1953
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
1948 | 1949 | 1950 | 1951 | 1952 | 1953 | 1954 | 1955 | 1956 | 1957 | 1958
Dës Säit befaasst sech mam Joer 1953.
Inhaltsverzeechnes |
Evenementer [änneren]
Europa [änneren]
- 14. Januar: De Ministerpresident Josip Broz Tito gëtt Staatspresident vu Jugoslawien.
- 1. Februar: Bei enger Stuermflut kommen an Holland 1.853 an a Groussbritannien 307 Mënschen ëm d'Liewen.
- 2. Juni: D'Elisabeth II. gëtt an der Westminster Abbey gekréint.
- 17. Juni: Volleksopstand an der DDR.
- 1. Juli: Lëtzebuerger (a Bierger vun anere Memberlänner vum Europarot) brauche kee Visa méi, fir an Däitschland ze reesen.
- 12. August: D'Sowjetunioun léisst hir éischt Waasserstoffbomm explodéieren.
- 6. September: Bei de Bundestagswalen an Däitschland ginn d'Uniounsparteie stäerkste Fraktioun, de Konrad Adenauer bleift Kanzler.
Lëtzebuerg [änneren]
- 9. Abrëll: Den Ierfgroussherzog Jean vu Lëtzebuerg bestit sech mat der Prinzessin Joséphine-Charlotte vun der Belsch.
- 18. Mee: En neie Fligel vun der Villa Louvigny, dem Sëtz vu Radio Lëtzebuerg, gëtt ageweit.
- 28. Juni: Déi nei Stater Synagog gëtt ageweit.
- 20. September: Déi nees opgebauten Iechternacher Basilika gëtt konsekréiert.
- Oktober: Déi éischt Europäesch Schoul gëtt an der Stad Lëtzebuerg gegrënnt.
Afrika [änneren]
Amerika [änneren]
USA [änneren]
- 20. Januar: Den Dwight D. Eisenhower fänkt säi Mandat als 34. US President un.
Südamerika [änneren]
- 14. Juni: A Kolumbien gëtt de President Laureano Gómez Castro vun enger Militärjunta gestierzt.
Asien [änneren]
- 1. Januar: D'Republik Malediven gëtt ausgeruff.
- 27. Juli: Enn vum Koreakrich.
- 21. August: D'Malediven ginn nees e Sultanat.
- 6. September: De Mohammad Daud („Roude Prënz“) gëtt Premierminister an Afghanistan.
Ozeanien & Pazifik [änneren]
Arabesch Welt [änneren]
Konscht & Kultur [änneren]
Molerei [änneren]
Literatur [änneren]
Musek [änneren]
Wëssenschaft & Technik [änneren]
- 25. Abrëll: De Francis Crick an de James Watson publizéieren hir Entdeckung vun der Duebelhelixstruktur vun der DNA an der Zäitschrëft Nature
Sport [änneren]
- 22. Mäerz: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe spillt zu Biel géint Schwäiz 2:2. Déi zwee Goler fir d'Lëtzebuerger huet de François Muller geschoss.[1]
- 6. Mee: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert zu Valencia 0:2 géint Spuenien.[2]
- 20. September: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert an der Stad Lëtzebuerg am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 1954 1:6 géint Frankräich. De Goler fir d'Lëtzebuerger huet den Antoine Kohn geschoss.[3]
- 28. Oktober: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert zu Dublin am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 1954 0:4 géint Irland.[4]
- 17. Dezember: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert zu Paräis am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 1954 0:8 géint Frankräich.[5]
Gebuer [änneren]
- 1. Januar: Zoran Janković, slowenesche Politiker.
- 2. Januar: Maryse Krier, lëtzebuergesch Schrëftstellerin.
- 3. Januar: Mohammed Waheed Hassan, maledivesche Politiker.
- 10. Januar: Pat Benatar, US-amerikanesch Rock-Sängerin.
- 22. Januar: Jim Jarmusch, US-amerikanesche Regisseur, Dréibuchautor a Filmproduzent.
- 26. Januar: Anders Fogh Rasmussen, dänesche Politiker.
