Europarot

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Fändel vum Europarot
De Palais de l'Europe zu Stroosbuerg, Sëtz vum Europarot (2008)

Den Europarot (fr: Conseil de l'Europe) ass eng tëschestaatlech Organisatioun an Europa.

En dierf net mam Europäesche Conseil oder mam Conseil vun der Europäescher Unioun (dem EU-Ministerrot) verwiesselt ginn.

Am Europarot sinn all europäesch Länner, mat Ausnam vu Wäissrussland an der Vatikanstad, Member; am Europäesche Conseil an dem Conseil vun der Europäescher Unioun (zwou Institutioune vun der Europäescher Unioun) si just d'Memberstaate vun der Europäescher Unioun vertrueden.

Den Europarot gouf vun der Belsch, Dänemark, Frankräich, Groussbritannien, Holland, Irland, Italien, Lëtzebuerg, Norwegen a Schweden offiziell den 3. August 1949 an d'Liewe geruff. Hien huet säi Sëtz zu Stroossbuerg.

Och wann den Europarot institutionell näischt mat der EU ze dinn huet, deelt e mat hir deeselwechte Fändel an déiselwecht Hymn.

Den Europarot ass e Forum fir Debaten iwwer allgemeng europäesch Froen. Säin Zil ass et, dat Ierwen, wat d'europäesch Länner zesummen hunn, z'erhalen an den economeschen a soziale Fortschrëtt virunzedreiwen.

Zënter 1993, nodeems bal all fréier kommunistesch Staate Member gi waren, befaasst den Europarot sech verstäerkt mam Erhalen vun der demokratescher Sécherheet, wourënner d'Anhale vun de Mënscherechter, d'Sécherung vun den demokratesch an de rechtsstaatleche Grondprinzipie falen.

Inhaltsverzeechnes

Organer [änneren]

Déi zwee wichtegst Organer vum Europarot sinn de Comité vun de Ministeren (d'Ausseministere vun de Memberlänner) an d' parlamentaresch Assemblée (Vertrieder vun den nationale Parlamenter).

Zum Europarot gehéiert den Europäesche Geriichtshaff fir Mënscherechter, dee geschafe gouf, fir d'Ëmsetzen an d'Anhale vun der Europäescher Mënscherechtskonventioun ze sécherern.

Memberen [änneren]

Memberstaate vum Europarot

Den Europarot huet 47 Memberen (2007). Bei d'Grënnungsmemberen (kuckt uewen) koumen no an no derbäi:

Tierkei (1949), Griicheland (zënter 1949; 1967-1974 suspendéiert), Island (1950), Däitschland (1951), Éisträich (1956), Zypern (1961), Schwäiz (1963), Malta (Abrëll 1965), Portugal (1976), Spuenien (1977), Liechtenstein (1978), San Marino (1988), Finnland (1989), Ungarn (1990), Polen (1991), Bulgarien (1992), Estland (1993), Litauen (1993), Rumänien (1993), Slowakei (1993), Slowenien (1993), Tschechei (1993), Andorra (1994), Albanien (1995), Lettland (1995), Mazedonien (1995), Moldawien (1995), Ukrain (1995), Kroatien (1996), Russesch Federatioun (1996), Georgien (1999), Armenien (25. Januar 2001), Aserbaidschan (25. Januar 2001), Bosnien-Herzegowina (24. Abrëll 2002), Serbien (derbäikomm als Serbien a Montenegro, 3. Abrëll 2003), Monaco (5. Oktober 2004) a Montenegro (11. Mee 2007).

Literatur [änneren]

Kuckt och [änneren]

Um Spaweck [änneren]

Commons: Council of Europe – Biller, Videoen oder Audiodateien