Esch-Uelzecht

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Esch-Uelzecht
Detailer
An anere
Sproochen:
fr: Esch-sur-Alzette
de: Esch-an-der-Alzette
Land: Flag of Luxembourg.svg Lëtzebuerg
Distrikt: Lëtzebuerg
Kanton: Esch-Uelzecht
Buergermeeschter: Vera Spautz (LSAP)
Awunner Gemeng: 31 898
(2013[1])
Koordinaten: 49° 29' 49" N
05° 58' 50" O
D'Gemeng Esch-Uelzecht (orange) am Kanton Esch-Uelzecht (rout)
D'Gemeng Esch-Uelzecht (orange)
am Kanton Esch-Uelzecht (rout)
Uertschaften - Gemengen - Stied
Vue op Esch 2006
Vue op Esch ëm 1600
Esch-Uelzecht, 1860. Déi al Kierch St. Jean stoung do, wou haut d'Groussgaassschoul ass
De Krounprënz Wilhelm von Preußen, 1914, virun der Groussgaassschoul

D'Stad Esch-Uelzecht ass eng vun den 106 Gemengen am Groussherzogtum Lëtzebuerg a Chef-lieu vum Kanton mam selwechten Numm. Et gëtt keng aner Uertschaften an der Gemeng. Mat 30.205 Awunner (Juli 2010), dovun eppes manner wéi d'Hallschent Lëtzebuerger (47 %, Juli 2010), ass Esch déi zweetgréisst Stad vum Land.

Laang en einfacht Bauerendierfchen, am Dall vun der Uelzecht, huet Esch mat der Entdeckung vun der Minett (ëm 1870), an der domat verbonnener Entwécklung vun de Minièren, der Eisen- a Stolindustrie, bannent e puer Joerzéngte seng Populatioun verzéngfacht. D'Strukturkris an deem Secteur, déi Mëtt der 1970er Joren ausgebrach ass, huet et mat sech bruecht, datt no an no all Minièren an e groussen Deel vun de Schmelzen zougemaach hunn.

Déi doduerch entstanen Industriebroochen, besonnesch déi vu Belval, sinn zum Deel am Gaang, nei bebaut ze ginn. Nei administrativ, kulturell (Concerts-Hal, Kinoen) an edukativ (Lycéeën, Universitéit) Gebaier, mä och Wunnengen, Büroen a Geschäfter sinn do am Gaang z'entstoen.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Fréizäit bis 19. Joerhonnert[änneren | Quelltext änneren]

Schonn zanter der Eisenzäit, virun iwwer 2.500 Joer, gouf um Territoire vun der haiteger Gemeng Esch Boun- a Wisenäerz veschafft; um Flouer 'Op der Gläicht', e Plateau tëscht Esch a Rëmeleng, goufen 2003-2006 bei archeologeschen Ausgruewungen Reschter vun Iewen, Schlaken, Neel a soss paleometallurgesch Zeie fonnt.[2] Och d'Kelten hunn sou do Eise gemaach. Nom Enn vun der Réimerzäit an der Vëlkerwanderung ass d'Wëssen dovu verluer gaangen.

Den 12. Abrëll 1128 ass Esch fir d'éischt Kéier, ënner dem Numm "Asch", an enger Bulle vum Poopst Honorius II. ernimmt ginn. De Jang de Blannen huet hir de 16. Mee 1328 den Titel "Fräi Stad" iwwerdroen.

Am Laf vun de Joerhonnerte gouf Esch ëmmer nees vu friemen Truppen iwwerfall, an dacks staark zerstéiert. 1677, op Uerder vum Louis XIV., hunn d'Stadmauere misse geschleeft ginn. Am Juli 1830 huet Esch dann och nach säin Titel Stad verluer. Mä net laang duerno, den 12. Oktober 1841, gouf se duerch eng kinneklech-groussherzoglech Veruerdnung zum Chef-lieu vum neie Kanton Esch ernannt.

