Polen

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen


Rzeczpospolita Polska

Polnesche Fändel

Polnescht Wopen

Detailer

Detailer
National Devise: Bóg, Honor, Ojczyzna
("Gott, Éier, Heemecht")
EU location POL.png
Offiziell Sprooch: Polnesch
Haaptstad: Warschau
Staatsform: Republik
 • President: Bronisław Komorowski
 • Premierministesch: Ewa Kopacz
Fläch: 312 679 km²
 • Dovu Waasser: 2,5 %
Bevëlkerung: 38 485 779[1][2]
 • Bevëlkerungsdicht: 123/km²
Onofhängegkeet: 11. November 1918
Nationalfeierdag: 11. November
Nationalhymn: Mazurek Dąbrowskiego
Lauschteren
Währung: Złoty (PLN)
Zäitzon: UTC +1
Internet TLD: .pl
Internationalen
Telefonsprefix
:
+48
Kaart vu Polen
Warschau, haut

Polen (pol.: Polska) ass e Staat an Europa an huet gemeinsam Grenze mat Litauen, Russland, Wäissrussland, Ukrain, Slowakei, Tschechesch Republik an Däitschland. Polen ass zanter 1999 NATO-Member an ass den 1. Mee 2004 der Europäescher Unioun bäigetrueden.

Geographie[änneren | Quelltext änneren]

Topographie vu Polen

D'Gebitt vu Polen besteet aus fënnef geographeschen Deeler. Am Nordwesten ass d'Ostmierküst, déi sech vun der Pommerschen- bis zur Danzeger Bucht erstreckt an déi duerch Dünen an Bannegewässer gekennzeechent ass. D'Küst, déi souzesoe riicht verleeft, gëtt duerch de Stettiner-, de Frischen Haff an duerch d'Pucker Bucht ënnerbrach. Am Norde wéi och an der Mëtt vum Land schléisst sech dat an der Eiszäit entstane mëtteleuropäescht Flaachland un. An hei gëtt et véier grouss Séiplateauen, (Masuresch Séieplack, Kaschubesch Séieplack, Pommeresch Séieplack a Grousspolnesch Séieplack). Südlech dovu leien déi polnesch Mëttelgebiergsketten, de Krakauer-Tschenstochauer Jura, d'Hellegkräizbierger, d'Beskiden, d'Waldkarpaten an d'Sudeten. Déi héchst Ketten, d'Tatra, ass e geologesch villsäitegt Gebitt vun héije Bierger (Hochgebirge).

Flëss a Séiën[änneren | Quelltext änneren]

Déi längst Flëss sinn d'Weichsel mat 1.047 km, de Grenzfloss Oder mat 854 km, d'Warthe mat 808 km an de Bug mat 772 km. D'Weichsel an d'Oder mënde geneesou wéi déi vill kleng Flëss a Pommern an d'Ostséi. D'Alle an d'Angerapp fléissen iwwer de Pregel, an d'Czarna Hańcza iwwer d'Memel an d'Ostséi. Doniew gëtt et nach eng Rei vu klenge Flëss, wéi d'Iser an de Sudeten, déi iwwer d'Elbe an d'Nordséi lafen. D'Orava aus den Beskiden flléisst iwwer d'Waag an d'Donau an och puer kleng aner Flëss aus de Bëschkarpate schëdden hiert Waasser iwwer den Dnister an d'Schwaarzt Mier aus.

D'polnesch Flëss goufe scho ganz fréi fir d'Schëfffaart benotzt. D'Wikinger hu laang d'Schëfffart fir hir Raubzich queesch duerch Europa mëssbraucht, och op der Weichsel an der Oder. Am Mëttelalter an an der Neizäit, wéi Polen-Litauen nach de Mielspäicher vu ganz Europa war, krut d'Verschëffung vun Agrarprodukten op der Weichsel a Richtung Danzeg a virun no Westeuropa, eng grouss Importenz.

