Egypten

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
جمهوريّة مصرالعربيّة
Gomhuriyet Misr al-Arabiyah
Fändel vun Egypten Egyptescht Wopen
(Detailer)
National Devise: keng
Wou läit Egypten ?
Offiziell Sprooch Arabesch
Aner Sproochen Englesch, Franséisch
Haaptstad a gréisst Stad Kairo
President Mohammed Mursi
Premierminister Ahmed Nazif
Fläch
 - Total
 - % Waasser
Op 29. Plaz
1.002.000 km2
0.6 %
Bevëlkerung
 - Total (2003)
 - Bevëlkerungsdicht
Op 15. Plaz
74.718.797
75/km²
Onofhängegkeet
 - Akkzeptéiert
vu Groussbritannien
28. Februar 1922
Währung Egyptescht Pond (LE/£E/EGP)
Zäitzon UTC +2 (EET)
Nationalhymn Bilady
Internet TLD .eg
Internationalen Telefonsprefix 20

D'Arabesch Republik vun Egypten, op Arabesch مصر, läit an Nordostafrika. D'Hallefinsel Sinai, déi zu Egypte gehéiert, gëtt am Allgemenge schonn zu Asie gezielt. D'Land grenzt un d'Mëttelmier, d'Rout Mier (Golf vun Aqaba), de Gaza-Sträifen, Israel, Libyen an de Sudan. D'Landfläch vun Egypte besteet am wesentlechen aus der Stroumoas vum Nil souwéi der Libescher Wüst am Westen a Süden, an am Osten aus der arabescher Wüst. Egypte gëtt zu de Maschrek-Staate gezielt.

Geographie[änneren | Quelltext änneren]

De landschaftleche Charakter vun Egypten ass geprägt vum Géigesaz tëscht de Wüstegebidder an dem dicht bewunnten a bewässerte Land ronderëm den Nil. Dës Landfläch mécht zirka 5 % vum Territoire aus.

Am Weste vun Egypte läit d'Libesch Wüst, déi ronn zwee Drëttel vun der Staatsfläch anhëlt. Am Norde vun dëser Wüst läit den zimlech niddreg geglidderte Libesche Plateau, deen an Egypte bis zu 241 m héich gëtt. Südëstlech vun dësem Gebitt fält den Terrain an op knapps 134 m ënner dem Mieresspigel erof, am Südwesten hieft e sech bis op 1.098 m héich erop. Am Oste vun Egypten, wou d'Arabesch Wüst läit, ginn d'Bierger bis zu 2.184 m héich. Den héchste Bierg vum Land ass de Gabal Katrîna (Katharinebierg) an de Gabal at- Bierger mat 2.637 m. Dës Bierger sinn op der Hallefinsel Sinai am Nordoste vum Land a sinn duerch de Suezkanal vum afrikanesche Festland getrennt. De Mëtteldeel vum Land ass am Duerchschnëtt ëm déi 500 m héich.

Tëscht d'Wüsten duerch fléisst den Nil, deem säi Quellfloss, Kagera, am Biergland vu Burundi läit. Den Nil leeft op ronn 1.550 km an Egypte vu Süden no Norden, ier en, nodeem en duerch d'Nildelta, wat 24.000 km² grouss ass, an d'Mëttelmier fléisst. Ronn 100 km südwestlech vu Kairo läit de Fayyum Baseng, deen 1.827 km² grouss ass, an eng baseng-arteg Oaselandschaft ass, an där hirem Norddeel den 230 km² grousse Qarun-Séi läit.

D'Küste leien am Norden zum Mëttelmier, am Osten zum Roude Mier, a sinn duerch de Suezkanal matenee verbonnen.