- 26. Januar: Gilles Hoffmann, lëtzebuergesche Schoulmeeschter an Auteur.
- 1. Februar: Roland Schauls, lëtzebuergesche Moler.
- 18. Februar: Charles Muller, lëtzebuergesche Fechter, Metteur en scène a Schauspiller.
- 18. Februar: François Dufour, franséische Baueregewerkschaftler a Produzent vu Biosprodukten.
- 23. Februar: Buffalo C. Wayne, lëtzebuergesche Countrysänger a -komponist.
- 25. Februar: José María Aznar, spuenesche Politiker, Ministerpresident.
- 26. Februar: Paul Schmit, lëtzebuergesche Jurist a Member vum Staatsrot.
- 28. Februar: Paul Krugman, US-amerikaneschen Economist.
- 2. Mäerz: Russell Feingold, US-amerikanesche Politiker.
- 13. Mäerz: François Valentiny, lëtzebuergeschen Architekt.
- 16. Mäerz: Richard M. Stallman, US-amerikaneschen Informatiker a Grënner vun der Free Software Foundation.
- 16. Mäerz: Isabelle Huppert, franséisch Filmschauspillerin.
- 10. Abrëll: Heiner Lauterbach, däitsche Schauspiller.
- 11. Abrëll: Guy Verhofstadt, belsche Politiker a Premierminister.
- 17. Abrëll: Marylène Mischo, lëtzebuergesch Graveuse an Zeechnerin.
- 18. Abrëll: Marc Theis, lëtzebuergesche Fotograf.
- 27. Abrëll: Simone Beissel, lëtzebuergesch Politikerin.
- 29. Abrëll: Guy Greivelding, lëtzebuergesche Gewerkschaftler.
- 6. Mee: Tony Blair, britesche Politiker a Premierminister.
- 13. Mee: Pierre Turci, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 14. Mee: Roger Molitor, lëtzebuergesche Steierexpert a Member vum Staatsrot.
- 15. Mee: Mike Oldfield, Multi-Instrumentalist a Komponist.
- 16. Mee: Pierce Brosnan, iresche Schauspiller.
- 13. Juni: Albert Wildgen, lëtzebuergesche Jurist.
- 20. Juni: Ulrich Mühe, däitsche Schauspiller.
- 21. Juni: Benazir Bhutto, pakistanesch Politikerin.
- 22. Juni: Cyndi Lauper, US-amerikanesch Sängerin a Songschreiwerin.
- 22. Juni: René Weis, lëtzebuergesche Literaturwëssenschaftler an Auteur.
- 1. Juli: Lawrence Gonzi, maltesesche Politiker.
- 1. Juli: Nico Helminger, lëtzebuergesche Schrëftsteller.
- 1. Juli: Jadranka Kosor, kroatesch Politikerin.
- 3. Juli: Carlo Wagner, lëtzebuergesche Politiker.
- 3. Juli: Romain Bausch, lëtzebuergeschen Economist a Manager.
- 11. Juli: Bramwell Tovey, engleschen Dirigent a Komponist.
- 13. Juli: Johnny Clegg, britesche Gittarist, Sänger, Dänzer a Komponist.
- 15. Juli: Jean-Bertrand Aristide, Staatspresident vun Haiti.
- 22. Juli: Ann Vinck, belsch-lëtzebuergesch Molerin.
- 30. Juli: Nico Ries, Kommandant vun der lëtzebuergescher Arméi.
- 19. August: Nanni Moretti, italienesche Regisseur, Produzent a Schauspiller.
- 1. September: Ahmad Schah Massoud, Mujaheddin-Kämpfer am Afghanistan.
- 3. September: Jean-Pierre Jeunet, franséische Regisseur an Dréibuchauteur.
- 4. September: Mariette Schmit, lëtzebuergesch Fechterin.
- 21. September: Reinhard Marx, däitsche Geeschtlechen.
- 22. September: Ségolène Royal, franséisch Politikerin.
- 24. September: Carlo Hommel, lëtzebuergeschen Organist.
- 2. Oktober: Ernest Bai Koroma, Politiker aus Sierra Leone.
- 2. Oktober: Sting, britesche Museker.
