Knuedler

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Um Knuedler, mat Bléck op d'rue de la Reine an de groussherzogleche Palais.
De Knuedler vum Stadhaus aus gesinn.
De Fiisschen um Knuedler. Riets d'Stadhaus, lénks hannen am Bild: d'Gebai vum ale Kolléisch, haut d'Nationalbibliothéik.

De Knuedler ass eng Plaz an der Alstad vun der Stad Lëtzebuerg. Offiziell heescht se "Place Guillaume II" nom Wëllem II. vun Holland, Kinnek vun Holland a Groussherzog vu Lëtzebuerg.

Vun 1250 un stoung do e Franziskanerklouschter. D'Kniet un der Kordel, déi Franziskaner droen, huet hinnen am Volleksmond den Numm Knuedler ginn, dee méi spéit op d'Klouschter selwer an op d'Plaz, op där d'Klouschter stoung, iwwerdroe gouf. Nodeem d'Klouschter an der Franséischer Revolutioun opgeléist gi war, huet den Napoléon 1804 d'Klouschterareal der Stad Lëtzebuerg iwwerdroen. Doropshi goufen d'Gebaier no an no ofgerappt, an d'Plaz, wéi mer se haut kennen, ugeluecht. D'Haaptgebai gouf 1829 ofgerappt, fir Plaz ze maache fir d'Stadhaus vun der Stad Lëtzebuerg. Dëst gouf tëscht 1830 an 1838 am neoklassizistesche Stil no Pläng vum Lécker Architekt Julien Rémont[1] gebaut. Déi bronze Léiwe lénks a riets vun der Haaptentrée goufen 1931 vum Auguste Trémont geschaaft. Op der Plaz steet eng Statu vum Wëllem II. um Päerd, déi 1884 opgeriicht gouf an no Oste kuckt. Zur selwechter Zäit sollt zu Den Haag eng Statu vum Wëllem II opgeriicht ginn. D'Resultat huet awer net sou gefall, dofir gouf d'Statu 1924 op Tilburg geschéckt, an an d'Plaz koum eng Kopie vun där um Knuedler, déi haut nach am Buitenhof ze gesinn ass.[2]

Op der Südsäit vun der Plaz, lénks vum Stadhaus, steet e Monument zu Éiere vum Michel Rodange, dat 1932 ageweit gouf.

  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Michel-Rodange-Monument um Knuedler Nuvola apps xmag.png

An den 1970er Jore gouf ënner der Plaz en ënnerierdesche Parking mat 4 Stäck vu jee 3360 m² pro 'Deck' gebaut.

Um Knuedler gëtt de Stater Wochemaart ofgehalen, a während der Oktav den Oktavmäertchen.

Zanter 1991 ass do och all Joer en Open-air-Museksfestival, "Rock um Knuedler" genannt.

Ausgruewungen 2009/2011[änneren | Quelltext änneren]

Bei de Buedemaarbechte fir den neie Biergerzenter um Knuedler goufen Enn 2009 Grondmauere fonnt. Doropshi gouf vum Nationalmusée fir Geschicht a Konscht eng archeologesch Gruewung realiséiert, bei där d'Grondmauere vun engem Gebai an och Griewer aus dem Mëttelalter fräigeluecht goufen. D'Gruewung gouf Enn Abrëll 2011 ofgeschloss.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Clesse, René, 2000. Ronderëm de Knuedlergaart. ons stad 64, S. 2-6. [1]
  • Friedrich, Evy, 1979. Von Häusern und Menschen um den Knuedler. ons stad 1, S. 12-14. [2]
  • Huberty, Christiane, 2008. Wëllem II. Guillaume II. In: Kmec, S.; Majerus, B., M. Margue & P. Péporté: Lieux de mémoire au Luxembourg. Erinnerungsorte in Luxemburg. 2e édition, Luxembourg, S. 79-84.
  • Probst, Jean, 1994. Les monuments de la ville de Luxembourg: Guillaume II. ons stad 17, S. 20-21. [3]
  • Zenner, Roby, 2009. "Knuedler": Wilhelm II. grüßt seit 125 Jahren. Lëtzebuerger Journal, Nr. 252, 31. Dezember 2009, S. 20. [4]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Knuedler – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[änneren | Quelltext änneren]

  1. Stater Chronik - Rectification in: Ons Stad Nr 28 vun 1988, S. 3 (Link op d'pdf-Dokument)
  2. Zenner (2009)

Fotoen[änneren | Quelltext änneren]

Placken um Knuedler[änneren | Quelltext änneren]

Historesch Biller[änneren | Quelltext änneren]

Ausgruewungen 2009-2011[änneren | Quelltext änneren]