Biergséi an der Héijer Tatra an der Noperschaft vun der polnesch-slowakescher Grenz

Polen gëtt mat bal 10.000 zouene Waasserflächen, déi méi wéi een Hektar grouss sinn, zu deene Länner gerechent, déi déi meescht Séien opzeweisen hunn. An Europa gëtt Polen an där Hisicht nëmme vu Finnland deklasséiert. Déi gréisst Séie mat iwwer 100 km² Fläch sinn: Śniardwy (Spirdingséi) a Mamry (Mauerséi) an de Masuren, wéi och Jezioro Łebsko (Leba-Séi) an Jezioro Drawsko (Dratzig-Séi) a Pommern. Nieft de Séieplateauen am Norden (Masuren, Pommern, Kaschubei, Grousspolen) gëtt et och eng grouss Zuel vu Séien an de Bierger, besonnesch an der Tatra, vun deenen de Miera (poln. Morskie Oko) flächeméisseg de gréissten ass . Den Hańcza-Séi, am Oste vun de Masuren, ass mat iwwer 100 m den déifste Séi vu Polen.

Politesch Konstellatioun[änneren | Quelltext änneren]

Administrativ Andeelungen[änneren | Quelltext änneren]

Zanter dem 1. Januar 1999 ass Polen a 16 Woiwodschaften, agedeelt. Si hunn all en eegent Parlament, e Chef (Wojewoda), dee vun der Zentralregierung ernannt gëtt, an ee vum Parlament gewielte Woiwodschaftsmarschall (Marszalek).

Nr. Numm Nr. Numm
01. Warmińsko-Mazurskie 09 Lublin
02 Grousspolen 10 Masowien
03 Świętokrzyskie 11 Nidderschlesien
04 Karpatevirland 12 Oppeln
05 Klengpolen 13 Podlachien
06 Kujawien-Pommern 14 Pommern
07 Lebus 15 Schlesien
08 Lodsch 16 Westpommern

Ministerpresidente vu Polen zanter 1989[änneren | Quelltext änneren]

Bevëlkerung[änneren | Quelltext änneren]

Polnesch Groussstied[änneren | Quelltext änneren]

Dës Lëscht begräift d'Bevëlkerung an de gréisste Stied vu Polen an de Joren 1900, an 1999 an déi rezenst Donnéeë vun 2004.

Plaz Changement Nummm vun der Stad Populatioun
2004 +/-1999 Jni 2004 1999 1900
1. Warschau 1 690 821 1 618 468 756 400
2. Łódź 776 297 806 728 351 600
3. Krakau 757 500 740 666 91 300
4. Wrocław 636 854 637 877 422 700
5. Poznań 573 003 578 235 117 000
6. Gdańsk 460 524 458 988 140 600
7. Szczecin 413 294 416 988 210 700
8. Bydgoszcz 369 151 386 855 52 200
9. Lublin 355 953 356 251 53 600
10. Katowice 321 616 345 934 31 700
11. Białystok 291 917 285 000 66 000
12. +1 Gdynia 253 651 253 521 900
13. -1 Częstochowa 248 894 257 812 53 700
14. Sosnowiec 229 207 244 102 86 700
15. Radom 227 944 232 262 30 100
16. Kielce 209 962 212 383 23 200
17. +1 Toruń 208 386 206 158 29 600
18. Gliwice 201 186 212 164 52 400
19. Bytom 199 219 205 560 51 400
20. Zabrze 193 212 200 177

Relioun[änneren | Quelltext änneren]

Holzkierch am Virland vun de Karpaten
Déi bekannt Wallfaartsplaz Czestochowa

Zanter dem Zweete Weltkrich ass d'Land bal eenheetlech kathoulesch[3] – ongeféier 90 % réimesch-kathoulesch, dovu praktizéiren ongeféier 70 % ; 1,3 % polnesch-orthodox; 0,3 % Zeugen Jehovas; 0,2 % griichesch-kathoulesch; 0,2 % evangelesch-lutheresch. Bis haut staark veréiert ass de fréiere Poopst Jean-Paul II. (1920-2005), dee viru senger Wal zum Poopst als Karol Wojtyła, Äerzbëschof vu Krakau war, an eng wichteg Roll beim Ëmschwonk am Ostblock gespillt huet.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Virhistoresch Zäit a Grënnung[änneren | Quelltext änneren]

