Archeologie
D'Archeologie ënnersicht déi materiell Kultur (verschidden Objeten, Miwwelen, Necropolen, Monumenter, mä awer och Schanken a planzlech Iwwerreschter wéi Kären a Pollen) a versicht d'Relatiounen tëscht dësen eenzelnen Elementer ze verstoen. Den Archeolog versicht d'Ëmwelt, d'Techniken, d'Economie an d'Gesellschaft ze rekonstituéieren.
D'Archeologie ass eng Quell vun der Geschicht an den Archeolog ass een Typ vun Historiker, dee sech haaptsächlech un de Saachen interesséiert, déi am Buedem vergruewe sinn. Hien ass en Historiker vun der materieller Kultur a vum Alldag.
Inhaltsverzeechnes |
Geschichtleches [änneren]
Den Interessi un ale Kulturen ass näischt Neies, schonn d'Réimer hu sech dofir begeeschtert. Si hunn d'Pyramide besicht.
An der Renaissance koum et zu enger grousser Begeeschterung fir d'Antikitéit an déi, déi sech et leeschte konnten, sinn an Italien an d'Vakanz gefuer, am léiwsten op Roum. Bei dëse Reese goufen natierlech och Objete gesammelt, fir doheem ze weisen, an et ass virkomm datt dofir och alt gegruewe gouf. Bei dëse Sammler fanne mer ënnert anerem d'Medici-Famill vu Florenz.
Am 18. Joerhonnert geet et richteg mat Ausgruewunge lass, dëst duerch d'Decouverte vu Pompeji an Herculanum am Joer 1711.
Am 19. an 20. Joerhonnert ginn ëmmer méi Ausgruewungen ugefaangen, an zu de wichtegsten zielen do wuel d'Decouverte vum homereschen Troja duerch den Heinrich Schliemann (1870) an d'Graf vum Tutanchamun (1922).
Ausgruewungen [änneren]
[änneren]
Prospektiounen [änneren]
Propektiounen sinn eigentlech keng Ausgruewungen an deem Sënn, mä éischter eng Etude vun der Landschaft. Si ginn normalerweis viru programméierten Ausgruewunge gemaach, fir ze kucken op sech de ganzen Opwand iwwerhaapt lount. Bei esou Prospektiounen schafft eng pluridisziplinar Equipe zesummen a sicht systematesch no interessante Plazen.
Dobäi ginn et verschidden Type vu Propektiounen:
- Prospektiounen um Buedem: zu Fouss, entweder systematesch nodeems eng Kaart studéiert gouf, oder als "Trëppeltour".
- Prospektiounen aus der Loft: verschidde Saachen, wéi Iwwerreschter vu Maueren an engem Feld, gesäit een nëmmen aus der Loft, well et duerch d'Maueren am Buedem zu engem Ënnerscheed vu Fiichtegkeet am Buedem kënnt, an een dann aus dem Fliger oder Helikopter schéin de Faarfënnerscheed gesäit.
- Wëssenschaftlech Prospektiounen
- Elektronesch Prospektiounen: Mat Elektroden gëtt Stroum duerch de Buedem gejoot, an dobäi ginn dréchen Zonen (Maueren) a fiicht Zonen (Hielen) opgezeechent.
- Magnéitesch Prospektiounen; D'Erdmagnéitfeld verännert sech permanent. Vergruewen Objeten, zumools Toun behalen de Magnetismus vun deem Moment wou si gebak goufen. Et ginn also Ënnerscheeder am Magnéitfeld gesicht.
Preventiv Ausgruewungen [änneren]
Preventiv Ausgruewunge sinn zäitlech limitéiert an trieden ëmmer dann op, wann duerch geplangte Bauaarbechten archeologesch Siten a Gefor kommen. Eng ganz Partie Ausgruewunge goufen zum Beispill op der Streck vum TGV a Frankräich gemaach, éier den Zuch iwwert alles rullt.
