1972
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
1967 | 1968 | 1969 | 1970 | 1971 | 1972 | 1973 | 1974 | 1975 | 1976 | 1977
Dës Säit befaasst sech mam Joer 1972.
Inhaltsverzeechnes |
Evenementer [änneren]
Europa [änneren]
- 30. Januar : Op d'manst 14 onbewaffnet pro-iresch Demonstrante ginn an Nordirland erschoss (Bloody Sunday).
Lëtzebuerg [änneren]
- 9. Januar: Onrouen am Prison am Gronn an der Stad Lëtzebuerg.
- 14. September: D'Madeleine Frieden-Kinnen, CSV, trëtt no der Buergfrid-Affär als Ministesch zréck.
Frankräich [änneren]
- 6. Juli: De Pierre Messmer gëtt Premierminister vu Frankräich an der Regierung Pierre Messmer (1)
Däitschland [änneren]
- 5. September: Während den Olympesche Spiller zu München gi vun aacht Memberen vun der palästinensescher Terrorgrupp Schwaarze September an engem Haus 11 israelesch Geisele geholl, Sportler an hir Betreier. Um Enn vum Dag si 5 Terroristen dout an 3 festgeholl. D'Geiselen sinn alleguer dout an och e Polizist ass ëm d'Liewe komm.
Afrika [änneren]
Amerika [änneren]
USA [änneren]
Südamerika [änneren]
Asien [änneren]
Ozeanien & Pazifik [änneren]
Arabesch Welt [änneren]
Konscht & Kultur [änneren]
Molerei [änneren]
Literatur [änneren]
Musek [änneren]
- 25. Mäerz: D'Vicky Leandros gewënnt fir Lëtzebuerg mam Lidd Après toi de 17. Eurovision Song Contest zu Edinburgh.
- Machine Head vun Deep Purple
Film [änneren]
Wëssenschaft & Technik [änneren]
Sport [änneren]
- 11. Februar: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe spillt zu Oochen 2:2 géint Däitschland. D'Goler fir d'Lëtzebuerger hunn de Gilbert Dussier a Jean-Paul Martin geschoss.[1]
- 26. Abrëll: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert zu Plzeň 0:6 géint Tschechoslowakei.[2]
- 7. Oktober: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert an der Stad Lëtzebuerg, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 1974, 0:4 géint Italien.[3]
- 22. Oktober: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe gewënnt zu Esch-Uelzecht, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 1974, 2:0 géint Tierkei. D'Goler fir d'Lëtzebuerger hunn de Gilbert Dussier an Nico Braun geschoss.[4]
- 10. Dezember: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert zu Istanbul, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 1974, 0:3 géint Tierkei.[5]
Gebuer [änneren]
- 13. Februar: Manou Schauls, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 17. Februar: Billie Joe Armstrong, US-amerikanesche Museker.
- 24. Februar: Tina Gillen, lëtzebuergesch Molerin.
- 6. Mäerz: Shaquille O'Neal, US-amerikanesche Basketballspiller.
- 7. Mäerz: Xavier Giannoli, franséische Filmregisseur.
- 18. Mäerz: Pascal Zeihen, lëtzebuergesche Mathematiker.
- 3. Abrëll: Lola Pagnani, italienesch Schauspillerin.
- 8. Abrëll: Paul Gray, US-amerikanesche Bassist.
- 19. Abrëll: Django Asül, däitsche Kabarettist.
- 22. Abrëll: Sabine Appelmans, belsch Tennisspillerin.
- 10. Mee: Katja Seizinger, däitsch Alpinschileeferin.
- 11. Mee: Joëlle Diderich, lëtzebuergesch Journalistin a Fotografin.
- 13. Mee: Ralph Ferron, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 16. Mee: Steve Kayser, lëtzebuergeschen Historiker.
- 23. Mee: Rubens Barrichello, F1-Pilot.
- 8. Juni: "Tron", däitschen Hacker.
- 9. Juni: Alain Nacache, franséische Rabbiner.
- 19. Juni: Jean Dujardin, franséische Schauspiller a Komiker.
- 23. Juni: Sacha Schneider, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 8. August: Axel Merckx, belsche Vëlosportler.
- 15. August: Ben Affleck, amerikanesche Schauspiller.
- 17. August: Eminem, US-amerikanesche Rapper.
- 30. August: Cameron Diaz, amerikanesch Schauspillerin.
- 20. September: Victor Ponta, rumänesche Politiker.