An der zweeter Hallschent vum 19. Joerhonnert ass et mat der industrieller Entwécklung ëmmer méi schëtzeg virugaangen. Fir d'éischt am Tagebau, duerno och a Galerien, gouf d'Minett ofgebaut, an an de Schmelzen, déi wéi Champignonen aus dem Buedem geschoss koumen, verschafft. Mat den neien Aarbechtsplazen ass och d'Populatioun vun Esch rasant an d'Luucht gaangen. D'Aarbechter koumen am Ufank aus anere Géigende vum Land, virun allem dem Éislek, mä scho fréi hu missen Aarbechtskräfte vu soss hier erbäigeruff ginn, aus den Nopeschlänner, mä och aus Polen an Italien. Esch huet sech dann och iwwer säin historesche Stadkär (den haitege Quartier Al Esch) eraus ausgebreet: Ronderëm d'Schmelzen (Metze Schmelz, Brasseurs Schmelz) sinn nei Stroossen a Wunnengen entstanen (Quartiere Grenz an Neiduerf 1872, Hiel 1894-1904).

Den 31. August 1876 gouf, duerch Gesetz vum 6. Juli 1876, d'Uertschaft Schëffleng vun der Gemeng Esch-Uelzecht ofgetrennt fir déi eegestänneg Gemeng Schëffleng ze schafen.

Ugaangs 20. Joerhonnert[änneren | Quelltext änneren]

Den 29. Mee 1906, huet de Grand-Duc Guillaume fir d'zweet Kéier Esch-Uelzecht zur Stad ernannt (Gesetz vum 29. Mee 1906). Esch hat do 13.000 Awunner.

Tëscht 1909 an 1913 gouf eng nei Schmelz am Westen opgeriicht: d'Adolf-Emil-Schmelz op Belval. Dofir hu missen 91 Hektar Bësch (Clair-Chêne) ëmgehae ginn. Nei Aarbechterwunninge gi ronderëm gebaut: am Quartier Uecht an d'Cité Welter.

Vun 1910 u gouf de Quartier Brill urbaniséiert. Vill Immigranten aus Italien hunn do hiert Doheem fonnt. D'Uelzecht gouf iwwerdeckelt, an d'Uelzechtstrooss mat hiren Niewestroosse gouf zum neie Mëttelpunkt vun der Stad.

Am Éischte Weltkrich war zu Esch e puer Méint d'Generalquartéier vum däitschen Ierfprënz Wilhelm von Preußen, a gouf souzesoen an e Krichslazarett transforméiert. D'Schmelzen hunn déi Zäit net oder net vill produzéiert. Vill auslännesch Aarbechter sinn nees an hir Heemecht geplënnert.

Tëschekrichszäit[änneren | Quelltext änneren]

1920 koum duerch dat nei agefouert allgemengt Walrecht fir d'éischt eng sozialistesch Majoritéit an d'Gemeng, mam Victor Wilhelm als Buergermeeschter. Weidere Wunnraum gouf geschafen duerch d'Gemeng, mä och d'ARBED an d'Société Métallurgique des Terres Rouges, deenen d'Schmelze gehéieren: laanscht d'Éilerenger Strooss, am Quartier Uecht an am Quartier Brouch. Tëscht 1926, dem Enn vun der däitscher Wirtschaftskris, an 1929, der Weltwirtschaftskris, huet Esch nach eng Kéier ee Bau-boom erlieft: am Quartier Dellhéicht gouf e Spidol gebaut, d'Spidol- an d'Emil-Mayrisch-Strooss sinn ugeluecht ginn. 1930 huet Esch 29.745 Awunner gezielt.

Däitsch Okkupatioun 1940-1944[änneren | Quelltext änneren]

Direkt nom däitschen Iwwerfall, den 10. Mee 1940, gouf Esch, wéi aner Uertschafte laanscht d'franséisch Grenz, komplett evaquéiert, well gefaart gouf, d'däitsch Arméi géif un der Maginot-Linn hänke bleiwen, an doduerch Esch an e Schluechtfeld verwandelt ginn. Déi meescht Leit koumen an Zentral- oder Südfrankräich ënner. Wéinst der séierer franséischer Défaite koume se no e puer Wochen nees zréck. Bis op e puer Haiser, déi duerch eng Granat zerstéiert gi waren, gouf et keng gréisser Schied.

Wéi iwwerall zu Lëtzebuerg goufen och zu Esch d'Verwaltungsstrukture vum Nazi-Okkupant agefouert. D'Escher Synagog gouf, (wéi och déi an der Stad Lëtzebuerg) zerstéiert. Vum September 1942 u goufen honnerte vu Zwangsaarbechter, sougenannt Ostarbeiter, déi virun allem aus dem vum Hitlerdäitschland besaten Deel vun Sowjetunioun koumen, an de Schmelzen an de Galerien agesat. Esch gouf den 10. September 1944 vun den Amerikaneschen Truppe befreit.