Programméiert Ausgruewungen [änneren]
Programméiert Ausgruewunge sinn zäitlech onbegrenzt an gi vun enger bestëmmter Problematik aus. Bei sou Ausgruewunge weess ee genee no wat ee siche wëllt an et besteet keen Zäitdrock. Normalerweis ginn esou Ausgruewungen am Summer gemaach, an et gëtt fir ee Mount am Joer gegruewen. Doduerch dauert et natierlech laang bis een zu engem Resultat kënnt.
Noutfall-Ausgruewungen [änneren]
An dësem Fall steet de Bagger schonn um Terrain. Dat kann zum Beispill beim Bau vun engem Haus geschéien. Beim Ausgruewe vum Fëllement stéisst een op eemol op eng al Réimervilla. An dësem Fall gi ganz séier d'Archeologen op den Terrain geruff an déi probéieren a kierzester Zäit dat wichtegst vum Site erauszehuelen, fir datt d'Aarbechte kënne weidergoen.
Technike bei der Ausgruewung [änneren]
Den Archeolog sicht net den Objet selwer mä wat deen Objet him verrode kann. Dowéinst ass et extrem wichteg den Objet net aus sengem Ëmfeld erauszehuelen bis d'Etude vum Kontext, an deem den Objet fonnt gouf, ofgeschloss ass.
Quadrillage vum Terrain [änneren]
De Quadrillage vum Terrain gëtt an dräi Achsen (horizontal: x & y - Déift: z) gemaach, meeschtens mat Ficellen.
Hautdesdaags gëtt et natierlech och d'Méiglechkeet einfach eng digital Foto vum Terrain ze maachen, an um Computer e Plang ze zeechnen.
Stratigraphesch Method [änneren]
Bei der stratigraphescher Method ënnersicht een déi verschidde Schichten am Buedem. Déi déifste Schichte sinn dobäi normalerweis déi eelst, a mat dëser Method kann een eng Rei Phase feststellen: Phase wou den Terrain bebaut war, Phase wou d'Gebaier zerstéiert goufen asw.
D'Datéieren [änneren]
Relativ Chronologie [änneren]
Heiansdo kënnt et vir datt een zum Beispill an engem merowingesche Graf Mënzen oder Vase fënnt, déi e gutt Stéck méi al sinn. Dat kënnt fir wann zur Merowingerzäit elo zum Beispill een op därselwechter Plaz begruewe ginn ass, op där et schonn e Graf gouf, an duerch d'Ëmgruewe vum Buedem hunn sech déi zwou Schichte vermëscht. Dat mécht d'Datéiere natierlech méi schwiereg a verlaangt e groussen Effort fir eng ongeféier Zäitperiod festzesetzen. Datéiert gëtt hei andeems d'Objete matenee verglach ginn.
Absolut Datatioun [änneren]
Verschidden Objete kann ee bal op den Dag genee datéieren. Dëst ass zum Beispill bei Mënzen de Fall, op deenen een dacks den Herrscher vun där Zäit drop fënnt. Eenzegen Hoken ass hei natierlech datt d'Mënzen iwwer länger Zäit am Ëmlaf waren. Nimm fënnt een awer och op aneren Objeten, zum Beispill op Vasen oder och Kilometersteng. An natierlech ginn et och historesch Fakten, déi engem nëmmen e klenge Spillraum oploossen vu wéini bis wéini dësen Objet benotzt gouf.
Datatiounsmethoden [änneren]
Identifikatioun [änneren]
Literatur zum Thema [änneren]
- SINN Ulrich, Einführung in die klassische Archäologie, 2000.
- Diane Neises, Nach den Schätzen Luxemburgs graben - Ausgrabungsarbeiten des Centre national de recherche archéologique (CNRA Bartreng); in: Tageblatt, Nr. 204, 02. September 2011; Ss. 12-13 (ill.).
Kuckt och [änneren]
- Centre national de recherche archéologique
- Section historique (Institut grand-ducal)
- Lëscht vun Archeologen
Um Spaweck [änneren]
| Commons: Archeologie – Biller, Videoen oder Audiodateien |