Kaart vun Egypten

Klima[änneren | Quelltext änneren]

Am Nildelta an op der Mëttelmierküst herrscht e mediterrant Klima, am Wanter ginn d'Temperaturen erof, an et reent. De Rescht vum Land läit ënner dem Wüsteklima: Waarm an dréchen am Summer, mëll am Wanter, ouni wierklech ernimmenswäerten Néierschlag a mat laangen Drécheperioden.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Den Ufank vun der egyptescher Zivilisatioun läit ongeféier 7.000 Joer zréck an der Vergaangenheet. D'egyptesch Geschicht gëtt a vill Epochen ënnerdeelt:

Aalegyptesche Sträitwon
Sphinx virun der Chephren-Pyramid

Speziell d'Andeelung vun de geschichtleche Perioden an der virchrëschtlecher Zäit geet op de Manetho zréck, deen d'Herrscherlëschte vum alen Egypte bis zum leschte Pharao an 30 Dynastien agedeelt hat.

Kuckt dozou och den Haaptartikel: Geschicht vum Alen Egypten

Aus der alegyptescher Kultur si bis haut nach eng Rei vu Bauwierker erhalen. Zu de bekanntsten zielen d'Pyramide vu Gizeh, si sinn dat eenzegt vun de Siiwe Weltwonner wat nach erhalen ass.

Méi spéit Zäit goufe chrëschtlech Kierchen a Kléischter gebaut. Dat bekanntst Klouschter läit op der Hallefinsel Sinai, d'Katharineklouschter. Déi meescht Moscheeën déi an islamescher Zäit gebaut goufe, stinn zu Kairo. Déi bedeitendst vun dëse Moscheeën ass wuel d'Al-Azhar-Moschee, déi zu der Universitéit gehéiert.

Politik[änneren | Quelltext änneren]

Egypten ass zanter dem 18. Juni 1953 eng Republik. De Staatschef war zanter dem 14. Oktober 1981 de Muhammad Husni Mubarak, dee gläichzäiteg och de Leader vun der Nationaldemokratescher Partei war. All sechs Joer koum et zu engem Referendum iwwer d'Wal vun engem Presidentschaftskandidat, dee vum Parlament virgeschloe gouf. Laut enger Ukënnegung vum Mubarak vum 26. Februar 2005 sollten doraus awer an Zukunft fräi Wale mat méi Kandidate ginn.

Déi lescht Walen (2000) fir déi 454 Sëtzer vum "Rot vum Vollek" (10 Sëtzer gi vum President verginn) huet d'NDP mat 86 % gewonnen, duerno koumen d'Onofhängeg (dorënner Kandidate vun der Muslimbrudderschaft) mat 8 %, d'Nei Wafd-Partei (NWP) mat 2 %, d'Nationalprogressiv Gewerkschaftsvereenegung Al-Tagammu‘ (NPUG) mat 1 % an d'Nasseristesch Partei souwéi d'Liberal Partei mat manner wéi 1 %.

Inspiréiert vun der Revolutioun an Tunesien am Dezember an Januar 2011, koum et vum dem 25. Januar 2011 un, zu Kairo zu Volleksversammlungen, déi d'Demissioun vum President Mubarak an demokratesch Reforme gefuerdert hunn. Den 11. Februar 2011 huet de Muhammad Husni Mubarak dem politeschen Drock noginn, demissionéiert an ass a Saudi-Arabien geflücht.[1]

Administrativ Ënnerdeelungen[änneren | Quelltext änneren]

Egypten ass a 26 Gouvernorater (arabesch محافظات muhāfazāt, Singular محافظة muhāfaza) ënnerdeelt:

