Anne Brasseur
D'Anne Brasseur, gebuer den 19. Mee 1950 an der Stad Lëtzebuerg, ass eng lëtzebuergesch Politikerin. Si ass Member vun der DP.
Inhaltsverzeechnes |
[änneren] Biographie
D'Anne Brasseur staamt aus enger liberaler Famill aus der Groussgaass an huet 1969 hir Première am deemolege Meedercheslycée um Lampertsbierg gemaach. Nodeems si zu Tübingen a Mannheim Psychologie studéiert huet an 1975 hiren Diplom krut, huet si beim Service de Psychologie et d'Orientation scolaires zu Esch-Uelzecht am Jongelycée an an der Beruffsschoul geschafft. Vun 1976 bis 1979 war se Direktesch vum Service central d'Assistance sociale vum Parquet an der Stad Lëtzebuerg.
1975 ass d'Anne Brasseur an de Gemengerot vun der Stad Lëtzebuerg gewielt ginn. 1979 gouf si op der Lëscht vun der DP an d'Chamber gewielt. Zäitweileg war si och Member vun der Assemblée vun der NATO, der Assemblée parlementaire vum Europarot an der WEO, an dem Comité vun de Regiounen. Vun 1980 bis 1994 war si Presidentin vun der Association des Femmes Libérales.
Vun 1991 bis 1999 war d'Anne Brasseur Schäffin vun der Stad Lëtzebuerg an zoustänneg fir Bauten, Verkéier a Sport. No de Chamberwale vum 13. Juni 1999 gouf si Ministesch fir Erzéiung, Beruffsausbildung a Sport an der Regierung Juncker-Polfer.
Zënter de Chamberwale vun 2004 ass d'DP nees an der Oppositioun, d'Anne Brasseur ass Deputéiert. 2009 gouf s'an d'Chamber erëmgewielt. 2005 gouf si nees an de Stater Gemengerot gewielt; si huet dat Mandat bis September 2009. [1]
D'Anne Brasseur ass Presidentin vum SICEC [2]
Vun 2004 bis 2010 war si 1. Vizepresident vun der DP.
D'Anne Brasseur huet eng erwuessen Duechter.
[änneren] Auszeechnungen
- Ordre de la couronne de chêne Commandeur (Promotioun 1998)
[änneren] Linken
[änneren] Kuckt och
[änneren] Um Spaweck
- Biographie op www.gouvernement.lu
- Biographie op www.dp.lu
- Portrait vun der DP fir d'Chamberwahlen 2009
- Profil op smartvote.lu
[änneren] Referenzen
- ↑ "Anne Brasseur nimmt Abschied von der Gemeindepolitik." wort.lu 22.09.2009 07:38, aktualiséiert 22.09.2009 07:43.
- ↑ http://differdange.espace-net.lu/index.php/categories_view/category/syndicats_communaux/123/