Koordinéiert Weltzäit
Déi Koordinéiert Weltzäit, kuerz UTC, ass d'Referenzzäit, déi fir déi ganz Welt déiselwecht ass a vun där all d'Zäiten an deene verschiddenen Zäitzone vun der Welt ofgeleet ginn.
Déi international Ofkierzung UTC stellt eng Zort Kompromëss tëscht dem englesche Begrëff Coordinated Universal Time an dem franséische Begrëff Temps Universel Coordonné duer.
Fréier war d'Greenwich Mean Time (GMT) d'Referenzzäit. Si ass 1926 an Universal Time (UT) ëmbenannt ginn. Si gouf bestëmmt duerch astronomesch Beobachtungen um Observatoire vu Greenwich, mat deenen d'Äerdrotatiounszäit bestëmmt gouf.
Wéi 1967 d'Definitioun vun der Sekonn als Zäiteenheet net méi vun astronomesche Beobachtungen, mä vun enger Atomauer ofgeleet ginn ass, ass 1972 och d'Referenzzäit mat där Atomzäit synchroniséiert ginn. D'UTC ass entstanen, well d'Atomzäit, an doduercher d'UTC, awer net genee der Äerdrotatiounszäit UT1 entsprécht, op déi et u sech eleng ukënnt an déi dofir och an de Geowëssenschaften an an der Astrometrie gebraucht gëtt, muss all 1-3 Joer bei der UTC eng Schaltsekonn derbäigesat ginn, fir datt d'Differenz tëscht UTC an UT1 ni méi grouss wéi 0,9 Sekonne gëtt. Esou gouf z. B. d'Silvesternuecht 2008/9 ëm eng Sekonn méi laang.
D'Koordinatioun vun der Weltzäit ass d'Aufgab vum Internationale Büro fir Gewiichter a Moossen (BIPM).
Lëtzebuerg läit an der Wanterzäit op UTC+1 an an der Summerzäit op UTC+2, d.h. datt dem Land seng Zäitzon, eng, respektiv zwou Stonne, virun der Referenzzäit läit. Esou ass et z. B. mat enger UTC vu 14:00 zu Lëtzebuerg am Summer scho 16:00.