Benoît XVI. (Poopst)
| Dësen Artikel iwwer de Chrëschtentum ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann der Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
De Benoît XVI. (biergerlech Joseph Aloisius Ratzinger), gebuer de 16. Abrëll 1927 zu Marktl an Däitschland, war den 265. Poopst an der Geschicht vun der Kathoulescher Kierch. Säi Pontifikat huet den 19. Abrëll 2005 ugefaangen, nom véierten oder fënneften Tour um zweeten Dag vum Konklav.
Den 28. Februar 2013 um 20 Auer (MEZ) huet hie säin Amt aus Altersgrënn néiergeluecht.[1] Domat ass hien deen éischte Poopst aus der Neizäit, dee fräiwëlleg an zu Liefzäite säin Amt opgëtt[2]. Säin Nofolger ass de François I..
Virdru war hien Dekan vum Kardinolskollegium a bis zum Doud vum Jean-Paul II. Präfekt vun der Glawenskongregatioun. Domadder war hien ee vun de bedeitendste Kardineel an huet theologesch a perséinlech als riets Hand vum Jean-Paul II. gegollen. A senger Kardinolszäit ass de Ratzinger de Leit als relativ konservativ virkomm.
Inhaltsverzeechnes |
Seng Jugend a säi Studium [änneren]
De Joseph Ratzinger ass de 16. Abrëll 1927 am uewerbayresche Marktl bei dem Floss Inn, am Landkrees Altötting (Sprengel, am Bistum Passau) als Jong vum Gendaarm Joseph (1877-1959) an der Käche Maria, geb. Peintner (1884 - 1963), um 4:15 Auer [3] op Karsamschte gebuer, an deselwechten Dag gedeeft ginn. D'Tatsaach, datt hien an der Ouschternuecht kuerz no senger Gebuert gedeeft gouf, mam frësch geweiten Ouschterwasser, huet hie selwer als besonnesch Verbindung vu sengem Liewenswee am Outschtergeheimnis verstanen a betount.
Hien huet zwee Gesëschter, d'Maria Ratzinger (* 7. Dezember 1921; † 2. November 1991) an de Georg Ratzinger (* 15. Januar 1924). Säin Ëmfeld an deem hien opgewuess ass war déif religiéis geprägt. Säi Groussmonni Georg Ratzinger (1844-1899) war kathoulesche Paschtouer a Reichtagsabgeordneter.
Zwee Joer no senger Gebuert, den 11. Juli 1929, ass d'Famill op Tittmoning an der Salzach geplënnert, de 5. Dezember 1932 dunn op Anschau am Inn, wou hien du seng Primärschoulzeit verbruecht huet. An den 1930er Joren, nodeem der d'Nationalsozialisten un d'Muecht koumen, huet säi Papp e klengt Bauerenhaus zu Hufschlag bei Traunstein kaaft. Do, sou de Ratzinger spéider, wier déi eigentlech Heemecht vun der Famill gewiescht, well säi Papp, e Gendaarm, deen d'ganzt Liewe laang huet misse flexibel sinn, sech och no senger Pensioun do néiergelooss huet. Trotz der finanzieller Belaaschtung hu seng Elteren hien an de Séminaire St. Michael ob Traustein geschéckt, wou hien duerch säin Éiergäiz besonnesch opgefall ass.
1941 ass de Joseph Ratzinger am Alter vu 14 Joer, esou wei all Seminaristen zënter 1939, onfräiwëlleg an d'Hitler-Jugend opgeholl ginn. Am Alter vu 16 Joer ass hien dunn als Flakhelfer fir de Schutz vun enger BMW-Fabréck baussent München agesat ginn. Zu dëser Zäit huet hien d'Maximiliangymnasium zu München besicht. 1944 ass hien dunn zur Grondausbildung agezu ginn an an d'éisträichescht Burgenland bei de Reichsarbeitsdienst versat ginn, wou hien ënnert anerem fir d'Ariichte vun Panzerspären agesat gouf. 1945 ass hie kuerzzäiteg an US-amerikanesch Krichsgefaangeschaft an d'Lager Neu-Ulm. komm Als Seminarist vum Traunsteiner Priesterséminaire huet hien do um Chiemgau-Gymnasium Abitur gemaach.