Scho während der Äiszäit hu Jeeër am Gebitt vum haitege Polen gelieft. Während der Antikitéit hat d'Bevëlkerung am aktuelle Polen iwwer d'Bernsteinstrossen Handelsbezéihunge mat Roum a Griicheland. D'Germanesch Stämm, déi sech zanter ongeféier 1000 v. Chr. an Nord- a Westpolen néiergelooss haten, sinn an der Spéidantikitéit an de Raum vum haitegen Italien, Däitschland, Frankräich, Spuenien an Tunesien virugezunn an hu sech mat der do usiesseger Bevëlkerung vermëscht. An der Vëlkerwanderung koumen aner Vëlker, dorënner Hunnen, Slawen an Awaren an dat haitegt Polen. Dauerhaft hu sech vum 5. Joerhonnert un d'Westslawen op polneschem Gebitt néiergelooss: Lech und Siemowit.

Polen, deem säin Numm vum westslawesche Stamm vun de Polanen hierkënnt, ass als Herzogtum am fréien 10. Joerhonnert vu Posen a Gnesen aus gegrënnt ginn. Et gouf vun 960 bis 992 vum Herzog Mieszko I. aus der Dynastie vun de Piaste regéiert. 966 huet de Mieszko I. sech nom réimesch-katholesche Ritus deefe gelooss.

Den Territoire, huet no den Erueweronge vum Mieszko I. a sengem Fils Boleslaw dem Tapferen, dem haitege Polen staark geglach. Ëm 997 huet Polen en enkt politesch-militärescht Bündnis mat dem Hellege Réimesche Räich. Während dem Staatsakt zu Gnesen am Joer 1000 gouf dëse Pakt vum polneschen Herrscher Boleslaw I. an dem Keeser Otto III. bestätegt. Mat der Kréinung vum Boleslaw am Joer 1025 gouf Polen e Kinnekräich.

Mëttelalter a Neizäit[änneren | Quelltext änneren]

Polen (1020)

Während der Regentschaft vum Piast Kasimir I., gouf d'Haaptstad 1040 vu Gnesen no Krakau verluecht. Polen ass duerch Rivalitéiten an der Nofolleg 1138 a sechs onofhängeg Herzogtümer zerfall: Klengpolen, Grousspolen, Pommern, Pommerellen, Schlesien a Masowien. D'Jore bis zur "Wiedervereinigung" waren duerch feudalistesch Territorialzersplitterung geprägt. Ufank vum 14. Joerhonnert gouf Polen ënner der Regentschaft vum Wladyslaw I. erëm vereenegt. Säi Fils, de Kasimir de Groussen, huet dem Papp seng Beméihungen fir d'Eenheet fortgesat a Reformen duerchgefouert, déi Polen zu enger mächteger Positioun a Mëtteleuropa verhollef hunn. 1386 koum et duerch Bestietnes zum duebele Staat Polen-Litauen, deen an den nächsten 300 Joer d'Geschécker a Mëttel- an Osteuropa a staarkem Mooss beeaflosst huet.

D'Adelsrepublik, ass am 17. an 18. Joerhonnert an eng lang Kris geroden déi duerch eng Rei vu Kricher mat Schweden, dem Osmanesche Räich, Russland, Brandenburg-Preisen a Siebenbürgen gekennzeechent waren.

An den dräi Opdeelunge vu Polen 1772, 1793 a 1795 gouf déi schwach Positioun vu Polen vu sengen Nopere Preisen, Éisträich a Russland ausgenotzt, fir d'Land zu gläicher Zäit z'iwwerfalen an et ënner sech an dräi verschidde Staaten opzedeelen.

