Réimescht Räich

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

Als Réimescht Räich (Imperium Romanum) bezeechent ee generell de réimesche Staat an de Joerhonnerten no der Reorganisatioun duerch den Augustus. Am alldeegleche Sproochgebrauch gëtt den Ausdrock Réimescht Räich och benotzt fir d'Gebitt ze beschreiwen, dat vu Roum vum 6. Joerhonnert v. Chr. bis zum 5. Joerhonnert n. Chr. beherrscht gouf, am Wuertsënn vun imperium romanum versteet een dorënner allerdéngs just d'Vollmuechte vum Imperator, also dem Keeser.

Begrëffsbestëmmung[änneren | Quelltext änneren]

Obscho Roum och scho virum Augustus Länner eruewert hat, déi vu Roum als Provënz verwalt goufen, oder als Clientsstaaten hu missen Tribut bezuelen, gëtt de réimesche Staat nëmme fir déi Zäit no der Arichtung vum Augustus senger Autokratie Imperium Romanum genannt. Fir déi Zäit virdru schwätzt ee vun der Réimescher Republik. Den Ënnerscheed tëscht réimeschem Räich a réimescher Republik hunn nofolgend Generatioune gemaach fir ervirzesträichen, datt Roum vun do un eng Monarchie war. D'Réimer aus där Zäit selwer hu sech dogéint drop behaapt, d'Republik géif weider bestoen, och wann déi aner Vëlker dat ni sou gesinn hunn.

Déi gréisst Ausdehnung hat d'Réimescht Räich zu der Zäit vum Keeser Trajan, wéi d'Territoiren ëm d'Mëttelmier, Gallien, Deeler vu Britannien a Lännereie ronderëm d'Schwaarzt Mier zum Räich gezielt hunn.

Réimescht Räich am Joer 117 n. Chr.

D'Réimescht Räich hat e groussen Afloss op d'Gebidder wou et sech ausgebreet huet, a souguer iwwer d'Grenzen eraus. Am Oste vum Räich huet sech de réimeschen Afloss mat griichesch-hellenisteschen an orientaleschen Elementer vermëscht, während de Weste latiniséiert gouf.

Aus der laténgescher Sprooch hu sech déi modern romanesch Sproochen (italienesch, franséisch, spuenesch, portugisesch a rumänesch) entwéckelt, op d'Entwécklung vun anere Sprooche wéi dat Däitscht hat si groussen Afloss. Virun allem dat europäescht Rechts- a Staatswiesen ass staark vum Réimesche Räich markéiert ginn.

D'Geschicht vum Réimesche Räich léisst sech a verschidde Phasen mat fléissenden Iwwergäng ënnerdeelen, vun deenen der hei 6 opgezielt sinn:

Réimesch Kinnekszäit a Republik[änneren | Quelltext änneren]

De Stadstaat Roum, deen um Ufank ënner etruskescher Kinneksherrschaft stoung, krut ëmmer méi Afloss an Italien, nodeem e sech zirka 500 vun den Etrusker lassgeléist hat. Et ass och zu där Zäit, datt d'Kinnekräich an eng Republik ëmgewandelt gouf, déi all Kéier fir ee Joer, vun zwéi Konsulen, déi vum Senat gewielt goufen, regéiert gouf. Als éischten, eenegermoosse feste Punkt kann een d'Zwieleftafelegesetz vu 451 v. Chr. notéieren.

Roum huet mat enger Expansioun a Mëttelitalien ugefaangen, mä huet nieft Succèsen och Néierlage missen astiechen. Duerno koumen d'Samnitekricher (343-290) an de Latinerkrich (340-338). Roum huet sech en Alliancesystem geschaf, andeems Kolonien op strategesch wichtege Plaze gegrënnt goufen. Ausserdeem goufen Unioune mat den italienesche Stämm geschloss, woubäi déi Awunner awer net dat réimescht Biergerrecht kruten.

Den Opstig vu Roum - D'Expansioun an Italien an am Mëttelmierraum[änneren | Quelltext änneren]

Am 3. Joerhonnert v. Chr. setzt sech Roum géint d'Samniten an aner italienesch Stämm duerch. No an no ass déi ganz Hallefinsel ënner réimesch Herrschaft gefall, mat der Ausnam vun Ueweritalien, dat méi spéit annexéiert gouf. Am Süde goufen d'griichesch Stadstaaten ageholl. Dës Expansioun huet zu engem Konflikt mam bis dohi friddleche Karthago gefouert, an dëst zu de Punesche Kricher.