- 22. September: Manuel Cardoni, lëtzebuergesche Foussballspiller a Foussballtrainer.
- 23. September: Sandra Schmit, lëtzebuergesch Schrëftstellerin.
- 28. September: Gwyneth Paltrow, amerikanesch Schauspillerin.
- 30. September: Anibal Coimbra, lëtzebuergesche Gewiichthiewer.
- 17. Oktober: Nicolas Funck, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 4. November: Luís Figo, portugisesche Foussballspiller.
- 14. November: Josh Duhamel,US-amerikanesche Schauspiller.
- 9. Dezember: Léon Gloden, lëtzebuergesche Politiker a Jurist.
- 29. Dezember: Jude Law, britesche Schauspiller.
- Daniel Reding, lëtzebuergesche Professer a Gewerkschaftler.
Gestuerwen [änneren]
- Émile Franck, lëtzebuergeschen Dokter, Direkter vum Thermalbad Munneref.
- Januar: Henri Tosseng, lëtzebuergesche Vëlosportler.
- 6. Januar: Félix Chomé, Industriellen.
- 7. Januar: Jacques Mangers, lëtzebuergesche Geeschtlechen, Bëschof vun Oslo.
- 14. Januar: Frederik IX., Kinnek vun Dänemark.
- 18. Januar: Jacques Majerus, lëtzebuergesche Vëlossportler.
- 27. Januar: Mahalia Jackson, US-amerikanesch Gospelsängerin.
- 19. Mäerz: John Quincy Stewart, US-amerikaneschen Astronom an Astrophysiker.
- 27. Mäerz: M. C. Escher, hollännesche Kënschtler a Graphiker.
- 28. Mäerz: Camille Linden lëtzebuergesche Journalist, Affekot, Resistenzler, DP-Politiker an Deputéierten.
- 6. Abrëll: Heinrich Lübke, däitsche Politiker.
- 12. Abrëll: C. W. Ceram, däitsche Journalist a Wëssenschaftsauteur.
- 23. Abrëll: Gustave Faber, lëtzebuergesche Chemiker.
- 25. Abrëll: George Sanders, britesche Schauspiller.
- 2. Mee: J. Edgar Hoover, Grënner an Direkter vum Federal Bureau of Investigation (FBI)
- 22. Mee: Margaret Rutherford, englesch Schauspillerin.
- 25. Mee: Asta Nielsen, dänesch Schauspillerin.
- 28. Mee: Eduard VIII., englesche Kinnek.
- 23. Juni: Werner Klingler, däitsche Schauspiller, Filmregissuer an Dréibuchauteur.
- 27. Juli: Richard Nikolaus Graf von Coudenhove-Kalergi, däitsche Schrëftsteller, Politiker, Grënner vun der Paneuropa-Unioun.
- 31. Juli: Paul-Henri Spaak, belsche Politiker.
- 5. August: Prosper Link, lëtzebuergesche Geschäftsmann
- 16. August: Pierre Brasseur, franséische Schauspiller.
- 29. August: Lale Andersen, däitsch Sängerin a Schauspillerin.
- 27. September: S. R. Ranganathan, indesche Mathematiker a Bibliothekar.
- 8. Oktober: Prescott Bush, US-amerikanesche Senateur vu Connecticut.
- 10. Oktober: Kenneth Essex Edgeworth, ireschen Astronom.
- 16. Oktober: Leo G. Carroll, britesche Schauspiller.
- 20. Oktober: Harlow Shapley, US-amerikaneschen Astronom.
- 24. November: Mani Matter, Schwäizer Museker.
- 6. Dezember: Janet Munro, britesch Schauspillerin.
- 8. Dezember: William Dieterle, däitsche Filmregisseur a Schauspiller.
- 13. Dezember: René Mayer, franséische Politiker.
- 18. Dezember: Gale Bruno van Albada, hollänneschen Astronom.
- 23. Dezember: Andrei Nikolajewitsch Tupolew, russesche Fligerkonstrukteur.
- 26. Dezember: Harry S. Truman, US-amerikanesche Politiker, den 33. President vun den USA.
| Commons: 1972 – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen [änneren]
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Däitschland-Lëtzebuerg den 11. Februar 1972 um Site European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Tschechoslowakei-Lëtzebuerg de 26. Abrëll 1972 um Site European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Italien de 7. Oktober 1972 um Site European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Tierkei den 22. Oktober 1972 um Site European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Tierkei-Lëtzebuerg den 10. Dezember 1972 um Site European Football