Victor de Tornaco
De Baron Marie-Victor de Tornaco, gebuer de 7. Juli 1805 um Schlass vu Stierpenech, a gestuerwen de 26. September 1875 um Schlass vu Voort (Belsch Provënz Limburg), war e lëtzebuergesche Politiker. Seng Eltere waren de Charles Auguste de Tornaco an d'Elisabeth de Berlo-Suys (1775-1856)
De Victor de Tornaco huet zu Paräis op der Ecole polytechnique seng Studie gemaach. An de Joren no der Belscher Revolutioun vun 1830 huet hien zum Wëllem I., Kinnek vun Holland a Groussherzog vu Lëtzebuerg, gehalen. Vun 1841 bis 1848 war hie Member vun der Assemblée des États, vun 1848 bis 1856 vun der Chamber, a vun 1857 bis 1860 vun der nees agefouerter Assemblée des États.
De 26. September 1860 ass hien, nom Récktrëtt vum Charles-Mathias Simons, Staatsminister, Regierungspresident a Generaldirekter (d.h. Minister) fir Aussebezéiungen a bis 1864 och fir den ëffentlechen Transport ginn.
Den 3. Dezember 1867 kënnt et zu engem majoritäre Vote géint d'Regierung de Tornaco, där d'Oppositioun virgeworf hat, bei de Verhandlungen zu London eng ze vill passiv Haltung ageholl ze hunn. Den Emmanuel Servais gëtt als säin Nofolger bestëmmt. Den de Tornaco war dunn, vum 3. Dezember 1867 bis den 20. Juni 1872 Member vum Statsrot.
De Victor Tornaco huet am Suessemer Schlass gewunnt, dat vu 1753 bis 1950 am Besëtz vu senger Famill war. Hien ass 1875 an der Belsch gestuerwen, a gouf zu Suessem am Familljecaveau bäigesat.
Literatur [änneren]
- Gilbert Trausch, 1993. Le Luxembourg vendu à l'encan? Historia 563: 76-82. (Déi international Kris déi 1867 ënnert der Regierung de Tornaco zum Londoner Vertrag gefouert huet).[1]