noframe
  1. Daqahliyya (الدقهلية ad-Daqahliyya)
  2. Rout Mier (البحر الأحمر al-Bahr al-ahmar)
  3. Buhaira (البحيرة al-Buhaira)
  4. Fayyum (الفيوم al-Fayyūm)
  5. Gharbiyya (الغربية al-Gharbiyya)
  6. Alexandria (الإسكندرية al-Iskandariyya)
  7. Ismailia (الإسماعيلية al-Ismāʿīliyya)
  8. Gise (الجيزة al-Dschīza, el-Gīza)
  9. Minufiyya (المنوفية al-Minūfiyya)
  10. Minya (المنيا al-Minyā)
  11. Kairo (القاهرة al-Qāhira)
  12. Qalyubiyya (القليوبية al-Qalyūbiyya, el-Alyūbiyya)
  13. Wadi al-Dschadid (الوادي الجديد al-Wādi al-Dschadīd, el-Wādi el-Gedīd)
  14. Scharqiyya (الشرقية asch-Scharqiyya)
  15. Suez (السويس as-Suwais, es-Swēs)
  16. Assuan (أسوان Aswān)
  17. Asyut (أسيوط Asyūt)
  18. Bani Suwaif (بني سويف Banī Suwaif, Benī Swēf)
  19. Port Said (بور سعيد Būr Saʿīd)
  20. Damietta/Dumyat (دمياط Dumyāt)
  21. Süd-Sinai (جنوب سيناء Dschanūb Sīnāʾ, Genūb Sīnā)
  22. Kafr asch-Scheich (كفر الشيخ Kafr asch-Schaich, Kafr esch-Schēch)
  23. Matruh (مطروح Matrūh)
  24. Qina (قنا Qinā, Enā/Genā)
  25. Nord-Sinai (شمال سيناء Schamāl Sīnāʾ)
  26. Suhag (سوهاج Sauhādsch, Sōhāg/Sōhādsch)

Opgepasst: Bei zwou Transkriptiounsméiglechkeete, getrennt duerch e Komma, stellt déi éischt déi héicharabesch Variant duer, déi zweet d'Egyptesch-arabesch Variant.

Economie[änneren | Quelltext änneren]

Landwirtschaft an Egypten (1920er Joren)

D'Economie vun Egypte gëtt och haut nach duerch d'Landwirtschaft geprägt, déi sech haaptsächlech op de Regioune laanscht den Nil, am Nildelta an an eenzelnen Oasen ass. Dobäi huet sech de landwirtschaftlechen Ubau vun enger Subsistenz- zu enger Exportorientéierung gewandelt, sou datt relativ betruecht manner landestypesch Nahrungsmëttel wéi Hirse, Saubounen a Kabes ugebaut ginn. Zirka 17 % vum Bruttoinlandsprodukt kommen aus der Landwirtschaft (Stand: 2000). Trotzdeem ass Egypten net fäeg, seng Bevëlkerung, déi staark am Wuessen ass, z'ernieren, sou datt vill Liewensmëttel importéiert musse ginn - am Joer 1980 goufen iwwer 5 Mio. Tonne Weess aus dem Ausland agefouert bzw. dräimol sou vill wéi an Egypte selwer ugebaut gouf. D'Liewensmëttelaféierung mécht ee Véirel vum Gesamtimport aus, wat zirka 3 Mrd. US-Dollar entsprécht. Ausserdeem existéiert en enormt Mëssverhältnis tëscht Im- an Export, wat zu enger enormer Auslandsverscholdung gefouert huet. Dëse Problem wäert sech och sou séier net léise loossen, well den Terrain an Egypten, bis op déi Deeler déi scho genotzt ginn, net fir Landwirtschaft geeegent ass, well de Buedem immens arid ass, an et kaum Waasserquelle fir eng kënschtlech Bewässerung gëtt. E weideren negative Punkt fir de Liewensmëttelubau an Egypten ass de Bau vum Assuan-Staudamm; hien huet dofir gesuergt, datt d'Iwwerschwemmung vum Nil bal net méi existéiertert an domat d'Ubaufläch méi kleng a méi onfruchtbar gi sinn. Zurzäit ginn awer am Kader vum Toshka-Projet Deeler vun der egyptescher Wüst westlech vum Nil fir d'Landwirtschaft notzbar gemaach.

Déi wichtegst Exporter vun Egypten si Pëtrol, Kotténg an Aluminium, déi wichtegst Importer si Liewensmëttel, chemesch Produiten, Metaller a Maschinnen.

Tourismus[änneren | Quelltext änneren]

E weidere wichtegen Economiesekteur ass den Tourismus, deen no den Terroruschléi op touristesch Ziler an den 90er Joren awer zäitweis staark huet missen abéissen (Luxor 1997, Sinai 2004 an 2005 an 2006 zu Dahab).

