2005
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
20. Joerhonnert | 21. Joerhonnert | 22. Joerhonnert
2000 | 2001 | 2002 | 2003 | 2004 | 2005 | 2006 | 2007 | 2008 | 2009 | 2010
Dës Säit befaasst sech mam Joer 2005.
Inhaltsverzeechnes |
Evenementer [änneren]
Europa [änneren]
- 23. Januar: De Wiktor Juschtschenko gëtt drëtte President vun der Ukrain.
- 8. Februar: An Dänemark gëtt bei Parlamentswalen d'Mëtt-Riets-Regierungskoalitioun vum Anders Fogh Rasmussen confirméiert.
- 20. Februar: Parlamentswalen a Portugal.
- 12. Mäerz: De José Sócrates gëtt Premierminister a Portugal.
- 19. Abrëll: Ufank vum Pontifikat vum Joseph Ratzinger als Benoît XVI.
- 25. Abrëll: Rumänien a Bulgarien ënnerschreiwen de Bäitrëttstraité zu der Europäescher Unioun.
- 25. Abrëll: De Jiří Paroubek gëtt neien tschechesche Ministerpresident.
- 5. Mee: De Premierminister Tony Blair gewënnt mat senger Labour Party d'Parlamentswalen a Groussbritannien.
- 29. Mee: D'Fransouse soen an engem Referendum zu 54,86% "non" zum Traité iwwert eng Konstitutioun fir Europa.
- 31. Mee: Den Dominique de Villepin gëtt neie franséische Premierminister.
- 1. Juni: Och an Holland gëtt an engem Referendum géint den Traité iwwert eng europäesch Konstitutioun gestëmmt.
- 7. Juli: Iwwer 50 Doudeger bei Bommenattentater op 3 Metroszich an e Bus zu London.
- 12. Juli: Den Albert II. gëtt neie Prënz vu Monaco.
- 12. September: Parlamentswalen an Norwegen; d'Gauche gewënnt d'Majoritéit.
- 18. September: Parlamentswalen an Däitschland: D'CDU/CSU kréie 35,2% vun de Stëmmen, d'SPD kritt der 34,3%, d'FDP 9,8%, die Linke-PDS 8,7%, die Grünen 8,1%.
- 25. September: Parlamentswalen a Polen. Stäerkst Partei ass Recht a Gerechtegkeet, zweetstäerkst d' Forum vun de Bierger, drëttstäerkst d'Bauerepartei Selbsverdeedegung.
- 3. Oktober: D'Ausseministere vun der Europäescher Unioun decidéieren, Bäitrëttsverhandlunge mat Kroatien an der Tierkei offiziell unzefänken.
- 23. Oktober: De Lech Kaczynski gëtt zum neie polnesche President gewielt.
- 27. Oktober: 2 jonk Leit stierwen zu Clichy-sous-Bois duerch e Stroumschlag, wéi se sech virun der Police an engem Trafoshaische verstoppe wollten; doropshi kënnt et zu deeglaange Krawallen an enger Rëtsch franséische Stied, bei deenen sech jonk Leit mat der Police e Kaz-a-Maus-Spill liwweren; bal 10.000 Autoen an eng Rei Gebaier ginn a Brand gestach; 2 Leit kommen em d'Liewen.
- 22. November: D'Angela Merkel gëtt zur Bundeskanzlerin an Däitschland gewielt.
Lëtzebuerg [änneren]
- 1. Januar: Lëtzebuerg iwwerhëlt d'Présidence vum Conseil vun der Europäescher Unioun (bis 30. Juni).
- 10. Juli: Beim Referendum iwwert den Traité iwwert eng Konstitutioun fir Europa stëmme 56,52% fir den Traité.
- 9. Oktober: Bei de Gemengewalen gewannen Déi Gréng eng Rëtsch Sëtzer bäi, d'Sozialiste stäerken hir Positioun an deene Gemenge, wou se staark waren, d'CSV kann hir Positioun behaapten, d'Zuel vun der DP hire Sëtzer ass liicht réckleefeg, an d'ADR an Déi Lénk verléiere méi staark.
Afrika [änneren]
Amerika [änneren]
USA [änneren]
- 20. Januar: Den George W. Bush gëtt fir d'zweete Kéier als President vun den USA ageschwuer.
- 29./30. August: An de Staate Mississippi, Louisiana an Alabama riicht den Hurrikan "Katrina" op engem Gebitt esou grouss ewéi Groussbritannien Schied un, déi an d'Honnerte vu Milliarden Euro geschat ginn. D'Stad New Orleans, déi bal eng hallef Millioun Awunner hat, gëtt wéinst enger gebrachener Digue bal ganz iwwerschwemmt; et gëtt iwwer 2.000 vun Doudesaffer.