Op d'Dränge vum franséische Keeser Napoleon ass 1807, am Kader vum Friddensofkomme vun Tilsit, aus den zwou leschten Opdeelungen e relativ klengt Herzogtum Warschau, als Vasallestaat vu Frankräich entstanen, deem et 1809 gelongen ass, Deeler vu Klengpolen erëm vun Éisträich lasszeknäppen. Wéinst der Néierlag vun der polnesch-franséischer Allianz am Krich vu 1812 souwéi an der Völkerschlacht bei Leipzig am Joer 1813, koum et um Wiener Kongress zu enger neier Opdeelung vu Polen. Grousspolen ass als Provënz Posen erëm u Preisen ofgetratt ginn. Éisträich huet dat nees erëmkritt wat him aus der éischter Deelung vu Polen zougefall war. Krakau gouf zur Republik Krakau als engem eegene Staat erhuewen. Wat iwwreg blouf gouf als „Kinnekräich Polen“ 1815 an enger Personalunioun mat dem russeschen Zareräich verbonn, war also formal, vum selwechten Herrscher wéi dee vu Russland ofgesinn, onofhängeg, eng Onofhängegkeet, déi Polen allerdéngs lues a lues ënner der zaristescher Verwaltung verluer gaangen ass. Doduerch koum et 1830 zum feelgeschloenen Novemberopstand an deem d'Pole probéiert haten déi russesch Friemherrschaft ofzerëselen. D'Oppressioun ass am russeschen an am preiseschen Deel dorophin ëmmer méi grouss ginn. D'Bezeechnung Polen gouf souguer verbueden an d'Land gouf duerch d'russesch Muecht a Weichselland ëmgedeeft.

Onofhängegkeet an Zweet Republik 1918–1939[änneren | Quelltext änneren]

Polen no dem Fridde vu Riga mat Sowjetrussland den 18. Mäerz 1921

Am Éischten Weltkrich hunn Däitschland an Éisträich-Ungarn d'Grënnung vun engem polnesche Staat beschloss. Dat war méi géint Russland geriicht a manner als Unerkennung vun der polnescher Eegestaatlechkeet. Duerch de Krich hat dee Beschloss iewer keng Auswierkung. No der Néierlag vun de Länner, déi Polen opgedeelt haten, krut Polen 1919, nom Éischte Weltkrich, seng Souveränitéit erëm. Duerch den Traité vu Versailles gouf d'Onofhängegkeet vu Polen 1919 och an engem internationale Kader ënnermauert.

Vun de Länner, déi de Krich gewonnen haten, goufen an Osteuropa d'Grenzen no Bevëlkerungsmajoritéiten nei gezeechent. D'Weimarer Republik war gezwongen, d'preisesch Provënze Westpreußen a Posen erëm ofzeginn. Vun 1919–1926 hunn du ronn 700.000 Mënschen dat Gebitt verlooss. D'international Verhältnesser bloufen nom Zesummebroch vun der däitscher a russescher Monarchie gespaant. Am August 1920 huet déi Rout Arméi Polen iwwerfall, goufen awer vum polnesche Marschall Pilsudski bezwongen. Duerch de Friddensvertrag vu Riga, den 18. Mäerz 1921, ass dunn d'Ostgrenz vu Polen ëm 250 km no Oste geréckelt ginn.

Zweete Weltkrich 1939-1945[änneren | Quelltext änneren]

Mat dem Iwwerfall op Polen duerch den Hitler den 1. September an duerch d'Sowjetunion de 17. September 1939, huet den Zweete Weltkrich an Europa ugefaangen. Nom Zesummebroch vun der polnescher Front ass déi polnesch Regierung op Paräis an duerno op London geflücht, wou se eng Exilregierung op d'Bee gesat an de Widderstand organiséiert huet. Den Hitler huet zu Vergeltungsmoossname gegraff a mam Reinhard Heydrich d'Liquidatioun vun der polnescher Führunsschicht ënnerholl. Eleng an de véier éischte Méint vun dëser Aktioun sinn 10.000 Persounen erschoss ginn. Dozou huet och d'Vernichtung vun de Judde gehéiert. Et gouf op polneschem Gebitt eng Rei vu Konzentratiounslageren, wéi Auschwitz, Majdanek, Treblinka, an deenen och vill Polen agespaart gi sinn, oder als Zwangsaarbechter no aneren Destinatiounen deportéiert goufen. Een Deel vu Polen gouf als "Generalgouvernement" dem Reichsminister Hans Frank ënnerstallt, deen de Polen seng Gewalt ze spire ginn huet.

