revolutioun koum et no der Verëffentlechung vun de Resultater vum zweeten Tur (Ballottage) bei de Presidentschaftswale vum 21. November 2004. Nodeems de pro-russesche Kandidat Wiktor Janukowytsch (Partei vun de Regiounen) grad ewéi schonn am éischten Tur als Gewënner proklaméiert gi war, sinn d'Leit zu Dausenden -haaptsächlech zu Kiew- op d'Strooss gaang an hu protestéiert. D'Legitimitéit vun de Wale gouf net nëmmen net vun den Unhänger vum Géigekandidat Wiktor Juschtschenko (Eis Ukrain) unerkannt, mee och am Weste staark ugezweiwelt. [3] An där Zäit ass et am Oste vum Land, wou majoritaire russesch geschwat gëtt an de Janukowytsch seng meescht Wieler huet, zu Géigendemonstratioune komm.

Den ieweschte Geriichtshaff vun der Ukrain huet dunn den 3. Dezember d'Resultat vum zweeten Tur anulléiert, sou datt de 26. Dezember op e Neits gewielt huet misse ginn. Déi Kéier konnt sech de Wiktor Juschtschenko mat 51,99% vun de Stëmmen duerchsetzen. Am Januar 2005 ass de Juschtschenko als neie President vereedegt ginn an de 4. Februar 2005 ass déi nei, pro-westlech Regierung ënnert der radikal-liberaler Premierministesch Julija Tymoschenko bestätegt ginn.

Méi roueg sollt et duerfir awer net ginn. D'Regierung gouf schonn nëmmen e puer Méint drop (8. September 2005) nees vum President opgeléist. Premier vun der Iwwergankszäit war de Wirtschaftspolitiker Jurij Jechanurow.

D'Parlamentswale vum August 2006 hunn d'politesch Situatioun alt erëm op d'Kopp gehäit. De Janukowytsch, dee mat senger Partei vun de Regiounen kloer gewonnen hat, gouf, nodeems näischt aus enger zweeter "Oranger Koalitioun" (Eis Ukrain, Block Julija Tymoschenko, Sozialistesch Partei) ginn ass, neie Premierminister.

D'Rivalitéit tëscht de parteipoliteschen Extremer Juschtschenko a Janukowytsch op den zentrale Muechtpositiounen President a Premier ass schonn no kuerzer Zäit eskaléiert an huet zu neie Staatskrise gefouert. Am Mäerz 2007 huet de President d'Parlament opgeléist an Neiwalen ugekënnegt. No villem Gedeessems ëm d'Neiwalen, am Kader vun deenen et och erëm zu grousse Manifestatiounen zu Kiew koum, si sech d'Parteien dunn um Enn dach nach eens ginn: Dat neit Parlament gouf den 30. September 2007 gewielt, d'Julija Tymoschenko gouf Premierministesch.

Bei de Presidentschaftswahle am Joer 2010 schéngt et, wéi wann de Wiktor Juschtschenko de 7. Februar beim zweeten Tour mat enger hauchdënner Majoritéit vun 48,95% géint d'Julija Tymoschenko mat 45,47% gewonnen huet. D'Premierministesch huet doropshi Klo agereecht wéinst Wahlfälschungen, d'Geriichter hu bis ewell nach keen Uertdeel gesprach. Dem Wiktor Juschtschenko seng Partei vun de Regiounen huet dunn d'Regierungskoalitioun gesprengt, andeems se onofhängeg Deputéiert op hir Säit gezunn hunn; neie Premierminister ass zënter dem 11. März 2010 de Mykola Asarow.

[änneren] Administratioun

D'Ukrain ass a 24 Oblaster (ukr. область/oblast, Distrikter, wiertlech: Gebidder) ënnerdeelt. D'Autonom Republik Krim an d'Stied Kiew a Sewastopol hu gesonnerte regionale Status.

Folkloristescht Orchester aus der Ukrain

[änneren] Literatur zum Thema

  • Böhme, Britta: Grenzland zwischen Mythos und Realität. Real- und Ideengeschichte des ukrainischen Territoriums. Lemberg 1999. ISBN 3-931703-33-9
  • Wilson, Andrew: The Ukrainians. Unexpected Nation. 2002. ISBN 0-300-09309-8
  • Simon, Gerhard: Die neue Ukraine. 2002. ISBN 3-412-12401-X
  • Kappeler, Andreas: Kleine Geschichte der Ukraine. München (Beck) 1994. ISBN 3-406-37449-2

[änneren] Notizen a Referenzen

  1. Vereent Natiounen 2004
  2. Offiziell Vollekszielung vum 5.Dezember 2001 (via UNO)
  3. Resolutioun vum EU-Parlament den 28. Oktober 2004, nach dräi Deeg virun de Walen

[änneren] Um Spaweck

Commons: Ukrain – Biller, Videoen oder Audiodateien

Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen