Fréidynastesch Zäit (Egypten)

Vu Wikipedia

D'Fréidynastesch Zäit vun Egypten (ëm 3000–2740 v. Chr.), och Thinitenzäit genannt, schléisst sech un d'Virdynastesch Zäit un. Zu där Zäit zielen déi éischt an déi zweet Pharaonendynastie. Déi drëtt Dynastie gehéiert zum Ale Räich.

D'Fréidynastesch Zäit geet u mat der Vereenegung vun Uewer- an Ënneregypten ënner dem Menes, deem säi Liewe mat ville mythologeschen Elementer iwwerliwwert gouf. Dat ass och den Ursprong vun der Pharaoneregierung, déi bal 3000 Joer de Pharao als en Nokomme vun de Gëtter ugesinn huet.

Ënner der vum Menes gegrënnter 1. Dynastie vergréissert Egypten bis op de Sinai. D'Stad Memphis entsteet, an d'Kultur erbléit, wat een un der Weiderentwécklung vun der Hieroglypheschrëft an un den imposante Grafbauten zu Saqqara an Abydos feststelle kann.

Déi 2. Dynastie, déi ëm 2850–2740 v. Chr. un der Muecht war, huet Ausernanersetzungen tëscht Uewer- an Ënneregypten erlieft, déi wuel och e reliéisen Hannergrond haten (Horus am Süden, Seth am Norden). De Pharao Nebre konnt den Néiergang zäitweis ophalen. De leschte Pharao vun der 2. Dynastie, de Chasechemui, konnt en Ausgläich tëscht de Konfliktparteien erreechen.

Dem Manetho no stamen d'Pharaonen aus den éischten zwou Dynastie vun This an Ueweregypten. Dohier kënnt och den Numm Thinitekinneken an Thinitenzäit.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Fréidynastesch Zäit an Egypten – Biller, Videoen oder Audiodateien
Ankh Epochen am Alen Epypten Ankh

Virdynastesch Zäit | Fréidynastesch Zäit | Aalt Räich | Éischt Tëschenzäit | Mëttelt Räich | Zweet Tëschenzäit | Neit Räich | Drëtt Tëschenzäit | Spéitzäit | Griichesch-Réimesch Zäit

Portal Egyptopedia – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer dat aalt Egypten.