Och d'Polen, déi ënner d'sowjetesch Herrschaft gerode waren, goufen net vun Ënnerdréckunsmoossname verschount. Et gëtt ugeholl, datt ongeféier 1,5 Millioune polnesch Bierger deportéiert goufen. 300.000 polnesch Zalldote koumen a sowjetesch Krichsgefangeschaft, nëmmen 82.000 vun hinnen hunn iwwerlieft. E goussen Deel vun den Offizéier – ongeféier 40.000 Persounen - goufen duerch sowjetesch Truppen 1940 bei Katyn an och an den Lagere vu Starobielsk, Kozielsk an Ostaszków ermuert.

Vill polnesch Zaldoten hunn op der Säit vun den Alliéierten op alle Fronten oder hunn am polneschen Ënnergrond géint d'Besetzer als Partisane gekämpft. Den Opstand vun de Judden am Warschauer Ghetto a vun der polnescher Heemechtsarméi kuerz viru Krichsënn huet e legendäre Charakter. Dësen Opstand gouf bluddeg néiergeschloen. Dobäi sinn 180 000 bis 250 000 Persounen ëmkomm an d'Warschauer Bannestad gouf dem Erdbuedem gläichgemaach. Dat ass am August 1944 geschitt, wéi d'Sowjettruppe scho virun der Dier vu Warschau stoungen, hire Virmarsch um Ufer vun der Weichsel iewer gestoppt an nogekuckt hunn, wéi déi Warschauer Bevëlkerung sech verblutt huet. Alles an allem : Polen ass dat Land, dat am Zweete Weltkrich pro Kapp vun der Bevëlkerung de gréissten Zoll huet misse bezuelen, mënschlech a materiell gesinn.

Volleksrepublik, Sozialismus an d'Gewerkschaftsbewegung Solidarność (1945–1989)[änneren | Quelltext änneren]

No dem Enn vum Zweete Weltkrich goufen, 1945, d'Grenze vum fréiere Polen wéinst dem Potsdamer Ofkommes no Weste geréckelt: Polen huet den ethnesch gemëschte, majoritär vun Ukrainer a Wäissrusse bewunnten Drëttel vu sengem Territoire un d'Sowjetunioun missen oftrieden an déi do usiessech polnesch Awunner (2,5 Milliounen Mënschen) goufe verdriwwen. Am Westen an Norde sinn déi däitsch Gebidder ëstlech vun der Oder a Lausitzer Neiße („Oder-Neiße-Linie“) u Polen gefall. Déi nei Grenze goufen am Potsdamer Ofkommes festgeschriwwen. Doriwwer eraus huet Polen, vun de Russen encouragéiert, déi westlech vun der Oder geleeë Stad Stettin( an d'Gebidder rondrëm) besat an och an hiren Territoire incorporéiert . Dat ass méi spéit vertraglech confirméiert a vun de conernéierte Länner akzeptéiert ginn .

