1919
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
1914 | 1915 | 1916 | 1917 | 1918 | 1919 | 1920 | 1921 | 1922 | 1923 | 1924
Dës Säit befaasst sech mam Joer 1919
Inhaltsverzeechnes |
[änneren] Evenementer
[änneren] Europa
[änneren] Lëtzebuerg
- 9. Januar: Eng grouss Manifestatioun um Knuedler, déi d'Aféiere vun enger Republik gefuerdert huet, gëtt vu franséischen Truppen opgeléist.
- 15. Januar: D'Charlotte gëtt Groussherzogin.
- 8. Mee: D'Chamber stëmmt fir wichteg Ännerungen an der Konstitutioun: D'allgemengt Walrecht gëtt agefouert, an d'politesch Pouvoirë vum Grand-Duc ginn zeréckgeschnidden.
- 28. September: Referendum iwwert d'Froe 'Monarchie oder Republik'; 'Jo oder Nee fir d'Charlotte als Grande-Duchesse', 'wirtschaftlech Orientéierung no Frankräich oder der Belsch'.
- 26. Oktober: Éischt Walen nom allgemengen Walrecht zu Lëtzebuerg.
- 6. November: D'Groussherzogin Charlotte bestid sech mat hirem Koseng, dem Prënz Felix vu Bourbon-Parma.
[änneren] Afrika
[änneren] Amerika
[änneren] USA
[änneren] Südamerika
[änneren] Asien
[änneren] Ozeanien & Pazifik
[änneren] Arabesch Welt
[änneren] Konscht & Kultur
[änneren] Molerei
[änneren] Literatur
[änneren] Musek
[änneren] Wëssenschaft & Technik
[änneren] Gebuer
- 1. Januar: Camille Ney, lëtzebuergesche Politiker.
- 1. Januar: J.D. Salinger, US-amerikanesche Schrëftsteller.
- 23. Januar: Marcel Lahure, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 28. Januar: Victor Delcourt, lëtzebuergeschen Dichter a Literaturkritiker.
- 29. Januar: Armand Mergen, lëtzebuergesche Kriminolog, Auteur a Publizist.
- 13. Februar: Jean Igel, lëtzebuergesche Vëlossportler.
- 9. Mäerz: Marcel Schroeder, lëtzebuergesche Fotograf.
- 18. Mäerz: Michèle Arnaud, franséisch Sängerin.
- 19. Mäerz: Juliette Faber, franséisch-lëtzebuergesch Schauspillerin.
- 19. Mäerz: Lennie Tristano, US-amerikaneschen Jazzmuseker a -komponist.
- 29. Abrëll: Gérard Oury, franséische Filmregisseur.
- 8. Mee: Roger Pigaut, franséische Schauspiller a Regisseur.
- 8. Mee: Lex Barker, US-amerikanesche Schauspiller.
- 8. Juni: Max Jacoby, däitsche Fotograf.
- 19. Juni: Pauline Kael, US-amerikanesch Filmkritikerin.
- 14. Juli: Lino Ventura, italienesche Catcher a Schauspiller.
- 20. Juli: Edmund Hillary, neiséilänneschen Alpinist.
- 24. Juli: Ferdi Kübler, Schwäizer Vëlosportler.
- 12. August: Margaret Burbidge, britesch Astrophysikerin.
- 17. August: Pir Kremer, lëtzebuergeschen Auteur.
- 21. August: Fernand Leischen, lëtzebuergesche Fechter
- 1. September: Fernand Wark, lëtzebuergesche Sänger, Kabarettist a Schauspiller.
- 7. September: Albéric Schotte, belsche Vëlossportler.
- 15. September: Fausto Coppi, italienesche Vëlossportler.
- 26. September: Matilde Camus, spuenesch Schrëftstellerin.
- 7. Oktober: Georges Duby, franséische Mëttelalter-Historiker.
- 16. Oktober: Jean Feller, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 21. Oktober: Elisabeth Pfluger, schwäizeresch Schrëftstellerin a Seeërchessammlerin.
- 4. November: Anne Peter Schilperoort, hollänneschen Jazzmuseker an Orchesterchef.
- 9. Dezember: William N. Lipscomb, US-amerikanesche Chemiker.
- 20. November: Pierre Pescatore, lëtzebuergesche Jurist.
- 29. November: Henri Vidal, franséische Schauspiller.
- 11. Dezember: Martin Gerges, Publizist zu Lëtzebuerg.
- 13. Dezember: Jeng Kirchen, lëtzebuergesche Vëlosportler.
- 16. Dezember: Michel Etcheverry, franséische Schauspiller an Theaterregisseur.
- 27. Dezember: René Hemmer, lëtzebuergesche Museker a Komponist.
[änneren] Gestuerwen
- 15. Januar: Jérôme-Eugène Coggia, franséischen Astronom.
- 27. Januar: Ferdinand d'Huart, lëtzebuergesche Moler.
- 27. Januar: Endre Ady, ungaresche Schrëftsteller.
- 30. Januar: Corneille Schroeder, lëtzebuergeschen Apdikter.
- 3. Februar: Edward Charles Pickering, amerikaneschen Astronom a Physiker.
- 4. Mäerz: Max Meier, däitschen Entrepreneur.
- 22. Juni: Dominique Lang, lëtzebuergesche Moler.
- 9. August: Ernst Haeckel, däitschen Naturwëssenschaftler a Philosoph.
- 1. September: Gustav Niessl von Mayendorff, éisträicheschen Astronom, Botaniker a Mykolog.
- 11. September: Pierre-Éloi Schoué, lëtzebuergesche Politiker, Botaniker an Apdikter.
- 11. September: Géza Csáth, ungaresche Schrëftsteller.
- 3. Dezember: Pierre-Auguste Renoir, franséische Moler.
- 14. Dezember: Jean-Pierre Koenig, lëtzebuergeschen Architekt an Ingenieur.
| Commons: 1919 – Biller, Videoen oder Audiodateien |