- 18./26. September: Den Hurrikan "Rita", dee bïs ewell am stäerkste je gemoossenen Hurrikan iwwert dem Atlantik, riicht, obwuel net méi ganz esou staark iwwer Land, grousse Schued an de Südstaten un; et ginn 119 Doudesaffer vum Stuerm (déi meescht dovunner indirekt).
Mëttel- a Südamerika [änneren]
- 15./25. Oktober: Den Hurrikan "Wilma", deen 3. vun der Kategorie 5 fir dëst Joer, riicht grousse Schued virun allem a Mexiko an op Kuba un; et gi bal 50 Doudeger.
Asien [änneren]
- 7. Mee: Fraen demonstréieren an der Tierkei géint brutal Mësshandlung. Wéinst "Verletzung vun der Familljenéier" (als bestuete Fra op d'Strooss goen) ass an der Tierkei e 15-järegt Meedche vun dräi Familljemembere vergewaltegt an duerno d'Nues erofgeschnidde ginn (ZDF).
- 13. Mee: Zu Andijan, an Usbekistan schéisst d'Arméi op eng friddlech Manifestatioun, et ginn honnerte vun Doudesaffer.
- 8. Oktober: Bei engem Äerdbiewen am Kaschmir kommen an Afghanistan, Pakistan an Indien iwwer 40.000 Mënschen ëm d'Liewen.
Ozeanien & Pazifik [änneren]
Noen Osten an Arabesch Welt [änneren]
- 30. Januar: Éischt fräi Walen am Irak nom Stuerz vum Saddam Hussein.
- 25. Juni: De Mahmud Ahmadinedschad gewënnt d'Presidentewahl am Iran.
- 23. Juli: Terroruschléi zu Scharm el Scheich/Egypten, op d'mannst 88 Mënschen kommen em d'Liewen.
- 31. August: Bei enger Massepanik zu Bagdad, am Irak, kommen iwwer 1.000 Leit ëm d'Liewen.
- 11. September: D'israelesch Arméi zitt sech, no 38 Joer Besatzung, aus der Gaza-Sträif zréck.
- 22. Oktober: Am Irak gëtt iwwert eng Verfassung ofgestëmmt.
Konscht & Kultur [änneren]
- 12. Februar: The Gates vum Christo a Jeanne Claude ginn am Central Park zu New York installéiert.
Molerei [änneren]
Literatur [änneren]
- Servais-Präis fir de Jean-Paul Jacobs.
- Batty-Weber-Präis fir de Guy Rewenig.
Musek [änneren]
- 19. Mee–21. Mee: D'Elena Paparizou gewënnt fir Griicheland mam Lidd My Number One de 50. Eurovision Song Contest zu Kiew.
- 22. Juni: D'Rockhal zu Esch-Uelzecht gëtt ageweit.
- 26. Juni: D'Philharmonie um Kierchbierg gëtt ageweit.
Kino [änneren]
- L'Esquive vum Abdellatif Kechiche kritt den César fir de beschte Film.
- Million Dollar Baby vum Clint Eastwood gëtt mam Oscar fir de beschte Film ausgezeechent.
- L'enfant vum Jean-Pierre a Luc Dardenne gewënnt d'Gëlle Palm zu Cannes.
Lëtzebuerg [änneren]
- 14. Oktober: 2. Lëtzebuerger Filmpräis fir dem Claude Lahr säin Heim ins Reich.
Wëssenschaft & Technik [änneren]
- Einsteinjoer: däitsche Bäitrag zum internationale Weltjoer vun der Physik.
- 14. Januar: D'Weltraumsond Huygens landt um Saturn-Mound Titan.
- 27. Abrëll: Den Airbus A380 flitt eng éischte Kéier zu Toulouse.
- 28. Dezember: Deen éischten Testsatellit vum europäesche Satellitennavigatiounssystem Galileo gëtt op Orbit geschoss.
Economie [änneren]
- Procter & Gamble Co. keeft Gillette Co. fir ongeféier 57 Milliarden $ op a gëtt déi weltgréisst Enterpris fir Gebrauchsgidder.
- 16. Februar: De Kyoto-Protokoll iwwert d'Reductioun vun Zäre-Gasen trëtt a Kraaft.
- 14. Oktober: D'Online-Stee-Enterprise Ebay iwwerhëlt déi Lëtzebuerger Internet-Telefongesellschaft Skype Technologies. Den Deal huet e Gesamtvolume vu méi wéi 4 Milliarden Us-Dollar.
Sport [änneren]
- 30. Mäerz: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert zu Riga, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 2006, 0:4 géint Lettland.[1]
- 8. Juni: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert an der Stad Lëtzebuerg, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 2006, 0:4 géint Slowakei.[2]
- 24. Juli: De Lance Armstrong gewënnt säi 7. konsekutiven Tour de France Titel a stellt domat en neie Rekord op (Dësen Titel gëtt him 2012 wéinst Doping oferkannt).