Och wa Polen als Volleksrepublik theoretesch en autonome Staat war, huet et sech mat der russescher Fuchtel missen offannen. Vun 1956 un ass et no Opstänn ënner dem KP-Chef Wladyslaw Gomulka zu enger gewësser Entstalinséirung komm. Domat war d'Resistenz géint de Kommunismus allerdéngs net zu Enn. D'Grënnung vun der Gewerkschaft Solidarność ënner dem Lech Walesa huet e gesellschaftlechen Ëmschwong mat sech bruecht. No revolutionären Zeene vun 1980 bis 1989, déi de 4. an 18. Juni 1989 zu den éischte fräie Walen am Ostblock geféiert hunn, gouf de kommunistesche Regime duerch eng demokratesch, fräi gewielte Regierung ersat. Bei de Parlamentswale vum 4. an 18. Juni 1989 huet de Biergerkomitee Solidarnosc, (d'politesch Organisatioun vun der Gewerkschaft Solidaritéit), sämtlech 160 (vu 460) freigewiellte Sëtzer an der Chamber a 99 vun 100 Sëtzen amm neigeschafene Senat. Den Tadeusz Mazowiecki gouf den éischten netkommunistesche Ministerpresident vu Polen no 1945. Vun do un ass déi polnesch Planwirtschaft an eng Maartwirtschaft ëmgewandelt ginn. Am Dezember 1990 ass de fréiere Solidarność-President Lech Wałęsa vum Vollek zum Staatspresident gewielt ginn an am Dezember 1999 ass Polen an der Amtszäit vum Premier Aleksander Kwaśniewski der NATO bäigetrueden. Member vun der Europäeschen Unioun gouf Polen den 1. Mee 2004, zesumme mat néng anere Staaten.

Wirtschaft[änneren | Quelltext änneren]

D'polnescht Bruttosozialprodukt huet 2004 der Weltbank no 491.549 Mio. USD erreecht, wouduerch Polen sech op déi 22. Plaz op der Lëscht vun de gréisste Volkswirtschafte vun der Welt klasséiert huet. D'Inflation gëtt fir 2005 op 1,8 % geschat, ass also méi déif wéi déi an der Eurozon. De polneschen Zloty huet sech am Verglach zum Euro an dem US-Dollar gefestegt. Déi offiziell Aarbechtslosequote läit bei 15,7 % (Juni 2006), wat ongeféier 2,4 Mio. Mënschen am erwerbsfäegen Alter ausmécht. 2004 waren eppes 500.000 polnesch Staatsbierger an der EU beschäftegt, 324.000 dovun als Saisonaarbechter an der däitscher Landwirtschaft an Industrie, 73.000 a Groussbritannien, 14.500 an Irland an eng 9.800 a Spuenien an a Frankräich.

Den Export huet 2004 73,78 Mrd. USD an den Import 88,16 Mrd. USD erreecht. Den héijen Aussenhandelsdefizit ass iewer am Gaang ze falen. Mat 24,4 % ass Däitschland de gréissten Handelspartner. Aner wichteg Handelspartner sinn d'Ukraine, Italien, Frankräich, Groussbritannien, d'Tschechesch Republik an och d'USA an d'Volleksrepublik China.

Primäre Secteur[änneren | Quelltext änneren]

Wéi üblech, gëtt am primäre Secteur tëscht Landwirtschaft, Bauwirtschaft a Biergbau ënnerscheet.

Landwirtschaft[änneren | Quelltext änneren]

Klenge Bauerenhaff zu Przyslup (Karpatevirland)

De primäre Secteur war bis an d'19. Jh. den Haaptwirtschaftszweig an der Adelsrepublik, déi bis zu den Deelunge vu Polen als Weessspäicher vun Europa ugesinn ginn ass. D'Agrarprodukter aus de risege Gidder vu Klengpolen an der Ukraine goufen iwwer d'Weichsel op Danzeg per Schëff no Westeuropa transportéiert. D'Bedeitung vum Agrarsecteur geet haut zréck. 2004 huet en nëmmen nach 4 % zum BSP bäigedroen.

D'Majoritéit vun de polnesche Bauere war fir den EU-Beitrëtt well se vu Subventioune profitéiere wollten, an den europäesche Maart fir hir Produkter opgaangen ass .

Bauwirtschaft[änneren | Quelltext änneren]

De polnesche Bau profitéiert vun engem Boom wéinst de villen disponiblen Terrainen an de bëllegen Aarbechtskräften an deem Secteur. Allerdéngs ass de Bau handikapéiert wéinst der staarker Ofwanderung an doduerch dem Mangel u qualifizéierte Kräften.