Vun 1946 bis 1951 huet hie kathoulesch Theologie a Philosophie op der Philosophescher an Theologescher Héichschoul zu Freisingen studéiert, dono war hie Seminarist um Herzoglichen Georgianum vun der Ludwig-Maximilians-Universität München.
Akademesch Lafbunn [änneren]
Am Joer 1953 ass de Joseph Ratzinger mat der Aarbecht „Volk und Haus Gottes in Augustins Lehre von der Kirche“ op der Universitéit München zum Dokter an der Theologie promovéiert. Am Joer 1957 gouf hien op därselwechter Universitéit, géint de Widderstand vum respektéierten Dogmatiker Michael Schmaus beim Gottlieb Söhngen, am Fach Fundamentaltheologie habilitéiert mat der Schrëft: „Die Geschichtstheologie des Hl. Bonaventura.“.
1958 huet den 31 Joer alen Joseph Ratzinger mat senger Professur fir Dogmatik a Fundamentaltheologie an der Philosophesch-Theologescher Héichschoul Freising (haut een Deel vun der Ludwig-Maximilians-Universität München) ugefaang. 1959 ass hien ob d'Universitéit Bonn beruff ginn. Hien hat seng éischt Virliesung iwwert d'Thema „Der Gott des Glaubens und der Gott der Philosophie“. De Bonner Léierstull hat hie bis 1963, wou hien dunn an de Séminaire fir Dogmatik an Dogmegeschicht an der Westfälischen Wilhelms-Universität Münster gewiesselt ass. Seng éischt Virliesung do huet hien zum Thema Offenbarung und Überlieferung virun engem iwwerfëllten Auditorium gehal.
1966 krut de Ratzinger dunn op Emfeelung vum Hans Küng e Léierstull fir kathoulesch Dogmatik an der Katholesch-Theologescher Fakultéit vun der Eberhard Karls Universitéit Tübingen. Aus Virliesungen aus dëser Zäit ass d'Buch Einführungen in das Christentum entstan. Kuerz virun de Stundentenprotester vun Enn de 1960er Joren huet hien 1969 eng Plaz op der Universitéit Regensburg ugeholl, wou hien nees eng Kéier Dogmatik an Dogmatikgeschicht ginn huet. Do huet hien zesumme mam Alma von Stockhausen d'Gustav-Siewerth-Akademie gegrënnt, eng zënter 1988 staatlech unerkannte wëssenschaftlech Héichschoul. Hie war, ier hien 1977 Äerzbëschof gouf, am Joer 1976 Vizepresident vun der Universitéit. Och nodeems hien zum Poopst gewielt gouf, ass hien nach weiderhin Honorarprofesser zu Regensburg.
Paschtouer an Äerzbëschof [änneren]
...
Prefekt vun der Glawenskongregatioun [änneren]
...
Kuckt och [änneren]
Um Spaweck [änneren]
| Commons: Benedict XVI – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Infosäit iwwert de Poopst Benoît XVI.
- Offiziell Websäit vum Vatikan zum Benedikt XVI. mat Dokumenter an enger Kuerzbiographie.
Referenzen [änneren]
- ↑ Récktrëttserklärung vum 11. Februar 2013 an däitscher Iwwersetzung
- ↑ Déi leschte Kéier, wou e Poopst fräiwëlleg zréck getrueden ass, dat war 1294, den Coelestin V.
- ↑ Donnéeën aus dem Dafregëster
| Virgänger | Nofolger | |
|---|---|---|
| Jean-Paul II. | Lëscht vun de kathoulesche Peepst | Franciscus |