Italien
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
| Dëse Geographiesartikel iwwer Italien ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
| Repubblica Italiana | |||||
|
|||||
| Offiziell Sprooch: | Italienesch (regional och Däitsch, Franséisch, Ladinesch, Furlanesch a Slowenesch |
||||
| Haaptstad: | Roum | ||||
| Staatsform: | Republik | ||||
| • President: | Giorgio Napolitano | ||||
| • Premierminister: | Silvio Berlusconi | ||||
| Fläch: | 301 336 km² | ||||
| Bevëlkerung: | 59 131 287 [1] | ||||
| • Bevëlkerungsdicht: | 196,23/km² | ||||
| Onofhängegkeet: | 17. Mäerz 1861 (vereenegt) 2. Juni 1946 (Republik) |
||||
| Nationalfeierdag: | 2. Juni | ||||
| Nationalhymn: | La Canzone degli Italiani (Lauschteren) |
||||
| Währung: | Euro | ||||
| Zäitzon: | UTC +1 | ||||
| Internet TLD: | .it | ||||
| International Virwal: | +39 | ||||
Italien, offiziell d'Italienesch Republik (ital.: Repubblica Italiana) ass e Staat a Südeuropa. Italie grenzt am Norden un d'Schwäiz an Éisträich, am Westen un d'Tyrrhescht- a d'Ligurescht Mier an am Nordwesten u Frankräich. Nieft dem italienesche Festland gehéieren och d'Mëttelmierinselen Elba, Sardinien, Sizilien an eng Rëtsch méi kleng Inselen wéi d'Toskanesch Inselen, Ischia, Capri an d'Liparesch Inselen zu der Republik. San Marino an d'Vatikanstad si politesch onofhängeg Enklaven um Territoire vum italienesche Festland.
Italien ass Grënnungsmember vun der Europäescher Unioun, an der NATO a gehéiert zum Grupp vun de G8-Länner.
[änneren] Geographie
Geographesch gesinn ënnerscheet een:
- d'italienescht Festland an d'Haaptinselen:
[änneren] Ënnerdeelungen
Italien ass politesch an 20 Regiounen (regioni) mat jee enger eegener Regierung agegliddert, déi awer manner Kompetenzen hu wéi d'Bundeslänner an Däitschland oder d'Kantonen an der Schwäiz. Dës Regioune bestinn aus engem Total vun 108 Provënzen, déi hirersäits rëm a Gemengen opgedeelt sinn. Fënnef Regioune profitéiere vun engem extrae Statut, deen hinne méi Kompetenze gëtt (op der Lëscht mat engem Stäerche markéiert):
|
[änneren] Gréisste Stied
(Awunner op 31. Dezember 2004)
[änneren] Bevëlkerung a Sprooch
[änneren] Relioun
Mat 80,2 % Katholiken a 16,2 % Konfessiounslosen ass Italien e kathoulesch geprägtent Land. Nëmmen 3,6 % vun den Awunner gehéieren zu anere Reliounen, dorënner 231.226 Zeie vum Jehova a 35.000 Judden.
[änneren] Economie
[änneren] Tourismus
Vun Touriste staark besichte Stied an Dierfer:
- Amalfi
- Brescello, Uertschaft wou d'Filmer iwwert den Don Camillo gedréit gi sinn
- Capri
- Cremona
- Gardaséi
- Mailand
- Messina
- Parma
- Pisa
- Portofino
- Portovenere
- Roum
- Sorrent
- Taormina
- Venedeg
- Verbania, um Lago Maggiore
- Lecce (Barok-Architektur)
- (ze ergänzen)
[änneren] Kuckt och
[änneren] Notizen a Referenzen
[änneren] Um Spaweck
| Commons: Italien – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Belsch - Bulgarien - Däitschland - Éisträich - Dänemark - Estland - Finnland - Frankräich - Griicheland - Groussbritannien - Irland - Italien - Lettland - Litauen - Lëtzebuerg - Malta - Holland - Polen - Portugal - Rumänien - Schweden - Slowakei - Slowenien - Spuenien - Tschechesch Republik - Ungarn - Zypern
Albanien - Belsch - Bulgarien - Däitschland - Dänemark - Estland - Frankräich - Griicheland - Groussbritannien - Holland - Island - Italien - Kanada - Kroatien - Lettland - Litauen - Lëtzebuerg - Norwegen - Polen - Portugal - Rumänien - Slowakei - Slowenien - Spuenien - Tschechesch Republik - Tierkei - Ungarn - USA
Kanada - Frankräich - Däitschland - Italien - Japan - Russland - Groussbritannien - USA