Biergbau[änneren | Quelltext änneren]

Polen ass duerch Schlesien "traditiounsgeméiss" e Biergbauland . Déi gréisst Aktiegesellschaften, déi op der Bourse cotéiert ginn, si Firmen déi am Biergbau oder an der Energiebranche schaffen.

Sekundäre Secteur (Industrie)[änneren | Quelltext änneren]

Den industrielle Secteur spillt zanter dem Enn vum 19. Joerhonnert eng éischt Roll, ass iewer no 1989 vum Dëngschtleeschtungssecteur iwwerholl ginn. Vill grouss Betriber, déi am haarde Wettbewerb mat auslänneschen Entreprisen handicapéiert waren, hunn an den nonzeger Jore missen zoumachen a goufen ersat vun auslänneschen Entreprisen déi vun de bëllegen Aarbechtskräfte profitéiert hunn, sou z. B. an der Automobil- an Elektroindustrie.

Tertiäre Secteur (Déngschtleeschtungen)[änneren | Quelltext änneren]

De Secteur vun de Servicer dominéiert zanter 1989 déi polnesch Wirtschaft an dréit haut zu iwwer d'Hallschent zum BSP bäi. Säi Mëttelpunkt ass d'Finanzmetropole an Haaptstad Warschau, wou déi meescht Enterprisen aus dem tertiären Secteur hire Sëtz hunn. Och zu Poznań, Stad vun de Foiren, zu Krakau an zu Wrocław, dem fréiere Breslau, hu sech d'Dëngschtleeschtungsaktivitéite staark entwéckelt.

Kultur[änneren | Quelltext änneren]

Den Adam Mickiewicz, ee vun de gréissten Dichter vu Polen
De Frédérique Chopin, gemoolt vum franséische Moler Delacroix

D'polnesch Kultur ass räich a variéiert. Dat ass op déi komplex Geschicht zréckzeféieren, vun deem Land staark hin an hir gezu gouf. Am Mëttelalter an an der Neizäit war déi multikulturell Adelsrepublik ee Foyer (Schmelztiegel) vu verschiddene Kulturen a Reliounen, déi alleguerten hiren Afloss op déi polnesch Kultur haten an nach ëmmer hunn. No den Opdeelunge vu Polen hunn déi polnesch Artisten ëmmer erëm de Kampf ëm d'Onofhängegkeet vu Polen an de Mëttelpunkt vun hire Wierker gestallt. Als Beispill dofir sief un d'Gedichter an d'Epe vum Adam Mickiewicz an d'Prosawierker vun engem éischten Nobelpräisdréier an der Literatur, Henryk Sienkiewicz d'Mazurkaën, d'Polkaen an d'Polonaisë vum Fryderyk Chopin erënnert.

Haut ass déi breet gefächert Kultur vu Polen, wéi an de meeschte westleche Länner, vun den allgemenge Globaliséirungstendenze beaflosst. Si huet et awer fäerdeg bruecht an de gréissere Stied an um Land hir eegen Identitéit z'erhalen. Eng grouss Bedeitung huet de polnesche Symbolismus an déi polnesch Plakatmolerei. Och de polnesche Film mat senge groussen a bekannte Regisseuren, wéi dem Roman Polanski, dem Andrzej Wajda, dem Krzysztof Kieślowski, dem Krzysztof Zanussi, der Agnieszka Holland an dem Jerzy Hoffman huet eng grouss Renommée an der ganzer Welt kritt.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Polen – Biller, Videoen oder Audiodateien

Wikitravel.png WikiTravel: Polen

Referenzen[änneren | Quelltext änneren]

  1. Główny Urząd Statystyczny. Baza Demografia. Ludność. Stan, ruch naturalny i wędrówki ludności w I kwartale 2014 r., stan na 31.03.2014. [1]
  2. Stand: 31. Dezember 2006, Source: Concise Statistical Yearbook of Poland 2007 op www.stat.gov.pl
  3. Kathoulesch wéinst der Ännerung vun de Grenzen a chrëschtlech wéinst der Ermuerdung vun de polnesche Judden