Schwäiz

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Flag Switzerland template.gif Dëse Geographiesartikel iwwer d'Schwäiz ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran.


Schweizerische Eidgenossenschaft
Confédération suisse
Confederazione Svizzera
Confederaziun svizra
Confoederatio Helvetica

Schwäizer Fändel

Schwäizer Wopen

Detailer

Detailer
National Devise: Unus pro omnibus, omnes pro uno
("Ee fir s'all, all fir een")
Europe location CHE.png
Offiziell Sprooch: Däitsch, Franséisch, Italienesch, Rätoromanesch
Haaptstad: Bern
Staatsform: Federal Republik
Fläch: 41 285 km²
 • Dovu Waasser: 3,7 %
Bevëlkerung: 7 508 739 [1]
 • Bevëlkerungsdicht: 182/km²
Onofhängegkeet: 1. August 1291 (ausgeruff)
24. Oktober 1648 (unerkannt)
1848: modern Schwäiz
Nationalfeierdag: 1. August
Nationalhymn: Schwäizerpsalm
(Lauschteren)
Währung: Schwäizer Frang
Zäitzon: UTC +1 (+2 vu Mäerz-Oktober)
Internet TLD: .ch
Internationalen
Telefonsprefix
:
+41

D'Schwäiz (däitsch: Schweizerische Eidgenossenschaft, fr.: Confédération suisse, it.: Confederazione Svizzera, rätoroman.: Confederaziun svizra, lat. Confoederatio Helvetica) ass e Staat a Mëtteleuropa. D'Land grenzt am Norden un Däitschland, am Osten u Liechtenstein an Éisträich, am Süden un Italien an am Westen u Frankräich.

Bundesratsfoto 2012 Der Bundesrat vun der Schwäiz in corpore (v. l. n. r.):

D'Schwäiz ass zanter dem Wiener Kongress vun 1815 baussepolitesch neutral a mat der Zäit Sëtz vun enge sëllechen internationalen Organisatioune ginn. D'Alperepublik selwer ass Member vun der EFTA, dem Europarot, der Welthandelsorganisatioun (GATT) an zanter 2002 och vun de Vereenten Natiounen.

Bern ass de Schwäizer Regierungssëtz an de facto d'Haaptstad. Déi gréisst Stad ass Zürich.

Bevëlkerung[änneren | Quelltext änneren]

Sproochen[änneren | Quelltext änneren]

D'Schwäiz huet um Niveau vun der Federatioun véier offiziell Sproochen: däitsch, franséisch, italienesch a rätoromanesch. Alle véier sinn anengems och d'Nationalsprooche vun der Republik.

Dat war net ëmmer sou. D'Rätoromanesch, wat vu manner wéi engem Prozent vun der Bevëlkerung geschwat gëtt, gouf eréischt 1938 Nationalsprooch (Landessprooch). Iwwer en halleft Joerhonnert drop, den 10. Mäerz 1996, hu sech d'Schwäizer dunn an engem Referendum fir d'Romanescht als hir véiert offiziell Sprooch (Amtssprooch) decidéiert. D'Ännerung ass zanter der Revisioun vun der Konstitutioun am 1999er Joer a Kraaft, gëllt awer just fir d'Kommunikatioun tëscht Staat a Bierger mat rätoromanesch als Mammesprooch.

Sproochen an der Schwäiz (2005):[2] ██  Däitsch (62.7 %) ██  Franséisch (20.4 %) ██  Italienesch (6.5 %) ██  Rätoromanesch (0.5 %)

Fir de Rescht ass d'Schwäiz sproochpolitesch nom sougenannte Territorialprinzip organiséiert. D'Republik garantéiert zwar Sproochfräiheet fir d'Bierger, léisst d'Kantonen an d'Gemengen awer selwer doriwwer decidéiere wat fir e Status déi jeeweileg Sproochen op regionalem Plang hunn. Domat ass d'Méiglechkeet ginn traditionell Sproochraim z'erhalen. D'Konsequenz dovun ass, datt an deene meeschte Schwäizer Gemengen nëmmen eng Sprooch als offiziell unerkannt ass. Nëmmen an e puer Bezierker a Gemengen laanscht d'Sproochgrenzen huet een de Choix tëscht de Sproochen. Dat gëllt natierlech nëmme fir den Ëmgang mat ëffentlechen Institutioune wéi der Verwaltung, de Schoulen an de Geriichter.

Am Schwäizer Schoulsystem mussen d'Schüler nieft hirer Mammesprooch op mannst nach eng weider Landessprooch a meeschtens och nach Englesch léieren.