Nokrichszäit 1945-1975[änneren | Quelltext änneren]

Nom Krich breet Esch sech weider aus, an de 50er Joren entsti besonnesch zu Lalleng, am Brouch an zu Raemerech nei Quartieren. An den 60er/70er Jore war et besonnesch Wobrécken, dat bebaut gouf.

Stolkris 1975-1985[änneren | Quelltext änneren]

Esch gouf, wéi aner Stied am Minett och, besonnesch haart vun der Stolkris getraff, virun allem sinn d'Recetten däitlech zréckgaangen. Doduerch konnt d'Renovéierung vum ale Stadkär, deen zimlech delabréiert war, eréischt an der Mëtt vun den 80er Joren an Ugrëff geholl ginn.

Vun den 1960er Joren un ass d'Populatioun vun Esch no an no zréckgaangen: Vu bal 30.000 am Joer 1960 op 25.000 am Joer 1985. Vill jonk Stéit sinn an d'Schlofstied ronderëm d'Stad geplënnert. Eréischt vun den 90er Joren un ass dësen Trend gestoppt a souguer ëmgekéiert ginn; 2010 huet d'Awunnerzuel vun Esch nees 30.000 Awunner iwwerschratt[3].

Belval vum Westen aus (Summer 2013).

Esch-Belval: En neie Quartier op de Frichen[änneren | Quelltext änneren]

Zanter dem Ufank vun den 2000er Jore gëtt op der Industriebrooch vu Belval en neie Quartier opgeriicht, no engem Masterplang, dee vun Agora a vum Fonds Belval koordinéiert gëtt, a wou vun ëffentlecher Säit ë. a. d'Uni Lëtzebuerg, Fuerschungsariichtungen, d'Nationalarchiver an en neie Lycée, vu privater Säit e Kino a Büros-, Wunn- a Geschäftsgebaier virgesinn, resp. am Gaang sinn, gebaut ze ginn, oder scho fäerdeg sinn.

  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Frichë vun Esch-Belval Nuvola apps xmag.png

d'Escher Gemengenhaus

Politik[änneren | Quelltext änneren]

De Gemengerot vun Esch-Uelzecht gëtt nom Proporz-Walsystem gewielt. E setzt sech aus 19 Conseilleren zesummen.

Zesummesetzung

Joer ADR CSV DP gréng KPL Lénk LSAP BL
1999 1 5 2 2 0 2 7 -
2005 1 5 1 2 0 1 9 -
2011 0 4 1 2 1 2 9 0

BL=Biergerlëscht. Quell: Inneministère / RTL.lu

Esch-Uelzecht gëtt zanter 2005 vun enger LSAP-Déi Gréng-Koalitioun regéiert. Buergermeeschtesch ass d'Vera Spautz (LSAP).

  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Lëscht vun de Buergermeeschtere vun Esch-Uelzecht Nuvola apps xmag.png

D'Quartiere vun Esch-Uelzecht[änneren | Quelltext änneren]

  • Al Esch
  • Belval
  • Brill
  • Brouch
  • Dellhéicht
  • Fettmeth
  • Grenz
  • Hiel
  • Lalleng
  • Lankhelz
  • Neiduerf (Neidierfchen)
  • Park
  • Raemerech
  • Schlassgoart
  • Sommet
  • Universitéit
  • Uecht
  • Wobrécken
  • Zaepert

Panorama vun Esch (Quartieren Dellhéicht an Al Esch)
Panorama vun Esch (Quartieren Dellhéicht an Al Esch)


Transport[änneren | Quelltext änneren]

Esch-Uelzecht läit um südlechen Enn vun der Autobunn A4, déi et mat der Stad Lëtzebuerg verbënnt. Nërdlech vun Esch verleeft d'Autobunn A13, déi vu Péiteng bis op Schengen féiert (an do un déi däitsch A8 ugebonnen ass. Och d'Nationalstroossen N4 an N31 ginn duerch Esch.

Esch läit un der CFL-Linn 60. Vun Esch aus féiert eng Ofzweigung dovun op Däitsch-Oth. Et gëtt zwou Garen um Territoire vun der Gemeng: d'Gare Esch-Uelzecht an d'Gare Belval-Université. Marchandisegaren am Neidierfchen an an der Hiel sinn net méi am Betrib.

