Montenegro
| Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
| Република Црна Гора Republika Crna Gora |
|||||
|
|||||
| Offiziell Sprooch: | Serbesch | ||||
| Haaptstad: | Podgorica | ||||
| Staatsform: | Republik | ||||
| • President: | Filip Vujanović | ||||
| • Premierminister: | Milo Đukanović | ||||
| Fläch: | 13 812 km² | ||||
| • Dovu Waasser: | 1,5 % | ||||
| Bevëlkerung: | 620 145 [1] | ||||
| • Bevëlkerungsdicht: | 45/km² | ||||
| Onofhängegkeet: | vu Serbien a Montenegro, den 3. Juni 2006 |
||||
| Nationalfeierdag: | 13. Juli | ||||
| Nationalhymn: | Oj svijetla majska zoro | ||||
| Währung: | Euro, mä net Member vun der Euro-Zon | ||||
| Zäitzon: | UTC +1 (+2 am Summer) | ||||
| Internet TLD: | .me | ||||
| Internationalen Telefonsprefix: |
+382 | ||||
Montenegro (an der Landessprooch Crna Gora; kyrillech Црна Гора ['t͡sr̩naː 'ɡɔra]) ass eng Republik a Südosteuropa, déi u Kroatien, Bosnien-Herzegowina, Serbien an Albanien grenzt. Am südwestlechen Deel vum Land mécht d'Adriatescht Mier eng natierlech Grenz. Montenegro, dat en Deelstaat vum fréiere Jugoslawien an duerno vu Serbien a Montenegro war, ass zënter 2006 en onofhängege Staat.
D'Republik huet 620.000 Awunner, eng Fläch vu ronn 14.000 km², a gehéiert domat zu de klenge Staaten an Europa. D'Land besteet haaptsächlech aus Bierglandschaften an ass dënn besidelt. D'Haaptstad vu Montenegro ass Podgorica.
Eng Uertschaft, déi wéinst hirer Alstad vill vun Touriste besicht gëtt, ass Kotor. Duerch hir kulturell a musikalesch Offere beim Jonktem beléift ass dogéint Budva op der Adria. Eng grouss reliéis Bedeitung net nëmme fir déi orthodox Kierch huet dat matzen an de Fiels gebaute Klouschter Ostrog. Haapt-Atout vu Montenegro ass awer seng Natur, wou besonnesch d'Naturschutz- a Schigebitt Durmitor, déi bis zu 1300 m déif Tara-Schlucht an de fëschräiche Skutariséi ervirstiechen.
Notizen a Referenzen[änneren]
Um Spaweck[änneren]
| Commons: Montenegro – Biller, Videoen oder Audiodateien |