François Altwies
De François Altwies gebuer den 11. November 1869, a gestuerwen de 5. Juli 1936, war e Lëtzebuergesche Politiker, Affekot an Notaire.
De François Altwies gouf 1897 Notaire zu Jonglënster an duerno vun 1922 un an der Stad Lëtzebuerg.
1911 gouf hie fir d'éischt als Deputéierte vun de Kantone Lëtzebuerg a Gréiwemaacher an d'Chamber gewielt. Wéi 1914 d'Rietspartei gegrënnt gouf huet hie sech där ugeschloss, fir déi hien 1915 an 1918 als Deputéierten erëmgewielt gouf.
Hie war zesumme mam Émile Prüm, Joseph Bech, am Auguste Thorn ee vun den Haaptleit an der Rietspartei.
Den 28. Juni 1917, wéi de Léon Kauffman Premier gouf, gouf hie Vizepresident vun der Chamber, an e puer Méint duerno gouf hien als Nofolger vum Edouard Hemmer Chamberpresident, wat e bis 1925 blouf.
Bei de Wale vum 26. Oktober 1919, déi éischt nom Éischte Weltkrich, an no der Verfassungsännerung vum 15. Mee am selwechte Joer, bei där d'allgemengt Walrecht an de Proportzsystem applizéiert goufen, gouf hie fir d'Circonscriptioun Zentrum gewielt, a koum och erëm 1925 an 1931 an d'Chamber.
De 6. Mäerz 1933 gouf hie Member vum Staatsrot an ass dat bis zu sengem Doud bliwwen.[1]
De François Altwies hat sech den 21. Mee 1901 mat der Elise Wurth bestuet.
Gielercher[änneren]
- Lëtzebuerg:
- Ordre de Mérite civil et militaire d'Adolphe de Nassau (Grand Officier)
- Ordre de la couronne de chêne (Grand Officier)
- Belsch: Ordre de la Couronne (Grand Croix)
- Frankräich: Légion d'honneur (Commandeur)
- Italien: Ordine della Corona d'Italia (Cavaliere di Gran Croce)