- 6. Oktober: Maria Steinmann, däitsch Innenarchitektin a Miwwel-Kënschtlerin.
- 21. Oktober: Peter Mandelson, britesche Politiker.
- 9. November: Romain Michaux, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 14. November: Dominique de Villepin, franséische Premierminister.
- 16. November: Jean Kerger, lëtzebuergesche Professer a Sproochewëssenschaftler.
- 23. November: Bernard Foccroulle, belschen Organist a Komponist.
- 4. Dezember: Jean-Marie Pfaff, belsche Foussballspiller.
- 5. Dezember: Jean Back, lëtzebuergesche Fotograf an Auteur.
- 5. Dezember: Romain Lenertz, lëtzebuergesche Karikaturist an Zeechner.
- 6. Dezember: Tom Hulce, US-amerikanesche Schauspiller.
- 6. Dezember: Anne Schmitt, lëtzebuergesch Schrëftstellerin.
- 8. Dezember: Kim Basinger, US-amerikanesch Schauspillerin.
- 9. Dezember: John Malkovich, US-amerikanesche Schauspiller.
- 10. Dezember: Nicolas Schmit, lëtzebuergesche Politiker.
- 13. Dezember: André Jung, lëtzebuergesche Schauspiller.
- 26. Dezember: Leonel Fernández, Politiker aus der Dominikanescher Republik.
- 28. Dezember: Richard Clayderman, franséische Pianist.
Gestuerwen [änneren]
- 24. Februar: Gerd von Rundstedt, däitsche Generolfeldmarschall am 2. Weltkrich.
- 5. Mäerz: Sergei Sergejewitsch Prokofjew, russesche Komponist.
- 5. Mäerz: Josef Stalin, sowjeteschen Diktator.
- 5. Mäerz: Guillaume Koener, lëtzebuergeschen Dokter.
- 14. Mäerz: Klement Gottwald, tschechesche Politiker.
- 5. Abrëll: Félix Glatz, lëtzebuergesche Moler.
- 10. Abrëll: Carol II., Kinnek vu Rumänien.
- 16. Mee: Django Reinhardt, franséischen Jazz-Gitarist.
- 30. Mee: Jean-Pierre Pierrard, lëtzebuergesche Politiker.
- 17. Juni: Jean-Pierre Zanen, lëtzebuergeschen Agronom an Auteur.
- 31. Juli: Nikolai Dmitrijewitsch Selinski, russesche Chemiker.
- 13. August: Paul Kemp, däitsche Schauspiller.
- 14. September: Edouard Luja, lëtzebuergesche Biolog, Fuerscher an Entdeckungsreesender.
- 18. September: Charles de Tornaco, belschen Autospilot.
- 28. September: Edwin Hubble, US-amerikaneschen Astronom.
- 29. September: Hubert Clément, lëtzebuergesche Politiker an Zeitungsdirekter.
- 13. Oktober: Sergei Iwanowitsch Beljawski, russeschen Astronom.
- 22. Oktober: Helen Buchholtz, lëtzebuergesch Komponistin.
- 9. November: Dylan Thomas, waliseschen Dichter.
- 9. November: Abd al-Aziz ibn Saud, Grënner vum Kinnekräich Saudi-Arabien.
- 10. November: Joseph Thorn, lëtzebuergesche Jurist a Politiker.
- 27. November: Eugene O'Neill, US-amerikaneschen Theaterschrëftsteller.
- 1. Dezember: Aloyse Hentgen, lëtzebuergesche Politiker.
- 17. Dezember: Nicolas Petit, lëtzebuergeschen Architekt.
- 23. Dezember: Pierre Dupong, lëtzebuergesche Politiker.
- Beniamin Pawlowitsch Schechowski, russesch-franséischen Astronom.
| Commons: 1953 – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen [änneren]
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Schwäiz den 22. Mäerz 1953 um Site European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Spuenien-Lëtzebuerg de 6. Mee 1953 um Site European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Frankräich den 20. September 1953 um Site European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Irland-Lëtzebuerg den 28. Oktober 1953 um Site European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Frankräich-Lëtzebuerg den 28. Oktober 1953 um Site European Football