Den Tourismus ass eng vun de wichtegste wirtschaftleche Ressource vum Land. Besonnesch d'egyptesch Altertümer sinn e grousse Magnéit fir Besicher aus dem Ausland. Nieft Gizeh a Kairo gëtt och Luxor gäere besich, vu wou aus een ënner anerem den Dall vun de Kinneken erreeche kann. Luxor ass och den Ausgangspunkt fir Nilcroisière bis op Assuan. Vun do gi Fluch- oder Bustouren op Abu Simbel ugebueden. Déi meescht Reesveranstalter bidden en Inlandsvol op Kairo, an eng Plagevakanz op Hurghada un.

D'Touristenhéichbuerg ass ouni Zweiwel Hurghada um Roude Mier. D'modern Touristenuertschaft Sharm El-Sheikh op der Südspëtzt vun der Sinai-Hallefinsel ass besonnesch bei Frënn vum Dauchsport immens beléift, an de leschte Jore koumen awer och ëmmer méi Ënnerwaasser-Sportler op Dahab, wat nërdlech dovu läit. Duerch den Dauch-Tourismus, deen ëmmer méi an d'Luucht geet, ginn och Plaze südlech vun Hurghada, laanscht d'westlech Küst vum Roude Mier, erschloss. Dozou zielen al-Qusair, Marsa Alam, an Zabargad kuerz virun der sudanesescher Grenz.

Allerdéngs ass den Touristestuerm op Sharm El-Sheikh an d'Sinai-Hallefinsel zanter den Uschléi am Oktober 2004 a Juli 2005 staark zréckgaangen. Zu Dahab koumen de 24. Abrëll 2006 bei dräi Explosiounen 23 Mënschen ëm d'Liewen, dorënner vill Touristen.

Staatsbudget fir Gesondheet, Bildung a Verdeedegung[änneren | Quelltext änneren]

Tëscht 1992 an 2000 louch den Undeel vum Staatsbudget fir

Demographie[änneren | Quelltext änneren]

D'Bevëlkerung vun Egypte wunnt primär am Nildall, am Nildelta, beim Suezkanal an um Roude Mier. An de westlechen Oase Fayyum, Dachla, Farafra, Siwa a Charga liewen nëmme wéineg Mënschen.

Déi gréisst Stied sinn (Mio. Awunner, Stand 1. Januar 2005): Kairo (7,7), Alexandria (3,8) a Giseh (2,4), Suez(0,5), Luxor(0,4) an Assuan (0,2).

Kuckt och: Lëscht vun de Stied an Egypten

Ethnien[änneren | Quelltext änneren]

D'Majoritéit vun der egyptescher Bevëlkerung sinn Araber. Doriwwer eraus liewen am Süde vun Egypten d'Nubier. An der Libescher Wüst hu fréier Berberstämm gewunnt, vun deenen haut awer nëmmen nach e puer an der Oas Siwa eng Berbersprooch schwätzen, an de Wüsten ëstlech vum Nil liewen arabesch- a Bedscha-sproocheg Nomaden.

Reliounen[änneren | Quelltext änneren]

Egypten ass laut senger Konstitutioun en islamesche Staat an den Islam ass d'Staatsrelioun, d'Scharia ass d'Haaptquell vun der Gesetzgebung. Nieft der sunnitescher Majoritéit fënnt een zu Kairo an Alexandria, awer och a Mëttel- an Ueweregypten, Chrëschten, virun allem Kopten, déi net selen an Dierfer mat chrëschtlecher Majoritéit liewen. Eng amtlech Zielung vun de Chrëschte gouf bewosst net duerchgefouert, opschonn d'Relioun an de Pass muss agedroë ginn.

85-90 % vun den Egypter si Moslems (meeschtens Sunniten), 7-13 % si koptesch Chrëschten (meeschtens orientalesch-orthodox, e klengen Deel och koptesch-kathoulesch), de Rescht verdeelt sech op griichesch-kathoulesch a protestantesch Chrëschte souwéi Judden.