Am Éischte Punesche Krich (246-241) huet Roum eng Flott opgebaut, fir sech Karthago entgéintzestellen. No verschiddene Néierlage konnt Roum sech a Sizilien etabléieren. Datt dëst Karthago net gepasst huet ass kloer, a sou koum et zum Zweete Punesche Krich, wou den Hannibal Roum ellen un d'Ziddere bruecht huet, besonnesch duerch d'réimesch Néierlag bei Cannae. Allerdéngs ass et dem Hannibal net gelongen, den italieneschen Allianzsystem ze zerstéieren, an de réimesche Feldhär Scipio gouf dem Hannibal 202 bei Zama Meeschter. Karthago huet seng Muecht verluer a Roum, nieft Spuenien, huet un Afloss gewonnen.

D'Victoire iwwer Karthago an den zwee éischte Punesche Kricher huet d'Stellung vu Roum am westleche Mëttelmier ofgeséchert. Vun 200 huet sech Roum och an d'Muechtspill vun den hellenistesche Räicher agemëscht. Do waren d'Groussmuechten net an der Lag, friddlech zesummenzeliewen. D'Folleg ware Konflikter mat den Antigoniden wou Roum a Griicheland intervenéiert ass, fir de makedoneschen Afloss zréckzedrängen. E weidere Krich gouf géint d'Seleukiden gefouert, an e Ruff ëm Hëllef hat e Krich géint den Antiochos III. zur Folleg. Domat gouf Roum de facto d'Haaptmuecht am ëstleche Mëttelmier. D'Versich vu Makedonien, hir Hegemonie oprecht z'erhalen, hunn zu weidere Kricher gefouert, woubäi Makedonien 148 de Kierzere gezunn huet, an zu enger réimescher Provënz gouf. Datselwecht Schicksal gëllt fir Griicheland 146, an, no der Zerstéierung vu Karthago am Drëtte Punesche Krich, fir d'nei Provënz Africa. Nëmmen Egypten, dat an e réimescht Protektorat ëmgewandelt gouf, a Pergamon konnten hir Onofhängegkeet fir eng Zäit sécheren. Pergamon gëtt 133 zu enger réimescher Provënz. 64/63 gëtt de Rescht vum Seleukideräich duerch de Pompeius zur Provënz Syria.

D'Revolutiounszäit an d'Biirgerkricher[änneren | Quelltext änneren]

Zanter der Mëtt vum 2. Joerhonnert v. Chr. war d'Republik an enger innepolitescher Kris, déi zu de réimesche Biergerkricher an zu enger Reform vum politesche System féiere sollt. D'Reform vun de Bridder Tiberius Gracchus a Gaius Gracchus, d'Gracchesch Reform, sollt och den äermste Schichte vun der Bevëlkerung hëllefen, zu Land ze kommen. Obwuel dës Reform net duerchgesat konnt ginn, huet si dach e Konflikt opgeworf, deen soubal net ophale sollt: d'Optimates an d'Populares hu sech géigesäiteg d'Liewe schwéier gemaach, fir hir Politik duerchzesetzen. Mä och an Italien huet et gebrodelt, an den Allianzsystem koum un d'Wackelen, wat zum Bundesgenossekrich gefouert huet, no deem och all d'Allianzpartner d'réimescht Biergerrecht kruten.

Am Senat goung de Sträit monter weider, an ufanks konnt de Sulla sech als Diktator behaapten. No sengem Doud hu sech de Julius Cäsar an de Pompeius bekricht, woubäi de Pompeius de Kierzere gezunn huet. Mä och den Cäsar konnt sech als Diktator net behaapten a gouf 44 v. Chr. ermuert.

Nom Doud vum Cäsar ass et de Republikaner awer net gelongen, déi al Verhältnesser erëm hierzestellen, an den Octavian, de spéideren Augustus, huet sech schlussendlech duerchgesat.