- 3. September: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert zu Faro, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 2006, 0:6 géint Portugal.[3]
- 7. September: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert zu Vaduz, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 2006, 0:3 géint Liechtenstein.[4]
- 8. Oktober: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert zu Moskau, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 2006, 1:5 géint Russland. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet de Claude Reiter geschoss.[5]
- 12. Oktober: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert an der Stad Lëtzebuerg, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 2006, 0:2 géint Estland.[6]
- 16. November: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert zu Hesper 0:1 géint Kanada.[7]
Gebuer [änneren]
Gestuerwen [änneren]
- Karl Burgeff, däitsche Skulpteur.
- 10. Januar: Joséphine-Charlotte, Groussherzogin vu Lëtzebuerg.
- 17. Januar: Zhao Ziyang, chinesesche Politiker.
- 28. Januar: Jacques Villeret, franséische Schauspiller.
- 29. Januar: Jean Hengen, lëtzebuergeschen Äerzbëschof.
- 29. Januar: Ephraim Kishon, israelesche Schrëftsteller.
- 31. Januar: Erich Kurt Kästner, däitsche Konstrukteur vu Filmkameraen
- 2. Februar: Max Schmeling, däitsche Box-Weltmeeschter.
- 6. Februar: Hubert Curien, franséischen Physiker a Fuerschungsminister.
- 8. Februar: Jimmy Smith, US-amerikaneschen Jazzorganist.
- 10. Februar: Arthur Miller, US-amerikanesche Schrëftsteller.
- 13. Februar: Lúcia de Jesus dos Santos, portugisesch Nonn an, no eegenen Aussoen, Zeie vun Marienerscheinungen zu Fátima.
- 13. Februar: Sixten Ehrling, schwedeschen Dirigent.
- 20. Februar: Sandra Dee, US-amerikanesch Filmschauspillerin.
- 20. Februar: Hunter S. Thompson, US-amerikanesche Journalist a Schrëftsteller.
- 25. Februar: Peter Benenson, briteschen Affekot a Grënner vun Amnesty International.
- 28. Februar: Mario Luzi, italienesche Lyriker, Literaturtheoretiker an Iwwersetzer.
- 6. Mäerz: Hans Bethe, US-amerikanesche Physiker.
- 6. Mäerz: Robert Winter, lëtzebuergeschen Offizéier a Chef d'État-Major vun der Lëtzebuerger Arméi.
- 8. Mäerz: Brigitte Mira, däitsch Schauspillerin.
- 9. Mäerz: William Murray, US-amerikanesche Journalist a Schrëftsteller.
- 13. Mäerz: Jason Evers, US-amerikanesche Filmschauspiller.
- 15. Mäerz: Bert Pronk, hollännesche Vëlosportler.
- 1. Abrëll: Harald Juhnke, däitschen Entertainer
- 2. Abrëll: Jean-Paul II., Poopst vun 1978-2005
- 4. Abrëll: Fernand Herman, belsche Politiker.
- 5. Abrëll: Saul Bellow, US-amerikanesche Schrëftsteller.
- 6. Abrëll: Rainier III., Prënz vu Monaco.
- 9. Abrëll: Jean Schoos, lëtzebuergeschen Historiker.
- 12. Abrëll: Joseph Brebsom, lëtzebuergesche Politiker.
- 19. Abrëll: Niels-Henning Ørsted Pedersen, dänesche Bassist.
- 22. Abrëll: Erika Fuchs, däitsch Iwwersetzerin.
- 26. Abrëll: Constant Franssens, belschen Economist a Bankmanager.
- 26. Abrëll: Maria Schell, Schwäizer-éisträichesch Schauspillerin.
- 28. Abrëll: Percy Heath, US-amerikaneschen Jazz-Bassist.
- 17. Mee: Stella Zázvorková, tschechesch Schauspillerin.
- 20. Mee: Paul Ricoeur, franséische Philosoph.
- 23. Mee: Robert Moog, US-amerikaneschen Erfinder, Pionéier vun der elektronescher Musek.
- 24. Mee: Carl Amery, däitsche Schrëftsteller an Ëmweltaktivist.
- 4. Juni: Jeannot Bewing, lëtzebuergesche Kënschtler.
- 6. Juni: Anne Bancroft, US-amerikanesch Schauspillerin.
- 6. Juni: Siegfried Palm, däitschen Cellist.
- 9. Juni: Julia Palmer-Stoll, däitsch Schauspillerin
- 11. Juni: Ghena Dimitrova, bulgaresch Operesängerin.
- 13. Juni: Jesús Moncada, spuenesche Schrëftsteller.
- 14. Juni: Carlo Maria Giulini, italieneschen Dirigent.
- 15. Juni: Suzanne Flon, franséisch Schauspillerin.