Besonnesch an Ueweregypten sinn déi als chrëschtlech Minoritéit dacks benodeelegt Kopten Zil vun Terror a Schutzgelderpressunge vu radikale Moslems ginn, heefeg mam Wësse vun de lokalen Autoritéiten. Moslems, déi zum Chrëschtentum iwwertrieden, musse mat staatlechen Zwangsmoossname rechnen. Nei koptesch Kierchen däerfen net gebaut ginn, och kleng Reparature brauchen e Presidialdekret. D'Kopte beusproche fir sech, déi direkt Nofolger vun der alegyptescher Bevëlkerung vun der Pharaonenzäit ze sinn. Aus hirem Numm ass dat griichescht Wuert aigiptios ginn, wat am Lëtzebuergeschen Egypten gouf.

Engersäit ass d'Ausleeung vum Islam an Egypten immens modern a fortschrëttlech, besonnesch duerch d'al-Azhar-Universitéit. Anerersäits ass Egypten zanter Joerzéngten (nieft Saudi-Arabien) och en Zentrum vum islamesche Fundamentalismus. Sou ass d'Moslembrudderschaft hei aktiv an am Osama bin Laden senger Terrorgrupp al-Qaida ware schonn zu Zäite vum 11. September 2001 immens vill Egypter a Féierungspositiounen. Deels sti si bis haut mat un der Spëtzt. Datt si hir heemesch Wuerzele gekappt hunn, ass net wahrscheinlech. D'islamistesch-fundamentalistesch Zeen gesäit de Kampf géint Westler, wéi z. B. zu Dahab (Sinai) am Abrëll 2006, als Bestanddeel vun engem gerechte Kampf géint en ongerechte System, e gottlose Staat an eng westlech-jiddesch Verschwörung géint den Islam un.

Sproochen[änneren | Quelltext änneren]

Et gëtt majoritär Egyptesch-Arabesch geschwat, en neiarabeschen Dialekt. Schrëftsprooch ass awer zanter der Eruewerung am 7. Joerhonner d'Héicharabesch, nëmmen an der Koptescher Kierch gëtt als Liturgiesprooch nach Koptesch benotzt, dat an egener Schrëft, déi vum griicheschen ofgeleed ass, geschriwwen.

An der Oas Siwa gëtt nach eng Berbersprooch geschwat, dat sougenannte Siwi. Am Süden an an der Oas Charga schwätze vill Mënschen Nubesch. Am Südoste gëtt et och Leit déi Bedscha schwätzen.

Als Friemsprooch ass Englesch an an der Uewerschicht och Franséisch verbreet.

Bevëlkerungsentwécklung[änneren | Quelltext änneren]

Egypt demography.png

D'Bevëlkerung vun Egypte wiisst immens séier, a stellt d'Land, wat schonn nëmmen op senge fruuchtbaren Deeler bewunnt ass, viru grouss Problemer. Ëm 1800 hat d'Land nëmmen eng ronn 2,5 Milliounen Awunner. Am Joer 1900 huet d'Bevëlkerung d'12,5 Milliounen Awunner erreecht, 2000 waren et scho bal 68 Milliounen. An der Vergaangenheet, zirka zu der Zäit vun de Pharaonen, hat d'Land tëscht 4 bis maximal 12 Milliounen Awunner - eng Bevëlkerungszuel déi wuel och an der Spéitantikitéit erreecht gouf.

Kultur[änneren | Quelltext änneren]

An der Tounkonscht hu sech d'al Egypter vun zirka 3000 v. Chr. u bewisen, mat enger grousser Auswiel vu Museksinstrumenter: Harfen, Lauten, Leieren, Flûten, Hautbois, Päifen, Tamburinen, Trommelen etc., déi een op de ville Wandfreske gesäit; weider Kenntnisser liwwert d'Archeologie.

No de Ptolemäer an de Réimer huet d'egyptesch Musek Aflëss aus dem byzantinesche, perseschen a - virun allem - arabesche Raum integréiert. An Egypten hu virun allem d'Traditioune vun de Beduinen, Saiyidis an Nubier d'egyptesch Volleksmusek beaflosst.

Déi haiteg egyptesch Musek gëtt an zwou Gruppen ënnerscheet:

  • enger, déi d'Oktav a 24 Véirelstéin opdeelt, an
  • enger mat 17 Stufen (Lauteleier)

Referenzen[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Egypten – Biller, Videoen oder Audiodateien