Luc Frieden

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
De Luc Frieden (Mee 2013).

De Luc Frieden gebuer de 16. September 1963 zu Esch-Uelzecht, ass e lëtzebuergesche Politiker.

No senger Première am Kolléisch, 1982, huet de Luc Frieden Handelsrecht um Cours an der Stad an op der Sorbonne zu Paräis studéiert, wouranner en 1986 eng Maîtrise gemaach huet. 1987 gouf hie Master of Comparative Law and Legal Philosophy op der Universitéit vu Cambridge (Groussbritannien) an 1988 Master of Laws op der Harvard Law School an Amerika. Niewelaanscht huet hien och nach Coursen op der John F. Kennedy School of Government beluecht.

Tëschent 1989 an 1998 war de Luc Frieden Affekot um Stater Barreau, huet lëtzebuergeschen Droit um Cours an der Stad enseignéiert an Artikelen iwwer Bankerecht a Verfaassungsrecht verëffentlecht. Tëschent 1981 an 1994 war hie fräie Mataarbechter vun RTL Radio Lëtzebuerg, wou en iwwer juristesch an aussepolitesch Theme geschwat huet.

1994 gouf de Luc Frieden fir d'éischt Kéier op der Lëscht vun der CSV an d'Chamber gewielt. De 4. Februar 1998 gouf hien an der Regierung Juncker-Poos Minister fir Justiz, Budget a Bezéiunge mam Parlament, a war och zoustänneg fir d'Modalitéite vum Aféiere vum Euro zu Lëtzebuerg.

De 7. August 1999 gouf hien, an der Regierung Juncker-Polfer op en neies Justiz- a Budgetsminister, a war och zoustänneg fir d'Bezéiunge mat der Chamber.

An der Regierung Juncker-Asselborn I war de Luc Frieden vun 2004 bis 2009 Minister fir Justiz, Budget an - just bis den 22. Februar 2006 - Minister fir d'Verdeedegung. An der Regierung Juncker-Asselborn II, déi den 23. Juli 2009 vereedegt gouf, ass en zënterhier Minister fir Finanzen a fir de Budget. Zënter dem 20. Abrëll 2013 ass hien zousätzlech Minister fir Kommunikatioun a Medien.[1]

De Luc Frieden ass bestuet a Papp vun 2 Kanner.

Gielercher [änneren]

Um Spaweck [änneren]

Commons: Luc Frieden – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen [änneren]