- 20. Juni: Larry Collins, US-amerikanesche Journalist a Schrëftsteller.
- 21. Juni: Jaime Lachica Sin, philippinesche Kardinol.
- 22. Juni: Manolis Anagnostakis, griicheschen Dichter.
- 22. Juni: Herman Berkien, hollännesche Sänger an Entertainer.
- 25. Juni: Jiří Kodet, tschechesche Schauspiller.
- 26. Juni: Haidy Jacobi, däitsch Radio-Speakerin, Schauspillerin a Regisseurin.
- 29. Juni: James G. Baker, US-amerikaneschen Entwéckler vu Satellittekameraen an aner optesch Systemer fir d'Loft- a Raumfaart.
- 4. Juli: Marga López, argentinesch-mexikanesch Filmschauspillerin.
- 5. Juli: Alfred Mousset, lëtzebuergeschen Hobby-Entomolog.
- 6. Juli: Evan Hunter, US-amerikanesche Schrëftsteller an Dréibuchauteur.
- 6. Juli: Claude Simon, franséische Schrëftsteller.
- 12. Juli: Piero Cappuccilli, italieneschen Operesänger.
- 16. Juli: Camille Felgen, lëtzebuergesche Sänger, Radios- an Tëleesanimateur, Schlagertextschreiwer a Schauspiller.
- 23. Juli: Tamara Lund, finnesch Operesängerin a Schauspillerin.
- 24. Juli: Richard Doll, britesche Fuerscher.
- 31. Juli: Wim Duisenberg, hollänneschen Economist.
- 1. August: Constant, hollännesche Kënschtler.
- 1. August: Fahd Ibn Abd al-Asis Al Saud, Kinnek vu Saudi-Arabien.
- 6. August: Robin Cook, schottesche Politiker.
- 6. August: Ibrahim Ferrer, cubanesche Sänger.
- 8. August: Ilse Werner, däitsch Schauspillerin.
- 13. August: Nelly Stein, Lëtzebuerger Politikerin.
- 16. August: Tonino Delli Colli, italienesche Kameramann.
- 16. August: Frère Roger, franséische Geeschtlechen.
- 16. August: Eva Renzi, däitsch Schauspillerin.
- 17. August: Freddy Alborta, bolivianesche Fotograf.
- 28. August: Hans Clarin, däitsche Schauspiller a Synchronspriecher.
- 28. August: Jacques Dufilho, franséische Schauspiller.
- 10. September: Erich Kuby, däitschen Auteur.
- 14. September: Robert Wise, amerikanesche Filmregisseur.
- 16. September: F. K. Waechter, däitsche Schrëftsteller a Graphiker.
- 20. September: Simon Wiesenthal, éisträicheschen Architekt an Nazi-Jeeër.
- 21. September: Molly Yard, US-amerikanesch Fraerechtlerin.
- 28. September: Pol Bury, belsche Moler a Sculpteur.
- 29. September: Rolf Winter, däitsche Journalist.
- 16. Oktober: Marcel Jander, lëtzebuergesche Sänger an Schauspiller.
- 18. Oktober: William Evan Allan, leschten australesche Veteran aus dem Éischte Weltkrich
- 20. Oktober: Jean-Michel Folon, belsche Moler, Graphiker a Sculpteur.
- 22. Oktober: Franky Gee (Captain Jack), Museker
- 24. Oktober: Rosa Parks, US-amerikanesch Biergerrechtlerin.
- 26. Oktober: Jany Holt, franséisch Schauspillerin.
- 3. November: Aenna Burda, däitsch Editeurin.
- 8. November: Carola Höhn, däitsch Schauspillerin.
- 15. November: Hanne Haller, däitsch Sängerin a Komponistin.
- 25. November: Norbert von Kunitzki, lëtzebuergeschen Economist a Manager.
- 28. November: Mady Molitor, lëtzebuergesch Biologin.
- 6. Dezember: Charly Gaul, Lëtzebuerger Vëlosportler.
- 6. Dezember: Hanns Dieter Hüsch, däitsche Kaberettist.
- 30. November: Roger Behm, lëtzebuegesche Landesmeescher am Boxen.
- 15. Dezember: Julián Marías Aguilera, spuenesche Philisoph.
| Commons: 2005 – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen [änneren]
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lettland-Lëtzebuerg den 30. Mäerz 2005 um Site European Football.info
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Slowakei den 8. Juni 2005 um Site European Football.info
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Portugal-Lëtzebuerg den 3. September 2005 um Site European Football.info
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Liechtenstein-Lëtzebuerg de 7. September 2005 um Site European Football.info
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Russland-Lëtzebuerg den 8. Oktober 2005 um Site European Football.info
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Estland den 12. Oktober 2005 um Site European Football.info
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Kanada de 16. November 2005 um Site European Football.info