D'Majoritéit vun de Schwäizer gehéiert zu der däitscher Sproochcommunautéit (62,7 %). Geschwat gëtt allerdéngs Schwizerdütsch wat historesch gesinn zu der alemannescher Sproochefamill gehéiert an eng méi al Sproochform wéi d'Héichdäitsch ass. Et gëtt zwou Haaptrichtungen: Berndütsch an Züridütsch. Genee wéi och zu Lëtzebuerg gëtt et an der Schwäiz eng Diglossie am Däitschen. Dat heescht a verschiddene Beräicher gëtt den Dialekt benotzt, z. B. beim Schwätzen, Talkshow, etc, an an aneren d'Standardsprooch z. B. an de Printmedien oder de Schoulbicher.

Franséisch hunn 20,4 % vun de Schwäizer als Mammesprooch. Geographesch konzentréiert sech d'francophone Bevëlkerung am Beräich vun der Romandie, am Weste vum Land.

Am Kanton Tessin an a véier Däll vum Kanton Graubünden (Grigioni Italiano) gëtt Italienisch (6.5 %) geschwat.

Anerwäerts ass Graubünden dann och dee Kanton an deem d'Rätoromanesch, eng al romanesch Sprooch, nach eng relativ staark Positioun huet (an der Géigend vum Engad). D'Minoritéitesprooch (0,5 % Mammesproochler) ass laang Zäit vun offizieller Säit aus vernoléissegt ginn an huet och haut nach schwéiere Stand vis-à-vis vum Däitschen. Zanter 1860 sinn 51 Gemengen zu Graubünden vum Romaneschen an d'Däitscht gewiesselt. Déi véiert offiziell Landessprooch gëtt a verschiddenen Dialekter geschwat an hautdesdaags och nees an der Schoul geléiert. D'Schwäizer Tëlee huet sech dozou verflichte gelooss e gewëssene Prozentsaz Sendungen -och spezielle Kannersendungen- op Rätoromanesch ze weisen.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Administrativ Ënnerdeelungen[änneren | Quelltext änneren]

Déi 26 Kantone vun der Schwäiz

D'Schwäiz besteet aus 26 Kantonen:

Bierger, Flëss a Séien[änneren | Quelltext änneren]

D'Matterhorn zu Zermatt ass ee vun den héchste Bierger vun den Alpen an e regelrecht Nationalsymbol vun der Schwäiz.

Bibliographie[änneren | Quelltext änneren]

  • William Martin, Histoire de la Suisse , 8e éd. conforme aux précédentes avec une suite de Pierre Béguin: Lhistoire récente 1928-1973 , complétée par A. Bruggmann; Lausanne (Payot), 1980.
  • Dieter Fahrni, Histoire de la Suisse - Survol de l'évolution d'un petit pays depuis ses origines jusqu'à nos jours ; Zürich (Pro Helvetia), 1983; 3. Oplo = 1986; 111 Säiten.- Originaltitel: Schweizer Geschichte. Ein historischer Abriss von den Anfängen bis zur Gegenwart.
  • Kollektiv, Nouvelle histoire de la Suisse et des Suisses ; 3 Bänn; Lausanne (Comité pour une Nouvelle Histoire de la Suisse, présidé par J.-C. Farez), 1982-1983.- Dëst Wierk koum simultan och op Däitsch an op Italienesch eraus.
  • Grégoire Nappey, Histoire suisse ; Le Mont-sur-Lausanne (LEP / Éditions Loisirs et Pédagogie, S.A.), 2007; 94 Säiten (ill. vum Mix & Remix). ISBN 978-2-606-01200-7
  • Jean-Pierre Felber, De l'Helvétie romaine à la Suisse romande ; Genf (éd. Slatkine & Société d'histoire de la Suisse romande), 2006; 387 Säiten (ill.). ISBN 2-8321-0252-2 & ISBN 978-2-8321-0252-7
  • Michel Charrière & Anton Bertschy, Fribourg : un canton, une histoire ; Fräibuerg, 1991; 146 Säiten (ill.).
  • Raffaello Ceschi, Geschichte des Kantons Tessin ; erausgi vum Max Mittler; Frauenfeld-Stuttgart-Wien (Verlag Huber), 2003; 302 Säiten (ill.). ISBN 3-7193-1314-X
  • Oswald Sigg, Les institutions politiques en Suisse ; Zürich (Pro Helvetia), 1983; 4. Ausgab = 1988; 62 Säiten.- Originaltitel: Die politischen Institutionen der Schweiz.
  • Vincent Golay, Institutions politiques suisses ; Le Mont-sur-Lausanne (LEP / Éd. Loisirs et Pédagogie, S.A.), 2005; Neioplo = 2009; 94 Säiten (ill. vum Mix & Remix). ISBN 978-2-606-01263-2

Notizen a Referenzen[änneren | Quelltext änneren]

  1. Zuele fir den 31. 12. 2006, Source: BFS/OFS [1]
  2. Source: BFS/OFS [2] (Stand 2005)

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Schwäiz – Biller, Videoen oder Audiodateien
Flag of Switzerland.svg Portal Schwäiz – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer d'Schwäiz.