De Bus-Syndikat TICE huet säi Sëtz zu Esch, d'Linnen 1, 2, 3, 4, 5, 7, 11, 12, 13 a 17 verbannen Esch a seng Quartiere mat den aneren Uertschafte vum Kanton. Ausserdeem läit Esch op de Strecke vun den RGTR-Linnen 205, 307, 321 an 322.[4]

Kulturariichtungen[änneren | Quelltext änneren]

D'Rockhal um Site vun Esch-Belval

Schoulgebaier zu Esch[änneren | Quelltext änneren]

  • Primärschoulen
  • Ale Lycée
  • Brill
  • Brouch
  • Dellhéicht
  • Groussgaass
  • Lalleng
D'Jousefskierch

Reliéis Gebaier[änneren | Quelltext änneren]

Bekannt Escher[änneren | Quelltext änneren]

Partnerschafte mat auslännesche Stied[änneren | Quelltext änneren]

Esch-Strooss zu Léck
Bethnal Green Flag of the United Kingdom.svg Groussbritannien Coimbra Flag of Portugal.svg Portugal
Köln Flag of Germany.svg Däitschland Léck Flag of Belgium (civil).svg Belsch
Lille Flag of France.svg Frankräich Mödling Flag of Austria.svg Éisträich
Offenbach-am-Main Flag of Germany.svg Däitschland Puteaux Flag of France.svg Frankräich
Rotterdam Flag of the Netherlands.svg Holland Saint-Gilles Flag of Belgium (civil).svg Belsch
Turin Flag of Italy.svg Italien Velletri Flag of Italy.svg Italien
Zemun Flag of Serbia.svg Serbien

Interkommunal Syndikater[änneren | Quelltext änneren]

Kuriéises[änneren | Quelltext änneren]

Erënnerungsplack un den Escher Fluchhafen an der Rue de l'Aérodrome

De Fluchhafen[änneren | Quelltext änneren]

Deen éischte Fluchhafen am Land war am Quartier Esch-"Lankelz" bei der haiteger rue de l'Aérodrome. Déi Zäit gouf et ë. a. eng Direktverbindung Esch-London.

  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Fluchhafen Esch-Uelzecht Nuvola apps xmag.png

Esch-Uelzecht am Sport[änneren | Quelltext änneren]

Zwou Foussballsequippen aus der Foussball Nationaldivisioun si vun Esch: Den CS Fola Esch, eelste Foussballsveräin am Land, an d'Jeunesse Esch.

1962 goufen zu Esch d'Weltmeeschterschaften am Cyclo-Cross gefuer. Den Italiener Renato Longo gouf Éischte virun de Fransouse Maurice Gandolfo an André Dufraisse.

Den 3. Juli 2006 ass déi zweet Etapp vum Tour de France do ukomm an deen Dag drop déi drëtt do lassgefuer.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Willy Allamano a Gilbert Bernardini: Esch-sur-Alzette et ses rues - Esch an der Alzette und seine Straßen, 2013, 256 S., ISBN 978-2-87964-136-2
  • 100 Joer Esch. 1906-2006. Esch-sur-Alzette: Centenaire Esch Invita, 2005.
  • Ville d'Esch-sur-Alzette (éd.): Esch-sur-Alzette, du village à la ville industrielle. Art et révolution industrielle au pays de la Terre Rouge. 13 octobre - 5 novembre 1989, Hôtel de Ville d'Esch-sur-Alzette. Catalogue de l'exposition organisée par la Ville d'Esch-sur-Alzette à l'occasion du 150e anniversaire de l'Indépendance du Grand-Duché de Luxembourg.
  • Flies, Joseph: Das Andere Esch - An der Alzette - Ein Gang durch seine Geschichte. Luxembourg 1979.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Esch-Uelzecht – Biller, Videoen oder Audiodateien


Referenzen[änneren | Quelltext änneren]

  1. Statec Luxembourg - Population par canton et commune 1821 - 2013
  2. Camille Robert: "Le sous-sol nous parle. Les fouilles archéologiques à Esch-sur-Alzette." In: 100 Joer Esch (1906-2006). Luxembourg 2006, S. 121-122 an 124.
  3. "D'Populatioun zu Esch läit elo offiziell bei 30.000 Awunner" rtl.lu 03.06.2010, 07:59 - Fir d'lescht aktualiséiert: 03.06.2010, 10:03.
  4. http://www.tice.lu/_HORAIRES/TICE%20Indicateur%202011.pdf