D'fréi Keeserzäit (Prinzipat)[änneren | Quelltext änneren]

Als dem Cäsar säin Ierwen hat den Octavian et ufanks zimlech schwéier. Mä en huet aus de Feeler vu sengem Virgänger geléiert, a goung seng Reform méi douce un, fir de Senat net ze bruskéieren. Hie wollt net, datt et him genee sou ergoe géif wéi dem Cäsar. Hien huet deemno ufanks déi republikanesch Konstitutioun a Kraaft gelooss, a sech seng Positioun duerch eng ganz Partie Ämter ofgeséchert. De Senat huet am Octavian dann och kee Kinnek gesinn, mä de Princeps, den éischte Bierger. De Regime, dee vum Octavian agefouert gouf, gëtt dowéinst och Prinzipat genannt. Am Joer 27 eiser Zäit krut hie vum Senat den Titel mat deem hien an d'Geschichtsbicher agoung, Augustus.

Keeser Traianus

D'Keeser ware Meeschter iwwer de gesamte Mëttelmierraum, an och de Westen a Süde vu Germanien huet zum réimesche Räich gehéiert. Am Nordoste goufen d'Réimer allerdéngs am Joer 9 gestoppt (Varusschluecht). Ënner dem Keeser Claudius koum Britannien zum Räich a spéider och Thrakien. Déi gréisst Ausdehnung hat d'Räich zu der Zäit vum Keeser Traianus am Joer 117. Och d'Zäit vum Keeser Hadrian, deen zwar déi ëstlech Eruewerunge vum Traianus opginn huet, ass eng gutt Zäit fir d'Räich.

An der Mëtt vum 2. Joerhonnert huet et geschéngt, datt d'Räich op sengem Héichpunkt ukomm wier, mä schonn ënner dem Marcus Aurelius koumen déi éischt Problemer op d'Réimer duer (Kämpf mat de Germanen a Parther). An de folgende Joerzéngte war keng Rou am Räich. D'Grenze goufen ëmmer méi dacks ugegraff an och innepolitesch war d'Situatioun net roseg. Am 3. Joerhonnert konnten d'Severer d'Lag liicht stabiliséieren, mä och si konnten e Krich mat de Sassaniden net verhënneren. Doropshi koumen d'Zaldotekeeser un d'Muecht, déi de Streidereie Meeschter ginn an Palmyra ënnerworf hunn (272).

D'spéit Keeserzäit (Dominat)[änneren | Quelltext änneren]

Vun 284 un, mam Diokletian, gëtt vun der sougenannter Spéitantikitéit geschwat. Hien huet d'Verwaltung reforméiert an de System vun der Tetrarchie agefouert. No dësem System gëtt et ëmmer zwee Senior-Keeser (Augusti) an zwee Junior-Keeser (Caesar). D'Räich war scho laang fir een eleng ze grouss ginn, mä de Gedanken, d'Unitéit opzeginn, koum net a Fro.

Dem Konstantin de Groussen war dat allerdéngs net genuch. Hien huet seng Rivalen aus dem Wee geraumt a war 324 erëm eenzege Keeser. An d'Geschichtsbicher agaangen ass hie virun allem duerch d'offiziell erlabe vum Chrëschtentum an duerch d'Grënnung vu Konstantinopel, wouduerch sech den Haaptschwéierpunkt vum Räich méi no Oste geriicht huet.

Ënner dem Valentinian I. gouf d'Räich aus Verwaltungsgrënn dann trotzdeem opgedeelt, eng Deelung déi nom Doud vum Theodosius I. definitiv wäert sinn. No der Néierlag vun Adrianopel konnt hien d'Goten a Schach halen, andeems hie Veträg mat hinnen ënnerzeechent huet.

Den Ënnergank vum westréimesche Räich[änneren | Quelltext änneren]

Am Laf vum 5. Joerhonnert ass allerdéngs d'westréimescht Räich zerfall, iwwer d'Ursaachen gëtt zanterhier gestridden. Eng dovu war sécher d' Vëlkerwanderung, déi eleng awer sécher net decisif war, wou d'Räich den "Ustuerm vun de Barbaren" virdrun dach zwee Joerhonnerte laang paréiere konnt! Als wahrscheinlechst Ursaach kéint een, mam Michael Grant, d'Zesummespill vu folgende Faiten nennen:

  • Well Roum huet misse géint d'Germanen an d'Perser gläichzäitig Krich féieren, koum et zu enger Militariséierung vun der Gesellschaft. En plus gouf et am Schnëtt all 20 Joer Trounfollegkricher, fir d'Militär kënnen ze bezuelen hunn dauernd missten d'Steieren erhéigt ginn.
  • Gläichzäiteg gouf et gréisser Peschtepidemien am ganze Räich. Doduerch ass d'Bevëlkerungszuel ëmmer méi erof gaangen.
  • D'Chrëschtentum war mëttlerweil Staatrelioun, a grad dës Relioun huet eng Moral gefërdert, déi de Mënsch säi Séilenheel am Déisäits fanne léisst, iwwerdeems et no der klassescher réimescher Moral fir de Bierger näischt méi wichteges gouf wéi dat gemeinsamt Uleies, d' res publica, deemno de Staat. Dat spéit Keeserräich huet räiche Bierger an Intellektuelle keng Chance méi gebuede fir Carrière ze maachen, si hunn (wéi z. B. den Augustinus) hir Energie da léiwer der Kierch zur Verfügung gestallt. Den Intressi um Staat ass ëmmer manner ginn.
  • En plus ware wirtschaftlech a sozial Changementer am Gaang: Zwar hat zanter dem Caracalla all Awunner d'réimescht Biergerrecht, als Bierger déi fir de Staat géifen antrieden hu sech awer ëmmer manner Leit kënne gesinn. Als Colonnen hu sech ëmmer méi Leit an d'Ofhängegkeet vun engem Patron beginn. Dofir konnte si net méi zum Militärdingscht gezwonge ginn. Dës Entwécklung sollt am Mëttelalter an de Feudalismus iwwergoen.
  • Wëll kee Réimer méi wollt Zaldot ginn, hunn d'Réimer op Germanen an aner Auslänner zréckgegraff. Dëst hätt kéinten een Auswee sinn aus der Kris, wëll d'Germanen hu Roum bewonnert, well Roum hinnen eng Carrière bidde konnt. Dës Neibierger waren um Staat intresséiert, wéi déi vill germanesch Beamte beweisen. Mä de spéitréimesche Rassismus huet eng Integratioun vun de Germane verhënnert, si goufen zréckgewiesen.

No der Schluecht vun Adrianopel 378 goung ëmmer méi d'Kontroll iwwer déi westlech Provënze verluer. Virun allem de Verloscht vun Africa war e schwéiere Schlag. De Regierungssëtz war op Ravenna verluecht ginn, mä och an Italien hunn d'Germanen ëmmer méi un de Grenze geréckelt. 410 hunn d'Westgoten Roum eruewert, 455 sinn d'Wandalen nogezunn. D'réimesch Arméi, déi zu engem gréissten Deel aus Mercenairë bestanen huet, hat deem wéineg entgéintzesetzen, an innepolitesch war scho laang net méi alles wéi et sollt sinn. 476 huet den Odoaker, de leschten aus der Rei vun de germaneschen héije Beamten am réimische Sold, de westréimesche Keeser Romulus Augustulus ofgesat, huet awer erkläert, e géif den ostréimesche Keeser als nominell iwwer hie gestallt ugesinn.

Am Oste war d'Situatioun méi gënschteg, an d'Byzantinescht Räich huet nach bis an d'15. Joerhonnert era virubestanen.

Nofolger[änneren | Quelltext änneren]

D'Hellegt Réimescht Räich vun Däitscher Natioun huet sech als Nofolger vum Westréimesche Räich ugesinn, während de russeschen Zar iwwer d'byzantinesch Ierfschaft och d'Keeserkroun revendiquéiert huet. D'Begrëffer Keeser an Zar sinn dann och vum réimeschen Caesar ofgeleet.

Literatur zum Thema[änneren | Quelltext änneren]

  • Alfred Heuss, Römische Geschichte, Schöningh, 2003. ISBN 3-506-73927-1
  • Theodor Mommsen, Römische Geschichte, Deutscher Taschenbuchverlag, 2001. ISBN 3-423-59055-6
  • Klaus Bringmann, Geschichte der Römischen Republik, München 2002.
  • Karl Christ, Geschichte der Römischen Kaiserzeit, München 2002.
  • A.H.M. Jones, The Later Roman Empire 284-602, Oxford 1964.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

She-wolf suckles Romulus and Remus.jpg Réimescht Räich – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer d'Réimescht Räich.
Commons: Ancient Rome – Biller, Videoen oder Audiodateien